Aktualiséiert den
Summerschool 2026: D'Aschreiwunge sinn op
Wéi déi lescht Jore bidden déi ëffentlech Schoulen och dëst Joer nees fakultativ a gratis Nohëllef am Kader vun der Summerschool un. Dëse Programm vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend riicht sech u Schülerinnen a Schüler, déi schoulesch Retarden ophuelen oder sech an engem bestëmmte Fach verbessere wëllen. D'Summerschool fënnt dëst Joer vum 1. bis den 11. September 2026 am Fondamental a vum 31. August bis den 11. September 2026 am Secondaire statt.
D'Summerschool gëtt zënter 2020 organiséiert an ass Deel vun den Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend fir Schülerinnen a Schüler mat schoulesche Schwieregkeeten oder Retarde virgesäit. Fir d'Editioun 2025 haten sech ca. 7.000 Schülerinnen a Schüler ageschriwwen.
D'Organisatioun vun der Summerschool 2026 am Iwwerbléck
1. Am Fondamental (1. bis 11. September)
Am Bilansgespréich vum drëtten Trimester kann den Titulaire vun der Klass den Elteren eng guidéiert Summerschool-Aktivitéit fir hiert Kand proposéieren. Dës Demande kann awer och vun den Elteren direkt kommen. Wann all Bedeelegt averstane sinn, schreift den Enseignant oder d'Enseignante d'Kand an.
D'Aktivitéiten am Fondamental variéiere jee no Cycle.
Schüler vum Cycle 2, 3 a 4.1
- Fir Schülerinnen a Schüler vun de Cyclen 2.1 an 2.2 gi guidéiert Aktivitéiten an der Mathé an am Däitschen ugebueden.
- Fir Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3.1, 3.2 a 4.1 gi guidéiert Aktivitéiten an der Mathé, am Däitschen an am Franséischen ugebueden.
D'Aktivitéiten an der Mathé fanne vum 1. bis de 4. September 2026 statt. D'Aktivitéiten am Däitschen an am Franséische fanne vum 7. bis den 11. September 2026 statt.
Schüler vum Cycle 4.2
D'Schülerinnen a Schüler vum Cycle 4.2. kënnen un den Nohëllefscoursen deelhuelen, déi am Lycée proposéiert ginn, an deem si fir d'Schouljoer 2026/2027 ageschriwwe sinn. Si kréie vun hirem Klassentitulaire e Formulaire mat, wou de Cours dropsteet, un deem se deelhuele kënnen. Dëse Formulaire soll dann am Sekretariat vun hirem zukünftege Lycée ofgi ginn.
Schülerinnen a Schüler aus ëffentlechen internationale Schoulen
Eltere vu Schülerinnen a Schüler, déi eng Primärschoulsklass an enger ëffentlecher internationaler Schoul besichen, sollen sech direkt un d'Sekretariat vun der Schoul wenden.
2. Am Secondaire (31. August bis 11. September)
Am Lycée ginn zwou Zorte Coursen ugebueden:
- D'Nohëllefscoursë riichten sech un d'Schüler mat engem Noexamen am September (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé, Bio, Wëssenschaften, Chimie, Physik an anerer).
- D'Opfrëschungscoursë riichten sech un d'Schüler, déi eventuell Lacunne wëllen opschaffen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathematik).
D'Aschreiwunge ginn direkt iwwer d'Sekretariat vum jeeweilege Lycée gemaach a sinn – an der Limitt vun de verfügbare Plazen – bis de 17. Juli 2026 méiglech.
3. Thematesch Dossiere fir d'Summerschool oder fir doheem
Wéi an de leschte Jore baséieren d'Opfrëschungscoursë vun der Summerschool am Fondamental an am Secondaire op themateschen Dossieren, déi vum Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) vum Ministère ausgeschafft goufen. Fir de Secondaire betreffen dës Dossieren d'Fächer Däitsch, Franséisch, Englesch a Mathematik fir d'Klasse 7e bis 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général.
D'Dossieren si vum 15. Juli 2026 un iwwer den IAM vun de Schülerinnen a Schüler op der Plattform www.summerschool.lu zougänglech. Mat abegraff sinn och Musterléisungen, fir dass d'Dossieren zu all Ament vun der Schoulvakanz och autonom vum Schüler oder vun den Eltere benotzt ka ginn.
Fir weider Froen oder Informatiounen, kënnen d'Elteren an d'Schüler sech per Telefon un d'Helpline 8002-9090 wenden.
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend