Zwou nei Beruffsausbildunge fir d'Rentrée 2026/2027

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend passt seng Schouloffer weider un d'Evolutioun vun der Gesellschaft a vum Aarbechtsmaart u fir de Jonken déi beschtméiglechst Chance an hirem spéidere Erwuesseneliewen ze bidden.

Dofir gi fir d'Rentrée 2026/2027 zwou nei Beruffsausbildungen ungebueden:

Den DAP Agent fir Schutz a Sécherheet

Ab der Schoulrentrée 2026/2027 bitt de Lycée des arts et métiers zu Lëtzebuerg eng nei Formatioun un, déi zum Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) Agent fir Schutz a Sécherheet féiert. D'Ausbildung erstreckt sech iwwer dräi Joer a Vollzäit am Lycée, mat dräi obligatoresche Stagen an engem Betrib. D'Formatioun ass op däitsch.

Den Agent fir Schutz a Sécherheet ass fir de Schutz vu Persounen a Géigestänn zoustänneg. Hien iwwerwaacht Raimlechkeeten a Plazen, kontrolléiert den Accès, erkennt a verhënnert Risiken, setzt d'Sécherheetsvirschrëften duerch a gräift bei Tëschefäll an. Hien erkennt Risikosituatiounen, berouegt d'Ëffentlechkeet a suergt dofir datt Reegelen an Uweisungen agehale ginn.

CCP Assistent am Metallhandwierk

Am Lycée du Nord zu Woltz an am Lycée privé Émile Metz zu Lëtzebuerg gëtt ab der Schoulrentrée 2026/2027 eng nei Formatioun ugebueden, déi zum Certificat de capacité professionnelle (CCP) Assistent am Metallhandwierk féiert. Wärend dëser Ausbildung, déi dräi Joer dauert, ginn d'Schüler zwee Deeg an der Woch an de Lycée, an déi aner dräi Deeg an en Ausbildungsbetrib am Kader vun engem Contrat d'apprentissage. D'Formatioun ass op däitsch a franséisch.

An dëser Formatioun léieren d'Schüler gängeg Aarbechten u Metalldeeler auszeféieren: Decouppen op Mooss, Virbereedung vu Stécker unhand vu Skizzen oder techneschen Zeechnungen, Ofschläife vu Kanten, Entfette vun Deeler, Protektioun an Ofdecke vu bestëmmte Beräicher, esou wéi einfach Léit- a Bueraarbechten, asw. De CCP erméiglecht et och de Fachaarbechter bei der Premontage am Atelier a bei der Endmontage beim Client ze assistéieren, an an de Beräicher Logistik, Transport vu Chargen oder an der Ofsécherung vum Aarbechtsberäich agesat ze ginn.

Dës zwou nei Ausbildungen ergänzen déi siwen nei 1re DAP-Formatiounen, déi ab 2026/2027 ugebuede ginn an déi et den Titulaire vun engem Secondairesdiplom oder vun engem Diplôme de technicien (oder engem gläichwäertegen Ofschloss) erméiglechen eng Beruffsausbildung vun engem Joer ze maachen, déi zu engem Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) féiert. Weider Informatioune fannt Dir ënnert dësem Link..

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend