Joyeuse Entrée am Éislek: Déi groussherzoglech Koppel op Besuch zu Ëlwen

Dëse Freideg hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hir Tournée vun de Joyeuses Entrées zu Ëlwen weidergefouert. Et war déi zweet Etapp vun hirer Tournée duerch déi fënnef Regioune vum Land am Kader vum Trounwiessel. No enger éischter Visitt zu Esch-Uelzecht, déi dem Minett geweit war, huet dës Joyeuse Entrée symbolesch d'Arrivée vun der groussherzoglecher Koppel am Éislek markéiert a gläichzäiteg eng nei Geleeënheet fir den Austausch an d'Proximitéit mat der Bevëlkerung gebueden.

Ganz am Zeeche vun der Ländlechkeet an den Traditioune stoung bei dëser Visitt d'Identitéit vum Éislek am Mëttelpunkt, mat sengem räiche Patrimoine an dem Asaz vu senge Bewunnerinnen a Bewunner an de villen Acteuren, déi mat hirem Engagement zur Dynamik an Entwécklung vun der Regioun bäidroen.

En häerzlechen Empfang am Kär vun Ëlwen

Bei hirer Arrivée virum Gemengenhaus vun Ëlwen goufen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse vum President vun der Chamber, Claude Wiseler, vun der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Ministesch fir Konsumenteschutz a Sportsministesch, Martine Hansen, als Vertriederin vun der Regierung, souwéi vum Buergermeeschter vun Ëlwen, Edy Mertens, begréisst. Och den Eric Thill, Kulturminister an Delegéierte Minister fir Tourismus, war bei dëser Geleeënheet dobäi.

Ronn honnert Museker aus de Gemenge vum Gemengesyndikat SICLER hunn d'Arrivée vun der groussherzoglecher Koppel musikalesch begleet.

Nom Begréissungswuert vum Buergermeeschter an der Ënnerschrëft am gëllene Buch vun der Gemeng hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse d'Bevëlkerung vum Balcon vum Gemengenhaus aus begréisst. Um Parvis huet e Chouer vun circa 90 Kanner duerno "Kanner vun dëser Welt" virgedroen.

D'Bevëlkerung an de lokale Patrimoine am Fokus

Begleet vu Museksveräiner aus der Regioun huet sech de Cortège duerno a Richtung Nicolas-Adames-Plaz deplacéiert. Den Trajet huet déi groussherzoglech Koppel ënner anerem laanscht d'Statue vum Nicolas Adames gefouert, dem éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, gebierteg vun Ëlwen, souwéi laanscht déi regional Bibliothéik Tony Bourg, déi a sengem Gebuertshaus ënnerbruecht ass.

Op der Nicolas-Adames-Plaz hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse sech mat eelere Leit aus der Regioun ausgetosch, engem musikaleschen Optrëtt nogelauschtert a Kanner souwéi Scoute getraff. Am Centre Culturel hunn d'Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 hinnen hir Gemeng a verschiddenen thematesche Beräicher presentéiert. Dobäi goung et ënner anerem ëm d'Dierfer, d'lokal Geschicht, d'kulturell Diversitéit an de Räichtum vum Veräinsliewen an der Gemeng.

Ländlechkeet, Traditioun a regional Zesummenaarbecht

D'Visitt ass mam ländleche Patrimoine an dem Knowhow vum Éislek weidergaangen. De Grand-Duc huet eng Ausstellung vun Trakteren an historesche landwirtschaftleche Maschinnen aus zwou bedeitende Privatsammlunge besicht, wärend d'Grande-Duchesse Géigestänn an Ausrüstunge presentéiert krut, déi aus fréieren Zäiten erzielen. Si goufe vum ländleche Musée "A Schiewesch" zu Bënzelt zur Verfügung gestallt.

Uschléissend huet de Grand-Duc en interaktive Beräich iwwer d'territorial Zesummenaarbecht am Éislek besicht. Do huet hie sech iwwer déi vill gemeinsam Initiativen informéiert, déi fir d'Entwécklung vun der Regioun ëmgesat goufen, besonnesch an de Beräicher Wirtschaft, Jugend a Soziales, Natur an Ëmwelt, ländlech Entwécklung souwéi Tourismus a Kultur.

Iwwerdeems huet d'Grande-Duchesse sech mat Acteuren ënnerhalen, déi sech fir dat interkulturellt Zesummeliewen an der Gemeng asetzen. An dësem Echange goung ëm d'Initiativen, déi den Dialog, den Austausch an den Zesummenhalt tëscht de verschiddene Communautéite fërderen. Op der Nicolas-Adames-Plaz huet si och verschidde kulinaresch Spezialitéiten entdeckt, déi zur kultureller Diversitéit bäisteieren an d'Liewen an der Gemeng beräicheren.

Dës zweet Joyeuse Entrée ass an enger geselleger a festlecher Atmosphär op en Enn gaangen. Am direkte Kontakt mat der Bevëlkerung an de villen engagéierten Acteuren aus der Regioun gouf nach eng Kéier däitlech, wéi wichteg der groussherzoglecher Koppel den Dialog an d'Proximitéit mat de Bierger sinn.

Déi nächst Joyeuse Entrée fënnt den 2. Oktober 2026 an der Gemeng Wormer statt.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht an der Maison du Grand-Duc