D'Kannerwoch 2026: Léieren, e Kannerspill!

Vum 30. Mee bis de 5. Juni 2026 fënnt déi fënneft Editioun vun der Kannerwoch statt. Dës Joer stellt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d'Kannerwoch ënnert de Motto: "Non-formal Bildung erliewen: Léieren, e Kannerspill!"

Non-formal Bildung regruppéiert d'Crèchen, Minicrèchen, Maison-relaisen, Schoul-Foyeren, Dagesfoyeren an Dageselteren. An dësen Erzéiungs- a Betreiungsstrukture gi Kanner tëscht 0 an 12 Joer ausserhalb vun der Schoulzäit betreit.

D'non-formal Bildung spillt eng grouss Roll fir d'Weiderentwécklung an d'Wuelbefanne vun de Kanner. D'Erzéiungs- a Betreiungsstrukturen aus der non-formaler Bildung verfollege kloer definéiert pädagogesch Ziler. Si bidden de Kanner en Ëmfeld an deem si altersgerecht a spilleresch d'Welt entdecke kënnen. D'Kanner entwéckelen hei sozial Kompetenzen a wichteg Fäegkeete fir hir Zukunft, wéi Kooperatioun, Kommunikatioun, Kreativitéit, Autonomie a Participatioun. Dës ergänzen a beräicheren déi schoulesch Educatioun a bilden eng wesentlech Grondlag fir hire spéidere Bildungswee. Optakt vun der Kannerwoch mécht de Kannerfestival an der Abtei Neimënster, den 30. an 31. Mee.

Kannerfestival: daagsiwwer, den 30 an 31. Mee

De Festival fënnt Samschdeg, den 30. Mee a Sonndeg, den 31. Mee 2026 an der Abtei Neimënster statt. Iwwert de ganze Weekend, kënne Kanner tëscht 0 an 12 Joer zesumme mat hire Famillje gratis un enge 60 Atelieren, verdeelt op 24 Ausstellungsstänn, deelhuelen.

Nei mat dobäi sinn dëst Joer Mini-Konferenze fir d'Elteren, déi op franséisch, lëtzebuergesch an englesch gehale ginn. Ergänzt ginn dës duerch spilleresch Aktivitéite fir d'Kanner. Um Programm stinn ausserdeem e Rallye, e Mikro-Trottoir an e Quiz.

Op engem Info-Stand vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, kritt ee sämtlech Informatiounen zu de Froe ronderëm déi pädagogesch Approchen, d'Betreiungsstrukturen oder nach dem Chèque-service accueil. Mat de Vertrieder vum Eltereforum kënnen d'Visiteuren och Erzéiungsfroen uschwätzen.

Fir z'iessen an ze drénken ass iwwerdeems mat Food Trucks op der Plaz gesuergt.

2025 hat de Kannerfestival iwwert déi zwee Deeg eng 13 500 Visiteure gezielt.

Kannerwoch: eng 1 100 Aktivitéiten an 234 Erzéiungs- a Betreiungsstrukturen

An der Kontinuitéit vum Festival, fënnt vum 30. Mee bis de 5. Juni 2026 uechter d'Land d'Kannerwoch statt. 234 Betreiungsstrukture maachen hir Diere fir de Public op, mat engem Programm vun iwwer 1 000 verschiddenen Aktivitéiten.

Fannt de ganze Programm um Site kannerwoch.lu oder semaine-enfance.lu, mat Aktivitéite pro Dag pro Regioun oder pro Zilgrupp (Elteren, Kanner, breet Ëffentlechkeet). Opgepasst: fir verschidden Aktivitéite muss een sech am Virfeld umellen.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Méi zu dësem Thema

Programm vum Kannerfestival

Programm vun der Kannerwoch

 

Event Datum

30.05.2026 - 05.06.2026