Aktualiséiert den
Bezuelbare Wunnraum: Aschreiwung an de RENLA elo online iwwer MyGuichet.lu méiglech
De Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung deelt mat, datt d'Aschreiwung an den Nationale Regëster vum abordabele Wunnraum (RENLA) elo online iwwer MyGuichet.lu méiglech ass. Dës Neierung ass e wichtege Schrëtt fir Locatairen déi op der Sich no abordabelem Wunnraum zu Lëtzebuerg sinn an hir Kandidatur erareeche wëllen. Domadder steet hinnen elo eng vereinfacht an zentraliséiert Demarche zur Verfügung, déi zu jidderzäit accessibel ass.
Eng eenzeg Aschreiwung fir den Zougang zu abordabelem Wunnraum
Duerch de RENLA geet eng eenzeg Aschreiwung vun elo un duer, fir datt ee landeswäit registréiert ass. D'Demandeure brauchen elo net méi sëllegen Demarchë bei verschiddene Bailleuren ze maachen, wouduerch d'administrativ Prozedure verkierzt ginn.
- Fir nei Aschreiwunge kann een d'Demarche direkt online maachen: D'Kandidate reechen hir Demande via MyGuichet.lu eran a wielen de soziale Bailleur aus, dee fir d'Gestioun an de Suivi vun hirem Dossier zoustänneg ass.
- Fir Persounen, déi scho registréiert sinn, si keng weider Demarchë néideg: déi bestoend Dossiere ginn an den RENLA iwwerholl a wäerten och weider vun hirem zoustännege soziale Bailleur beaarbecht ginn.
E méi geziilten Zougang zu bezuelbarem Wunnraum
De RENLA ass en zentraliséierten nationale Regëster, an deem Persoune mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg erfaasst sinn, déi op der Sich no bezuelbare Locatiounswunnenge sinn. Sozial Bailleuren hunn Zougang zu de Kandidaturen déi de Krittäre vun de Logementer an hirem Immobiliebestand entspriechen (Gréisst vum Stot, Typologie vun der Wunneng, asw.). Op der Grondlag vun de Selektiounskrittären an den Disponibilitéite, kënnen d'Bailleure méi séier a méi cibléiert eng Wunnengsléisunge proposéieren.
"Mam RENLA hu mir elo, fir déi éischte Kéier, e globalen Iwwerbléck wat de Besoin un abordabelem Wunnraum zu Lëtzebuerg ugeet. Nieft der Nofro, bitt dëse Regëster och eng besseren Iwwerbléck iwwer d'Unzuel u verfügbare Logementer, hir Gréisst an hir Disponibilitéit. Esou kann d'Situatioun op nationalem Niveau besser erfaasst an analyséiert ginn. Duerch déi eemoleg Registréierung online ginn d'Demarchë vereinfacht, wouduerch den Zougang zum Wunnraum méi einfach a méi gerecht gëtt. En plus huet elo och jiddereen eng gréisser Chance e Logement ze fannen, dee sengem Besoin entsprécht", esou de Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung.
Méi einfach Begleedung vun den Demandeuren
De RENLA ass e wichtege Schratt am Sënn vun der administrativer Vereinfachung. Duerch de Regruppement vu sämtlechen Demanden an engem eenzege Regëster ass Schluss mat de repetitiven Demarchen a komplexe Prozeduren, déi bei potentielle Locatairen oft fir Iwwerfuerderung an Onsécherheet gesuergt hunn. Gläichzäiteg gëtt duerch de RENLA och déi allgemeng Effizienz vum System verbessert. D'Offer an d'Besoine vun de Stéit kënne méi séier openeen ofgestëmmt an d'Delaie verkierzt ginn, wouduerch d'Gestioun vun den Dossieren optimiséiert gëtt. Fir déi sozial Bailleuren ass den zäitlechen Opwand och manner grouss, well d'Iwwerpréiwung an de Suivi vun den Demandë méi séier a méi einfach ass.
En Instrument am Déngscht vun der Logementspolitik
Nieft der Gestioun vun de Kandidaturen, ass de RENLA och e strateegescht Instrument fir de Besoin u Wunnraum zu Lëtzebuerg besser ze verstoen. E bitt en Iwwerbléck iwwert de Bestand un abordabelem Wunnraum, zemools wat d'Typologie, déi geographesch Verdeelung an den Occupatiounstaux ugeet.
Unhand vun dësen Donnéeë kënnen d'Besoine fréizäiteg erkannt a Wunnléisungen ausgeschafft ginn, déi der demographescher Entwécklung entspriechen.
Aktuell Situatioun (15/04/2026)
Stand haut erginn sech follgend Haaptindicateuren:
- Zirka 8.900 enregistréiert Kandidature vu potentielle Locatairen.
- Wat d'Logementer ugeet, esou läit déi aktuell Zuel bei zirka 3.500. Zurzäit ginn nach weider Wunnenge registréiert. Dës Prozedur soll an den nächste Woche finaliséiert ginn, an da wäert d'Zuel vun de Logementer bei zirka 4.300 leien. Dës Zuel kann allerdéngs nach änneren, well verschidden Unitéiten am Laf vun Zäit dobäi kommen oder ewechfale kënne.
Opgrond vun der permanenter Entwécklung vun den Demandë sinn dës Zuelen als Gréisstenuerdnung ze verstoen.
Communiqué vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung