Interministeriell Evaluatiounscellule: Brand am Héije Venn – stabil Situatioun a positiv Aussiichte fir Lëtzebuerg

D'interministeriell Evaluatiounscellule ass en Donneschdeg nees zesummekomm, fir d'Entwécklung vum Brand am Héije Venn an der Belsch a seng méiglech Auswierkungen op Lëtzebuerg ze bewäerten.

D'Situatioun zu Lëtzebuerg entwéckelt sech weiderhi positiv. D'Feinstëbskonzentratioune bleiwen niddereg a stabil an och d'Wiederprevisioune fir déi nächst Deeg si gréisstendeels positiv. D'Autoritéite suivéieren d'Entwécklung vun der Situatioun an d'Loftqualitéit awer weiderhin opmierksam.

Entwécklung vun der Wiederlag

D'Wandprevisiounen, déi fir den Transport vu Feinstëbs a Richtung Lëtzebuerg entscheedend sinn, weisen drop hin, datt de Wand am Laf vum Samschdeg op Nord dréit. Dës Wandrichtung soll bis e Sonndeg mat abegraff unhalen. Vun e Méindeg u soll de Wand dann op Osten dréien. Doduerch soll den Transport vu Feinstëbs a Richtung Lëtzebuerg däitlech ofhuelen an domat och den Impakt op d'Loftqualitéit.

Loftqualitéit

D'Konzentratioune vu Feinstëbs (PM10 a PM2,5) sinn den Ament weiderhin niddereg a stabil. Et gëtt keng Unzeeche fir eng bedeitend Verschlechterung vun der Loftqualitéit. D'Wäerter ginn awer weiderhin opmierksam iwwerwaacht, fir méiglech Verännerunge séier ze erkennen.

Fir d'Iwwerwaachung am Norde vum Land ze verstäerken, goufen nom Brand cibléiert temporär Miesscampagnen agefouert an dräi zousätzlech Miessstatioune fir PM10 a PM2,5 installéiert. Déi indikativ Miessresultater an d'Stonnewäerter vum Miessreseau fir d'Loftqualitéit kënnen op www.emwelt.lu consultéiert ginn, wou d'Entwécklung vun de Konzentratioune méi genee suivéiert ka ginn.

Positiv Entwécklung confirméiert

Op Basis vun allen Informatiounen, déi den Ament disponibel sinn, gëtt d'Situatioun zu Lëtzebuerg als positiv ageschat. Sollte lokal awer nach Damp oder Brandgeroch wouergeholl ginn, kënnen déi scho matgedeelt Virsiichtsmoossname weiderhin ugewannt ginn. Dozou gehéiert virun allem, Dieren a Fënsteren zouzehalen a sech dem Damp esou mann wéi méiglech auszesetzen.

D'Lëtzebuerger Autoritéite suivéieren d'Situatioun an hir méiglech Auswierkungen op Lëtzebuerg weiderhin opmierksam. Nei Informatiounen oder Recommandatioune gi bei Bedarf iwwer déi offiziell Kanäl matgedeelt.

    Bedeelegt Autoritéiten:

    Ëmweltverwaltung; Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA); Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS) Gesondheetsdirektioun; Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN); Aarbechtsinspektioun (ITM); MeteoLux; Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend; Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil.

    Communiqué vun der interministerieller Evaluatiounscellule