Aktualiséiert den
Bloe Mäerz: Fréierkennung vun Daarmkriibs – en einfache Geste, dee Liewe rette kann
Am Kader vum Bloe Mäerz, dem Mount vun der Sensibiliséierung fir Daarmkriibs, erënnert d'Gesondheetsdirektioun dorunner wéi wichteg d'Fréierkennung vun dëser Krankheet ass, déi zu den heefegste Kriibsaarten zu Lëtzebuerg zielt.
Zu Lëtzebuerg ginn all Joer ronn 300 nei Fäll vum dësem Kriibs diagnostizéiert. Daarmkriibs betrëfft esouwuel Frae wéi och Männer an zielt zu den heefegste kriibsbedéngten Doudesursaachen. Dobäi kann dës Erkrankung oft an engem fréie Stadium evitéiert oder detektéiert ginn. Wann Daarmkriibs fréi erkannt gëtt, kann en effizient behandelt ginn, wouduerch d'Heelungschancen an d'Luucht ginn an och manner schwéier Behandlungen néideg sinn.
De Fréierkennungsprogramm fir Daarmkriibs (PDOCCR)
De Fréierkennungsprogramm fir Daarmkriibs riicht sech u Fraen a Männer vu 45 bis 74 Joer, déi bei der Gesondheetskeess (CNS) affiliéiert sinn, ob se a Lëtzebuerg wunnen oder net. Déi betraffe Persoune kréien all 2 Joer eng Invitatioun fir un dësem Depistage deelzehuelen. Och Net-Residenten, déi bei der CNS affiliéiert sinn, kënnen op Ufro beim Centre de coordination des programmes de dépistage des cancers un dësem Screening-Programm deelhuelen.
De Screening besteet aus engem Test (FIT-Test), bei deem de Stull op Bluttréckstänn ënnersicht gëtt. Den Test ass onkomplizéiert a ka vun doheem gemaach ginn. Fir dësen Test ass keng besonnesch Virbereedung néideg an et gëllen och keng speziell Virschrëften a puncto Ernärung. De Screening-Kit kann ee gratis online iwwer Guicht.lu, per Telefon beim Laboratoire Bionext oder an der Apdikt bestellen. Et gëtt ausserdeem automatesch un déi Persoune verschéckt, déi schonn um Programm deelgeholl hunn. De fäerdegen Test-Echantillon ka per Post erageschéckt oder an engem agreéierte Screening-Center deposéiert ginn. D'Resultat gëtt dann direkt vum Laboratoire iwwermëttelt. Am Fall vun engem positive Resultat, kann a Récksprooch mat sengem Hausdokter nach eng zousätzlech diagnostesch Koloskopie envisagéiert ginn, falls néideg.
Participatiounstaux um Programm
2025 waren 91 350 Persounen invitéiert gi fir um Programm deelzehuelen. 31 725 Persounen hunn den Test gemaach. Vun dësen Tester waren der 30 259 negativ an 1 466 ware positiv, wou zousätzlech Analysen, wéi eng Koloskopie, néideg ware fir eng Kriibserkrankung oder eng Virstuf dovunner ze bestätegen oder auszeschléissen.
Dës Ziffere weisen, datt vill Persounen d'Invitatioun fir de Screening notzen, mee dat awer och nach e groussen Deel muss mobilisiéiert gi fir eng besser Ofdeckung ze erreechen. Daarmkriibs ass en heefeg Zort vu Kriibs, déi sech lues entwéckelt, oft ouni Péng oder Verdauungsstéierungen ze verursaachen, an aus sougenannte Polyppen entsteet, déi am Daarm bludde kënnen. D'Bluddung am Zesummenhang mat engem Polyp oder Kriibs, ass net mat bloussem A ze gesinn. Dohier ass den Test esou wichteg, well dës Bluddungen domadder erkannt ginn.
"D'Fréierkennung vun Daarmkriibs ass en einfache, schnellen an accessibele Geste, dee wierklech Liewe rette kann. Am Zweiwelsfall zéckt net Ären Hausdokter ze kontaktéiere fir méi Informatiounen ze kréien", erkläert d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet