Aktualiséiert den
Gréng Luucht vun der Chamber fir d'Subventiounen zur Reduzéierung vun de Gas- a Stroumpräisser fir d'Stéit ab dem 1. August 2026
Den 9. a 14. Juli 2026 huet d'Chamber gréng Luucht fir d'Subventiounen zur Reduzéierung vun de Gas- a Stroumpräisser fir d'Stéit ab dem 1. August 2026 ginn. Dës Mesurë goufen am Kader vum Resilienzpak 2026 decidéiert, deen an de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite vum 12. Mee 2026 a vum 2., 3., a 4. Juni 2026 ausgeschafft gi war.
De Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, Lex Delles, huet ënnerstrach: "Dës zwou Subventioune fir d'Stroum- an d'Gaspräisser sinn eng direkt Entlaaschtung fir d'Stéit. Si stäerken d'Kafkraaft vun de Bierger an droen dozou bäi d'Inflatioun am Grëff ze halen, dëst an engem Ëmfeld vu grousse Präisschwankungen op den internationalen Energiemäert. Mat dëse Mesurë wëll d'Regierung d'Stéit schützen, d'Energiekäschte stabiliséieren an d'Transitioun zu engem méi resilienten Energiesystem begleeden."
Subventioun vum Stroumpräis fir d'Stéit
Fir d'Kafkraaft vun de Stéit ze stäerken an d'Inflatioun am Kontext vun international volatillen Energiemäert am Grëff ze halen, an dobäi gläichzäiteg d'Energietransitioun ze beschleunegen, huet d'Regierung eng Subventioun um Stroumpräis vu 4 Cent TTC pro kWh agefouert. Dës Mesure applizéiert sech automatesch fir all Privatclientë mat engem Joresverbrauch vu manner wéi 25.000 kWh ab dem 1. August bis den 31. Dezember 2026.
Dës Subventioun ergänzt déi scho bestoend Ënnerstëtzungsmoossnamen zur Senkung vum Stroumpräis, nämlech d'Bäihëllefe fir d'Netzkäschten an d'Iwwerhuele vum Staat vum Kompensatiounsmechanismus fir d'Joren 2026, 2027 an 2028.
Subventioun vum Gaspräis fir d'Stéit
Fir d'Kafkraaft vun de Stéit ze stäerken an d'Inflatioun am Kontext vun international volatillen Energiemäert am Grëff ze halen, huet d'Regierung eng finanziell Entlaaschtung vu 15 Cent TTC pro Meterkibb Gas agefouert. Dës Mesure applizéiert sech automatesch fir all Privatclienten ab dem 1. August bis den 31. Dezember 2026.
Et sief drun erënnert, datt dës Subventiounen déi bestoend Bäihëllefen zur Senkung vum Preis vum Mazout a vum Agrardiesel ëm 15 Cent TTC pro Liter a vu 5 Cent TTC pro Liter Bensinn an Diesel ergänzen.
Communiqué vum Wirtschaftsministère