Spezifesch Mesurë fir den Apprentissage an d'Qualifikatioun vun deene Jonken z'ënnerstëtzen

De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, presentéiert déi spezifesch Mesurë fir den Apprentissage an d’Qualifikatioun vun deene Jonke wärend der Coronakris z'ënnerstëtzen.

Säit dem Ufank vun der sanitärer Kris hunn d'Acteuren aus dem Educatiounssecteur keng Efforte gescheit, fir de Schüler weider d'Méiglechkeet ze bidden, fir ze léieren an an hirem Schoulparcours weiderzekommen. Mir wëssen, datt verschidde Schüler méi staark vun der Kris betraff si wéi anerer, well si beim Apprentissage an de Réckstand gerode sinn oder Schwieregkeeten hunn, eng Léierplaz oder eng éischt Aarbecht ze fannen.

Fir dës Ongläichheeten ze minimiséieren an allen déi selwecht Erfollegschancen ze bidden, huet de Ministère, spezifesch Mesuren decidéiert, dorënner Nohëllefscoursen a Mesurë fir d'Qualifikatioun an déi berufflech Integratioun z'ënnerstëtzen.

De Livestream fänkt géint 10:30 Auer un.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.

 

Aktualiséiert