Aktualiséiert den
Grouss Hëtzt: Puppelcher richteg schützen
Bei staarker Hëtzt gehéieren Neigebuerener a Puppelcher zu de vulnerabelste Persounen. Hire Kierper ass nach net fäeg déi eegen Temperatur ze reguléieren; si schweesse manner a kënne séier dehydréieren.
Geféierlech Situatioune vermeiden
D'Gesondheetsdirektioun erënnert drun, datt e Puppelchen ni eleng an engem Auto däerf zeréckgelooss ginn, och net fir e puer wéineg Minutten. D'Temperatur am Auto ka ganz séier klammen an e geféierlechen, souguer liewensgeféierlechen Niveau erreechen, och wann d'Fënsteren e Spalt op sinn.
Et ass och wichteg, e Kand ni an enger Poussette oder an engem Autossëtz der direkter Sonn auszesetzen. Och eng Poussette soll ni mat enger Decken oder engem Duch ofgedeckt ginn, well doduerch d'Loftzirkulatioun blockéiert gëtt an d'Hëtzt sech staue kann.
Puppelcher richteg hydratéieren
Bei staarker Hëtzt musse Puppelcher eventuell méi dacks gestëllt ginn.
Virum Alter vu 6 Méint:
- Puppelcher, déi ausschliisslech gestëllt ginn, brauche meeschtens keen zousätzlecht Waasser. Et ass recommandéiert, méi dacks ze stëllen. Och stëllend Mamme sollten dofir suergen, datt si genuch drénken.
- Puppelcher, déi mat Pudder-Mëllech gefiddert ginn, kënne bei Bedarf méi Fläschen ugebuede kréien.
- Nom Alter vu 6 Méint: Tëscht de Moolzechte kënne reegelméisseg kleng Quantitéite Waasser ugebuede ginn.
Puppelcher kill halen
Fir d'Auswierkunge vun der Hëtzt ze limitéieren:
- Haalt Iech wa méiglech op kille Plazen oder am Schied op.
- Vermeit déi direkt Sonn, besonnesch mat Puppelcher ënner 12 Méint.
- Dot dem Puppelche liicht Kleeder un, am beschten aus Kotteng.
- Dir kënnt Äert Kand och wotlech bueden, oder den Hals, d'Stir oder d'Handgelenker virsiichteg mat engem fiichten, wotlechen Duch ëmwéckelen.
Äis sollt net direkt op d'Haut vum Puppelche geluecht ginn. Dëst kann zu Verbrennunge féieren an Zidderen ausléisen, wouduerch de Kierper nach méi Hëtzt produzéiert.
Sécher schlofen
Och bei héijen Temperature bleiwen d'Reegele fir e séchere Schlof wichteg. Ditt de Puppelche liicht un a verzicht op déck Decken, Duveten, Këssen, Kuscheldéieren oder aner Géigestänn am Bett. Dës kënnen d'Evakuatioun vun der Hëtzt verhënneren an Iwwerhëtzung begënschtegen.
Alarmzeeche erkennen
D'Eltere sollten op Zeechen oppassen, déi op eng Deshydratatioun oder e Problem am Zesummenhang mat der Hëtzt hindeite kënnen:
- manner naass Wëndele wéi gewinnt;
- en dréchene Mond oder dréche Lëpsen;
- grouss Middegkeet, ongewéinlech Schléifregkeet oder e manner reaktiivt Kand;
- Kräischen, dat sech schwéier berouege léisst;
- waarm, rout oder ganz dréchen Haut;
- séieren Otem;
- Féiwer oder Erbriechen;
- keng Tréineflëssegkeet, wann de Puppelche kräischt.
Wann esou Zeechen optrieden, besonnesch bei staarker Schléifregkeet oder Féiwer, ass et recommandéiert, séier en Dokter ze kontaktéieren.
Weider Informatiounen a Preventiounsmoossname bei staarker Hëtzt fannt Dir op der Säit: santesecu.lu/canicule
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet