Aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll

Aféierung

Bei aussergeriichtlechen (oder alternative) Bäileeë vu Sträitfäll (REL) geet et dorëms, ee Konflikt tëschent engem Konsumenten an engem Professionellen am Gudde bäizeleeën, ouni dass ee muss op traditionell Geriichtsinstanzen zréckgräifen. Dëst geschitt mat Hëllef vun engem zougeloossenen, onparteiesche Sträitléisungs-Struktur. Esou en Usaz ass dacks méi einfach, méi séier a méi bëlleg wéi eng Geriichtsprozedur.

D’REL an der EU

D’REL gëtt duerch d’Direktiv 2013/11/EU gereegelt, déi de Moment nach eng Kéier iwwerpréift gëtt, a gouf an d’Buch 4 vum Code de la consommation ëmgesat.

An all EU-Memberstaat ginn et zougeloosse Strukture fir d’REL, déi entweder op en eegent Fachgebitt spezialiséiert sinn (z. B. Versécherungen) oder eng méi allgemeng Ausriichtung hunn. Et ass donieft wichteg ze betounen, dass Konflikter am Zesummenhang mat der Gesondheetsversuergung oder der Héichschoulausbildung net ënnert dës Direktiv falen.

D’REL zu Lëtzebuerg

D'Direktioun fir Konsumenteschutz (DPC) ass déi zoustänneg Autoritéit fir déi aussergeriichtlech Sträitléisungs-Strukturen am Beräich vum Konsum, déi den Ufuerderunge vum Code de la consommation entspriechen, un d’Europäesch Kommissioun ze notifizéieren.

Si féiert d'Lëscht vun de sougenannte qualifizéierten Entitéiten, déi zu Lëtzebuerg eng Prozedur fir d’aussergeriichtlech Bäileeë vu Sträitfäll am Konsumberäich ubidden, konform mam Code de la consommation.

Aktuell ginn et am Ganze 5 qualifizéiert REL-Entitéiten, dovu 4 mat enger Spezialisatioun an engem bestëmmte Beräich :

  • D’Commission luxembourgeoise des lititges de voyage (CLLV) ass zoustänneg fir Sträitfäll am Zesummenhang mat Pauschalreesverträg souwéi anere Vertäg vu Rees-Servicer.
  • D’Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) behandelt net nëmme Sträitfäll tëschent Konsumenten an de vun hir superviséierte Professioneller, mee och Sträitfäll tëschent de Professionelle vum Finanzsecteur.
  • Den Institut Lugembourgeois de Régulation (ILR) huet als Missioun, am Interessi vum Konsument, de gudde Fonctionnement vun de Mäert duerch eng effektiv an nohalteg Konkurrenz ze garantéieren, dobäi och e Basis-Déngschtleeschtungs-Niveau sécherzestellen, a Sträitfäll an dësem Kontext ze léisen.
  • De Médiateur en assurances këmmert sech ëm Sträitfäll tëschent zu Lëtzebuerg etabléierten Assureuren a Konsumenten– egal ob déi Konsumenten zu Lëtzebuerg oder an engem aneren EU-Land wunnen.
  • De 5. REL-Aktor, de Médiateur de la consommation, ka fir all déi Sträitfäll kontaktéiert ginn, déi aus engem Verkafs- oder Servicekontrakt resultéieren, ausser déi, déi ënnert d’Kompetenz vun de véier spezialiséierten Entitéite falen.

REL-Entitéite behandele keng Sträitfäll, déi sech aus folgende Situatiounen erginn:

  • Déngschtleeschtunge vun allgemengem Interessi ouni wirtschaftlechen Zweck, déi vum Staat oder vun aneren ëffentleche Kollektivitéite geliwwert ginn,
  • Sträitfäll tëschent Professioneller,
  • Gesondheetsservicer,
  • Déngschtleeschtunge vun ëffentleche Fournisseuren am Beräich vum postsekondären oder héichschoulesche Bildungssystem.

Grenziwwerschreidend Sträitfäll

Wann de Konsument an de Professionellen a verschiddene Länner wunnen, huet de CEC Luxembourg d’Missioun, d’Konsumenten ze ënnerstëtzen a si op déi zoustänneg Entitéit aus engem anere Memberstaat vun der Europäescher Unioun ze verweisen, déi zoustänneg ass fir hir Sträitfäll ze behandelen.