Actualités

Am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch stoungen d'Lëtzebuerger Sprooch souwéi och d'Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg de 26. September fir d'zweete Kéier am Mëttelpunkt. Uechter d'Land goufen iwwer 60 Aktivitéiten organiséiert, déi engem breede Public d'Geleeënheet gebueden hunn, d'Lëtzebuerger Sprooch ze entdecken, ze léieren an aktiv iwwer hir Zukunft matzediskutéieren.

Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ass eng Initiativ vum Kulturministère a setzt d'Mesür 38 vum Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch ëm, déi ënner anerem d'Promotioun an d'Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch ustrieft. Mat der erfollegräicher zweeter Editioun etabléiert sech den Dag ëmmer méi zu engem feste Rendez-vous am Lëtzebuerger Kalenner.

"Eng Sprooch lieft nëmmen, wa Leit se schwätzen", esou de Kulturminister Eric Thill. "Deemno geet et beim Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch net nëmmen dorëms, eis Sprooch ze thematiséieren, mee dorëms, se ze liewen: an der Famill, an der Schoul, op der Aarbecht, an de Veräiner, an der Kultur, also am Alldag. Gläichzäiteg weist den Dag, datt souwuel d'Lëtzebuerger Sprooch ewéi och eis sproochlech Villfalt zu deem gehéieren, wat Lëtzebuerg ausmécht."

Nom Succès vun der éischter Editioun 2025 sinn dëst Joer vill Gemengen, Veräiner, Associatiounen, Schoulen, kulturell Institutiounen an aner Acteuren dem Opruff vum Kulturministère nokomm an hu mat verschiddenen Aktivitéiten um Dag deelgeholl. Esou konnt en ofwiesslungsräichen an dezentraliséierte Programm uechter d'Land ugebuede ginn, mat Aktivitéiten aus de Beräicher Kultur, Musek, Literatur, Film a Bildung. Konferenzen, Crash-Coursen, Theater- a Filmworkshoppen, Spiller, Atelieren, Concerten, Sproochecaféen, Ausstellungen, Publikatiounen a Podcasten hunn ënnerschiddlech Méiglechkeete gebueden, fir d'Lëtzebuerger Sprooch aktiv ze erliewen, se ze léieren oder eppes iwwer se gewuer ze ginn.

Um LëtzCamp am INLL an der Stad konnten all interesséiert Biergerinnen a Bierger hir Iddien, Erfarungen a Propositioune fir d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch abréngen. D'Diskussioune fléisse mat an d'Konzeptioun vum nächsten Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch an.

All Informatiounen iwwer den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn op dag.letzebuergesch.lu ze fannen.

Communiqué vum Kulturministère

Membre du gouvernement

THILL Eric

Thème

Culture

Date de l'événement

26.09.2026