Aussergewéinlech Fermeture vun der Maison médicale an der Stad Lëtzebuerg

D'Maison médicale an der Stad Lëtzebuerg bleift e Samschden, den 11. Juli an e Sonnden, den 12. Juli 2026 ausnamsweis zou. Grond dofir si wichteg Aarbechten um Haapttraffo vum Gebai.

Patienten, déi eng Consultatioun bei engem Generalist brauchen an net op hiren Hausdokter zeréckgräife kënnen, kënnen an eng vun deenen aneren zwou Maison-médicalle goen, déi zu de gewinnten Ëffnungszäiten op hunn:

  • Maison médicale Ettelbréck: 110, avenue Lucien Salentiny, L-9080 Ettelbréck
  • Maison Médicale Belval: 3-5, avenue du Swing, L-4367 Bieles
  • Ëffnungszäite vun de Maisons médicales:
    • An der Woch: vun 20:00 Auer bis Hallefnuecht
    • Samschdes, Sonndes a Feierdeeg: vun 8:00 Auer bis Hallefnuecht

D'Telefonszentral ass wärend den Ëffnungszäite vun de Maison-médicallen ënnert follgender Nummer erreechbar: (+352) 20 333 111.

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet entschëllegt sech fir d'Onannehmlechkeeten, déi dës aussergewéinlech Fermeture mat sech bréngt, a seet de Patiente Merci fir hir Versteesdemech.

Weider Informatiounen zu de Maison-médicallen, hir Ëffnungszäiten a Kontaktdetailer sinn um Portal vun der Santé verfügbar. 

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Event Datum

11.07.2026 - 12.07.2026