Hëtztwarnung – Vigilance orange ab Donneschdeg, den 13. August 2026

Op Basis vun de Previsioune vu MeteoLux gëllt ab Donneschdeg, den 13. August 2026, am Süde vum Land eng Vigilance orange wéinst grousser Hëtzt. D'Vigilance gëllt den aktuelle Previsiounen no bis e Freideg, de 14. August mat abegraff.

D'Cellule d'évaluation des risques intempéries et inondations (CERI) ass dëse Mëttwoch de Moien zesummekomm, fir d'Wiederlag an hir méiglech Konsequenze fir d'Bevëlkerung ze evaluéieren.

Eng unhalend Hëtzt

Den aktuelle Previsiounen no wäerten déi ganz héich Temperaturen no an no dat ganzt Land betreffen. Am Süde vum Land gëtt mat enger staarker Hëtztbelaaschtung gerechent. Déi héchsten Temperature ginn en Donneschdeg (34–36 °C) an e Freideg (35–37 °C) erwaart. Och an der Nuecht bleiwen d'Temperature relativ héich (18–21 °C), soudatt et nuets nëmme begrenzt ofkillt.

Am Norde vum Land gëtt esou eng staark Hëtztbelaaschtung nëmme lokal erreecht.

D'Hëtzt kann zu Middegkeet an Erschëpfung féieren, besonnesch bei längerem Openthalt an der Sonn oder bei kierperlecher Aktivitéit.

D'Vigilance orange gëtt ausgeléist, wann op d'mannst fir zwee Deeg hannereneen eng staark Hëtztbelaaschtung virausgesot gëtt. D'Evaluatioun baséiert ënner anerem op engem Indicateur fir déi gefillten Temperatur, dee verschidde meteorologesch Parameter wéi d'Lofttemperatur, d'Loftfiichtegkeet, de Wand an d'Sonnestralung berécksiichtegt.

D'ëffentlech Autoritéiten erënneren un déi méiglech gesondheetlech Konsequenze vun der Hëtzt a ruffen d'Bevëlkerung dozou op, déi néideg Verhalensreegelen ze beuechten, fir d'Auswierkunge vun den héijen Temperaturen ze begrenzen.

Méiglech Konsequenzen

  • Gesondheetsproblemer, besonnesch bei eelere Leit, klenge Kanner, Persoune mat chronesche Krankheeten oder psychesche Gesondheetsproblemer, Persounen, déi verschidde Medikamenter anhuelen, souwéi isoléiert liewende Persounen.
  • Risiko vun Deshydratatioun an Hëtzschlag, besonnesch bei längerem Openthalt an der Hëtzt oder bei intensiver kierperlecher Ustrengung.

Recommandéiert Verhalensreegelen

  • Drénkt reegelméisseg Waasser iwwer den Dag verdeelt (op d'mannst 1,5 Liter Waasser pro Dag).
  • Vermeit wärend de wäermste Stonne vum Dag (11.00–21.00 Auer) e längeren an direkten Openthalt an der Sonn.
  • Haalt Är Wunneng esou kill wéi méiglech, andeems Dir am Dag Fënsteren, Rolllueden a Riddoen zouhaalt, a wärend der Nuecht lëft.
  • Gitt liichten a waasserräiche Moolzechte Virrang, besonnesch Uebst a Geméis.
  • Drot liicht, locker an hell Kleedung an eng Kappbedeckung, wann Dir Iech dobaussen ophaalt.
  • Beschränkt kierperlech Aktivitéiten a vermeit intensiv Ustrengunge wärend de wäermste Stonne vum Dag.
  • Hält Iech, wa méiglech, op killen oder klimatiséierte Plazen op.
  • Bleift a Kontakt mat empfindlechen a vulnerabele Persounen an Ärem Ëmfeld.
  • Bei Symptomer, déi op en Hëtzschlag hiweisen – héich Kierpertemperatur, Kappwéi, Iwwelzegkeet, Duercherneen, Schléiferegkeet oder Bewosstlosegkeet – went Iech sou schnell wéi méiglech u medezinescht Fachpersonal. Fir all Noutfall, rufft den 112 un.

Erhéicht Vigilance wéinst dem Risiko vu Vegetatiounsbränn

De Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) weist op déi erhéicht Gefor vu Vegetatiounsbränn wéint der grousser Hëtzt an Dréchent hin. D'Bevëlkerung ass opgeruff, bei Aktivitéiten am Fräie besonnesch virsiichteg ze sinn an all Verhalen ze vermeiden, dat e Brand ausléise kéint.

Waasser spueren

D'Waasserverwaltung (AGE) erënnert drun, datt déi national Vigilance-Phas fir d'Drénkwaasserversuergung zanter dem 10. Juli 2026 a Kraaft ass.

Déi héich Temperature kënnen zu engem méi héije Waasserverbrauch féieren, wärend d'Waasserressourcë weider ënner Drock stinn. D'Biergerinnen a Bierger, d'Entreprisen an d'Gemenge sinn dofir opgeruff, weider Waasser ze spueren, notamment andeems se den net onbedéngt néidege Verbrauch vun Drénkwaasser limitéieren, an eventuell lokal Virgabe vun de Gemenge respektéieren.

Participanten vun der CERI:

Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN), MeteoLux, Gesondheetsdirektioun, Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS)

Communiqué vun der Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations (CERI)