Aluedung fir d'Table ronde "Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?" an der Nationalbibliothéik

Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell COVID-19-Kris, ma och d'Diskussiounen iwwert de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi een se säit Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden. Och vum Massentourismus probéiert sech deen, deen hautdesdaags reest, ze distanzéieren. Individuell, moossgeschneidert Reese sinn am Trend, dat ass eppes, wat een net ignoréiere kann. D'Leit hunn den Drang, eng Aventure ze erliewen, wëllen nei Saachen ausprobéieren an hu Loscht, Plazen ze entdecken, déi virdrun nëmme wéineg Opmierksamkeet kruten. Sief et fëschen an Alaska oder mat enger tibetanescher Famill an hirem traditionellen Doheem wunnen. Ma wat bedeit all dëst fir den Tourismus vun der Zukunft? Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun?

Doriwwer schwätzen de 4. Februar an der Nationalbibliothéik de Minister fir Tourismus, Lex Delles, de Jorge Valente (diariesof), d'Françoise Bonert (Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Projet LEADER) an de Sebastian Reddeker (Luxembourg for Tourism). D'Moderatioun gëtt iwwerholl vum Nathalie Bender.

  • Wou: Bibliothèque nationale du Luxembourg (37D, avenue J.F. Kennedy, L-1855 Luxembourg)
  • Wéini: Donneschdes, de 4. Februar 2021 um 19 Auer
  • Umeldung: Obligatoresch bis den 1. Februar 2021 op reservation@bnl.etat.lu.
  • COVID-19: Wéinst der aktueller Situatioun duerch COVID-19 kéint dës Veranstaltung kuerzfristeg verréckelt oder ofgesot ginn.

 

Communiqué vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg

Aktualiséiert