"Eng Infektioun vun den Otemweeër ass alles anescht wéi en Trend"

Ënnert dem scho bekannte Slogan "Eng Infektioun vun den Otemweeër ass alles anescht wéi en Trend" huet de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet déi drëtt Editioun vun der Preventiounscampagne géint Infektioune vun den Otemweeër lancéiert. Mam Ufank vun der Wantersaison an der domadder verbonnener Verbreedung vu saisonalen Infektioune vun den Otemweeër soll dës Campagne d'Bevëlkerung iwwer d'Risike vu Gripp, COVID-19, RSV-Infektiounen (bronchiolite à virus respiratoire syncytial), Coqueluche a Longenentzündungen duerch Pneumokokken opklären. Gläichzäiteg soll se och iwwert méiglech Preventiounsmoossnamen informéieren, wëll dës Infektioune bei vulnerabele Persounen zu schwéiere Komplikatioune féiere kënnen.

Am Mëttelpunkt vun der Campagne 2026 stinn d'Impfung an en neien Impfstoff géint d'Gripp a Form vun engem Nuesspray fir Kanner.

Och wann déi üblech Schutzmoossname weiderhi wichteg sinn, bleift d'Impfung awer nach dat wierksaamst Mëttel fir e schwéiere Verlaf vun enger Erkrankung ze verhënneren, a fir sech a säin Ëmfeld ze schützen. Nei ass dëst Joer, datt Kanner tëscht 2 a 17 Joer (inclus) sech bei hirem Hausdokter oder Pediater gratis mat engem Grippen-Impfstoff a Form vun engem Nuesspray impfe loosse kënnen.

Sech géint Gripp impfe loossen: Schutz fir Kanner mee och fir Fleegepersonal

Bei Kanner verleeft eng Gripp meeschtens ouni gréisser Komplikatiounen. Trotzdeem ass eng Gripp net ze ënnerschätzen. Dat krankt Kand muss oft doheem bleiwen, kann net an d'Schoul oder Crèche goen oder u sengen alldeeglechen Aktivitéiten deelhuelen an dëst an der Reegel fir puer Deeg. Deemno ass de Grippeimpfung fir Kanner en einfacht Mëttel fir dës Episoden an hir Auswierkungen op de Schoulalldag an d'Familljeliewen ze limitéieren.

Well dës Impfung ouni Sprëtz, mee a Form vun engem Nuesspray duerchgefouert gëtt, gëtt se vun de Kanner selwer an hiren Eltere besser acceptéiert, wéi déi klassesch Injektioun, wat och aus verschiddenen Etuden ervirgeet. Iwwert den individuelle Schutz eraus, dréit d'Impfung awer och dozou bäi d'Iwwerdroung vum Virus op aner vulnerabel Persounen an der Famill an dem noen Ëmfeld ze limitéieren. An deem ee säi Kand schützt, schützt een deemno och déi aner.

Déi klassesch Grippeimpfung mat enger Sprëtz bleift weiderhi méiglech, wann d'Kand an/oder d'Elteren dat léiwer hunn, wann de Nuesspray aus medezinesche Grënn net a Fro kënnt oder wann en net méi op Stock ass. Dee Moment kann een de Vaccin a Form vun enger Injektioun gratis mat enger Ordonnance an der Apdikt kréien, esou wéi dat och schonn an der Wantersaison 2025-2026 de Fall war. Och d'Personal aus dem medezinesche Beräich an dem Fleegesecteur, dat reegelméisseg a Kontakt mat Patienten ass, spillt eng wichteg Roll: Sech impfe loossen ass net nëmmen eng Moossnam fir den individuelle Schutz, mee och e solidareschen Akt géintiwwer deene Mënschen, déi een all Dag fleegt. Tatsächlech kann eng Grippeninfektioun bei vulnerabele Persounen zu schwéiere Komplikatiounen, enger Hospitalisatioun oder esouguer liewensgeféierleche Situatioune féieren. Allgemeng dréit och en héijen Impftaux dozou bäi d'Zirkulatioun vum Virus an der Bevëlkerung ze reduzéieren an esou och den Drock op de Gesondheetssystem, zum Beispill mat manner Passage an de Consultatiounen an den Urgencen. Wéi d'Ministesch betount: "Sech schützen, heescht och déi aner schützen."

Den RSV: och e Risiko fir eeler Mënschen

Och wann den RSV-Virus (virus respiratoire syncytial) oft mat der Bronchiolite vum Neigebuerenen a Verbindung bruecht gëtt, kann en och bei eelere Persoune schwéier Infektiounen ervirruffen. Esou kënnen och d'Longe betraff sinn, scho bestoend Häerz-Kreeslaf- oder Longenerkrankunge kënnen sech verschlëmmeren oder et kann zu akuter Otemnout kommen, wat dann zu enger Hospitalisatioun oder esouguer zum Dout féiere kann. Fir eeler Persoune bei deenen en erhéichte Risiko fir Komplikatioune besteet, ass e Vaccin géint den RSV disponibel. D'Käschten heifir gi bei Persounen ab 75 Joer iwwerholl, besonnesch bei deenen déi an enger Institutioun liewen, oder bei Persounen ab 65 Joer mat Virerkrankungen, wou de Risiko vun engem schwéiere Verlaf bei enger RSV-Infektioun besteet. Et gëtt recommandéiert bei sengem Hausdokter ze froen, ob ee fir dëse Vaccin a Fro kënnt.

Déi richteg Reflexer

  • Nieft dem Vaccin ka jiddereen dozou bäidroe fir d'Verbreedung vun den Infektioune vun den Otemweeër ze limitéieren, an deem een e puer einfach Moossnamen ergräift: Sech reegelméisseg a grëndlech d'Hänn mat Waasser a Seef wäschen.
  • D'Raim all Dag lëften, och bei kalem Wieder.
  • Bei Symptomer den noe Kontakt mat vulnerabele Persoune vermeiden.
  • Bei Houscht, Féiwer oder enger Visitt an enger Gesondheetsariichtung eng Mask undoen.
  • Éischter an den Ielebou wéi an d'Hand houschten oder néitsen, fir esou d'Iwwerdroung vu Keimen ze verhënnere wann ee Saachen upéckt.

D'Publikatioun vun de wéchentleche Réckblécker gëtt nees opgeholl

Säit Oktober verëffentlech d'Gesondheetsdirektioun nees déi wéchentlech Publikatioun iwwert d'Entwécklung vun den Infektioune vun den Otemweeër iwwert d'Wanterméint. Dës Rapporte ginn all Woch verëffentlecht a kënnen um Site santesecu.lu consultéiert ginn.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet