Éischt Lëtzebuerger Woch am Zeeche vun der Gesondheet vun der Fra

Am Kader vum Internationalen Dag vun der Fraegesondheet den 28. Mee, organiséiert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet vum 1. bis de 7. Juni 2026 zu Lëtzebuerg eng éischt Woch am Zeeche vun der Gesondheet vun de Fraen.

Mat dëser neier nationaler Initiativ soll den Zougang zu Informatiounen, d'Sensibiliséierung an d'Mobiliséierung ronderëm fraespezifesch Gesondheetstheme gefërdert ginn. Si soll iwwerdeems dozou bäidroen, Tabuen ze briechen, déi nach ëmmer vill Theme ronderëm d'Gesondheet vun de Frae begleeden. Vill ze dacks gi Symptomer a Gesondheetsproblemer bei Frae banaliséiert, ze wéineg diagnostizéiert oder net genuch berécksiichtegt.

"Nach ëmmer gëtt d'Gesondheet vun de Fraen net richteg unerkannt. Mat dëser éischter Woch fir d'Gesondheet vun der Fra setze mir e staarkt Zeechen: déi weiblech Gesondheet ouni Tabu thematiséieren, d'Preventioun stäerken an den Zougang zu Informatioune verbesseren", sou d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

Eng Woch am Zeeche vum Austausch, vun der Preventioun a vun der Informatioun

Déi ganz Woch iwwer bidde vill Partner – Associatiounen, ëffentlech Ariichtungen a Professioneller aus dem Gesondheetssecteur – am ganze Land e variéierte Programm un: Konferenzen, Atelieren, Sensibiliséierungsaktiounen, kulturell Evenementer a Consultatiounen.

D'Zil ass et, méi e grousst Bewosstsi ronderëm d'Gesondheet vu Fraen ze schafen, an den Austausch tëscht Expertinnen an Experten, Professioneller aus dem Gesondheetssecteur a Biergerinnen a Bierger ze stäerken.

De komplette Programm ass disponibel op: www.santesecu.lu/femme

Endometrios a Menopause: zwou ëffentlech Konferenzen

Am Kader vun dëser Woch organiséiert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet de 6. Juni 2026 an der École nationale de la santé zwou Konferenzen.

Am Mëttelpunkt stinn zwee wichteg Themen am Beräich vun der Gesondheet vun de Fraen: d'Endometrios an d'Menopause. Béid Konferenze bidden d'Méiglechkeet, méi iwwer dës Theme gewuer ze ginn, Virurteeler ofzebauen an den Dialog mat Spezialistinnen a Spezialisten ze fërderen.

Umeldung: https://santesecu.public.lu/fr/agenda/2026/juin/conferences-m3s-ssf.html

Mobiliséierung vum Personal aus dem Gesondheetssecteur

D'Gesondheetsdirektioun bitt iwwerdeems verschidden Evenementer un, fir datt och Gesondheetsfachleit vum Fachwësse vu Spezialistinnen a Spezialiste profitéiere kënnen. Gläichzäiteg sollen dës Evenementer dozou bäidroen, geschlechtspezifesch Besonneschkeete bei der Diagnos an der Behandlung vu bestëmmte Krankheete besser ze berécksiichtegen an op Themen opmierksam ze maachen, déi an der klinescher Praxis nach ze dacks ënnerschat ginn.

Den 3. an de 4. Juni 2026 ginn tëscht 12.00 an 13.30 Auer zwee Lunchtalks organiséiert. Deen éischte beschäftegt sech mat der Menopause, der Perimenopause an Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge bei Fraen; deen zweeten thematiséiert d'Endometrios, eng heefeg chronesch gynekologesch Krankheet, déi nach ëmmer staark ënnerdiagnostizéiert ass.

D'Fachleit aus dem Gesondheetssecteur si gebieden, dës Initiativen un hir Patientinnen a Patiente weiderzeginn an op d'Aktivitéiten am Kader vun der Sensibiliséierungswoch opmierksam ze maachen.

Eng national Campagne, fir d'Visibilitéit vu Symptomer ze stäerken, déi ze dacks net eescht geholl ginn

D'Gesondheetswoch vun der Fra gëtt vun enger multimedialer Kommunikatiounscampagne begleet, déi de Public fir Symptomer sensibiliséiere soll, déi nach ëmmer ze dacks erofgespillt oder ignoréiert ginn.

D'Campagne ëmfaasst ënner anerem Affichen a visuell Materialien, Contenuen op de soziale Medien, Radiospotten, Temoignagë souwéi d'Verdeele vu Sensibiliséierungsmaterial.

Mat dëser éischter Editioun mécht Lëtzebuerg e wichtege Schrëtt, fir d'Preventioun an d'Informatioun ze stäerken an déi spezifesch Gesondheetsbesoine vu Frae besser unzeerkennen.

D'Ministesch Martine Deprez invitéiert déi ganz Bevëlkerung, un den Evenementer vum 1. bis de 7. Juni 2026 an un den Aktivitéiten doriwwer eraus deelzehuelen an dozou bäizedroen, d'Gesondheet vu Frae méi siichtbar ze maachen an hir déi Opmierksamkeet ze ginn, déi si verdéngt.

Praktesch Informatiounen

Gesondheetswoch vun der Fra zu Lëtzebuerg

Vum 1. bis de 7. Juni 2026

Komplette Programm: www.santesecu.lu/femme

Affichen a Mediakit: https://santesecu.public.lu/fr/campagnes/2026/semaine-sante-femme.html

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Event Datum

01.06.2026 - 07.06.2026