Aktualiséiert den
Déi néi Begréissungsschëlder op Lëtzebuergesch laanscht d'Autobunne goufen de Ministere Yuriko Backes an Eric Thill virgestallt
Am Kader vun den Efforten, fir d'Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum ze stäerken, waren de Kulturminister, Eric Thill, an d'Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte, Yuriko Backes, sech haut am Atelier vun der Stroossebauverwaltung déi nei zweesproocheg Begréissungsschëlder ukucken, déi op Initiativ vum Kulturministère no bei de Grenzen op den Autobunnen opgestallt ginn.
Zousätzlech zu den zweesproochegen Uertsschëlder a Schëlder op den Zuchquaie wäerten dës nei Schëlder elo d'Leit, déi an de Grand-Duché kommen oder derduerchfueren, häerzlech wëllkomm heesche respektiv hinne léif Äddi soen, an zwar op Lëtzebuergesch an an der Sprooch vum jeeweilege Grenzland.
Dës Initiativ betrëfft den Ament aacht Schëlder op den Autobunnen A6, A3, A13 an A1 (déi annexéiert Kaart weist hire geneeë Standuert). Spéiderhi sollen och nach Schëlder op e puer Nationalstroossen derbäikommen.
Nieft engem Héiflechkeetsakt, mat deem d'Leit zu Lëtzebuerg wëllkomm geheescht gi respektiv Merci fir hir Visitt gesot kréien, weisen déi Schëlder, datt Lëtzebuerg eng eege Sprooch huet a méisproocheg ass, wat e wichtegen Deel vun der kultureller Identitéit vum Land a sengen Awunner ass.
Am Kader vun dëser Visitt huet den Eric Thill betount: "Mam Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch vum 14. Dezember 2022 engagéiert d'Regierung sech, Lëtzebuergesch am Alldag méi present ze maachen. Mat konkreeten Aktioune wéi dëser maache mir eis Sprooch net nëmme méi visibel, mee och méi zougänglech fir jiddereen."
"Wa mir op der Grenz an op der Gare Touristen, Frontalieren an international Gäscht an eiser Sprooch mat engem häerzleche 'Wëllkomm' empfänken, ënnersträiche mir gläichzäiteg eis Identitéit an eis Offenheet fir d'Welt. An engem Land, wou esou vill Sprooche sech alldeeglech begéinen, bleift d'Lëtzebuergescht eng Bréck an enger lieweger, multikultureller an toleranter Gesellschaft, wou jidderee soll seng Plaz hunn a sech wéi doheem fillen", huet d'Ministesch Yuriko Backes betount.
D'Schëlder, mat der Signatur vun der Promotion de l'image de marque, méi bekannt ënnert der "LuXembourg - Let's Make It Happen" Initiativ, sinn an zwou vun den dräi offizielle Sprooche gehalen, ëmmer op Lëtzebuergesch a gekoppelt mat der Sprooch, déi zu dem jeeweilege Grenzland passt. Se wäerte vun haut un am Nomëtteg op de jeeweilegen Autobunnen ze gesi sinn.
Communiqué vum Kulturministère / Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten / Administration des ponts et chaussées / Wirtschaftsministère / Promotion de l'image de marque