Ausdeenung vun der HPV-Impfung op jonk Erwuessener vun 21 bis 26 Joer

Am Kader vun der Europäescher Impfwoch, déi vum 19. bis de 25. Abrëll 2026 stattfënnt, annoncéiert Lëtzebuerg d'Ausdeenung vu sengem Programm fir d'Impfung géint de mënschleche Papillomavirus (HPV). Dës Moossnam ass Deel vun de lafenden Efforten, fir d’Kriibspräventioun ze stäerken.

Op Basis vun enger Recommandatioun vum ieweschte Rot fir ustiechend Krankheeten (CSMI) aus dem Februar 2026 gëllt dës Erweiderung viraussiichtlech fir eng Dauer vun dräi Joer. Si erméiglecht et jonke Fraen a Männer am Alter vun 21 bis 26 Joer (inklusiv), déi an hirer Jugend keng HPV-Impfung kruten, eng gratis Impfung ze kréien. Bis elo war dës Méiglechkeet op Persoune vu 15 bis 20 Joer (inklusiv) limitéiert. Mat dëser Erweiderung gëtt d’Altersgrenz elo op 26 Joer eropgesat.

De recommandéierten Impfschema besteet aus zwou Dosissen mat engem Ofstand vu séchs Méint.

HPV a seng Risiken

De mënschleche Papillomavirus (HPV) ass déi heefegst viral Infektioun am Beräich vun de Geschlechtsorganer. Och wann déi meescht Infektioune vun eleng verschwannen, kënnen e puer dovun zu Kriibserkrankunge féieren, besonnesch um Gebärmutterhals, um Anus, un den äussere Geschlechtsorganer oder am Halsberäich. D’Impfung ass déi effikasst Moossnam, fir déi meescht vun dësen HPV-bedéngte Kriibserkrankungen ze verhënneren.

Eng geziilte Moossnam fir eng nach betraffen Altersgrupp

Donnéeën aus enger Etüd, déi 2024 zu Lëtzebuerg duerchgefouert gouf, weisen, datt ronn all zweet Persoun am Alter vun 20 Joer net komplett géint HPV geimpft ass. Dës Impflück stécht besonnesch bei jonke Männer ervir, deenen hir Impfquot däitlech ënner där vun de jonke Frae läit. Gläichzäiteg bleift de Risiko, sech mam HPV unzestiechen, och an dëser Altersgrupp héich. Dës Moossnam huet dofir zum Zil, de Schutz vun enger Bevëlkerungsgrupp ze stäerken, déi net an der recommandéierter Zäitfënster geimpft gouf.

Recommandatiounen a praktesch Informatiounen

De CSMI erënnert drun, datt d’Impfung am effikasste ass, wann se am Alter tëscht 9 a 14 Joer gemaach gëtt, an datt et wichteg bleift, d’Impfquot bei Kanner a Jugendlechen ze verbesseren. D’HPV-Impfung ka beim Hausdokter gemaach ginn. Fir Frae gëtt och drop higewisen, datt d’Impfung de Screening vum Gebärmutterhalskriibs net ersetzt: E Cervix-Ofstréch gëtt ab dem Alter vun 25 Joer all dräi Joer recommandéiert.

 Nëtzlech Linken:

Infektioune mam mënschleche Papillomavirus: https://santesecu.public.lu/fr/espace-citoyen/departement-sante/vaccination/maladies-vaccinables/universelle/infection-papillomavirus.html

Recommandatioune vum CSMI: https://santesecu.public.lu/fr/espace-professionnel/departement-sante/professions-sante/recommandations/conseil-maladies-infectieuses/human-papilloma.html

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet