Aktualiséiert den
Warnstuf rout: Aussergewéinlech Hëtztwell bis Enn der Woch
D'Cellule d'évaluation des risques intempéries et inondations (CERI) koum de Moien zesumme fir d'Wiederprevisioune vun den nächsten Deeg ze analyséieren an d'Bereetschaft vun de betraffenen Servicer ze evaluéieren. D'Bevëlkerung gëtt nach eemol zur Virsiicht an zur Eegeverantwortung opgeruff, fir sech ze schützen.
Aussergewéinlech héich Temperaturen, déi sech ab e Mëttwoch nach eemol verschäerfe wäerten (mat engem Duerchschnëtt vu 35°C bis 40°C), kombinéiert mat Nuechten, déi kaum Ofkillung bréngen, souwéi enger unhalender Dréchent ouni nennenswäert Nidderschléi, gestalten dës Hëtztwell besonnesch ustrengend. D'Wiederlag kann allgemeng Gesondheetsproblemer mat sech bréngen, an Dehydratatioun sou wéi schwéier Hëtzschléi mat sech bréngen (Symptomer: Féiwer iwwer 40 °C, waarm, rout an dréchen Haut, Kappwéi, Iwwelzegkeet, Middegkeet, staarken Duuscht, Verwirrung, Krämp, Bewosstlosegkeet).
Iwwerdeems wäerten d'Feierlechkeeten am Kader vun Nationalfeierdag eng grouss Mënschemass a vill Deplacementer mat sech bréngen, déi zu enger méi staarker Belaaschtung vun de Rettungs- a Gesondheetsdéngschter féiere kann.
D'Kombinatioun vun dësen Ëmstänn kann zu enger Hausse vun den Asätz féieren an déi operationell Capacitéite vun de Rettungsdéngschter ënner Drock setzen. An dësem Kontext huet de Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS), a Koordinatioun mat de betraffene Partner, säin Dispositif erhéicht, fir iwwert déi ganz Dauer vun der Feierlechkeeten an vun der Hëtztwell eng aussergewéinlech Bereetschaft kënnen ze garantéieren.
Verstäerkte Mobiliséierung vun de Rettungs- a Gesondheetsdéngschter
Opgrond vun den héijen Temperaturen an der grousser Unzuel un Aktivitéiten uechter d'Land, sinn d'Rettungsdéngschter am Laf vum Weekend scho staark gefuerdert ginn. D'Autoritéite behalen d'Entwécklung vun der operativer an der gesondheetlecher Situatioun opmierksam am Aen.
De CGDIS huet am ganze Land e gréisseren Dispositif opgestallt, fir schnell an effikass op all méiglech Urgence kënnen ze reagéieren. Dës aussergewéinlech Mobiliséierung gëtt wärend de Festlechkeeten an och an den Deeg duerno bäibehalen, well d'Temperaturen am Laf vun der Woch nach weider klamme wäerten.
Doriwwer eraus weist d'CGDIS drop hin, datt wéinst der Dréchent vun der Vegetatioun an den héijen Temperaturen e staark erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn besteet.
Och am Gesondheetsberäich bleiwen d'Spideeler an d'Fleegeariichtungen an Alarmbereetschaft. Wéinst der rouder Warnstuf an den aussergewéinlech héijen Temperature recommandéiert d'Gesondheetsdirektioun besonnesch vulnerabele Persounen dringend, sech am Dag esou vill wéi méiglech a killen oder klimatiséierte Banneraim opzehalen an hir Beweegungen an Aktivitéiten dobaussen op dat Noutwennegt ze limitéieren.
Besonnesch vulnerabel sinn eeler Persounen, Mënsche mat Behënnerungen, Persoune mat chronesche Krankheeten oder psychesche Problemer, Persounen déi reegelméisseg Medikamenter anhuelen, eleng liewend Persounen a Klengkanner.
Ausserdeem gëtt recommandéiert, wärend dëser Hëtztperiod op den Alkoholkonsum ze verzichten, well Alkohol de Risiko vun Dehydratioun an hëtzebedéngte Problemer erhéicht.
Un d'Wiederlag ugepasste Festlechkeeten
Sämtlech Partner, déi un der Organisatioun an der Ofsécherung vun de Festlechkeete vum Nationalfeierdag bedeelegt sinn, hunn hir Mesuren un déi erwaart aussergewéinlech Wiederkonditiounen ugepasst.
Besonnesch Opmierksamkeet gëtt der Preventioun vun hëtzebedéngte Risiken, der Informatioun vun der Ëffentlechkeet, der Bereetstellung vu Waasserstellen an dem Schutz vu besonnesch vulnerabele Persoune geschenkt. Rettungsdéngschter, Sécherheetskräften, lokal Autoritéiten an Organisateure schaffen enk zesummen, fir e sécheren Oflaf vun de Festlechkeeten ze garantéieren.
D'Autoritéite ruffen d'Bevëlkerung dozou op, d'Festlechkeete verantwortungsbewosst, solidaresch a respektvoll ze genéissen.
Verhalensreegelen
D'Autoritéiten erënneren nach eemol un d'Verhalensreegelen:
- Drénkt reegelméisseg a genuch Waasser (op d'mannst 1,5 Liter pro Dag)
- Vermeit et Iech dobaussen opzehalen (längeren an direkten Openthalt an der Sonn) wärend de wäermsten Auerzäiten (11:00 bis 21:00).
- Maacht am Dag Fënsteren, Jalousien a Riddoen zou a lëft owes an nuets.
- Bedeckt Äre Kapp wann Dir erausgitt.
- Ditt liicht Kleeder un.
- Limitéiert kierperlech Aktivitéiten.
- Benotzt e Ventilator oder eng Klimaanlag fir Iech ofzekillen.
- Haalt Iech wa méiglech op frëschen oder klimatiséierte Plazen op (Akafszenteren, Kino, ...).
- Maacht de Kierper e puer Mol am Dag naass (Dusch, Spray, asw.).
- Bleift a Kontakt mat vulnerabele Persounen an Ärem Ëmfeld an ënnerstëtzt si bei Bedarf; begleet si op méi kill Plazen.
Verstäerkt national Koordinatioun
De gemeinsame Kommando-Posten (PCO-C), deen am Nationale Krisenzenter zu Senneng aktivéiert gëtt, suergt fir eng verstäerkt Koordinatioun vun alle bedeelegte Servicer.
D'Unitéit setzt sech aus dem CGDIS, der Police Lëtzebuerg, der Gesondheetsdirektioun, der Stad Lëtzebuerg, der Lëtzebuerger Arméi an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet zesummen. Si iwwerwaacht d'Lag an Echtzäit, koordinéiert déi agesate Mëttel a suergt fir eng kohärent an effikass Äntwert op d'Erausfuerderunge vun der Hëtztwell an dem Nationalfeierdag.
D'CERI wäert d'Entwécklung vun der Lag och an den nächsten Deeg weiderhi genee suivéieren.
D'Autoritéite wënsche jidderengem schéi Feierlechkeete fir de Nationalfeierdag a soen der Bevëlkerung Merci fir hiert Verantwortungsbewosstsinn an hir Solidaritéit.
Weider Informatiounen: www.infocrise.lu; www.lu-alert.lu; Urgencen a Garden – Portail vun der Santé Luxembourg; http://santesecu.lu/canicule
Participanten un der CERI: Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN), MeteoLux, Gesondheetsdirektioun, Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS), Police Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Arméi, Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Stad Lëtzebuerg an d'Douane.
Communiqué vun der Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations (CERI)