Aktualiséiert den
Liicht erhéichte Risiko fir e Meningiom bei bestëmmte Contraceptiounsmëttel mat Desogestrel an Etonogestrel
Betraffe Frae sollen hir Contraceptioun net ouni medezineschen Avis ofsetzen. De Risiko fir e Meningiom bleift ganz kleng.
Am Juli 2026 huet de Pharmacovigilance Risk Assessment Committee (PRAC) recommandéiert, de Risiko fir e Meningiom an d'Gebrauchsinformatioun fir d'Patientinnen an an d'Zesummefaassung vun de Produiteegenschaften (RCP) vu Contraceptiounsmëttel mat Desogestrel an Etonogestrel opzehuelen.
No dëser Decisioun hunn déi concernéiert Laboratoiren, ënnert der Autoritéit vun der Divisioun Pharmacie a Medikamenter vun der Gesondheetsdirektioun, d'Gesondheetsberuffer iwwer déi nei Sécherheetsmoossnamen informéiert.
Meningiome si meeschtens guttarteg Tumoren op de Meningen, déi d’Gehir an d’Réckemuerch ëmginn. Si entwéckele sech an der Reegel lues. Jee no Lag kënne si verschidde Symptomer verursaachen, dorënner Problemer mat der Siicht oder mam Gehéier, Tinnitus, de Verloscht vum Gerochssënn, dauerhaft Kappwéi, Gediechtnesproblemer, epileptesch Krämp oder eng Schwächt an engem Aarm oder Been.
Déi verfügbar Donnéeë weisen, datt de Risiko, bei der Benotzung vu Contraceptiounsmëttel mat Desogestrel oder Etonogestrel e Meningiom ze entwéckelen, ganz kleng ass. Déi allermeescht Fraen, déi dës Contraceptiounsmëttel benotzen, wäerten ni e Meningiom entwéckelen. De Risiko schéngt awer mat der Dauer vun der Benotzung zouzehuelen a bei Fraen iwwer 45 Joer méi héich ze sinn.
Dës Contraceptiounsmëttel sinn elo bei Frae mat engem Meningiom oder mat Meningiomen an den Antecedente kontraindizéiert. D’Gesondheetsberuffer ginn och opgefuerdert, eng fréier Expositioun géintiwwer anere Progestativa ze berécksiichtegen, wann si evaluéieren, wéi eng Contraceptioun am beschten ugepasst ass.
Fraen, déi de Moment ee vun dëse Contraceptiounsmëttel benotzen, kënnen hiren Traitement normal weiderféieren. Et ass wichteg, d’Contraceptioun net ouni medezineschen Avis ofzesetzen, well soss de Risiko vun enger ongewollter Schwangerschaft besteet.
Wann et weder Meningiomen an den Antecedenten nach verdächteg Symptomer gëtt, ass et net néideg, dréngend en Dokter opzesichen. Patientinnen, déi Froen oder Bedenken hunn, kënnen dës bei hirem nächste Rendez-vous mat hirem Dokter oder Gynekolog uschwätzen.
Am Allgemengen ass et recommandéiert, d’Contraceptioun reegelméisseg mam Dokter nei ze bewäerten, fir sécherzestellen, datt se weiderhin un déi perséinlech Situatioun, den Alter, d’medezinesch Antecedenten, de Liewensstil an d’Besoinen ugepasst ass.
Nëtzlech Linken:
- PRAC-Recommandatioun vum Juli 2026: https://www.ema.europa.eu/en/documents/prac-recommendation/prac-recommendations-signals-adopted-6-9-july-2026-prac-meeting_en.pdf (Pdf)
- Informatioun fir d’Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg: https://santesecu.public.lu/dam-assets/fr/espace-professionnel/domaines/dhpc/dhpc-2026/dhpc-signal-of-meningioma-for-desogestrel-and-etonogestrel.pdf (Pdf)
- Pharmacovigilanz-Portal vun der Gesondheetsdirektioun: https://santesecu.public.lu/fr/espace-professionnel/departement-sante/pharmacies-et-medicaments/pharmacovigilance.html
Portal fir d’Meldung vun Niewewierkunge vu Medikamenter: https://guichet.public.lu/fr/citoyens/sante/notification-effets-indesirables-medicaments.html
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet