Aktualiséiert den
Livestream "Dem Grand-Duc seng feierlech Tournée" de 4. Oktober 2025
De Livestream fänkt géint 12:00 Auer un.
De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.
De Livestream mat englescher Iwwersetzung fannt Dir hei.
De Livestream a Gebäerdesprooch fannt Dir hei.
Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert follgende Link.
De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.
Live-Iwwerdroung vu follgende Programmpunkten tëscht 12:15 a 24:00 Auer:
12:30 Arrivée vum Grand-Duc zu Maacher
12:32 Visitt vum Stadion "Op Flohr"
14:20 Arrivée vum Grand-Duc zu Wooltz
14:22 Offiziell Begréissung vun der groussherzoglecher Koppel mat enger interaktiver Videoinstallatioun an dräi musikaleschen Optrëtter.
16:20 Arrivée vum Grand-Duc zu Stengefort
16:22 Visitt vum Grand-Duc am HIS (Hôpital Intercommunal Steinfort)
17:40 Arrivée vum Grand-Duc zu Diddeleng
17:42 Show "Diddeleng, eng Stad a Bewegung"
20:05 Spektakel op der "Rouder Bréck" an der Stad Lëtzebuerg
22:00 Zeremonie um Glacis
22:34 Droneshow a Concerten
Tëscht de Programmpunkten déi live iwwerdroe ginn, ginn Opzeechnunge vum Trounwiessel gewisen.