Aktualiséiert den
Brand am Héije Venn an der Belsch: D'Lëtzebuerger Autoritéite suivéieren d'Situatioun a gi Recommandatiounen un d'Bevëlkerung
Wéinst dem aktuelle Brand am Héije Venn am Oste vun der Belsch kënnen Damp an e staarke Brandgeroch a verschiddenen Deeler vu Lëtzebuerg wouergeholl ginn. D'Wiederkonditioune begënschtegen d'Ausbreedung vum Damp iwwer dat Gebitt eraus, dat direkt vum Brand betraff ass.
Fir d'Entwécklung vun der Situatioun an hir méiglech Auswierkungen op Lëtzebuerg ze bewäerten, ass e Sonndegnomëtteg eng interministeriell Evaluatiounscellule zesummekomm. An enker Zesummenaarbecht mat den zoustännege Partner suivéieren d'Lëtzebuerger Autoritéiten d'Situatioun opmierksam a stinn och weiderhin a Kontakt mat de belschen Autoritéiten.
Aktuell goufe keng bedeitend gesondheetlech Auswierkungen op d'Bevëlkerung festgestallt. Den Damp kann awer d'Otemweeër reizen an Otemproblemer verursaachen, besonnesch bei empfindleche Persounen.
Wéi d'Situatioun sech zu Lëtzebuerg weiderentwéckelt, hänkt virun allem vun de Wiederkonditiounen a vun der Wandrichtung of. Den aktuelle Prognosen no soll de Wand vu Sonndegowend un no an no aus nërdlecher Richtung blosen. Doduerch kéint sech d'Ausbreedung vum Damp veränneren, soudatt och aner Gebidder betraff kéinte sinn.
Recommandatiounen un d'Bevëlkerung
Persounen, déi Damp bemierken oder sech duerch de Brandgeroch gestéiert fillen, solle follgend Virsiichtsmoossnamen treffen:
- Dieren a Fënstere vun der Wunneng zouzehalen;
- sech dem Damp esou mann wéi méiglech auszesetzen a bei staarkem Damp oder Brandgeroch länger kierperlech Aktivitéiten am Fräien ze vermeiden;
- Ventilatiouns- oder Belëftungsanlagen, déi Loft vu baussen eranzéien, temporär auszeschalten, wa se dozou féiere kënnen, datt Damp an d'Wunneng erakënnt;
- besonnesch op vulnerabel Persounen opzepassen, dorënner Puppelcher a kleng Kanner, eeler Leit, schwanger Fraen a Persoune mat Otemweeër- oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen;
- d'Informatiounen an d'Recommandatioune vun de Lëtzebuerger Autoritéiten iwwer déi offiziell Kanäl ze suivéieren.
Soubal de Brandgeroch oder den Damp ofgeholl huet, gëtt recommandéiert, d'Raimlechkeeten nees ze lëften, wann d'Konditiounen dobaussen et erlaben. Jee nodeem, wéi de Wand sech entwéckelt, kënnen den Damp an de Brandgeroch och zäitweis optrieden.
Dës Recommandatiounen entspriechen ënner anerem de Virsiichtsmoossnamen, déi vun de belschen Autoritéite fir déi Gebidder, déi vum Damp betraff sinn, matgedeelt goufen.
Den 112 nëmmen am Noutfall uruffen
Hiweis: Wa keng direkt Gefor besteet, ass de Brandgeroch eleng kee Grond, fir den 112 unzeruffen.
Wann Dir awer e Brand oder eng geféierlech Situatioun feststellt oder eng Persoun an Nout ass, rufft direkt den 112 un.
D'Lëtzebuerger Autoritéite suivéiere weiderhin opmierksam d'Situatioun an hir méiglech Auswierkungen op Lëtzebuerg. Nei Informatiounen oder Recommandatioune gi bei Bedarf iwwer déi offiziell Kanäl matgedeelt.
Weider Informatiounen: APP Meng Loft; www.emwelt.lu; www.infocrise.lu; www.lu-alert.lu; www.meteolux.lu
Bedeelegt Autoritéiten: Ëmweltverwaltung; Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS); Gesondheetsdirektioun; Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN); MeteoLux
Communiqué vun der interministerieller Evaluatiounscellule