Aktualiséiert den
Ried zur Lag vun der Natioun 2020 "Lëtzebuerg stäerken, Chancen notzen a Perspektive schafen"
De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel huet de 13. Oktober 2020 virun der Chamber d'Ried zur Lag vun der Natioun 2020 gehalen.
Et gëllt dat geschwatent Wuert.
Här President
Dir Dammen an Dir Hären,
Mir sinn och haut erëm hei am Cercle op der Plëss beieneen an net um Krautmaart.
Mir sinn an engem Kader, wou déi sanitär Reegele kënne respektéiert a gläichzäiteg de Fonctionnement vun der Chamber ka garantéiert ginn. Et ass ëmmer nach ongewinnt an et ass trotz groussen Efforten net den ideale Kader fir déi parlamentaresch Aarbecht.
Et ass awer grad elo, wou et zielt. Wa mer elo noginn an d’Reegelen net respektéieren, da waren all déi Méint fir näischt, wou mer zesummen derfir geschafft hunn dee Virus an der Gitt ze halen.
Et heescht also weidermaachen, duerchhalen, oppassen a solidaresch ee mat deem anere sinn.
An awer wëlle mer och esou vill Normalitéit, ewéi et nëmme méiglech ass. Normalitéit fir déi mer geschafft hunn a fir déi mer weider schaffen.
Zu dëser Normalitéit gehéiert et och, dass mer eis haut an och an de nächsten Deeg hei zesummen austauschen iwwert déi aktuell finanziell, sozial an ekonomesch Situatioun vum Land. Do hu mer ganz bestëmmt am Detail ënnerschiddlech Vuen, mee eis Ziler sinn no beieneen.
Et geet dorëms, dass mer Lëtzebuerg grad elo kënne stäerken, dass mer Chancë notzen an de Leit Perspektive fir d’Zukunft opweisen.
Dobäi geet et haut och em Zuelen.
Et geet déi läscht Méint am Fong ganz vill a virun allem em Zuelen.
Zuelen intresséieren an Zuelen dominéieren.
Mir suivéieren alleguerte ganz enk d’Entwécklung vun der Pandemie heiheem, an am Rescht vun der Welt.
Mir orientéieren eis dobäi u verschiddene Parameteren, déi eng enorm Bedeitung kritt hunn:
D’Zuel vun de NeiiInfektiounen, d’Zuel vun den Hospitalisatiounen, vun de COVID-19-Patienten op Intensivstatiounen an och d’Zuel vun den Doudesaffer.
Zu Lëtzebuerg am Besonneschen hu mer doriwwer eraus och geléiert, dass mer Relatiounen mussen hierstellen, ewéi notamment déi vun den Infektioune par Rapport zu der Quantitéit vun den Tester.
Bei Limitatioune vu Rassemblementer si mer och mat Zuele virgaangen. Et gouf festgehale wéivill Leit dierfen am ëffentlechen an am private Beräich beienee kommen, wéivill Leit op engem Dësch dierfe setzen a wéi wäit een sech muss vuneneen ewech hale fir déi néideg Distanze kënnen ze respektéieren.
Et ass nach ni esou laang, esou intensiv iwwer Zuelen diskutéiert ginn an och den Impakt vun dëser Pandemie op eis Wirtschaft, op eis Gesellschaft an op déi ëffentlech Finanze resüméiert sech an der Haaptsaach op Zommen a Prozenter.
Och haut a muer schwätze mer erëm ganz vill iwwert déi plakeg Zuelen, well se der Saach déngen an eben hëllefen ze vergläichen an ze illustréiere mat wat mir wierklech konfrontéiert sinn.
Ier mer iwwer Zuele schwätzen, solle mer eis awer och d’Zäit huelen an eis net ze Schued si fir iwwert Mënschen ze schwätzen.
Ech hunn, esou wéi mir alleguerten och an de leschte Méint all Méigleches gelies, gesinn an héieren. Ech sot et am Juli hei op dëser Plaz an ech widderhuelen et: Ech stinn zu der Strategie, déi mir als Regierung - gréisstendeels zesumme mat der Chamber - an der Lutte géint dee Virus gewielt hunn. Natierlech hu mer vill geléiert an et si vereenzelt Decisiounen, déi am Réckbléck haut anescht kënne bewäert ginn, mee all Kéiers zu deem Zäitpunkt an op deem deemoleg aktuelle Wëssensstand waren et déi richteg an adaptéiert Decisiounen a Mesuren.
An do gi justement d’Zuelen eis och a posteriori Recht.
Et steet ausser Fro, dass Mënscheliewe konnte gerett ginn a vill Leit eben net schwéier krank goufen, well séier, konsequent an effikass reagéiert gouf.
Et steet och ausser Fro - an dat gouf och ni anescht gesot – dass de COVID-19 fir déi ganz grouss Majoritéit vun der Populatioun kee gréissere Risk duerstellt. Fir eng Minoritéit ass en awer ganz geféierlech an déidlech. An op déi Minoritéit kënnt et un.
Et ass un eis als Politik, un eis als Gesellschaft och déi Minoritéiten ze schützen an et dierf eis net egal sinn, wann Dausende Mënscheliewen a Gefor sinn, déi ee ka schützen.
Ech hat déi lescht Woch en Här bei mir am Büro, deen am Summer positiv op COVID-19 getest gouf a ganz uerg gelidden huet. Des Persoun ass Mëtt 40, éischter sportlech, lieft gesond an et gi keng bekannte Virerkrankungen. Hien ass awer ganz séier, ganz schwéier krank ginn. De Sauerstoffwäert a sengem Blutt ass zäitweis op no u 70% erof gaangen, an hien huet mer illustréiert, wéi e fir d’éischt enorme Kappwéi krut, Féiwer, schliisslech Problemer mam Ootmen.
E koum mat der Ambulanz an d’Spidol, huet missen intensivmedizinnesch betreit ginn. Hien huet mer och beschriwwen, wat deen Ament an him virgaangen ass, u wat e geduecht huet, dass e sech notamment gefrot huet, ob fir seng Famill gesuergt wier, wann hien dat net iwwerlieft. E wollt hinnen Äddi soen, well en net iwwerzeegt war, déi Lutte géint de COVID-19 ze gewannen. Wat him immens vill gehollef hätt, wier d’Gefill gewiescht, dass e sech gutt opgehuewe gespuert huet. D’Personal am Spidol, déi net just eng Aarbecht maachen, mee eng Missioun erfëllen an dem Patient ze spiere ginn, dass si fest un hirer Säit sti fir dat zesummen ze iwwerstoen.
Hien huet et iwwerstanen, mee seet och elo nach, dass et net ass, ewéi virdrun an u Sport wier net ze denken. 46 Joer al, keng bekannte Virerkrankungen. E gesonde Mënsch.
Et ass fir mech onverständlech, dass zum Deel ëmmer nach esou gemaach gëtt, ewéi wa mer et hei mat enger ganz normaler Gripp ze dinn hätten. Dat ass am Prinzip wouer fir kleng Kanner. An doriwwer kënne mer frou sinn.
Fir Erwuessener ass de COVID-19 awer 3 bis 13 mol méi geféierlech, wéi eng saisonal Gripp. Dat ass e wëssenschaftleche Fakt, deen empiresch beluecht ass.
Et muss een neutral un d’Fakten eru goen an et hëlleft net ze dramatiséieren, mee et ass eben och irresponsabel d’Gefor erof ze spillen an ze verharmlosen. Ech si frou, dass mer net de Wee ageschloen hunn, ewéi verschidden aner Länner a wou d’Zuel vun den Doudege proportional gesinn ëm dat duebelt, dräi- oder véierfacht méi héich ass ewéi bei eis. Net ze schwätze vun de ville Leit mat schwéieren Niewenerkrankungen déi dës Leit nach ganz laang op hirem Liewenswee begleeden.
Et ass och schwéier auszehalen, wann ee vu Leit, déi sech fir Experten halen, virgerechent kritt, wéi vill vun den Doudesaffer an engem gewëss héijen Alter waren a wat hier Liewenserwaardung ouni des Longekrankheet gewiescht wier.
Mir hunn d’Aufgab Mënschen ze schützen an alles ze maache fir Mënscheliewen ze retten, wat mer kënne maachen. Punkt.
Et ass näischt méi wäert, wéi d’Liewen an näischt méi schlëmm, wéi een ze verléieren, deen engem vill bedeit.
Ech hunn an de leschte Wochen iwwer 50 Visitte gemaach, grouss Betriber besicht a méi kleng Entreprisen, Leit, déi sech eréischt rezent selbstänneg gemaach hunn an där, déi eigentlech wollten an d’Pensioun goen, dat awer elo net kënnen.
Ech war a sozial Strukturen, Schoulen, Alters-, Fleegeheemer a Spideeler, ech hu mat de Responsabele vun ONGen, Associatiounen, Federatiounen, Gewerkschaften, mat Patronatsvertrieder, Buergermeeschteren an der Police, de Pompjeeën an der Arméi geschwat. Ech hunn Dosende Gespréicher gefouert mat Leit, déi an dëser Kris direkt an indirekt betraff waren a sinn. Ech hu Mënsche begéint, déi e Familljemember verluer hunn, a Mënschen, déi anerer gerett hunn, Mënschen, deenen hier Existenz um Spill steet a Mënschen déi keen Auswee méi gesinn. An ech hu Mënsche gesinn, déi Hoffnung ausstralen, déi sech net ënnerkréie loossen an déi d’Äerm erop strëppe fir weider unzepaken.
Et ass kee komplett Bild an ech si mer och bewosst, dass mir als Politiker net ëmmer déi ganz Wourecht gewuer ginn, wa mer éierens opdauchen an eis e Bild vun der Situatioun wëlle maachen. Et sinn awer eng Rei Andréck a Messagen, déi sech resüméiere loossen:
- Mir hunn et bis elo fäerdeg bruecht – zesummen hu mer fäerdeg bruecht – aus sanitärer Siicht gutt duerch dës Kris ze kommen. Lëtzebuerg huet zu deene Länner gehéiert a gehéiert och haut zu deene Länner, wou de Gesondheetssystem zu kengem Ament iwwerlaascht war. D’Zuel vun den Infektiounen huet variéiert, mee den Drock op eis Spideeler ass zanter Méint konstant niddereg.
Dat ass wichteg, well et Zouversiicht fir d’Zukunft gëtt. - Mir hunn et och fäerdeg bruecht, d’Betriber esou gutt et iergendwéi méiglech war ze stabiliséieren. Duerch Chômage partiel, Congé pour raisons familiales, direkt an indirekt finanziell Hëllefe konnt dat schlëmmst evitéiert ginn an et gëtt keng Explosioun vum Chômage.
- Déi sougenannten Nieweneffekter vun der Kris a besonnesch vum Lockdown - déi awer net niewesächlech sinn - bloufe relativ iwwersiichtlech. Esou krut ech beispillsweis vun de Servicer, déi mat Familljen a Kanner schaffen, gesot, dass et ganz wichteg war, dass et en Encadrement gouf och während dem Héichpunkt vun der Kris am Abrëll. Et si ganz wéineg Kanner, déi an engem méi schwieregen Ëmfeld liewen, ouni Suivi duerch den Office ational de l’enfance an aner Servicer gewiescht. Dat huet villes u méigleche laangfristege Konsequenzen evitéiert.
- Et gëtt trotz allem och e Gefill vun Onsécherheet. Dat gëllt fir all méiglech Beräicher, sief et an der Wirtschaft, am soziale Secteur, an der Schoul oder ganz einfach an der Populatioun. Dat dierf een net ënnerschätzen an net kleng rieden. D’Leit froen sech, wéi et weider geet a wéi d’Perspektive fir déi nächst Méint ausgesinn. Mir hunn d’Aufgab Äntwerten doropper ze ginn a weider voll engagéiert ze bleiwen.
Wat eleng den ekonomesche Volet betrëfft, hu mer direkt an enger éischter Phase e Stabilisatiounspak decidéiert an enger Héicht vun 10,4 Milliarden Euro. Fir d’Relance mëttel- a langfristeg ze ënnerstëtzen, koum an enger zweeter Phase mam ‘Neistart Lëtzebuerg’ nach eng Kéier e Pak u Mesuren vun 800 Milliounen Euro dobäi.
Dat wichtegst a stäerksten Instrument, wat de Staat a vollem Ëmfang zur Verfügung gestallt huet, war ouni Zweiwel de Chômage partiel.
Bis haut sinn do Demandë vu 14.810 Entreprisen zu Lëtzebuerg acceptéiert ginn. Dat huet 375.196 Paien assuréiert an et goufe ganz séier ronn 807 Milliounen Euro ausbezuelt.
Mir hunn och derfir gesuergt, dass kee vun de Beschäftegten, déi am Chômage partiel sinn, ënnert de Seuil vum Mindestloun fält. Dat war e kloert Zeeche vun nationaler Solidaritéit mat deene finanziell méi Schwaachen an eiser Gesellschaft.
Et sinn awer och schnell direkt finanziell Hëllefen vun ongeféier 200 Milliounen Euro ausbezuelt ginn. 2.500 Euro fir Selbststänneger an duerno nach emol tëscht 3.000 a 4.000 Euro fir d’Independanten.
Fir kleng a Mëttelbetriber waren an enger éischter Phase 5.000 Euro ausbezuelt ginn an duerno nach emol tëscht 5.000 Euro a bis zu 12.500 Euro pro Entreprise. Et si Méiglechkeete geschafe ginn, fir Perten um Loyer steierlech ofzesetzen, et sinn Avancen ausbezuelt ginn, Moratoiren op Kreditter bei Banken an der SNCI. Et sinn Hëllefe gi fir Start-Uppen, fir Kënschtler, fir d’Press an eng ganz zentral Mesure war ganz sécher och de Congé pour raisons familiales, deen et de Leit erlaabt huet bei hire Kanner ze sinn ouni dass et op Käschte vum Patron oder vun de Beschäftegte selwer gaange wier.
An der zweeter Phas hu mir fir d’Relance ekonomesch besonnesch vulnerabel Secteuren weider ënnerstëtzt mat enger direkter Hëllef fir den Eenzelhandel an Deeler vum Artisanat an dem Fonds de relance et de solidarité notamment fir d’Beräicher Horeca, Evenementiel an Tourismus.
Eng Initiativ, déi als „Gadget“ bezeechent gouf, ass zu engem grousse Succès ginn. Et si bis haut iwwer 60.000 Bongen an Hoteller an op Campingen zu Lëtzebuerg ageléist ginn. Dat sinn iwwer 60.000 Leit, déi dëst Joer hei am Land vun der lokaler Offer profitéiert hunn an domadder och de Betriber aus deem Secteur gehollef hunn déi schwiereg Zäit ze iwwerstoen.
Déi eenzel Mesuren hu gehollef Aarbechtsplazen ze erhalen an d’Land an seng Ekonomie ze stabiliséieren.
D’Fro, déi sech elo stellt, ass wéi et weider geet op deem Plang?
Mir sinn der Meenung, dass ee ganz spezifesch weider Hëllefe brauch och nom 31. Dezember dëst Joer.
Mir hunn eis dofir och um europäeschem Niveau derfir agesat, dass mir deene Secteuren, an deenen d’Reprise nëmme ganz lues oder esouguer guer net richteg komm ass, nach emol iwwer dëst Joer eraus kënnen Aidën bezuelen.
Mir hunn elo de haut de Mëtteg, den Accord vu Bréissel kritt fir nach emol ganz spezifesch deene kritesche Secteuren ënnert d’Äerm ze gräifen. Den Accord vun der EU Kommissiounun ass méi, ewéi just eng Modalitéit, well d’Konkurrenzreegelen an déi vun de Staatshëllefe sinn en zentraalt Instrument wou et gëllt sech legal ofzesécheren.
Et sinn eben exzeptionell Zäiten a mir si mat aneren europäesche Partner der Meenung, dass och exzeptionell muss geäntwert ginn.
Mir maachen dat, well mir wëssen, dass déi Branchen - an ech schwätzen hei vun der Hotellerie, vun der ganzer Event- an Tourismusbranche, vun den Traiteuren an esou weider - e Businessmodell hunn, deen no Corona erëm wäert normal funktionéieren. Et ass eiser aller Verantwortung, deene Betriber déi u sech gesond sinn a virun der Kris gesond waren, iwwer dës schwéier Zäit ewechzehëllefen, fir dass si prett sinn, wann erëm eng normal Aktivitéit ka starten.
Dës Secteuren hunn nämlech allgemeng keng strukturell Problemer, mee sinn Affer vun dëser spezieller sanitärer Situatioun.
An deem Sënn plange mir ënnert anerem, de Fonds de relance et de solidarité nach emol ënnert deene selwechte Konditioune fir déi selwecht Betriber ewéi elo am Fong virgesinn, dat heescht déi besonnesch staark touchéiert Branchen, bis an d’nächst Joer eran ze verlängeren.
Donieft wäerte mir eng nei Direkthëllef en Place setzen, mat där d’Betriber aus vulnerabele Branchen en Deel vun hire Käschte kënne kompenséiert kréien. Mir hunn och Wëlles nach zousätzlech e Regime fir Primo-Createuren en Place ze setzen, dat heescht e Regime fir Leit, déi eng Entreprise wëlle starten, well grad a Krisenzäiten, muss een och de Courage vu Leit, déi sech am Entreprenariat lancéiere wëllen, honoréieren a si an hirer Demarche fir an d’ Selbststännegkeet ënnerstëtzen. Dës Initiative schafen eis Aarbechtsplaze fir d’Zukunft.
De Chômage partiel wäert och iwwert den 31.Dezember 2020 weider bestoen, haaptsächlech fir d’Betriber aus deene vulnerabele Secteuren, awer och fir aner Betriber déi duerch d’Pandemie a Schwieregkeete komm sinn. All Persoun déi mir doduerch manner an de Chômage kréien, wäert de Staat op laang Siicht manner deier ginn. Virun allem awer steet déi sozial Kohäsioun am Virdergrond vun dëser Moossnam.
Dobäi muss awer och opgepasst ginn, dass keng Situatioune vun deloyaler Konkurrenz entstinn. Déi genau Modalitéite ginn ewéi bis elo mat de Sozialpartner diskutéiert.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
D’Regierung ass also fest decidéiert an determinéiert fir weider alles ze maachen, wat néideg ass, fir engersäits de Virus ze bekämpfen, Mënscheliewen ze schützen an anerersäits eis Gesellschaft ze stäerken, eis Ekonomie ze stabiliséieren an de sozialen Zesummenhalt ze garantéieren.
Et ass net de Moment fir politique politicienne, fir ideologesch gepräägten Onsécherheet ze provozéieren an et ass net de Moment d’Fundament vum Lëtzebuerger Modell a Fro ze stellen.
Eise Sozialstaat huet sech grad an dëser Kris bewäert, eise Wirtschaftsmodell huet seng Virdeeler konnten notzen an duerch déi stabel finanziell Situatioun vum Land konnten a kënne mer och déi ekonomesch Konsequenze vun dëser Kris iwwerstoen.
Eng vun de Froen, déi am Raum steet an zum Deel scho vill diskutéiert gouf, ass déi vun de politeschen Orientatiounen – wat ass de Plang fir déi nächst Joren? Déi einfach Äntwert op dës komplex Fro ass:
De Koalitiounsprogramm fir dës Legislaturperiod ass valid, gëllt an d’Majoritéitsparteie sti weider geschlossen hannert deem Programm. Zu allem wat do dra steet an och dozou, dass Munches ebe justement net dra steet. Et gi keng Experimenter, Spekulatiounen an Diskussiounen zu deem Grondsazprogramm, dee mir eis fir déi nächst Jore ginn hunn.
Dat bedeit, dass mer keng nei Steieren aféieren, déi net Deel vun deem Accord sinn.
Et ass awer genee esou kloer an evident, dass Mesuren, déi de Staatsbudget staark géife belaaschten elo net direkt uewen op der Agenda stinn. Esou wéi et zu dësem Ament falsch wier d’Kafkraaft duerch nei Steieren oder duerch Steiererhéijungen ze schwächen, wier et och dat falscht Signal, wann de Staatsbudget iwwert dat imminent Wichtegt géif belaascht ginn.
Am Kloertext heescht dat, dass mer un deem festhalen, wat mer eis virgeholl hunn, mee eis fir dat nächst Joer drop konzentréieren, eise Sozialsystem ze erhalen an d’Auswierkunge vun der Kris beschtméiglechst am Grëff ze halen.
Et bedeit och, dass mir fir d’Budgetsjoer 2021 keng generell Steierreform plangen.
Et besteet allerdéngs Handlungsbedarf op eenzele Punkten, déi net kënne waarden, bis d’Situatioun eng méi déifgräifend Steierreform erlaabt, an dofir agéiere mer do direkt. Et geet dobäi ëm Gerechtegkeet, ëm Moral, ëm Anstand an ëm de Sënn firwat eppes geduecht ass an d’Realitéit wat dermat gemaach gëtt.
Dat betrëfft notamment de vill an dacks zitéierte Steierregimm op de FIS immobiliers um Lëtzebuerger Marché.
Haut ass et verschiddenen Acteure méiglech, quasi-steierbefreit um Lëtzebuerger Immobiliemarché ze agéieren.
Dat ass net méi acceptabel. Sou wéi dat am Regierungsprogramm virgesinn ass, gëtt op den 1. Januar 2021 den aktuelle Steierregimm vun de FISen an anere Fongen op deem Punkt grondleeënd reforméiert. Direkt oder indirekt Revenuen aus Lëtzebuerger Immobilien wäerten zu engem Taux vun 20% besteiert ginn.
Et geet hei – an dat ass wichteg ze präziséieren ëm e ganz spezifesche Problem bei de FIS’en. Mir hunn eng 1.450 Fonds d’investissement specialisé, nëmme ronn 10% dovunner sinn am Immobiliesecteur täteg an nëmme ganz wéineg um Lëtzebuerger Marché. Mee do ginn et awer Abusen an déi wäerte mer behiewen.
D'Praxis vun de Share Deals - bei där et drëm geet, Gebaier net direkt, mä steierbegënschtegt iwwer Gesellschaften ze kafen an ze verkafen - gëtt méi onattraktiv gemaach.
De Sociétés de Gestion de Patrimoine Familial (SPF) gëtt explizitt verbueden iwwert aner Gesellschaften, indirekt Immobilien ze halen.
De spezielle Regimm vun de Stock Options a Warranten, deen 2002 iwwert eng Circulaire agefouert gi war, gëtt op den 1.1.2021 ofgeschaaft - sou wéi dat iwweregens och am Koalitiounsaccord virgesinn ass.
Gläichzäiteg gëtt de Regimm vun den Impatriés adaptéiert. Dëse Regimm, dee bis elo iwwert eng Circulaire gereegelt war, kritt eng gesetzlech Basis. An deem Kontext, gëtt eng steierlech begënschtegt Prime d’impatriation geschaf, déi en Impatrié wärend maximal 8 Joer vu sengem Employeur ka kréien.
Dëse Regimm ass e wichtegt Element fir d’Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie ze stäerken, well en erlaabt, Talenter déi schwéier um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart oder an der Groussregioun ze fanne sinn, op Lëtzebuerg unzezéien.
Doriwwer eraus, gëtt mam Budget 2021 eng Prime participative agefouert, iwwert déi en Salarié, steierbegënschtegt, um Benefice vun der Entreprise an där e schafft ka bedeelegt ginn.
Dës Primm, déi fir den Employé zu 50% steierfräi ass, ass awer limitéiert: engersäits däerf eng Firma net méi wéi 5% vun hirem Benefice iwwert dee Wee ausbezuelen - d'Firma muss also Benefice maachen, an deemno Steiere bezuelen - an anersäits däerf se fir de Salarié net méi ewéi 25% vu sengem Joresgehalt ausmaachen.
Och dat hei ass also eng Mesure, déi transparent ass, a gutt fir d'Attraktivitéit vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg.
Mir brauche ganz kloer Talenter, mir brauchen eng staark Ekonomie a mir brauchen och eng attraktiv Finanzplaz
Mir si virun e puer Wochen am Global Financial Centres Index 6 Plaze geklommen, a leien elo op der 12. Plaz weltwäit. Mir hu Paräis a Frankfurt iwwerholl als Nummer 1 an der EU. Dëst ass net de Verdéngscht vun iergendwelleche “niches souveraines”, där et keng méi ginn, mee eleng d‘Resultat vun der Expertise an der Effikassitéit vun eiser Finanzplaz déi international unerkannt ass a geschätzt gëtt.
Lëtzebuerg ass grouss ginn als Finanzplaz, net well et no anere Reegele spillt wéi de Rescht vun Europa, mee grad well et den europäesche Kader strikt applizéiert - an dat dacks virun eise Noperen, wéi mir dat zum Beispill an der Fongenindustrie zanter den 80er Jore bewisen hunn, oder och méi rezent am Beräich vun de Paiementer.
Lëtzebuerg huet an de leschte Joren all international an europäesch Reegelen an Standarden ëmgesat - dacks virun aneren – souwuel wat Steiertransparenz ugeet, de Kampf géint international Steiervermeidung, mee och am Kampf géint d’Geldwäsch. Eis Finanzplaz ass doduerch gestäerkt ginn.
Duerch dës Reforme konnt Lëtzebuerg iwwert déi lescht Joer nei Acteuren a méi international Aktivitéiten unzéien.
Brexit ass de beschte Beweis, dass Lëtzebuerg weiderhin attraktiv als Finanzplaz ass a bleift.
Méi wéi 60 Entreprisen aus dem Finanzsecteur – Banken, Assureuren, Asset Manager – hunn bis elo hir Aktivitéiten op Lëtzebuerg verlagert oder bestoend Aktivitéiten ausgebaut. Dës Acteure sinn net aus steierleche Grënn komm an d’Regierung huet keng nei Mesurë missen aféieren, fir se unzezéien.
Si si komm, well Lëtzebuerg am meeschte Sënn gemaach huet fir hir Aktivitéit um europäesche Kontinent auszebauen: well Lëtzebuerg hinnen e stabille Kader bidde konnt, Previsibilitéit, eng Opsiicht déi international unerkannt a respektéiert ass, an en internationalen Ekosystem dee sengesgläiche sicht.
Eng weider Stäerkt ass, dass eis Finanzplaz haut net nëmmen héich spezialiséiert ass, mee och ganz diversifizéiert: vu Fongenindustrie an all den Acteuren déi dëse risege Secteur bedéngen, iwwer Liewensversécherung, Réassurance, Gestion de fortune, Corporate Banking, Marchés des capitaux bis hin zu Fintech.
Dëst dréit zur Stabilitéit vun der Finanzplaz bäi, an erméiglecht och nei Opportunitéiten.
D‘Entwécklung an d’Diversifizéierung vun der Finanzplaz ass dofir weiderhin eng Prioritéit vun dëser Regierung.
Ee Secteur dee besonnesch vill Zukunftspotential huet an deem Kontext sinn natierlech déi nohalteg Finanzen. Lëtzebuerg huet sech iwwert déi lescht Joren als eng vun de wichtegsten internationale Finanzplaze fir gréng an nohalteg Investissementer entwéckelt.
Mat der rezenter nohalteger Staatsobligatioun, an der Aféierung vun engem entspriechende Kader, huet Lëtzebuerg alt erëm eng Kéier säi Pionéiergeescht bewisen a gëtt dofir international unerkannt.
Nohalteg Finanze sinn d’Zukunft vum Finanzsecteur, a Lëtzebuerg ass gutt opgestallt fir eng féierend Roll an deem Beräich ze spillen.
Iwwer 50.000 Leit schaffen op der Finanzplaz, iwwer 30% vun eisem Räichtum gëtt do geschaf. An der Kris huet ee gutt gesinn, wéi wäertvoll d'Finanzplaz och fir de Rescht vun eiser Ekonomie ass.
D'Banken hunn aktiv hiren Deel bäigedroen, an den Entreprisen heiheem Kreditter a Moratoiren accordéiert. D'Finanzplaz hëlleft och international Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen, an sou fir Entreprisen an Investisseuren och baussent dem Finanzsecteur interessant ze maachen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Eis Situatioun zu Lëtzebuerg ass am Verglach mat villen anere Länner op der Welt och ekonomesch a finanzpolitesch gesinn éischter favorabel. Mir profitéieren notamment dervun, dass e groussen Deel vun den Aktivitéiten, déi eng direkt Inzidenz op Steierrecetten hunn, relativ gutt duerch dës Kris konnte kommen an ënnert anerem duerch e séiert Ëmstellen op Télétravail och wärend dem Lockdown net komplett immobiliséiert war.
Mir mierken och elo ganz kloer, dass déi wirtschaftlech Aktivitéit gutt demarréiert huet.
De Chômage louch virun der Kris, am Februar dëst Joer bei engem Taux vu 5,5%, de Statec hat fir dëst Joer ursprénglech e Wäert vu 5,4% virausgesinn, wat mer deemools och fir duerchaus realistesch gehalen hunn.
Vu Mäerz un, huet d’Situatioun sech allerdéngs séier verännert, vun am Mäerz 6,1% op am Abrëll schliisslech 7,0%.
Dee Moment waren 20.209 Persoune bei der ADEM ageschriwwen, eng Hausse vun 31% op e Joer.
Den Taux huet dunn allerdéngs och nees ugefaange kontinuéierlech erofzegoen op am August 6,4 Prozent.
Et gouf an et gëtt also effektiv eng liicht Reprise, déi dem Statec no virun allem op den Horeca Secteur zeréckzeféieren ass.
Wat eis allerdéngs Suerge mécht ass de Chômage bei deene Jonken, déi besonnesch vun dëser Kris betraff sinn. Dat läit virun allem drun, dass déi grad an dëser Zäit, also virum, wärend an nom Summer nei op den Aarbechtsmarché kommen an elo méi Problemer hunn eng Aarbecht ze fannen.
Op den 31. August 2020, si vun de ronn 18.500 verfüügbaren Aarbechtskräften heiheem der bal 4.000 méi jonk ewéi 30 Joer - Dat ass e Plus vu 34.5% op ee Joer.
Dat gëtt ze bedenken an dofir sinn och speziell Mesurë geholl gi fir deem entgéintzewierken.
D’Aide à l’embauche gouf reforméiert an ausgeweit op d’Demandeurs d’emploi ënner 45 Joer, de Stage à l’embauche gëtt opgemaach fir Jonker ënner 30 Joer an och beim Contrat de réinsertion gëtt de Mindestalter vu 45 op 30 Joer erofgesat.
De Stage de professionnalisation ass elo op fir Jonker ënnert 30 Joer.
Dës Moossname sinn eng wichteg Stäip an der Lutte géint de Chômage bei de Jonken. Sollt sech awer erausstellen datt dës Mesuren net duergi wäerte mir energesch duerchgräifen. Perspektivlosegkeet bei de Jonken, mat all de Konsequenzen déi dat matbréngt, wäerte mir net zouloossen.
D’Regierung kuckt net no, mee iwwerhëlt hir Responsabilitéit an erfëllt hire Rôle fir de soziale Fridden zu Lëtzebuerg ze erhalen. Et gi Leit, déi an dësen Zäiten an hire Betriber ëm hir Aarbechtsplaz musse fäerten. Dat gëllt besonnesch fir déi grouss Traditiounsbetriber vu nationaler Envergure, ewéi ArcelorMittal a Luxair, wou d’Regierung am Kader vu sektoriellen Tripartitë bereet ass sozial Verantwortung ze iwwerhuelen an Entloossungen ze evitéieren, ënnert der Bedingung dass och de Management responsabel mat agéiert.
Mee och de Plan de maintien dans l’emploi bei Luxguard wäert laangfristeg finanziell Belaaschtunge fir de Fonds pour l’emploi mat sech bréngen. An trotzdeem ass dëse Wee mat Sécherheet dee richtegen.
Mir hunn awer och Ursaach fir zouversiichtlech ze sinn.
D'wirtschaftlech Aktivitéit geet lues a lues erëm erop. D'Vertraue kënnt erëm, souwuel bei de Consommateure wéi bei den Entreprisen an Investisseuren.
D’Finanzmäert hu sech stabiliséiert, eise Finanzsecteur – de Pilier vun onser Wirtschaft – fonctionnéiert trotz de Contraintë vum Social Distancing.
D'Aussiichte fir d’Staatsfinanze sinn haut scho liicht manner schlëmm wéi se am Abrëll waren, wéi mer de Stabilitéitsprogramm fir d'Joer 2020 op Bréissel gemellt hunn.
Deemools si mer nach dovunner ausgaangen, dass mer dëst Joer iwwer 5 Milliarden Defizit maache géifen beim Gesamtstaat. Am Moment gesäit et esou aus, wéi wann mer méi no bei 4,4 Milliarde géifen erukommen.
Dat läit virun allem dorunner, dass d'Situatioun um Aarbechtsmaart, besonnesch dank de massive Mesuren ewéi de Chômage partiel, haut net méi ganz sou däischter ausgesäit, wéi een dat am Confinement hätt kënne fäerten.
Trotz dëser liichter Verbesserung bleift et bei engem historeschen Defizit fir Lëtzebuerg.
Een Defizit, dee sech eenzeg an eleng duerch d'Kris erkläert.
Zum enge goufe Rekordmontanten investéiert, fir de Leit an den Entreprisen iwwer déi leschte Méint ze hëllefen, zum anere sinn, wéi iwwerall an Europa an an der Welt, d'Recettë vum Staat staark agebrach.
Wärend d’lescht Joer Enn August ongeféier 69% vun de Steier-Recettë vum Joer sollten erakomm sinn, waren et dëst Joer nëmmen 58%, wat zwar nach ëmmer e respektabelt Resultat ass.
Ma op den 31. August hunn domat par Rapport zur selwechter Zäit d'lescht Joer Recetten an der Héicht vu bal enger Milliard an der Keess gefeelt. Austeritéit ass awer net déi richteg Äntwert an dofir hu mir och decidéiert, d'Investissementer weider op engem héijen Niveau ze halen, a souguer weider eropzesetzen, am Intérêt vun der haiteger an zukünftege Generatiounen.
Nodeems den Invest virun 2020 jorelaang ronderëm 3,7% vum PIB louch, wäert en 2021 op 4,3% vum PIB oder op iwwer 2,7 Milliarden EUR klammen.
Zum Gléck huet Lëtzebuerg de finanzielle Spillraum, fir mat dëser Situatioun eens ze ginn.
Well mer d'Staatsfinanzen iwwer déi leschte Joren nohalteg sanéiert hunn.
2018 konnte mer mat engem Iwwerschoss vu 528 Milliounen EUR ofschléissen. 2019 mat engem Plus vu 60 Milliounen EUR. Lëtzebuerg ass mat gesonde Staatsfinanzen an di Kris hei eragaangen.
A Lëtzebuerg krut nach an der Kris vun alle grousse Ratingagencen den Triple-A confirméiert, ebe grad wéinst senger gesonder Ausgankssituatioun an dem Vertrauensvirschoss dee mer eis erschafft hunn duerch e konsequent Agéieren an der Budgetspolitik iwwert déi lescht Joren.
Jo, dës Kris wäert een Impakt op eis Dette hunn.
Eleng fir dëst Joer huet d'Chamber nei Emprunten iwwer 3 Milliarden EUR autoriséiert fir d'Käschte vun der Kris ze decken, nieft enger Autorisatioun, déi schonn am Budget 2020 stoung, fir en sougenannte “Emprunt soutenable”.
Domadder kéime mer Enn des Jores, reng mechanesch, op eng Schold vu 16 Milliarden Euro oder 27,4% vum PIB. Och dat ass nach ee vun den niddregsten Niveauen an der EU an esouguer weltwäit.
Ech erënnere mech awer nach gutt dass ech, wéi ech schonn 2013 an der Note au formateur gelies hunn, dass wa mer keng Mesurë géifen huelen, wa mer d'Staatsfinanzen net géife sanéiere, mer dee Prozentsaz schonn 2015 géifen depasséieren. Dat krute mer verhënnert.
Virun der Kris stounge mer bei ronn 22% vum PIB, also esouguer ënnert dem Niveau vun 2013.
Dofir ass elo ass net de Moment fir ze spueren. Lo ass net de Moment fir Steieren eropzesetzen. Lo ass de Moment fir ze investéieren, an eis Wirtschaft erëm op d'Schinnen ze setzen.
Villes - fir net ze soen alles – hänkt dervun of, wéi déi sanitär Situatioun haut ass a wéi se sech weider entwéckelt.
Fir den Ament ass déi Situatioun zu Lëtzebuerg am Grëff. D’Zuel vun den Neiinfektioune geet an d’Luucht an dat ass ganz bestëmmt net gutt a mir mussen déi Entwécklung nees gebremst kréien.
Mee mir profitéieren an der Gestioun vun der Situatioun elo awer och vu Mesuren an Decisiounen, déi mer geholl hunn.
Dat ass notamment wouer fir déi ganz breet a grouss ugeluechten Teststrategie. Et ass immens vill doriwwer geschwat a geschriwwe ginn.
Mir goufe kritiséiert an et ass och d’Fro gestallt ginn, ob mer net besser gehat hätten, manner ze testen an doduercher och manner Fäll ze identifizéieren, a deemno manner an den internationale Fokus ze réckelen.
Mir waren ni där Meenung a mir hunn op d’Experte gelauschtert, déi gesot hunn, dass de Schlëssel fir de Succès an der Lutte fir de Virus bei engem konsequenten Testing läit.
Bis elo hu mir zu Lëtzebuerg iwwer 540.000 Leit op d’mannst eemol getest. Et sinn zënter dem Opkomme vum Virus hei am Land iwwer 1 Millioun Tester gemaach ginn.
Dovunner 60% iwwert de Large Scale Testing. Dat si 600.000 Tester, déi gemaach goufen eleng fir dat arbiträert Verbreede vum Virus ze kontrolléieren an ze limitéieren.
Et goufen doriwwer eraus awer och geziilt eenzel Gruppe viséiert, déi zu engem gewëssenen Ament besonnesch an de Fokus geréckelt sinn. Dat gëllt zum Beispill fir besonnesch vulnerabel Leit, mee och fir verschidde Wirtschaftssecteuren. Um Flughafe sinn iwwer 50.000 Tester duerchgefouert ginn. Doduercher konnte mir am August an am September Leit identifizéieren, déi de Virus an der Vakanz erwëscht hunn an anescht vläicht net direkt an en Test gaange wieren an deemno de Virus och hätte kéinte weider verbreeden ouni et ze wëssen.
Eng wichteg Informatioun ass och, dass zu Lëtzebuerg – iwwert déi ganz Kriseperiod gekuckt – praktesch d’selwecht vill Leit mat Symptomer getest ginn, ewéi ouni. Dat bedeit, dass e groussen Deel Leit, sief duerch de Retraçage iwwert e Kontakt, sief duerch de Large Scale Testing konnte souzesoen aus dem Circuit geholl ginn.
D’Verbreede vum Virus ass op eng maximal effikass Aart a Weis limitéiert ginn. Ronn en Drëttel vun de Leit, déi positiv getest gi sinn, konnten duerch d’Aarbecht vum Contact Tracing identifizéiert ginn. Dee System fonctionnéiert also an mir hunn eis och esou opgestallt, dass mer d’Zuel vun de Leit, déi do schaffe punktuell kënnen an d’Luucht setzen. Déi Ekipp, déi do schafft an Dag fir Dag Kontakt mat Leit ophëlt, leescht eng immens wäertvoll Aarbecht, déi am Hannergrond geschitt ouni, dass dat eng grouss Opmierksamkeet kritt.
Et huet sech vill verännert zanter dem Ufank vun der Pandemie – ech kéint och soe "verbessert”, woubäi ech wëll virsiichteg si mat deem Terme. Fakt ass awer, dass d'Zuel vun de Mënschen, déi hospitaliséiert musse ginn oder esou guer eng intensiv medizinesch Betreiung brauchen, eng Kéier ganz héich war, du konstant erof gaangen an duerno konstant niddereg bliwwen ass.
Och zu deem Ament virum Summer – esou, wéi och elo nees – wou d'Infektiounen an d'Luucht ginn, huet dat net eng identesch Repercussioun op d'Hospitalisatiounen.
D'Ursaachen dofir si verschidden. Eng ass ganz sécher, dass d'Altersstruktur vun de Leit, déi sech mam Virus infizéiert hunn wesentlech méi niddereg ass, ewéi nach am Ufank vun der Pandemie. Aktuell si vun de positiv geteste Persoune 5,5 Prozent Kanner ënner 10 Joer. An der Alterskategorie 10 bis 19 Joer läit den Taux scho bei knapp 17% a bei de Jonken tëscht 20 an 29 Joer bei 21 Prozent. Duerno geet den Taux nees kontinuéierlech erof a just 7% sinn iwwer 70 Joer al, 3,3% sinn iwwer 80.
Enn Mäerz louch d'Altersmoyenne vun de Residenten, déi positiv getest goufen, bei ronn 47 Joer, Enn Abrëll bei 48, am Mee bei 37 Joer an Enn September bei ronn 35 Joer. Et kann een deemno soen, dass besonnesch déi eeler Leit sech haut wesentlech manner dacks mam Virus infizéieren, wéi am Ufank. Et gëtt do en général ganz einfach besser opgepasst an dat huet eng ganz grouss Wierkung.
D'Informatiounen, esou wäit mer se virleien hunn, weisen, dass d'Leit sech do ustiechen, wou d'Geste-barrièren net ëmzesetze sinn, nämlech an der Famill doheem, mee awer och do, wou se negligéiert ginn.
Déi Mesuren, déi mer geholl hunn, also virun allem dass een eng Mask muss undoen, an déi virgeschriwwen Distanzen hunn eng ganz grouss Wierkung, wou se agehale ginn. An dat ass dee kruziale Punkt. D'Mesuren hunn e ganz staarken Effekt - wa se agehale ginn.
Mir brauchen zu dësem Ament keng fundamental nei Mesuren. D'Regierung huet festgehalen, dass mir den Ament nach keng Ursaach gesi fir nei Restriktiounen. Mir sinn amgaangen déi Situatioun genee ze ënnersichen a mir wäerten eenzel Punkten nach vläicht präziséiere mussen an Onkloerheete behiewen, mee wierklech nei legal Mesuren imposéieren sech zu dësem Ament net.
Komplett ausschléisse kann a wëll ech ganz sécher net, dass et och nees eng Situatioun kéint ginn, wou dat anescht ass. Mir sinn net der Meenung, dass ee generelle Lockdown nach eng Kéier géif néideg ginn. Mir sinn haut en immens grousse Schrack méi wäit, ewéi nach virun e puer Méint, mir si komplett anescht opgestallt a wësse wesentlech méi iwwert d'Propagatioun vun deem Virus, esou dass mer och wesentlech méi cibléiert kënne virgoen.
Mir sinn haut virbereet. Gutt virbereet.
Mir hunn eis déi néideg Moyene gi fir de Gesondheetssecteur am Generellen an de Spidolssecteur am Speziellen ze stäerken. Mir hunn d'Moyenen deblockéiert déi mir gebraucht hunn fir dat Material ze kafen dat néideg war:
Ronn 90 Millioune Masken, 34 Milliounen Händchen, 2,5 Millioune Schutzwesten an eng Abberzuel u klengem Material, anere Produiten a Medikamenter déi an eise Spideeler benotzt goufen.
D'Regierung huet praktesch iwwert Nuecht Scanneren an eise 4 grousse Spideeler opgeriicht fir den Diagnostic vum COVID bei Patienten ze acceleréieren.
D'Spideeler hunn deemools hir Aktivitéiten esou ëmorganiséiert, datt Plaz fir 180 COVID-Patienten an der intensiver Fleeg war. Um Héichpunkt vun der Pandemie waren dovunner 45 Better beluecht.
Nieft Better a Material, ware mir awer virun allem op eis Matbierger aus den Nopeschlänner, op d'Frontalieren ugewisen. Si sinn eng wichteg Stäip fir eise Gesondheets- a Fleegesecteur.
Ronn 13.000 Iwwernuechtunge si fir d'Personal aus dëse Secteure kuerzfristeg organiséiert ginn, dat nodeems eis Nopeschlänner Grenzkontrollen agefouert haten. Si konnten och vun enger spezieller Offer u Crèchen hei am Land profitéieren.
Mir si wat Personal an d'Organisatioun vum Personal betrëfft wesentlech besser preparéiert, wéi nach viru Méint. Mir hunn eng Réserve sanitaire opgesat, fir genuch Infirmieren an Dokteren iwwerall do ze hunn, wou se gebraucht ginn.
Mir hunn eis an de leschte Wochen a Méint logistesch besser opgestallt.
Zënter dem Enn vum Confinement am Abrëll, konnten 72 weider Respirateuren an eis 4 grouss Spideeler verdeelt ginn.
Hate mer am Ufank vun der Kris ronn 223 Respirateuren an deene verschiddene Spidolsberäicher, hu mer der elo 295. Ronn 80 weider Respirateuren hu mir fir den Noutfall an eisem nationale Stock.
Haut hu mir dat néidegt Material an eise Stocken, wann et an den nächste Méint nach eemol zu Enkpäss géif kommen.
Mir hunn d'Léier aus där schwiereger Situatioun an der éischter Hallschent vum Joer gezunn an eis eng strategesch Reserv ugeluecht, sief et fir eise Spidolssecteur, fir de Beräich vun der Fleeg an den Altersheemer, dem CGDIS, de kriteschen Infrastrukturen oder deene Servicer beim Staat déi ënnert allen Ëmstänn musse funktionéieren.
An enger solidarescher a kollektiver Ustrengung hu mir 87 Millioune chirurgesch an 3 Millioune FFP2 Masken op Lëtzebuerg ageflunn.
Bal 60 Millioune Maske sinn an der Tëschenzäit verdeelt ginn. Ronn 27 Millioune chirurgesch Masken hu mir an eiser Reserve.
Déi 4 grouss Spideeler aus eisem Land hunn sech bereet erkläert fir sech an enger Associatioun zesummenzeschléisse fir déi strategesch Reserv vun dem Spidols- a Fleegesecteur ze geréieren. D'Regierung wäert dësen Zesummeschloss finanziell ënnerstëtzen.
Eis Spideeler hunn déi lescht Méint genotzt fir sech ënnertenee besser ze organiséieren an ofzeschwätzen, fir d'Corona-Patienten optimal opzedeelen. Et ass ee Plang mat véier Stufen ausgeschafft ginn. Fir all eenzel Stuf ass d'Unzuel vu Patiente festgehale ginn déi ee Spidol an der normaler oder an der intensiver Fleeg kann ophuelen.
Zil dovunner ass z'assuréieren datt mir zu all Moment eng equilibréiert Verdeelung vun de COVID-Patienten tëscht de Spideeler hunn, dat a Funktioun vun de Capacitéite vun de jeeweilegen Haiser. Et geet dorëms, och, datt d'Spideeler sou laang wéi méiglech hir normal Aktivitéite kënne weiderféieren.
Sollt d'Zuel vun den Neiinfektiounen sech esou entwéckelen, datt mir Enkpäss an den Dokteschpraxe kréien, kënne mir séier reagéieren.
Duerfir hu mir op 2 Plazen hei am Land – eemol an der Stad um Kierchbierg an eemol zu Esch – fäerdeg Infrastrukturen ageriicht fir zu all Moment COVID-Patienten ze behandelen. Déi néideg Konventioune konnte viru kuerzem mat der AMMD ënnerschriwwe ginn.
Mëttelfristeg gëtt dru geschafft fir de Maison-médicalen an deem Beräich eng nach méi grouss Bedeitung zoukommen ze loossen.
Wann d'Situatioun awer changéiert musse mir séier reagéieren.
Dat hu mir an der Vergaangenheet gemaach, dat maache mir och an Zukunft.
Duerfir musse mir zu all Moment ee Bild vun der Situatioun hunn. Dat maache mir mat engem permanente Monitoring dee mir an de jeeweilege Ministèren, Verwaltungen a Servicer op d'Been gestallt hunn.
D'Dokteren hëllefen eis beim Monitoring. Mat der AMMD ass eng Konventioun ënnerschriwwe gi fir ee Reseau vun Dokteren uechter d'ganzt Land op d'Been ze stelle fir d'Entwécklung vun der Gripp an der Epidemie am ganze Land ze iwwerwaachen. All Erkrangung vun den Otemweeër soll gemellt ginn. Dëst ass besonnesch an de Grippeméint wichteg.
Monitoring maache mir och mat Hëllef vun der Waasserverwaltung an dem Luxembourg Institute of Science and Technology, also dem LIST. All Woch analyséiere si d'Ofwaasser an eise Kläranlage fir ze kucken ewéi d'Presenz vun de Coronaviren sech uechter d'Land an eise Gemengen entwéckelt. Do sinn d'Donnéeën den Ament iwweregens schwiereg ze interpretéieren, well dee ville Reen en groussen Impakt op d'Kläranlagen huet an de Virus am Ofwaasser dach dilluéiert gëtt.
Monitoring maache mir awer natierlech och duerch den Testing, dee weidergefouert a wann néideg och adaptéiert gëtt.
Et ass och elo schonn esou, dass déi nei Phas vum Large Scale Testing wesentlech méi geziilt duerchgefouert ka ginn, ewéi dat an der éischter Phas méiglech war. D'Strategie gesäit vir, dass besonnesch Gruppen an der Populatioun getest ginn, déi vill exposéiert oder déi besonnesch vulnerabel sinn.
Dernieft gëtt awer och weider generell getest, allerdéngs ginn déi Informatioune verschafft fir eventuell Clusteren a verschiddene Secteuren, Regiounen, Alterskategorien, an zum Beispill Beruffsgruppe kënnen ze identifizéieren. Et gëtt weider um Flughafe getest, et gëtt och den Ament un enger Solutioun vu Schnelltester geschafft. Mir préiwen och ëmmer nees nei, nach méi fiabel Testkits a vun dësem Mount un, ginn och verstäerkt nees Antikierper-Tester gemaach fir ze monitoren, wéi verbreet de Virus iwwert eng länger Zäit war an wou et vläicht zu engem gewëssenen Ament och verstäerkten Immunitéit kéint gi – dovunner si mer allerdéngs nach e Stéck ewech.
Immunitéit hierstellen, wëlle mer virun allem iwwert de Wee vun enger Impfung.
Et ass dat, wou déi ganz Welt drop waart a wou an all Eck vun eisem Planéit gefuerscht gëtt. Lëtzebuerg ass do fest integréiert an bedeelegt un de Beméiungen op europäeschem Niveau. D'EU-Kommissioun negociéiert den Ament am Numm vun de Memberlänner mat 10 méigleche Produzenten.
D'Prozedur mat engem méigleche Fournisseur ass ofgeschloss an et gëtt Hoffnung, dass éischt Vaccine schonn am Dezember kéinten disponibel sinn. Dat wuel nach a limitéierte Stéckzuelen. Dat wier dann den Ufank vun enger längerer Phas, wou d'Populatioun ka geimpft ginn a besonnesch déi méi vulnerabel Persounen e Schutz virun deem Virus kënne kréien.
Den Zäitplang ass ambitiéis a mir hunn och geléiert an dëser Pandemie, dass et Entwécklunge gëtt, déi net viraus ze gesi waren an déi changéiert hunn.
Dat gëllt fir d'Recherche am Allgemengen an et gëllt och notamment bei der Sich no engem Medikament, wou et wuel Wierkstoffer gëtt, déi e gewëssenen Effet hunn – notamment de Produit Remdesivir – mee awer och net bei jidderengem kann agesat ginn an och Niewewierkungen huet, déi nach ënnersicht ginn. D'EU-Kommissioun keeft dëst Medikament fir de ganzen europäesche Marché a Lëtzebuerg ass den Ament gutt versuergt, wann et sollt verstäerkt mussen agesat ginn.
Mir sinn esou gutt opgestallt, wéi mer et nëmme kënne si fir deem Virus weider d'Stier ze bidden. Mir sinn awer och alleguerte weider een op deen aneren ugewise fir dass mer et och elo an deene Méint packen, déi besonnesch schwiereg ginn. Dann, wann et kal a naass ass dobaussen an d'Leit nees méi dobanne wëlle sinn an och méi no beieneen.
Dat gëtt eng Erausfuerderung fir eis alleguerten a mir mussen do weider déi Solidaritéit weisen, déi eis iwwert déi ganz Zäit vun dëser Kris begleet huet.
Et geet ëmmer nach dorëms een op deen aneren opzepassen an dobäi besonnesch no deene méi vulnerabele Persounen ze kucken. Ech schwätzen natierlech vun deene gesondheetlech méi schwaache Matmënschen, mee mir wëssen haut och, dass de Virus eng besonnesch Gefor duerstellt fir Leit, déi a méi prekäre Verhältnisser liewen.
An deem Sënn hu mir eng medezinesch Permanence op d'Been gesat, wou eng Partie Doktere vun Associatiounen sech ofléisen. Do kënnen d'Leit sech gratis ënnersiche loossen, och wa si keng Krankeversécherung hunn. Do kréie si beim Verdacht op COVID-19 eng Ordonnance fir en Test verschriwwen. Fir elengerzéiend Mamme steet all Mëttwochmëtteg en Dokter zur Verfügung, deen si an hir Kanner kann ënnersichen.
Et ass och e System agefouert gi fir Associatiounen, déi a Kontakt sti mat Leit aus prekäreVerhältnisser. Si kréien Ordonnancë vun der Santé zur Verfügung gestallt fir dass d'Leit séier an effikass kënne getest ginn, wa si Symptomer hunn.
Esou kënnen d'Ustiechungskette fréi ënnerbrach ginn. Op des Manéier kënne mir och mat Zäite gesi wann d'Situatioun sech zouspëtzt, sou dass een nei Mesurë kann huele fir d'Leit, déi keen Doheem hunn, ënner Daach ze bréngen an hinnen den néidege Schutz ze ginn.
Stand haut sinn déi 3 Hebergementsstrukturen, déi schonn zënter Méint fir des Populatioun bereed stinn, nach net ganz ausgelaascht mee mir bleiwen alertéiert fir séier nei Léisunge parat ze halen, falls d'Zuele vu corona-kranke Leit aus de prekäre Milieue sollten an d'Luucht goen. Deen Ament ass och virgesi fir mat eisem Large-Scale-Testbus op d'Plazen ze fuere fir d'Situatioun méi no a méi breet ze analyséieren. Do doniewent wäert am Dezember eng grouss ugeluechte Vaccinatioun géint déi normal Gripp duerchgefouert ginn.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
D'Zuel vun den Neiinfektiounen ass an de leschten Deeg nees an d'Luucht gaangen.
Mir sinn alertéiert, awer net schockéiert.
Et war ze erwaarden, a mir hunn et och gesot, dass d'Zuelen am Hierscht nees riskéieren an d'Luucht ze goen. Et ass wichteg, dass een sech am Detail domadder auserneesetzt an net just déi brut Zuele kuckt. D'Altersmoyenne spillt wéi gesot eng zentral Roll.
Dobäi ass et och elo esou, dass et sech confirméiert, dass et virun allem déi méi jonk sinn, déi positiv getest ginn an d'Zuel vun den eelere Leit ëmmer nach extrem niddereg ass.
Mir leie bei ronn 4% Positiver an der kritescher Alterskategorie vu Leit iwwer 80 Joer, déi viregt Woch louch deen Taux bei 3,3% an déi Woch virdru bei 5,5%. Et ass een also stabel op engem relativ nidderegen Niveau.
D'Altersmoyenne vun deene Leit, déi positiv getest gi sinn, louch dës Woch elo bei genee 36,8 Joer.
Et gëllt dat weider ze assuréieren, well et en direkten Impakt huet op d'Zuel vun de Krankheetsverleef, déi méi grav sinn.
Mir hunn elo 46 Patiente mat COVID-19 hospitaliséiert, 2 Persoune sinn op der Intensivstatioun. Et gouf déi lescht Woch allerdéngs och nees 6 nei Doudesfäll. Gëschter koum ee weideren derbäi.
D'Situatioun ass seriö, mee et gëtt keng Ursaach fir iwwerstierzt ze handelen.
Mir wëllen absolut evitéieren, dass et zu méi dramatesche Situatioune kënnt an dat heescht net just, dass mer e Lockdown oder sektoriell Fermeturë mussen a wëllen evitéieren.
Eng héich Zuel vun Neiinfektioune bréngt et och ouni virgeschriwwe Fermeturë mat sech, dass et vir vill Secteuren, Betriber a Beräicher vun eisem Alldag schwiereg gëtt weider ze funktionéieren.
Ech widderhuele mech. Mir mussen nees méi Rigueur kréien an een op deen aneren oppassen.
De Virus an déi aktuell Situatioun dominéieren eis Aktualitéit, mee d'Regierung huet déi leschte Méint a wäert déi nächste Méint awer net exklusiv un der Lutte géint déi Pandemie schaffen.
Mir hunn e Projet fir Lëtzebuerg weider ze entwéckelen, fir eis Liewensqualitéit ze erhalen an de groussen Erausfuerderunge fir eist Land, fir eis Wirtschaft, fir eis Ëmwelt och gerecht ze ginn.
Mir halen un deem Projet fest.
Dozou gehéiert, dass ee Volet, deen eis virun dëser aktueller Kris beschäftegt huet, net an de Vergiess geroden ass. Ech hunn zejoert op dëser Plaz däitlech ënnerstrach an et ass zanterhier net manner akut ginn: De Klimawiessel ass déi grouss Erausfuerderung vun eiser Zäit. Mir sinn et net just de Generatiounen, déi no eis kommen, schëlleg, dass mer handelen. Et geet och scho laang net méi just ëm déi Mënschen, déi an der südlecher Regioun vun eisem Planéit liewen.
Egoismus ass kee schéine Charakterzuch, mee esouguer wa mer egoistesch wéilte sinn, misste mer nawell handelen. An zwar séier a konsequent.
D'Dréchente gi vu Joer zu Joer méi akut, Naturkatastrophen, Iwwerschwemmungen, schwéier Stierm a Bëschfeiere méi reegelméisseg. Et ass also héich Zäit, dass mer e Krack an d'Luucht gi bei eise Beméiungen deem entgéintzewierken.
Mir hunn déi éischt Mesuren dofir an d'Weeër geleet an Ufank dës Joers de PNEC, also de nationale Klima an Energieplang ugeholl. Dëse Plang ass e kruziaalt Instrument fir eis ambitiéis Ziler ze erreechen. Mir wëlle bis 2030 d'Emissioun vun Zäregasen ëm 55% reduzéieren, déi erneierbar Energien op 25% vum nationalen Energiemix eropsetzen an d'Energieeffizienz vu 40 op 44% erop kréien. Dat sinn, wéi gesot, ambitiéis Ziler, mee et sinn net just theoretesch Wäerter. Et ass e reellt a fir eis och realistescht Zil.
A mir hu keng Zäit ze verléieren. Dofir gi mer och kee Schrack zeréck an halen dru fest fir steierlech a finanziell Ureizer ze schafen, déi eng Transitioun op méi klimafrëndlech Technologien ënnerstëtzt. Engersäits suivéiere mer de Prinzip vum Pollueur-payeur a besteieren d'CO2 Emissioune fir dann dës Fongen ze benotzen, déi dem Klima zu gutt kommen.
Et ass e Prinzip vun der ekologescher Solidaritéit.
Dëse Bäitrag wäert 2021 bei 20 Euro pro Tonn CO2 leien an dann op 25 Euro pro Tonn CO2 am Joer 2022 an op 30 Euro am Joer 2023 klammen.
Konkret heescht dat fir d'Joer 2021 op der Pompel eng Hausse vun ongeféier 5 Cent um Liter Diesel an Bensinn.
Et geet mat dësem Bäitrag net drëm, nei Recetten ze schafen. Et ass och keng nei Steier, déi décidéiert gouf, mee e System, deen europäesch negociéiert an ofgemaach ass.
Et geet drëm, ee kloert Signal ze setzen, dass Lëtzebuerg et mam Anhale vun sengen Klimaziler eescht mengt.
Klimapolitik geet fir eis Hand an Hand mat sozialer Gerechtegkeet an dofir si geziilte Kompensatiounsmesurë virgesi fir déi méi schwaach an eiser Gesellschaft, déi soss géife riskéiere speziell vun enger Besteierung getraff ze ginn. Mir entlaaschten also déi, déi et brauchen an zwar iwwert zwee Weeër:
Éischtens gëtt parallel zum Aféiere vun der CO2 Steier och e Crédit d'impôt fir Salariéeën, fir Indépendanten a fir Pensionären ëm 96 Euro d'Joer erhéicht an zweetens setze mer d'Allocation de vie chère nohalteg ëm 10% an d'Luucht.
Domadder fiedere mer den Impakt of, fir déi Leit, déi et sech net kënne leeschte mat der nämmlechter Vitesse, ewéi anerer méi klimafrëndlech ze liewen oder sech ze deplacéieren.
Mat de Suen, déi iwwert de Wee vun enger Besteierung op den CO2 Emissiounen erakommen, ginn op der anerer Säit Primme matfinanzéiert, déi jidderengem zu gläichem Mooss zegutt kommen. Déi Primmen, déi och elo schonn existéieren, haten an de leschte Méint enorme Succès.
Besonnesch an der Mobilitéit gouf et e reegelrechte Boom bei de Vël'en, den elektresche Vëloen, mee och bei den elektreschen Autoen.
Bannent engem Joer goufen et iwwer 13.500 Demandë fir normal a bal 10.000 Demandë fir elektresch Vëloen. Ronn d'Hallschent vun den Dossiere sinn an der Tëscht traitéiert.
Zanter dem zousätzlechen Incentiv am Kader vun eise Mesurë fir d'Relance économique huet sech d'Zuel vun den Demandë quasi verzéngfacht.
Och bei den elektreschen Autoe sinn an de leschten 3 Méint méi Demanden erakomm, ewéi an deem ganze Joer virdrun an et leien elo eppes iwwer 1.100 Demandë vir, wouvunner de gréissten Deel och schonn traitéiert an ausbezuelt ass.
Nach ni virdrun hu sech och souvill Leit derfir intresséiert hiert Haus energetesch ze renovéieren, eng Photovoltaikanlag ze installéieren oder op eng méi effizient Heizung ëmzeklammen.
Et geet awer iwwert dat eegent Doheem eraus an d'Leit investéieren och zum Beispill a Solaranlagen, déi méi grouss sinn an esou an enger Zort Kooperativ kënne funktionéieren.
Esou goufen zejoert 3 Mml méi Solaranlagen installéiert, ewéi dat an deene Jore virdrun de Fall war. Iwwer 200.000 Leit zu Lëtzebuerg ginn haut mat Wandenergie vun heiheem versuergt.
Mir mussen oppassen op dat wat mer hunn, well et eis net eleng gehéiert.
Et ass e gemeinsamen Effort, wou jiddereen eng zentral Roll ze spillen huet. Een Acteur, deen dobäi net dierf an Vergiessenheet geroden ass de Secteur vun der Landwirtschaft.
Virun e puer Méint hu vill Leit ugefaangen sech Froen ze stellen, déi mer eis zanter Joerzéngten net méi gestallt hunn: Produzéiere mir genuch Liewensmëttel zu Lëtzebuerg fir d'Populatioun ze versuergen, wann den internationale Wuerentransport am Stëllstand ass? Et ass op ee Coup nees méi lokal geduecht an méi lokal agéiert ginn.
Et ass ee vun de positiven Aspekter vun där schwéierer Zäit, dass mer geléiert hunn eis méi op dat ze besënnen, wat méi no bei eis ass.
D'Regierung ënnerstëtzt déi Entwécklung a wa mir dëse Mount de Landwirtschaftsdësch organiséieren, gëtt dat en zentrale Sujet. Mir wëllen déi lokal Produktioun stäerken an och hëllefen den Iwwergank op eng méi biologesch Produktioun unzedreiwen. Den Aktiounsplang PAN Bio 2025 ass en Place gesat gi mam Zil bis 2025 e Fënneftel vun de landwirtschaftleche Flächen ënner biologesche Krittären ze bewirtschaften an derfir ze suergen, dass déi Produkter och bei eis lokal op de Marché kommen.
Mir hunn eis engem responsabelen Ëmgang mat de Ressourcë verschriwwen. Dat gëllt fir all Beräicher, fir eisen Alldag, fir ëffentlech Investissementer an et gëllt och fir déi wirtschaftlech Diversifikatioun.
Mir sinn eis honnertprozenteg eens an der Regierung, dass den ekologesche Kontext, den Impakt vun eiser Ekonomie op eis Ëmwelt eng zentral Roll muss spillen.
Et ass evident a mir komme guer net derlaanscht, dass mer net iwwert eis Verhältnisser kënne liewen. Mir hunn och net eréischt gëschter ugefaangen, d'Ekonomie an deem Sënn ze diversifiéieren a besonnesch op Elementer, ewéi Kreeslafwirtschaft an Innovatioun an der Industrie ze setzen.
Zum Beispill den Automotive Campus zu Biissen ass ganz no de Reegele vun der Économie Circulaire geplangt, developpéiert a gebaut ginn. An déi Philosophie gëtt konsequent weider suivéiert. D'Regierung schafft den Ament un enger Strategie fir d'Ekonomie duerch weider konkret Projeten ze stäerken an ze etabléieren.
Gläichzäiteg musse mer d'Innovatioun undreiwen an de Betriber, déi hei sinn, hëllefen sech weider ze entwéckelen an op nei Erausfuerderungen anzestellen. Wichteg ass d'Previsibilitéit an dat gëllt esou wuel fir déi Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg sinn, ewéi awer och fir déi, déi intresséiert oder schonn engagéiert si fir bei eis ze investéieren.
Mir sinn derfir responsabel e legale Kader ze schafen a Virgaben ze ginn, déi dat erëmspigelen, wat mer eis virgeholl hunn – also e responsabelen Ëmgang mat eise Ressourcen an d'Erhale vun eiser Liewensqualitéit.
Dat steet awer net am Widdersproch zu enger industrieller Entwécklung.
Deen Ament, wou e Betrib sech wëll zu Lëtzebuerg installéieren an de Kader respektéiert, ass et wichteg, dass ee sech och zu deem bekennt, wat gëllt. Mir brauchen eng positiv Astellung vis-à-vis vun Investissementer an eisem Land an dem Schafe vun Aarbechtsplazen.
Fir Mëssverständnesser an Ënnerscheeder an der Interpretatioun an Zukunft ze evitéieren, gëtt en Mechanissem agesat, fir ganz am Ufanksstadium eng Evaluatioun vun engem industrielle Projet ze maachen an ze préiwen ob dee kompatibel ass mat de Krittären, déi mer eis ginn hunn. Gëtt déi Fro mat Jo beäntwert, bleift se mat Jo beäntwert.
Mir hunn e begrenzten Territoire mat begrenzte Ressourcen a Limitte vun deem, wat mer eis selwer an der Ëmwelt kënnen zoumudden.
Et ass dofir och essentiell, dass mer eng kohärent an duerchduechte Landesplanung maachen, déi partizipativ mam Bierger zesummegestallt gëtt an am Dialog mat de Gemengen ëmgesat gëtt.
Dat ass Zil vum neie Prozess "Luxembourg in Transition” deen dëst Joer och lancéiert gouf. D'Applikatioun vun de véier Plans sectoriels ass nach fir dëst Joer virgesinn a mir schaffen och un engem Schema fir den Aménagement du territoire iwwert eis Landesgrenzen eraus ze koordinéieren, deen och nach dëst Joer soll konkretiséiert ginn. Mir mussen a mir wäerten iwwert eisen Tellerrand eraus denken an agéieren.
Och dat huet déi aktuell Kris eis geléiert.
Mir sinn net eleng an eleng si mer net staark genuch fir Krisen ze meeschteren. Mee net just a Krisenzäiten, och an eisem Alldag si mer drop ugewisen, dass Leit vu bausse bei eis schaffe kommen, bei eis wunnen, liewen an en Deel vun eiser Gesellschaft sinn. Et ass eng Beräicherung, en Atout an et eng Noutwendegkeet.
Mir valoriséieren dat net genuch a mussen eis do verbesseren. Dat betrëfft notamment d'Accorde mat eisen Nopeschlänner am Beräich vun der Besteierung a vun der Sozialversécherung vun de Grenzgänger, wou an der Kris onkomplizéiert Léisunge fonnt goufen fir den Télétravail iwwert eng länger Durée ze erméiglechen.
Et betrëfft awer natierlech och zum Beispill d'Mobilitéit, wou mer weider staark investéiere musse fir d'Situatioun ze verbesseren. Den Ausbau vum Schinnereseau ass dofir net a Fro gestallt. Déi nei Streck tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg, esou wéi d'Extensioun vun der Stater Gare vun 9 op 13 Quaien an d'Commande fir 34 nei Automotricen si Schlësselelementer fir d'Situatioun am Zuchverkéier weider ze verbesseren.
D'Capazitéit geet an de nächste Jore bis 2024 vu 25.500 op 38.000 erop. Dat wäert een Ënnerscheed maachen, deen d'Passagéier mierken.
A mir investéieren an denken och iwwert déi aktuell geplangte Projeten eraus.
Dat gëllt notamment fir den Ausbau vum Tram an Direktioun Märel an Zéisseng, respektiv Stroossen. Et gëtt weider a Vëlosweeër investéiert Et sinn den Ament iwwer 285 km nei Vëlosweeër geplangt an et ginn Etüd gemaach fir weider 148 km ze bauen.
Den Invest an de Stroossebau gëtt konsequent weidergefouert, notamment den Ausbau op dräi Spueren op der A3 vum Gaasperecher Kräiz bis op d'Grenz. Et besteet e groussen Drock op den ëffentlechen Transport an och op d'Stroossennetz. Et ass eng Fro vu Liewensqualitéit, mee och vu Kompetitivitéit. Et ass méi schwéier Leit ze iwwerzeegen op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, wann se ze vill Zäit um Wee fir op d'Aarbecht an erëm heem brauchen.
Et besteet awer och ëmmer nach en immens staarken Drock um Wunnengsmaart. Dat ass aus ville Grënn e Problem, deen eis zanter Jore fir net ze soe Joerzéngte beschäftegt.
Et gëtt keng einfach Léisung an et gëtt net eng eenzeg Léisung, mee et ass en Zesummespill vun enger ganzer Rei Mesuren, déi mussen agesat gi fir och den Drock erauszehuelen.
Ee Schlësselelement ass a bleift et awer ganz sécher d'Offer an d'Luucht ze setzen an duerch déi ëffentlech Hand – duerch de Staat, mee och duerch d'Gemenge – abordabele Wunnraum ze schafen.
De Staat gëtt sech dofir déi noutwenneg finanziell Moyenen an dat net just zanter haut. Eleng iwwer déi staatlech Wunnengsbaugesellschaft SNHBM sinn an de leschte 6 Joer ronn 1.000 Wunnengen op de Marché komm. Iwwert de Fonds du logement waren et an deem selwechten Zäitraum ronn 650 Wunnengen.
Et si weider ganz grouss Projeten an der Maach, ewéi notamment, dee ganz innovativen a moderne Projet Elmen an der Gemeng Kielen, wou 750 Wunnenge wäerten entstoen oder déi zwéi grouss Projeten ob den alen Industriefrichen zu Wolz an zu Diddeleng. Mir investéiere weider a mir investéiere konsequent.
Esou ass am Budget vum Wunnengsbauministère fir 2021 eng Hausse vun 11% virgesi par Rapport zu dësem Joer.
Hannergrond ass notamment d'Schafen dëst Joer vum Spezialfong fir d'Entwécklung am Logement, wou viru kuerzem schonn en éischten Tëscherapport virgestallt ginn ass. Hei si fir d'nächst Joer ronn 150 Milliounen Euro virgesi fir ze bauen, awer och fir d'Ziler vum Pacte logement 2.0 ëmzesetzen.
Gemenge ginn hei ganz geziilt incitéiert och weider beim Schafe vun abordabele Wunnenge matzeschaffen an ze investéieren. De Logementspak 2.0, deen d'Regierung, zesumme mat de Gemengen ausgeschafft huet wäert dësen déi dofir néideg Mëttele ginn: duerch méi Suen, besser Berodung an eng qualifizéiert Begleedung duerch den nei geschaafte Logementsberoder.
Zil vun dësem groussen Effort ass fir bezuelbare Wunnraum an ëffentlecher Hand ze schafen, deen och ob Dauer bezuelbar bleift.
Dëse groussen Effort dréit dann och dozou bäi, den Drock fir déi Leit ze reduzéieren, déi um private Marché net méi zu verstännege Präisser ënner Daach kommen.
Mir mussen d'Investissementer an d'Depensen am Logement awer och aus engem steierleche Bléckwénkel bewäerten an hannerfroen. D'Regierung huet dat gemaach an notamment decidéiert d'Steiervirdeeler op deene speziellen Immobiliefongen ofzeschafen.
Et gëtt e weidere Mechanismus, deen net deen Zweck erfëllt, deen ursprénglech ugeduecht war an dofir muss reforméiert ginn, den Amortissement accélére.
Et ass hei drëms gaange grad d'Offer an d'Luucht ze setzen, also privat Leit ze incitéieren an de Logement ze investéieren an zousätzlech Wunnengen ze schafen. Dat ass zu enger Zäit agefouert ginn, wou d 'Situatioun eng aner war, notamment, wat den Taux vun den Zënsen op Kreditter betrëfft.
Mir stellen haut fest, dass et éischter d'Demande an d'Luucht dreift, well Investisseure mat um Marché si fir existent Wunnengen ze kafen, déi se da weider verlounen. Et huet sech also zu engem Facteur vun der Spekulatioun entwéckelt. Do musse mer ausbremsen an dofir gëtt den taux d'amortissmenet nächst Joer vu 6% op 5% erofgesat an och d'Zäit vum Amortissement geet vu 6 op 5 Joer erof.
Fir Investisseuren, déi Immeublë mat enger Valeur iwwert 1 Millioun Euro hunn, geet den Taux op 4% erof.
Dës nei Reegele gëlle fir all Objet, deen nom 1. Januar 2021 kaaft gëtt.
Et ass wichteg, dass weider - och vu privater Säit – an de Wunnengsbau a besonnesch och an de Logement locatif investéiert gëtt. Et soll och attraktiv sinn an et brauch Planungssécherheet. Gläichzäiteg muss een d'Entwécklung awer eben och am A behalen an de Courage hunn fir kontraproduktiv Mesuren ze iwwerdenken an ze iwwerschaffen.
E weidere wichtegen Acteur am Logement sinn do och d'Gemengen, déi sollen och weider investéieren an d'Schafe vu bezuelbarem Wunnraum, ewéi awer och an Infrastrukturen a Personal.
Et ass der Regierung bewosst, dass d'Auswierkunge vun der COVID-Kris och en Impakt op d'Gemengefinanzen hunn. Mir hate kierzlech en Echange mam Syvicol, wou et nieft Politik am Allgemengen och d'Gemengefinanze gaangen ass.
Am Projet fir de Budget gëtt gerechent, dass bei de Gemengen e Minus ass vun 213 Milliounen Euro fir dëst Joer, deen direkt oder indirekt op déi aktuell Kris zeréckzeféieren ass. Déi Berechnunge sinn zu engem Deel nach theoretesch an estimativ, well et nach un Donnéeë feelt an d'Joer jo och nach net ofgeschloss ass. Et ass also nach ze fréi fir definitiv kënnen ze gesinn, wat den tatsächlechen Impakt ass.
Et ass awer essentiell, dass d'Gemengen handlungsfäeg bleiwen an hir Obligatioune kënnen erfëllen. Mir ënnerstëtzes i dobäi. D'Subsidë gi bäibehalen an et gouf punktuell och Erhéijungen.
Mir wäerten doriwwer eraus préiwe wat ubruecht an néideg ass. Net zu lescht ass e Bilan vun der Gemengefinanzreform an der Maach, dee vun der Zentralbank duerchgefouert gëtt. Mir wëllen dee Bilan hei an der Chamber ganz oppen debattéieren an zesummen och ënnert Lupp huelen, wou eventuell Nobesserungen néideg sinn.
Et ass nämlech fir eis evident, dass den direkte Kontakt tëscht der ëffentlecher Hand an dem Bierger bei de Gemenge läit an si eng zentral Roll am Fonctionnement vun eisem Land sinn. Si musse kënne weider investéieren.
Genee ewéi de Staat selwer. De Finanzminister wäert muer méi am Detail op déi verschidde Volete vum Budget fir dat nächst Joer agoen.
Ech hu schonn ënnerstrach, dass den Niveau vun den Investissementer weider ganz héich wäert sinn, a wéint de COVID-Mesuren och méi héich ewéi dëst Joer.
Mir investéieren an d'Zukunft vum Land. Och dat ass eng Politik, déi een am Sënn vun de nächste Generatioune mécht an Hypothéiken op Zukunft evitéiert. Mir investéieren an d'Infrastruktur a mir investéieren och an d'Mënschen.
De Sozialstaat gëtt weider gestäerkt, d'Zukunftschancë vun de Kanner confirméiert, d'Kafkraaft erhalen a mir investéieren och weider an e staarke Staat.
Wat d'Personal an der Fonction publique betrëfft, gëtt nächst Joer, wéi an der Tripartite ofgemaach net gespuert.
Mir hunn eis engagéiert, déi Posten, déi opstinn och ze besetzen - a mir hunn och festgehalen, dass mer an enger Rei Beräicher och weider Personal opstocken, well et néideg ass.
Dat betrëfft notamment de Beräich vun der Educatioun, wou ëmmer et néideg ass weider Leit anzestelle fir eng Penurie vun Enseignanten ze evitéieren. Et gëllt awer och fir eng ganz Rei Beräicher, déi de Bierger an de Betriber direkt zu gutt kommen.
Mir brauchen eng staark Fonction publique.
Et ass en Atout vun eisem Land, dass d'Weeër kuerz sinn, se mussen och séier an direkt sinn an de Schlëssel doranner läit an engem staarke Staat.
Mir hunn an der Kris gesinn, dass et eppes wäert ass, wann Administratiounen, Servicer, d'Forces de l'ordre, d'Schoul, de Gesondheetssecteur gutt opgestallt ass an dofir gëtt och weider doranner investéiert.
D'Regierung huet an deem Sënn festgehalen d'nächst Joer eng ronn 1.000 nei Posten ze schafen. Dobäi kommen natierlech och d'Remplacementer vu Leit, déi an d'Pensioun ginn an d'Regularisatioun vu bestoenden Aarbechtsverhältnisser déi dës Zuel nobäi wäert verduebelen.
Et gëtt och weiderhin ee groussen Accent op d'Digitalisatioun geluecht fir esou op eng effikass Manéier dem Bierger dee bescht méiglechste Service ze bidden.
Den Déngscht um Bierger ass scho laang och net just physesch, mee och digital. Tëscht Januar a September sinn iwwer 1,3 Milliounen Demarchen iwwer MyGuichet gemaach ginn. Dat ass dräimol esou vill ewéi d'lescht Joer an deem selwechten Zäitraum. Et sinn och eleng dëst Joer 27 nei méiglech Demarchen op de MyGuichet derbäi gesat ginn an am Digitaliséierungsministère schaffe mir intensiv un engem weideren Ausbau. Et wäert an de nächste Méint eng nei App presentéiert ginn, fir dass een iwwert den Handy Demarchë ka maachen. Mir schaffen donieft un engem spezielle Site, deen et de Leit erlaabt Geneemegungsprozeduren digital ze maachen an ze suivéieren, respektiv Remarken dozou ze maachen.
Net jidderee kann oder wëll awer digital virgoen an dat ass och ze respektéieren. De "Plan national d'inclusion numérique" wäert eng Rei vu Mesurë festhalen déi dofir suergen dass kee Mënsch an enger digitaliséierter Welt am Stach gelooss gëtt. Digitaliséierung soll d'Liewe méi einfach maachen an eng Plus-value duerstellen. Op kee Fall soll et eng Hürd méi si fir de Bierger.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Et gesäit een, mir sinn net mam an och net beim COVID-19 stoe bliwwen. Et sinn eng ganz Rei Projete vu grousser Wichtegkeet, déi mer virundreiwen an déi och ëmgesat ginn. Dat gëllt fir Beräicher, déi eis Ekonomie stäerken, eisen Alldag vereinfachen oder eis Gesellschaft moderniséieren, ewéi zum Beispill de Projet de loi, iwwert d'Recht vun all Kand ze wësse wie seng Eltere sinn, dat kierzlech deposéiert gouf.
Mir hu Reformbedarf an enger ganzer Rei vu Beräicher an ech kéint do och d'Legislatioun iwwert de Jugendschutz zitéieren, wou aktuell de Schutz vu Jonken an d'Repressioun matenee vermëscht a verwiesselt gëtt. Et ass dofir envisagéiert zwee verschidde Projeten ze deposéieren, eemol iwwert d'Protektioun vun de Rechter vu Kanner a Jonken an en zweeten Text iwwer repressiv Mesuren, respektiv Strofen am Fall wou Mannerjäreger stroffälleg ginn.
Déi aktuell Kris huet awer och de Spot op eng ganz Rei Problemer geriicht, déi eis och scho virdru bewosst waren, wou et awer elo nach méi visibel gi sinn.
Et ass mer ganz bewosst ginn, och no engem Echange mam Ombudsmann fir Kanner an Jugendlecher, dass déi Kris hei generell net laanscht déi Jonk respektiv laanscht Kanner gaangen ass.
Besonnesch awer bei Familljen, wou et aus verschiddene Grënn an normalen Zäite méi schwiereg ass, goufe Problemer verstäerkt.
Dat schlëmmst konnt verhënnert ginn duerch e konsequente Suivi an Encadrement, mee et gouf e ganz groussen Drock op vill Familljen an deen ass net ëmmer gutt ausgaangen. Et muss een sech do och keng Illusioune maachen.
Déi Kris an alles wat se ausgeléist huet, hat eng Inzidenz op déi psychosozial Gesondheet vu ville Mënschen an huet existent Schwieregkeete verschäerft a Pathologien, wéi Psychosen an Depressiounen ausgeléist - oder erëm ausgeléist, wa se eigentlech ënner Kontroll waren.
Den Encadrement huet esou gutt fonctionéiert, wéi et nëmme méiglech war, dat gëllt fir stationär an ambulant Behandlungen, mee och zum Beispill fir d'Hëllef fir Affer vun häuslecher Gewalt. Et si speziell Zëmmere gelount ginn an eng dediéiert Hotline gouf ageriicht.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
An dëse leschte Wochen a besonnesch an der schwiereger Zäit vum Lockdown hu vill Mënschen Aussergewéinleches geleescht fir no aneren ze kucken, fir de Fonctionnement vun eisem Land an de Servicer weider ze garantéieren an si verdéngen eis Dankbarkeet an eise Respekt.
Dat gëllt natierlech fir d'Personal am Gesondheetssecteur, mee och an der Alimentatioun, d'Servicer beim Staat an de Gemengen an ech denken och speziell un d'Léierpersonal, déi e ganz groussen Effort gemaach hunn an sech fir hir Schüler agesat, si net eleng gelooss hunn.
Duerch den Effort vun den Enseignanten an eng onkomplizéiert Aart a Weis fir sech ëmzestellen op digital Supporten, mee och Telefonsgespréicher a vereenzelt Visitten doheem, hunn d'Kanner a Jonker e Kader kritt, dee soss verluer gaange wier.
An et ass och e Schouljoer gerett ginn, d'Zukunftschancë sinn erhale bliwwen.
Et gouf an der Schoul och geléiert aus den Experienzen aus dem Fréijoer an d'Rentrée ass den Ëmstänn entspriechend gelongen.
Mir hunn de Schoulbetrib wärend der Kris gutt gemeeschtert an eben och besser ewéi aner Länner, well mer an de leschte Jore vill investéiert hunn, sief et a Personal, mee och a Material, mir hunn an d'Bildung investéiert an dat huet sech bezuelt gemaach an dofir gëtt och do weider investéiert.
Am Budget fir d'nächst Joer sinn trotz ganz héijen Investissementer an de leschte Joren nach emol 169 Milliounen Euro méi virgesinn, ewéi dëst Joer, also eng Progressioun no uewe vu 6,4% Prozent – Insgesamt läit de Budget bei der Educatioun, dem Encadrement, der Kannerbetreiung bei iwwer 2,8 Milliarden Euro. Dat ass proportional gesinn absolut Spëtzt an der EU an och weltwäit ass kaum e Land, wat méi Suen an d'Bildung an an d'Zukunftschancë vun de Kanner a Jonken investéiert.
En Deel vun der Schoul, dee wärend dëser Kris och gelidden huet, ass de Sport an der Schoul. D'Doktere si sech eens, dass awer grad de Sport an der Schoul eng grouss Wichtegkeet huet an dofir gouf och vill Energie drop verwennt, fir dee Volet och elo fir d'Rentrée nees ënnert gewëssene Konditioune kënnen ze relancéieren.
De Sport huet eng grouss Bedeitung fir eis Gesondheet an Entwécklung. Dat geet och iwwert de Schoulsport eraus. Dofir hu mer och relativ kuerzfristeg en Zousazbudget vu 5 Milliounen Euro deblockéiert, déi direkt der Sportsbeweegung zegutt kommen.
Am nächste Joer steet elo d'Ëmsetzung vun enger Reform vum Congé sportif op der Dagesuerdnung, genau wéi d'Schafe vun engem professionelle Statut fir Spëtzenathleten déi net wëllen oder kënnen d'Konditioune vun der Lëtzebuerger Arméi an Usproch huelen.
Mir denken un déi Kleng an déi méi jonk, esou, ewéi mer an de leschte Méint an och an Zukunft speziell un déi eeler Matmënschen denken.
Mir hu besonnesch um Héichpunkt vun der Kris dacks op eng haart an onbaarmhäerzeg Aart a Weis missen erliewen, wéi wichteg et ass, dass eeler Leit e Liewen an Dignitéit kënne féieren.
Dat gëllt fir déi Mënschen, déi doheem sinn an et gëllt och fir déi Leit, déi an enger Struktur, engem Alters- oder Fleegeheem liewen.
Mir hunn eng héich Qualitéit, mee kënnen eis nach op villen Niveaue verbesseren, notamment bei der Transparenz, der Ausbildung vum Personal an och der medezinescher Betreiung.
Do gëtt den Ament intensiv dru geschafft an et ass notamment rezent eng Konventioun tëscht der Regierung, der COPAS an der Dokteschassociatioun ënnerschriwwe ginn, fir e Pilotprojet vun enger Ligne de garde an den Alters- a Fleegeheemer anzeféieren.
Den Zougang zu de Soinsen, mee och zu medezineschem Material a Medikamenter gëtt ausgebaut a verbessert.
Mir hunn d'Responsabilitéit no deene méi Schwaachen ze kucken, dat gëllt fir eeler Leit, mee och aner vulnerabel Populatiounen an do geet et net just em de Risk vun enger COVID-Infektioun. Vulnerabel ass een net just an enger Pandemie an ech si frou, dass mer et eis éischtens leeschte kënnen an zweetens awer och en breede Konsens hei am Land hunn, dass mer kee fale loossen.
An dëser Kris hu Leit mat engem Handicap och dacks méi missten aushalen, ewéi déi meescht aner vun eis. Fir Mënschen, déi an enger Struktur liewen, ass de Kontakt mat Leit vu baussen, mat der Famill a Frënn dacks iwwerliewenswichteg. Mënsche mat engem Handicap sinn dacks justement op Kontakt vun Aneren ugewise fir den Alldag kënnen ze meeschteren an et huet och Villes an dëser Kris, wéinst dem Zäitdrock net méi esou funktionéiert, wéi et misst sinn.
Dat gëllt zum Beispill fir d'Kommunikatioun an déi offiziell Messagen, déi am Ufank net ëmmer esou accessibel fir jidderee waren, wéi dat misst sinn. Doraus musse mer léieren an do kënnen a wäerte mer eis verbesseren.
Et sinn awer och aner Deeler vun der Populatioun ganz vulnerabel an dat 365 Deeg am Joer.
Wann ee sech en Androck mécht vun Initiativen, wéi der Wanteraktioun oder mat de Leit schwätzt, déi an den Offices sociaux schaffen, sech an enger ONG engagéieren a mat Leit schaffen, déi et méi schwéier hunn an eiser Gesellschaft Fouss ze faassen, da mierkt, een dass déi kleng Suerge fir anerer ganz grouss kënne sinn, an déi eege grouss Suergen eigentlech dacks ganz kleng sinn.
Eng vun de Léiere vun dëser Kris ass fir mech och, dass et extrem wichteg ass ze thematiséieren, Luucht dohinner ze brénge wou et däischter ass.
Dat ass eng Aufgab, déi d'Press zu Lëtzebuerg an de leschte Méint op eng exemplaresch Aart a Weis erfëllt huet. Et ass ëmmer e wéineg speziell, wann e Politiker d'Press lueft, well d'Journalisten sech da gaangs froen, ob se eppes falsch gemaach hunn.
Als Premier an als Medieminister ass et mer awer wichteg, dass mer eng staark professionell Press hunn. Et ass net gutt, wann d'Medie schwaach sinn, respektiv exklusiv op den Annoncemarché ugewise sinn.
Dat huet een net nëmmen an de leschte Méint zu Lëtzebuerg gemierkt, mee et mierkt een et och, wann ee sech d'Situatioun an anere Länner ukuckt, wou et dann iergendwann just nach eenzeg an eleng dorëms geet e Produit ze verkafen an net méi eng objektiv Bewäertung, eng Analys an och eng méi déifgräifend Recherche ze maache fir ze hannerfroen an ebe kritesch ze si – mat der Politik, der Gesellschaft an als Medien och mat sech selwer.
Mir hunn och an de leschte Méint eng Rei Reforme presentéiert déi d'Medien zu Lëtzebuerg an hirer Onofhängegkeet confirméieren a stäerken. Dozou gehéiert d'Reform vun der Pressehëllef, wou elo net méi d'Quantitéit zielt, mee d'Qualitéit.
Déi journalistesch Aarbecht gëtt an de Virdergrond gestallt an et ginn zousätzlech Incentiver fir Editeuren, déi an d'Formation continue investéieren an d'Ausbildung an och an Innovatioun.
An et ass och an deem Text virgesinn, dass mer Initiativen ënnerstëtze kënnen am Medieberäich, déi als Start-Up funktionéieren an doriwwer eraus och sougenannte Community Medien.
Et war eist Zil, hei fir d'alleréischte Kéier eng legal Basis fir staatlech Hëllefen ze schafen, also Sécherheet a Previsibilitéit ze assuréieren. Duerch verschidden Ëmstänn féiert dat awer elo derzou, dass grad ee Medium – de Radio Ara – net an deem Sënn dovunner ka profitéiere wéi et ugeduecht war. Dat ass net de But vun der Reform vun der Pressehëllef.
Mir sinn der Meenung, dass dee wäertvolle Bäitrag, deen dës Medie fir eis Gesellschaft leeschten, adäquat soll unerkannt an ënnerstëtzt ginn. Aus deem Grond si mir amgaang no konkrete Méiglechkeeten ze sichen, fir deem Rechnung ze droen, sou wéi et och geduecht war. An ech sinn zouversiichtlech, dass mir och do eng Léisung fannen, notamment am Austausch mat der zoustänneger Kommissioun an der Chamber, déi sech nom Avis vum Staatsrot mat deem Text befaasst.
Mir sinn och amgaang un engem gesetzleche Kader fir den ëffentlech-rechtleche Radio ze schaffen.
Et gouf en Debat hei an der Chamber an ech widderhuelen, dass ech déi Proposen, déi vun der Chamber geäussert goufen, mee och vum Europäesche Verband vun den ëffentlech-rechtleche Medien duerchaus kann novollzéien.
Mir wëllen dee Radio a senger Onofhängegkeet stäerken, nach méi Previsibilitéit hierstellen an och zemools an der Gouvernance fir méi Transparenz suergen. Den entspriechenden Text wäert nach dëst Joer an der zoustänneger Kommissioun presentéiert an hoffentlech och deposéiert ginn.
Parallel gouf et och eng Verhandlungsronn mat der CLT iwwer d'Weiderféiere vun der Konventioun am audiovisuelle Beräich a mir sinn och do amgaang um Text vun där Konventioun ze schaffe – a mir wäerten och deen Text an der zoustänneger Kommissioun presentéiere kommen, ier mer zu engem Accord kënne kommen.
D'Medien hunn en Informatiouns- an e Bildungsoptrag an déi ëffentlech-rechtlech Medien am Speziellen. Et ass awer net just dat. Mir sinn der Meenung, dass Si och de gesellschaftlechen Debat iwwert Themen, déi d'Leit beschäftegen, animéieren an déi kulturell Landschaft beräichere kënnen.
Et gëtt keng Gesellschaft ouni Kultur a keng Kultur ouni Gesellschaft.
D'Kultur ass dee Lien, deen eis matenee verbënnt a vernetzt. Si gëtt Halt, Orientatioun an Dozougehéieren an enger Gesellschaft, déi vu ville Facteuren ausernee gerappt ka ginn.
Den Impakt vun der aktuelle Kris op de Kultursecteur ass enorm. Et war mat deen éischte Beräich, dee seng Dieren zougemaach huet, an ass och ee vun de leschten, deen erëm sengen normalen Aktivitéite kann nogoen.
Wärend dem Confinement sinn iwwer 1.000 Manifestatiounen an iwwer 100 Ausstellungen ofgesot ginn an insgesamt waren iwwer eng Millioun Spectateure betraff.
D'Kultur representéiert ronn 5% vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg. De kulturelle Secteur beschäftegt dobäi insgesamt méi wéi 12.200 Leit, mat enger Iwwerrepresentatioun vun de Selbstännegen - bal eng vu fënnef aktive Persounen ass kee Salarié - am Verglach zu anere Wirtschaftssecteuren.
De wirtschaftlechen a finanziellen Impakt am Ganzen ass gravéierend, well de wesentleche Réckgang vun de Recettë vun de kulturellen Organisateuren sech och op d'Akommes vun den onofhängege professionelle Kënschtler an den Intermittents du spectacle auswierkt. D'Recettë vun de kulturellen Infrastrukture weisen een däitleche Réckgang op, well tëscht 15% an 30% vum Ëmsaz direkt vun hiren Aktivitéite kënnt.
Et gouf aktiv den Austausch mat de Federatioune gesicht, déi déi onofhängeg professionell Kënschtler an Intermittents du spectacle zu Lëtzebuerg representéieren. Opgrond vun engem Katalog vu Reklamatiounen, dee vun de Federatiounen opgestallt gouf an Ëmfroen, déi ënner hire Memberen duerchgefouert gi sinn, konnt ee sech ee bessert Bild vun den Erausfuerderungen a Gefore fir Kulturacteuren am Kontext vun der Kris maachen.
Och no der Reouverture vun de kulturellen Institutioune wäerten déi dauerhaft Konsequenze vun der Krisenzäit an de kommende Méint nach ze spiere sinn. Zanter der Reprise elo am Hierscht, fannen d'Manifestatiounen ënnert strenge Konditioune statt, sou datt d'Kapazitéiten och nëmme bis zur Hallschecht kënnen ausgenotzt ginn. Manifestatioune wéi gréisser Concerten an enger Rockhal kënnen nach bis op Weideres net organiséiert ginn. De Musekssecteur ass domat ganz schwéier getraff.
D'Regierung huet de Kultursecteur dofir fir 2020 mat zousätzleche Mesuren an Héicht vu 5 Milliounen Euro ënnerstëtzt, dëst besonnesch fir d'Kreatioun vun neie kulturelle Formater unzereegen.
Och déi drëtt Assises culturelles Enn Oktober stinn ënnert engem spezielle Liicht. Zesumme mat den Acteurs culturels versiche mir, d'Konsequenzen aus der Kris ze zéien a festzehalen, wéi eng Zukunftsperspektiven ee gemeinsam opzeechne kann
Sécher ass, dass d'Gesetz iwwert de Statut vum fräischaffende Kënschtler an dem Intermittent du spectacle un déi aktuell Situatioun ugepasst muss ginn, fir eng gréisser Flexibilitéit vun dëse Statuten ze garantéieren.
En aner Prioritéit ass den Denkmalschutz.
D'Regierung huet de Gesetzesentworf iwwert den Denkmalschutz op den Instanzewee ginn. Den Avis vum Staatsrot läit vir an d'Kulturkommissioun vun der Chamber huet seng Aarbechten ugefaangen. Dëse wichtege Projet bitt e moderne legale Kader fir de Schutz an d'Erhale vum ganze kulturellen Ierwen, dat heescht de Patrimoine archéologique, architectural, mobilier an immatériel. Gläichzäiteg ginn iwwer dëse Projet international Reegelen aus de Kulturkonventiounen, déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet, ëmgesat.
De Patrimoine vu muer entsteet mat de Kënschtler vun haut.
Wéi och vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 virgesinn, soll d'Aarbecht vun de Konschtschafende respektéiert, ënnerstëtzt a gefërdert ginn. An dofir wäerte mir an Zukunft méi Wäert op accessibel Aarbechtsplaze fir Kënschtler a Kreativer leeën. Dësen Effort wäert verbonne gi mat der néideger finanzieller Ënnerstëtzung awer och mam Export.
Dofir hu mer de Kultur:LX, de sougenannten Arts Council virum Summer gegrënnt. Dës nei Infrastruktur erlaabt et onse Kënschtler méi konsequent ënnert d'Äerm ze gräifen, si ze begleede beim Opbau vun hirer professioneller Carrière an datt si besser am Ausland kënne Fouss faassen a bekannt ginn. D'Mobilitéit vun de Kënschtler ass eng vun de Prioritéiten.
Och wier eng Homogenitéit vu de Moossnamen an Europa wichteg, fir d'Mobilitéit vun de Kënschtler ze encouragéieren an ze vereinfachen, déi de Moment Restriktiounen ënnerleien.
Oft hëlleft Kultur d'Ekonomie ze relancéieren. Do wou si ka stattfannen hänken eng ganz Rei Servicer drun déi de Rescht vun der Ekonomie nozéien. Dofir ass et wichteg net als lescht un d'Kultur ze denken an et ass och essentiell an an onsem Interêt, dass Esch2022 en Erfolleg gëtt.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Et kënnt de Moment, wou mer zeréckkucken op déi Kris, déi dat Joer 2020 zentral gepräägt huet a weider wäert prägen. Mir kucken dann op alles, wat funktionéiert huet an op dat wat manner gutt funktionéiert huet. Ech fäerten an déi lescht Kategorie fält déi europäesch Solidaritéit an d'Zesummenaarbecht op EU-Niveau.
Um 25. Anniversaire vun Accord vu Schengen, hu mer missen erliewen, wéi fragil déi Accordë sinn, déi d'Basis vun der europäescher Zesummenaarbecht sinn: oppe Grenzen, Beweegungsfräiheet a Solidaritéit. Och wann dës Wäerter an eiser Regioun net méi aus dem Alldag ewechzedenke sinn, ware se vun engem Dag zum nächsten a Fro gestallt.
Déi éischt Reflexer vun enger Parti Memberstaate fir sech ofzeschotte waren de Contraire vun deem, wat eis eigentlech ausmécht.
Et hat natierlech domadder ze dinn, dass d'Europäesch Unioun op déi Situatioun, wéi se sech presentéiert huet, net preparéiert war an zum Deel och net konnt sinn, well de Gesondheetsberäich quasi eng exklusiv Kompetenz vun de Memberstaaten ass.
Et hat awer och domadder ze dinn, dass déi Kris sech op ganz ënnerschiddlech Manéieren an deene verschiddene Länner entwéckelt huet - an jo och innerhalb vun de Länner gouf et grouss Differenzen tëscht eenzele Regiounen.
Wa mer haut gesinn, wéi eenzel Regiounen sech ofschotte vis-à-vis vun aneren an deem selwechte Land, da gesäit een, dass d'Solidaritéit net just op europäeschem Niveau hir Grenzen huet – am wierkleche Sënn vum Wuert.
Mee et soll een net alles schlechtrieden. Et muss een nämlech och feststellen, dass no engem éischte Schock, d'Zesummenaarbecht nees séier funktionéiert huet notamment hei an der Groussregioun.
Et goufe Patiente grenziwwerschreidend behandelt – wou mir jo och eisen Deel konnte bäidroen. Et sinn awer och pragmatesch Léisunge fonnt ginn, wat notamment d'Frontaliere betrëfft. Mir waren a stännegem Kontakt mat eisen Nopeschlänner an et war séier en Accord do, dass keen dierft dru gehënnert ginn op d'Aarbecht an erëm heem ze kommen.
Et ass och op europäeschem Niveau relativ séier nees enk matenee geschafft ginn. Déi europäesch Institutiounen hu verschidde Programmer op d'Bee gestallt: sou si gemeinsam Commandë fir Schutzmaterial an anert Equipement gemaach ginn. Et sinn och a kuerzer Zäit EU Programmer en Place gesat ginn, fir d'Fuerschung un Impfstoffer géint de COVID-Virus finanziell ze ënnerstëtzen.
Doriwwer eraus si Mechanisme geschafe ginn, fir den Emploi, d'Entreprisë souwéi d'Staatsfongen ze ënnerstëtzen an dee gréisste Succès ass ganz sécher, dass mer eis am Juli konnten drop eenege fir den neie Cadre financier pluriannuel 2021-2027 am Kontext COVID punktuell ze renforcéieren.
750 Milliarden Euro sollen op dësem Wee investéiert ginn, parallel zum "klasseschen" EU-Budget.
D'Next Generation EU Instrument ass historesch, well et fir d'éischt der Europäescher Kommissioun erlaabt Suen op de Finanzmäert ze léinen. Dëst neit Instrument soll virun allem hëllefen ëffentlech Investitioune vun de Memberstaaten ze ënnerstëtzen, souwéi och parallel strukturell Reformen ze encouragéieren. Et soll besonnesch deene Länner hëllefen, déi am stäerkste vun der Pandemie betraff sinn.
Et gëtt also haut nees eng europäesch Solidaritéit, esou wéi et och eng global Solidaritéit gëtt. Mir hunn och als e Land mat enger historesch exzeptionell staarker Kooperatiounspolitik an de leschte Méint op villen Niveaue gehollef.
Mir hunn dobäi an der Haaptsaach zu internationale Fonge bäigedroen, déi am Kader vun UN-Initiative geholl goufen, mee och am Kader vu bilaterale Bezéiungen, déi mir mat eise prioritäre Partnerlänner hunn, gouf am Kader vun dëser Kris séier an effikass gehollef.
Mir hunn do eleng 23,5 Milliounen Euro verfügbar Fonge konnten ëmleede fir dréngend Bedierfnisser vun nationale COVID-Pläng an deene Länner ze ënnerstëtzen. D'Reajustéiere vun dësen Aktivitéiten, déi ongeféier 2-3 Milliounen Euro pro Partnerland entsprécht, gëtt gréisstendeels vun der LuxDev, eiser Agence fir d'Ausféierung vu bilaterale Programmer, souwéi vun nationalen an internationalen ONGen ëmgesat.
Mir sinn do mat eise Partner direkt an um Terrain aktiv. Am Burkina Faso ënnerstëtze mir de Waasser- a Sanitärberäich. Am Niger ass et e Projet fir vulnerabel Populatioune virun Honger a Krisesituatiounen ze schützen, am Laos ënnerstëtze mer d'Versuergung vun Ootmungssystemer, intensiv Betreiung, Identifikatioun a Planifikatioun vun Ariichtungen am Kader vun der Lutte géint de COVID-19.
Et gëtt do eng immens wichteg Aarbecht geleescht, wou och Lëtzebuerger ONGe staark implizéiert an aktiv sinn.
Et ass enorm wichteg, dass déi international Solidaritéit och a Krisenzäite funktionéiert an ech wëll drun erënneren, dass och mir an de leschte Méint solidaresch waren an awer och vu Solidaritéit profitéiert hunn, notamment, wéi et dorëms gaangen ass medezinescht Material an eist Land ze kréien. Mir hunn och an deene Méint um Héichpunkt vun der Kris iwwert eis konsularesch Vertriedungen iwwer 1.000 Lëtzebuerger a Residenten erëm zeréck an d'Land bruecht a waren och natierlech op d'Hëllef vun de lokalen Autoritéiten ugewisen.
Lëtzebuerg brauch eng multilateral Zesummenaarbecht, déi esou staark ass, wéi se nëmme ka sinn, mir brauchen oppe Grenzen a mir brauchen och eng staark Europäesch Union.
Net "och” elo, mee "grad” elo.
Mir sti virun Erausfuerderungen an der Europäescher Unioun, déi net kleng sinn: Déi méiglech wirtschaftlech Repercussioune vun der Kris, de Klimawiessel, d'Migratioun an aussepolitesch Brennpunkten, ewéi Belarus an eis Relatioune mat Russland.
Ee vun den aktuell an eminent groussen Defien ass awer elo och déi lescht Phas vum Brexit.
Et muss een do ganz éierlech sinn. Trotz grousse Beméiungen an enger intensiver Aarbecht vum Chef-Negociateur Michel Barnier sinn d'Verhandlungen iwwert déi zukünfteg Relatioun tëscht der EU an dem Vereenegte Kinnekräich net gutt virukomm.
Déi rezent Decisioune vun der brittescher Regierung fir sech zum Deel net un d'Terme vum Accord de Retrait ze halen hu sécher net zu enger konstruktiver Atmosphär bäigedroen.
Och haut bleiwen d'Positiounen a wichtege Beräicher wäit auserneen; virun allem an der Fëscherei, an awer och wat dee sougenannten Level playing field ubelaangt. Fir Accès op den EU Marché ze hunn, muss ee sech un e Minimum vu Reegelen a Standarden halen, esouwuel am Soziale Beräich, am Ëmwelt- a Klimaschutz, souwéi an der Fiskalitéit a bei de Staatsbäihëllefen.
D'Vereenegt Kinnekräich huet d'EU leider verlooss. Mir bedaueren, mee acceptéieren dat. Si bleiwen awer e wichtege Partner fir Lëtzebuerg a ville Beräicher – een dovunner ass ganz sécher, dee vun de Finanzservicer.
Eis Finanzplaz huet sech, wéi ech et scho beschriwwen hunn, am Stuerm vum Brexit gutt iwwer Waasser gehale kritt an a verschiddene Beräicher konnte mer eis Positioun och ausbauen.
Vum 1. Januar 2021 u sinn d'Relatiounen tëscht der Finanzplaz Lëtzebuerg an der City of London déi tëscht eis an engem Drëttstaat an dat onofhängeg vun Ausgank vun den Negociatioune vun engem Fräihandelsaccord mam Vereenegte Kinnekräich.
D'Finanzplaz huet laangjäreg Erfarung mat deem Regimm, ënnert deem notamment schonn zanter Joerzéngten d'Relatioune mat den Acteuren aus den USA lafen.
Mir wäerten also och dësen Iwwergank meeschteren an eis op nei Erausfuerderungen astellen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Mir hunn an de leschte Méint ëmmer nees misse widderhuelen, dass et gëllt de Social Distancing ze respektéieren.
Deen Term ass an eise Sproochgebrauch integréiert ginn a mir schwätze vu "sozialer Distanz” an engem Sënn, wou et dorëms geet een op deen aneren opzepassen. Et kéint méi widderspréchlech net sinn.
A Wierklechkeet si mer an eisem Land an eisem Denken an Handele méi no uneneen erugeréckelt an et gouf Amenter an de leschte Méint, wou een dat ganz däitlech konnt spieren.
Et konnt een ee spieren a gesinn, wéi grouss an déif d'Solidaritéit tëscht de Mënsche wierklech ass, wann et drop ukënnt.
Et gouf keen Ënnerscheed gemaach tëscht deenen, déi hei liewen an deenen déi aus den Nopeschlänner bei eis schaffe kommen. Et gouf spontan Initiative vu Privatleit, déi no hiren Nopere gekuckt hunn, vun Associatiounen a spontane Gruppen, déi sech op de soziale Reseaue forméiert hunn. D'Famill als Plaz vun der mënschlecher Proximitéit, Léift a Gebuergenheet huet eng nei Bedeitung kritt.
Gläichzäiteg gouf et awer och déi däischter Säit vun Angscht an Hëlleflosegkeet, vu mentalem Drock, vu Krankheet, vun Trauer a vu Perspektivlosegkeet.
Mir sollen dat Gutt aus de leschte Wochen erhalen an dat Schlecht versichen an Zukunft ze evitéieren.
Et ass dofir vun zentraler Wichtegkeet, vun Iwwerliewenswichtegkeet, dass mer solidaresch sinn, dass mer et aushalen an eis nees drop besënne virsiichteg ze sinn.
An de nächste Woche kënnt et drop un. Et kënnt drop un, dass mer Uecht ginn. Et kënnt op eis selwer un. Mir selwer bestëmmen zu engem groussen Deel, wéi mer eisen Alldag gestalten, wat mer wichteg empfannen an op wat mer kënne verzichten.
Et ass elo wichteg nach méi dacks ze verzichte fir spéider kënnen ze genéissen.