Den Eric Thill presentéiert véier nei an iwwerschafften digital Toole fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Zesumme mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), huet de Kulturminister Eric Thill den 8. Dezember 2025 véier nei, respektiv iwwerschafften Toole presentéiert, déi d'Lëtzebuerger Sprooch am digitale Raum weider stäerken an hir Notzung fir d'Allgemengheet vereinfachen.

De Kulturminister huet bei dëser Geleeënheet ënnerstrach, datt dës Aktioun eng weider bedeitend Etapp an der Ëmsetzung vum Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch duerstellt, an huet an dësem Kontext d'Wichtegkeet vum digitale Volet betount: "Mir hunn eis virgeholl, d'Lëtzebuerger Sprooch och am digitale Raum kloer a visibel ze positionéieren. Mat dësen Outile maache mir e grousse Schratt no vir, fir d'Accessibilitéit, fir d'Qualitéit vun de Servicer an och fir d'Freed um Léieren.”

Déi nei an iwwerschaffte Versioun vum Orthotrainer

Den Orthotrainer ass eng Plattform, op där jidderee kann d'Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch trainéieren, sech d'Reegelen ukucken an Exercicë maachen. E gouf vum ZLS grondsätzlech moderniséiert a steet vun haut un op engem neien a benotzerfrëndlechen Internetsite zur Verfügung. An enger zweeter Etapp, wäert et en och als App fir de Smartphone ginn. Bei der Entwécklung gouf e besonnesche Wäert op Accessibilitéit geluecht: no Austausch mam Centre de développement des compétences relatives à la vue ass de Site kontrastoptiméiert a ka mat der OpenDyslexic-Schrëft genotzt ginn.

Den neien Orthotrainer, zeechent sech duerch iwwer 400 Exercicer aus, engem pädagogesch opgebaute Léierparcours an enger Theorie-Sektioun mat detailléierten Erklärungen, déi et och als PDF-Download gëtt. E bereet finalement och op den ZLO-Test fir, den Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie vum INLL.

D'Sproochmaschinn 2.0: verbessert Sproocherkennung a modernen Design

Déi zweet grouss Neierung ass d'Versioun 2.0 vun der Sproochmaschinn, dem KI-Tool, deen déi geschwate Sprooch erkennen an transkribéieren (Schreifmaschinn), an déi geschriwwen Texter virliese kann (Liesmaschinn).

Déi nei Versioun zeechent sech duerch eng verbessert Sproocherkennung aus a gouf mat duebel esou vill Daten trainéiert wéi de viregte Modell, wat zu manner Feeler féiert. Zousätzlech zu der neier Speaker-Recognition Funtkioun, mat där den Tool verschidde Spriecher ënnerscheede kann, hunn d'Benotzer elo och d'Méiglechkeet d'Texter vun enger weiblecher Stëmm virliesen ze loossen, nieft där vum Max Kuborn.

Och hei gouf en Akzent op d'Accessibilitéit gesat. De Site ka mat engem ScreenReader benotzt ginn, huet en Darkmode a kann och an der OpenDyslexic-Schrëft gekuckt ginn.

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och op Hollännesch

Den LOD kritt eng zousätzlech Zilsprooch. Nieft dem Däitschen, dem Franséischen, dem Engleschen, dem Portugiseschen an der Gebäerdesprooch, wäert den LOD elo och op Hollännesch funktionéieren.

Déi hollännesch Versioun, nl.lod.lu, gouf zesumme mat zwee Benevollen opgebaut, déi iwwer 30.000 Iwwersetzungen ausgeschafft hunn. Dës Initiativ déngt als Proof-of-Concept, fir datt sech an Zukunft och aner Benevollen an d'Entwécklung vun neie Sproochversioune kënne mat abréngen.

Déi hollännesch Versioun ass och fir d'Tourismusbranche interessant. D'Generaldirektioun Tourismus schafft zesumme mat dem ZLS a lokalen Acteuren dorunner, fir dës Ressource am touristesche Secteur ze valoriséieren.

Spellchecker als App a weider Kooperatioun mat Microsoft an Apple

De Spellchecker vum ZLS wäert deemnächst och als App disponibel sinn. Parallel dozou leeft e konstruktiven Echange mat Microsoft, fir d'Lëtzebuerger Sprooch an Zukunft nach besser an der MS Office-Suite z'integréieren – ënner anerem am Word an am Outlook.

Och mat Apple lafe Gespréicher, fir d'Sprooch op iOS-Plattformen ënnerzebréngen.

Communiqué vum Kulturministère /an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Regierungsmember

THILL Eric

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

08.12.2025