Aktualiséiert den
Brand am Héije Venn (Hautes Fagnes): Aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg a Bäibehale vun de Virsiichtsmoossnamen
D'interministeriell Evaluatiounscellule ass haut de Moien zesummekomm, fir d'Entwécklung vun der Situatioun am Zesummenhang mam Brand am Héije Venn an der Belsch ze bewäerten. Schonn e Samschdeg, de 15. August, goufen am Ausland Iwwerschreidunge vun den deegleche Referenzwäerter fir Feinstëbs (PM10) festgestallt, wärend dat zu deem Zäitpunkt zu Lëtzebuerg nach net de Fall war. Am Laf vum Owend sinn d'Konzentratiounen allerdéngs geklommen. Mëttlerweil gouf och zu Lëtzebuerg den deegleche Grenzwäert fir PM10 iwwerschratt. Dofir gëlle weiderhin déi recommandéiert Virsiichtsmoossname vu gëschter.
A verschiddene Regioune vum Land kënnen nach ëmmer Damp a Brandgeroch wouergeholl ginn. De Brand huet och temporär Auswierkungen op d'Loftqualitéit.
Loftqualitéit
Den Damp vum Brand am Héije Venn huet zu enger Erhéijung vun de Feinstëbskonzentratiounen zu Lëtzebuerg gefouert.
Dëse Méindeg, de 17. August, gouf den Alarmwäert fir PM10 iwwerschratt. Vun en Dënschdeg u sollen d'Konzentratiounen no an no erofgoen. Lokal besteet awer weiderhin de Risiko, datt den deegleche Grenzwäert vu 50 µg/m³ iwwerschratt gëtt.
No den héije Wäerter, déi de Weekend an uganks dëser Woch gemooss goufen, soll d'Situatioun sech an den nächsten Deeg no an no verbesseren. Lokal kënnen awer weiderhin héich Konzentratioune gemooss ginn.
D'Autoritéite suivéieren d'Situatioun weiderhin opmierksam a gi bei Bedarf nei Recommandatiounen eraus.
Entwécklung vun der Wiederlag
Den Transport vun Damp a Feinstëbs a Richtung Lëtzebuerg soll an den nächste Stonnen an Deeg no an no ofhuelen. De Wiederprevisiounen no soll de Wand vu muer de Moien un däitlech aus nordwestlecher bis westlecher Richtung blosen. Duerno dréit en op West bis Südwest; eng Situatioun, déi op d'mannst bis en Donneschdeg mat abegraff soll unhalen.
Dës Entwécklung soll dozou bäidroen, datt den Damp sech méi séier opléist a seng Auswierkungen op Lëtzebuerg no an no ofhuelen. Lokal kënnen an den nächsten Deeg awer nach ëmmer Brandgeroch oder Spuere vun Damp wouergeholl ginn.
Rappell vun de wichtegste Virsiichtsmoossnamen
D'Lëtzebuerger Autoritéite suivéieren d'Situatioun weiderhin opmierksam a verstäerken hir Iwwerwaachung an enker Ofstëmmung mat de belschen Autoritéiten an den zoustännege Servicer. D'Entwécklung vun der Wiederlag, besonnesch d'Wandrichtung an d'Wandstäerkt, bleift entscheedend fir d'Ausbreedung vum Damp an den nächste Stonnen.
Aus Virsiicht gëlle fir Persounen, déi Damp bemierken oder sech duerch de Brandgeroch gestéiert fillen, weiderhin déi Recommandatioune vu gëschter:
- Dieren a Fënstere vun der Wunneng zouhalen;
- sech dem Damp esou mann wéi méiglech aussetzen;
- bei staarkem Damp oder Brandgeroch länger kierperlech Aktivitéiten am Fräie vermeiden;
- wann néideg berufflech Aktivitéiten, déi mat enger grousser kierperlecher Ustrengung verbonne sinn, bei staarkem Damp oder Brandgeroch limitéieren;
- Ventilatiouns- oder Belëftungsanlagen, déi Loft vu baussen eranzéien, wann néideg temporär ausschalten;
- besonnesch op vulnerabel Persounen oppassen, dorënner Puppelcher a kleng Kanner, eeler Leit, schwanger Fraen a Persoune mat Otemweeër- oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen;
- d'Informatiounen an d'Recommandatioune vun de Lëtzebuerger Autoritéiten iwwer déi offiziell Kanäl suivéieren.
Passt dës Recommandatiounen un d'Situatioun un: Wann et dobannen immens waarm ass, denkt drun, reegelméisseg ze drénken an ze vermeiden, datt Är Wunneng sech ze staark ophëtzt. Lëft, wann d'Konditiounen dobaussen sech verbesseren.
Vulnerabel Persoune solle besonnesch virsiichteg sinn, well si méi empfindlech op d'Auswierkunge vum Damp a vum Feinstëbs reagéiere kënnen. Bei Symptomer oder Otemproblemer sollen si sech un hiren Hausdokter wenden.
Mat follgende Moossname kann all Eenzelen dozou bäidroen, d'Loftqualitéit ze verbesseren:
- den ëffentlechen Transport notzen;
- méiglechst zesumme mam Auto fueren;
- op oppe Kamäiner verzichten.
Wann d'Konditiounen dobaussen et erlaben an de Brandgeroch oder den Damp ofgeholl huet, gëtt recommandéiert, d'Raimlechkeeten nees ze lëften. Jee no Entwécklung vun der Wiederlag an der Wandrichtung kënnen Damp a Brandgeroch lokal awer nees optrieden.
Suivi vun der Loftqualitéit
Fir datt d'Ëffentlechkeet d'Entwécklung vun der Situatioun suivéiere kann, kënnen déi zu Lëtzebuerg gemoosse Stonnemëttelwäerter fir Feinstëbs (PM10 a PM2,5) online consultéiert ginn: https://environnement.public.lu/fr/loft/air/mesures/mesures-actuelles.html Dës Stonnemëttelwäerter sinn déi aktuellst verfügbar Donnéeën iwwer d'Loftqualitéit. D'App "Meng Loft" weist d'Wäerter iwwer en Zäitraum vu 24 Stonnen un.
Weider Informatiounen
https://environnement.public.lu/fr/loft/air/mesures/mesures-actuelles.html - APP Meng Loft - www.emwelt.lu - www.infocrise.lu - www.lu-alert.lu - www.meteolux.lu
Bedeelegt Autoritéiten:
Ëmweltverwaltung; Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA); Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS) Gesondheetsdirektioun; Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN); Aarbechtsinspektioun (ITM); MeteoLux; Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend; Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil.
Communiqué vun der interministerieller Evaluatiounscellule