Aktualiséiert den
D'Noutdéngschter entlaaschten: déi richteg Verhalensreegelen am Wanter
Fir d'Urgencen an de Spideeler z'entlaaschten, déi am Wanter opgrond vu saisonalen Erkrankunge besonnesch ausgelaascht sinn, rifft d'Gesondheetsdirektioun d'Bevëlkerung op sech bei gesondheetleche Problemer un déi richteg Ulafstell ze wenden.
Patienten deenen hire Gesondheetszoustand keen Noutfall ass, si gebieden sech fir d'éischt un hiren Hausdokter, hire Kannerdokter oder un eng Maison médicale ze wenden. Esou kréien si eng adaptéiert Behandlung an an engems ginn d'Urgencen an de Spideeler manner belaascht.
D'Maison-médicallen sinn ënnert follgenden Adressen ze fannen:
- Maison Médicale Lëtzebuerg-Stad: 23, Val Fleuri, L-1526 Lëtzebuerg
- Maison Médicale Belval: 3-5, avenue du Swing, L-4367 Bieles
- Maison Médicale Ettelbréck: 110, avenue Lucien Salentiny, L-9080 Ettelbréck
- Maison Médicale Pédiatrique (CHL – KannerKlinik): 4, rue Ernest Barblé, L-1210 Lëtzebuerg
D'Maison-médicallen sinn an der Woch vun 20:00 bis 24:00 Auer op; a Samschdes, Sonndes an op Feierdeeg vun 08:00 bis 24:00 Auer.
D'Maison médicale pédiatrique ass an der Woch vun 19:00 bis 22:00 op; a Samschdes, Sonndes an op Feierdeeg vun 09:00 bis 21:00 Auer.
Wie bei alldeegleche gesondheetleche Problemer fir d'éischt bei de Generalist, e Pediater oder an eng Maison médicale geet, dréit dozou bäi, datt déi medezinesch Ressourcë sënnvoll genotzt ginn an d'Urgencë fir déi Noutfäll fräi bleiwen, déi direkt musse behandelt ginn.
Recommandatioune fir d'Ausbreedung vun de Wanterinfektiounen ze limitéieren
D'Impfung bleift weiderhin ee vun de wierksaamste Mëttele fir sech virun Infektioune vun den Otemweeër ze schützen. Dofir ass et wichteg seng Impfunge à jour ze halen a säin Hausdokter dozou ze consultéieren.
Des Weidere gëtt nach eng Kéier op déi wichtegst Geste-barrièren higewise fir d'Ausbreede vun de Viren ze limitéieren:
- Sech reegelméisseg a grëndlech d'Hänn mat Waasser a Seef wäschen.
- D'Raim all Dag lëften, och bei kalem Wieder.
- Bei Symptomer den noe Kontakt mat vulnerabele Persoune vermeiden.
- Bei Houscht, Féiwer oder enger Visitt an enger Gesondheetsariichtung eng Mask undoen.
Beim Houschten oder Néitsen sech de Mond an d'Nues bedecken.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet