Aktualiséiert den
Gesinn a gesi ginn – E Bléck fir méi Sécherheet am Verkéier
Mam schéine Wieder fänkt och d'Moto-Saison nees un. Dat ass eng Zäit, op déi vill Motocyclisten sech freeën. Mee d'Zuel vu Verkéiersaccidenter hëlt och all Joer zou. Fir dëse Risiken entgéintzewierken, gëtt eng nei national Sensibiliséierungscampagne lancéiert, déi sech souwuel u Motocycliste wéi och Automobiliste riicht. Am Mëttelpunkt stinn Opmierksamkeet, mënschlech Interaktioun an eng gemeinsam Verantwortung.
E Bléck méi fir e bessert Mateneen am Verkéier
D'Zesummeliewen am Stroosseverkéier ass net ëmmer einfach, egal ob an der Stad, am peri-urbane Raum oder um Land. Zu den Haaptursaache vu schwéieren an déidlechen Accidenter zielen nach ëmmer Onopmierksamkeet an dout Wénkelen. Besonnesch betraff sinn déi vulnerabelst a mannste siichtbar Verkéiersbenotzer, wéi Motocyclisten, Cyclisten a Foussgängerinnen a -gänger.
Vun den 18 Doudesaffer déi d'Joer 2024 am Stroosseverkéier gefuerdert huet, waren der 9 Motocyclisten, also d'Hallschent. Am Ganze goufen 183 Motorradsaccidenter registréiert, mat 83 schwéier Blesséierten. Dës Zuelen ënnersträiche wéi vulnerabel Benotzerinnen a Benotzer vu motoriséierten Zwee-Rieder nach ëmmer sinn a wéi wichteg Preventioun an dësem Beräich bleift.
An dësem Kontext erënnert d'Campagne nach eemol un eng weesentlech Reegel am Stroosseverkéier: gesinn a gesi ginn ass eng gemeinsam Verantwortung.
Een zousätzleche Bléck fir méi Sécherheet beim Fueren
Assistenzsystemer a Stroosseschëlder kënnen de Verkéier op eise Stroosse vereinfachen, mee si ersetzen awer ni komplett déi mënschlech Opmierksamkeet. Näischt ersetzt de bewosste Bléck ronderëm sech – de Kapp dréinen a säin Ëmfeld richteg kucken. De systematesche Bléck bleift dofir en onverzichtbare Reflex:
- bei enger Kräizung,
- beim Spuere wiesselen,
- wann een aus enger Parkplaz fiert,
- op Autobunns-Opfaarten,
- am Rond-point, beim Eran- an Erausfueren.
Andeems ee bewosst matkritt wat ronderëm engem geschitt, kann ee geféierlech Situatioune virausgesinn a vermeiden.
All Bléck zielt, fir sech besser ze schützen
D'Campagne setzt op d'Interaktioun tëscht de Verkéiersbenotzerinnen a -benotzer. Mat einfache Gester ka jiddereen dozou bäidroen, dass d'Mateneen op de Stroosse besser funktionéiert:
- Säi Bléckfeld erweideren, fir besser virauszedenken.
- Bléckkontakt sichen.
- D'Luuchten a Winkere benotzen, fir seng Absichte kloer matzedeelen.
- Déi néideg Zäit huelen, ouni Hektik.
Och wann ee Virfaart huet oder mengt, "gutt gekuckt" ze hunn, kann et zu engem Accident kommen – dacks grad dann, wann een am mannsten domat rechent. Adequat Vitesse, Visibilitéit an Antizipatioun si wichteg Facteuren, fir dat Schlëmmst ze vermeiden an de Risiko ze verklengeren.
"Well Onopmierksamkeet mënschlech ass, bleift et wichteg, e puer Mol ze kucken, wann een am Verkéier ënnerwee ass. Eng aktiv a permanent Opmierksamkeet ass eng gemeinsam Verantwortung, déi all Verkéiersbenotzer betrëfft – onofhängeg vum Verkéiersmëttel. En zousätzleche Bléck, e weideren Check oder e kuerze Stopp kënnen duergoen, fir e schwéieren Accident ze vermeiden. Verkéierssécherheet baséiert virun allem op géigesäitegem Respekt, dem Deele vum Stroosseraum an Opmierksamkeet fir déi aner. Wie sech d'Strooss deelt, deelt och Verantwortung. Keen Bléck ass ze vill, wann en e Liewe rette kann", betount d'Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten.
Eng multikanal a méisproocheg Campagne
D'Campagne gëtt iwwer Televisioun, Kino, sozial Medien, digital Ecranen (DOOH) a Stroosseschëlder diffuséiert. Si baséiert op engem staarke visuelle Konzept an engem klore Message, deen an all Verkéierssituatioun direkt verständlech ass.
De Slogan an d'Visueller sinn op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch deklinéiert, fir all Verkéiersbenotzer zu Lëtzebuerg z'erreechen.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, der Sécurité routière ASBL an der Police Lëtzebuerg.