Aktualiséiert den
Drénkwaasserversuergung: Vigilance-Phas ausgeléist – Opruff fir verstäerkt Drénkwaasser ze spueren
Wéinst der unhalender Hëtzt, dem Manktem u Nidderschléi an dem zouhuelende Verbrauch vun Drénkwaasser huet d'Waasserverwaltung d'Vigilance-Phas ausgeléist.
Dës Decisioun gouf a Récksprooch mat den Haaptfournisseure vun Drénkwaasser am Land geholl. Si soll dozou bäidroen, déi verfügbar Drénkwaasserreserven ze schounen an d'Drénkwaasserversuergung vun der Bevëlkerung an de kommende Woche sécherzestellen.
Aktuell Situatioun
Zënter e puer Woche ginn zu Lëtzebuerg héich Temperaturen an e Manktem u Nidderschléi festgestallt. Doduerch ass de Verbrauch vun Drénkwaasser däitlech geklommen.
Verschidde Fournisseure vun Drénkwaasser sti mëttlerweil ëmmer méi ënner Drock, fir d'Drénkwaasserversuergung sécherzestellen. D'Ausléise vun der Vigilance-Phas op nationalem Niveau ass eng preventiv Moossnam, fir eng weider Verschlechterung vun der Situatioun ze verhënneren.
Net essenziell Notzunge vum Drénkwaasser elo schonn aschränken
Fir d'Drénkwaasserreserven ze schounen, rifft d'Waasserverwaltung Bierger, Betriber a Gemengen dozou op, net essenziell Notzunge vum Drénkwaasser anzeschränken.
Mam Ausléise vun der Vigilance-Phas gëtt den Opruff, deen am Laf vum Juni gemaach gouf, nach eng Kéier verstäerkt. Jidderee gëtt opgeruff, nach méi verantwortungsbewosst mam Drénkwaasser ëmzegoen. Dat bedeit ënner anerem, keng Wise méi ze bewässeren, Gäert nëmmen am noutwennege Mooss an zu de méi killen Zäite vum Dag ze netzen, méi kuerz ze duschen, Fuitte séier ze flécken an Apparater mat héijem Waasserverbrauch nëmmen dann ze benotzen, wann se voll beluede sinn.
Detailléiert Recommandatioune fir Drénkwaasser ze spuere fannt Dir op www.waasser.lu.
D'Ressourcë fir prioritär Notzunge schützen
Drénkwaasser ass e Grondliewensmëttel a soll virun allem dozou déngen, de wesentleche Besoin vun der Bevëlkerung un Drénkwaasser ze decken.
Den Asaz vun all Eenzelnem hëlleft, den Drock op d'Drénkwaasserversuergung ze reduzéieren an de Risiko vu méi wäitreechende Restriktiounen ze begrenzen, falls déi aktuell Wiederkonditioune bestoe bleiwen.
Mobiliséierung vun den Drénkwaasserfournisseuren
D'Gemengen an d'Drénkwaassersyndikater iwwerwaachen d'Entwécklung vun der Situatioun a setzen op lokalem Niveau déi néideg Moossnamen ëm.
Jee nodeem, wéi sech déi verfügbar Waasserressourcen entwéckelen, kënnen eenzel Gemengen duerch e Gemengereglement verbindlech Moossnamen aféieren. D'Bierger gi gebieden, sech un d'Uweisunge vun hirer Gemeng ze halen. Anerefalls si Geldstrofe méiglech.
Och d'Waasserleef schützen
D'Dréchent an déi héich Temperaturen hunn och Auswierkungen op d'Waasserleef, deenen hire Waasserstand aktuell besonnesch niddreg ass.
Fir d'Gewässer ze schützen, bleift d'Ofpompele vu Waasser aus de Waasserleef an den Uewerflächegewässer am Grand-Duché – mat Ausnam vun der Musel an ënner spezielle Bestëmmungen duerch ministeriell Arrêtéen – bis op Weideres verbueden.
Communiqué vun der Waasserverwaltung