Dernière modification le
Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2004 (version originale luxembourgeoise)
Le 27 avril 2004, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2004.
- Seul le discours prononcé fait foi -
Elections législatives du 13 juin 200460e anniversaire de la Libération
Elargissement de l’Union européenne
Constitution européenne et référendum
Irak et Moyen Orient
Terrorisme international et sécurité nationale
Économie
Emploi
Arcelor
Diversification économique
Cadre budgétaire et fiscal
Place financière
Université du Luxembourg
Kyoto
Artisanat et PME
Chômage et formation professionnelle continue
Processus de Lisbonne
Politique budgétaire et pacte de stabilité
Bénévolat, éducation et aménagement du territoire
- seul le discours prononcé fait foi -
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Besonnesch wann d'Geschicht séier leeft, wa se sech wéi elo e puermol d'Joer iwwerschléit fir dann ze probéiere sech nei ze betten, d'Bezéiungen tëschent de Mënschen, de Saachen an de Verhältnisser frësch ze sortéieren, dann ass et ubruecht, sech net vum Kaméidi vum Alldag an dem kapriziösen Zäitgeescht dreiwen ze loossen, méi roueg ze ginn: roueg ze gi fir besser ze gesinn, Rou akéieren ze loosse fir nozedenken, nozedenken doriwwer wou mer hierkommen, wou mer wëllen a kënnen higoen, nozedenken doriwwer wat mer sinn an iwwert dat wat mer wëlle bleiwen. Wat mer wëlle bleiwen a gi wa mer mat eis eleng sinn. Wat mer wëlle bleiwen a ginn am Matenee mat eisen europäeschen Noperen an och soss.
Déi déi d'Deeg nëmme séier kucken, déi déi se nëmme sträife fir se kënnen ze sträichen, déi déi se nëmme kuerz upake fir se direkt nees lass ze loosse wa se hir Mëllech ginn hunn, déi mengen datt d'Joer 2004 nëmmen aus engem Datum besteet: dem 13. Juni, dem Dag vun der Wahl. Fir déi Séier, fir déi Presséiert, fir déi Iwwerflächlech huet den 13. Juni trotz breeder Ried nëmmen eng schmuel Bedeitung déi nëmme vu mueres aacht, wann d'Wahlbüroën opginn, bis mëttes zwou, wa se zoumaachen, undauert. Duerno réckele Leit a Saachen nees méi an den Hannergrond.
Déi déi roueg bleiwen, déi déi versiche méi wäit ze kucken an ze gesinn, déi wëssen: d'Demokratie léisst sech net op sechs Stonnen all fënnef Joer reduzéieren, si brauch fir sécher a staark ze sinn d'Ustrengung vun all Dag. Si brauch de klore Bléck no hannen ouni deen dem Bléck no vir d'Siicht verspäert bleiwt.
Sécher: den 13. Juni ass wichteg. En ass méi wichteg fir d'Land wéi fir d'Parteien. Et ass de grousse Rendez-vous tëschent der Politik an dem eigentleche Vollekssouverain: dem Lëtzebuerger Vollek. Et ass deen Dag wou d'Vollek jugéiert an decidéiert, deen Dag op deem d'Politik säi Wëllen akzeptéiert an exekutéiert. De Verdikt vum Vollek kennt keen Appell. D'Vollek jugéiert an éischter an a läschter Instanz. Dofir muss all Lëtzebuerger wëssen: d'Land gëtt net vum Zoufall regéiert mee vun deenen déi e wielt. An e muss wëssen: déi déi e wielt vertriede fënnef Joer laang eist Land, seng Leit, hir Suergen an hir Intressen: hir Intressen heiheem, hir Intressen dobaussen. Den 13. Juni ass all eenzelne Lëtzebuerger fir sech eleng d'ganzt Vollek. Dat muss e wëssen an dorunner muss en denken. E muss sech froen: kënnen déi déi ech wiele fir sozialen Ausgläich an horizontal Gerechtegkeet heiheem suergen och a grad wann de Wand méi staark bléist. Kënnen déi déi ech wiele fir eis suergen an eis Saach vertrieden do wou et drop ukënnt: zu Bréissel an an der EU, zu Paräis, zu Berlin an an Europa. Well dorop kënnt et och un: et muss een nogelauschtert kréie fir Afloss ze hunn. Fir eist Land. A fir eis Saach.
Eis Saach: déi steet den 13. Juni zur Debatt. Mee si fänkt net eréischt den 13. Juni un. Si ass scho méi laang ënnerwee. An un hir hunn der vill matgeschafft, däer deenen hiren Numm mer verhal hunn, däer déi kee méi kennt mee déi hiert gemaach hunn.
An der nächster Chamber sëtze wahrscheinlech nëmme méi Männer a Fraen déi nom Zweete Weltkrich grouss gi sinn a keng perséinlech Krichserënnerungen hunn. Am Land hëllt d'Zuel vun deenen of, déi dat Schlëmmt dat tëschent 1940 an 1945 iwwer eis eragebrach war nach selwer erliewt hunn. Hinnen, der Generatioun vun eisen Elteren a Grousselteren, hu mer et ze verdanken datt mer kënne bleiwe wat mer waren a wat mer sinn. Well si am richtege Moment an op der richteger Plaz hir läscht Fräiheet genotzt hunn: d'Fräiheet fir Neen ze soen.
Den 10. September jährt et sech fir d'sechzegste Kéier datt Stad a Land vun der däitscher Nazi-Okkupatioun befreit gi sinn. Am Joer 2004 dierft et schwéier ginn, d'Freed ze reproduzéieren déi d'Lëtzebuerger vun deemols den 10. September 1944 a sech gedroen an aus sech eraus gelooss hunn. Mee mir hunn d'Flicht eis mat deenen déi iwwerlieft hunn an déi déi eis op Orbite geschoss hunn den 10. September op dat ze konzentréiere wat eis zesummegehal huet. Deen Dag musse mer feiere well 't ass den Dag vun alle Lëtzebuerger - deene vu gëschter, och deene vun haut.
Dräi Méint méi spéit denke mer un den Ufank vun der Ardennen-Offensiv zréck, déi de 16. Dezember 1944 ugefaang huet an déi alles wat mer erreecht hate bal nees op d'Kopp gehäit hat. Kee vun eis kann d'Angscht vun deemols noerliewen. Alleguer musse mer awer um 60. Joresdag vum Ufank vum definitiven Enn vun der Schreckensgeschicht déi Momenter fannen déi d'Erënnerungsflicht vun eis verlaangt.
Vum Dezember 1944 un hunn d'Leit gebaangt bis dann den 8. Mee 1945 dat dausendjähregt Räich endlech kapituliéiert huet. Den 8. Mee 2005 feiere mer zesumme mat eisen Alliéierte vun deemols a vun haut d'Enn vum Zweete Weltkrich. Fir d'sechzegste Kéier éiere mer déi déi an Europa an heiheem dat Béist verjot hunn.
Dertëschent an duerno denke mer un déi déi en héije Präis fir eis Fräiheet bezuelt hunn: d'Resistenzler deenen hir Erënnerung mer duerch d'Gesetz vum 20. Dezember 2002 perpetuéiert hunn, d'Zwangsrekrutéiert déi duerch Regierungsbeschloss vum 16. Abrëll 2004 hiren Erënnerungscomitée an Dokumentatiounszentrum solle kréien, d'lëtzebuerger Judden och iwwert deenen hire Leidenswee net genuch geschwat ginn ass.
Am Joer 2004 kënne mer déi Geschicht déi war dacks besichtige goen. Mee den nächsten 1. Mee schreiwt dëst Joer selwer Geschicht. Op deem Dag gëtt d'europäesch Unioun ëm zéng Länner méi grouss, aacht mëtteleuropäesch Länner an zwou Inselen aus dem Mëttelmier. Deen Dag ass sech senger Plaz an der Geschicht sëcher. En ass net manner wéi den notariellen Akt deen d'Reconciliatioun tëschent europäescher Geschicht an europäescher Geographie festhällt. Am 60. Joer vum Enn vum Zweete Weltkrich si mer endlech - no esou villen Ëmweeër, no esou villem Ëmdréien an den europäesche Sakgaassen - u sengem effektiven Enn ukomm. Den Hitler, de Stalin a Jalta sinn definitiv doud, d'europäesch Unioun liewt - si liewt a Fräiheet an a Fridden. No esou vill Duercherneen a Géinteneen, no esou vill Blutt a Prisong, no esou vill Trennung an no esou vill kontinentalem Trennungswéi: ech soen haut an hei, an eng Ambiance vu Skepsis a vun Ängschtlechkeet eran: den 1. Mee ass ee gudden Dag fir Europa, fir seng Leit, fir seng Natiounen, fir hiert Mateneen, fir Integratioun ënnereneen, hire Wëlle Géigesätz z'iwwerwannen an national Souverainetéiten esou zesummenzebannen datt se hir Schäerft verléieren an hir berechtegt Kante behalen.
D'Erweiderung ass méiglech ginn, well d'Mënschen, virun allem a Mëtteleuropa, der Geschicht Bee gemaach hunn. Si ass och méiglech gi well déi Politiker déi am Ufank vun den 90er Joren um Pouvoir waren op der Héicht vun der Erausfuerderung waren: de François Mitterrand, den Helmut Kohl, de Felipe Gonzales, de Wim Kok, vill anerer, de Jacques Poos och – ech wëll dat hei ausdrécklech soen - dee säin dacks ënnerschatenen Undeel um Succès vum Gesamtprozess hat - vläicht och déi déi den Europäesche Rot vu Lëtzebuerg am Joer 1997 presidéiert hunn deen de Startschoss zur Erweiterung ginn huet. Ech erlabe mer op dëser Plaz eng méi perséinlech Bemierkung. Deen dee Politik mécht erliewt vill Enttäuschungen a vill Réckschléi. Dat ass esou. An trotzdem maache mer weider. Loosse mer eis also doriwwer net bekloen. Mee vun Zäit zu Zäit gëtt et Momenter wou ee frou ass, aktiv a periodesch gestaltend derbäi gewiescht ze sinn. Den 1. Mee - fir dat wat e bedeit a fir dat wat en un Effort bedéngt huet - ass esou ee Moment. Mäi Papp a seng Bridder waren zwangsrekrutéiert Zaldoten am Zweete Weltkrich. Si waren als Zaldote genau an deene Länner déi elo Member vun der europäescher Unioun ginn. Datt mir an eiser Generatioun - als Kanner vun deenen déi vun der Geschicht esou gebeetscht gi si wéi se gebeetscht gi sinn - et erliewen datt dat zesummewiisst wat ëmmer schon zesummegehéiert huet, datt eis Kanner a Kandskanner ni méi Angscht virun hiren europäeschen Nopere brauchen ze hunn, datt se an eng Zukunft eraginn déi aus Frëndschaft an aus Fridde besteet, dat ass eppes wat mer sollte mat vill Gefill a mat vill Dankbarkeet erliewen. Ech soen dat fir mech. Ech soen dat och fir d'Madame Polfer däer hire Papp esou wéi mäin Zwangsrekrutéierte war. Wa mer zesummen iwwer den Erweiterungsparcours beroden hunn, un deem sengem Festleeë si dezisiven Undeel hat, hunn ech gemierkt, och si gesäit sech als Ierwen an als Sachverwalter vun deenen déi eis zum Liewe verhollef an eis déi wiesentlech Saache bäibruecht hunn.
Déi Erweiterung déi den 1. Mee effektiv gëtt déi huet et a sech. D'Zuel vun den EU-Bierger klëmmt vun 380 op 455 Milliounen, also ëm 20 Prozent. D'Gesamtfläch vun der europäescher Unioun vergréissert sech op 4 Millioune Quadratkilometer, also ëm ronn 23 Prozent. Den europäesche Bruttoinlandprodukt wiist ëm 5 Prozent, dat ass net vill: 20 Prozent méi Leit brénge véiermol manner Wirtschaftskraaft.
Dës Zuelen impressionnéieren. Anerer och: haut ass déi räichsten EU-Regioun fënnefmol méi räich wéi déi Äermst, mar ass s'et néngmol. Et sti Verdeelungskonflikter an d'europäescht Haus. Eng Aarbechtsstonn am Europa vun deenen fofzéng kascht haut duerchschnëttlech 22,21 Euro. An Estland beleeft hire Käschtepunkt sech op 2,42 Euro, bal zéngmol manner. Sozialdumping, Loundrock an Delokaliséierung gi vun de Leit, och heiheem, als negativ Folge vun der Erweiterung gefaart.
Zum Verdeelungskonflikt ee Wuert: mir musse wëssen datt d'Fënnefanzwanzeger-EU eise lëtzebuerger Budget méi kaschte wäert wéi d'Fofzéngter-EU. An der EU gëtt et Nettobezueler an Nettoemfänger. Lëtzebuerg ass och en Nettobezueler. Awer mir schléissen eis der Démarche vun deenen aneren Nettobezueler, déi den europäesche Budget op ee Prozent vu sengem Bruttoinlandprodukt begrenze wëllen, net un. Well mer mengen d'Welt an der neier EU misst esou si wéi déi an der Aler: déi méi Räich mussen deene méi Aarmen hëllefe méi räich ze ginn. D'Solidaritéit ass eng europäesch Tugend. Hir Applikatioun huet et erlaabt Spuenien, Portugal a Griechenland wirtschaftlech a sozial méi staark ze maachen. Hir Applikatioun wäert et och erlaben d'Ekonomië vun deenen neie Memberstaaten ze muskléieren. Zu hirem Benefiss an zu eisem. Well schon haut profitéiert eis Wirtschaft vun deenen neie Mäert a Mëtteleuropa: mir hunn eisen Aussenhandel mat hinnen an de leschte Joren ëm bal 50 Prozent ausgeweit, eise Mëttel- an Osteuropahandel ass zweemol méi séier gewues wéi eisen Undeel um Welthandel, mat Polen an der Tschechei zum Beispiel ëm 1000 Prozent. An anere Wierder: mir wieren ouni déi nei EU-Länner an den Handel mat hinne manner räich an eis Wirtschaft méi schwaach. Bei allem Kloen a bei aller Angscht iwwer dat wat ka kommen däerf een dat Positivt wat scho geschitt ass net vergiessen.
Zu den Erweiterungsrisiken en anert Wuert: mir verstinn d'Suergen an d'Ängschten déi mat der Erweiterung entstinn. Mee deen deen nëmmen Angscht mécht ass net een deen e gudde Rot ka ginn. De kompetitive Loundrock deen zwëschenzäitlech aus deenen neien Ekonomië wäert komme kënne mer opfänken doduerch datt Regierung a Sozialpartner d'Produktivitéit an d'Entwécklung vun den Lounniewekäschten am A behalen a keng oniwwerluechten, eis Sozialsystemer iwwerbelaaschtend Extravaganze lasstrieden. Wat d'Delokaliséierungen aus Käschtegrënn ubelaangt: de Wonsch méi no beim Klient op deenen neie Mäert ze sinn ass verständlech. Wann eis Betriber déi nei Mäert géife meiden géifen heiheem Aarbechtsplaze verluer goen. Wa se sech op hinne breed maache wiist déi global alimentéiert Wirtschaft heiheem.
Ee lescht Wuert zum Steierdumping dee wahrscheinlech kënnt an dee partiell ze fäerten ass.
Déi nei EU-Membren - awer vun Zäit zu Zäit och déi al - setze voll op d'Steierkonkurrenz. D'Betriber ginn duer wou d'Steieren am niddregste sinn: dofir probéiere virun allem déi nei Memberstaaten den Niveau vun hirer Betribsbesteierung däitlech ënner d'Zwanzegprozentgrenz ze drécken. Si wëllen esou Investitiounskapital unzéien. Als Virreider vun hirer Politik hu si Irland an och Lëtzebuerg ausgemaach. Tatsaach ass: mir hunn och dacks op deem Tableau gespillt. Dofir sollte mer mat gebremstem Schaum optriede wa Kritik un däer Politik geäussert gëtt. Awer och eng aner Tatsaach ass aktenkundeg: zanter Jore verlaange mir an Europa Mindestregelen zur Betribsbesteierung. De Steierwettlaf an Europa ass am Endeffekt ruinös fir all europäesch Staaten, fir déi nei esou gutt wéi fir déi al. D'Kapital däerf net Meeschter gi mee d'Politik muss d'Kadere setzen an d'Gestaltungsprozesser am Grapp behalen. Doriwwer ass bei der Regierungskonferenz prinzipiell nozedenken. An deem Beräich sinn Initiativen an der lëtzebuergescher EU-Presidence ze huelen.
Alles an allem: mir rieden d'Erweiterung net schéin an och net schlecht. Mee 't gëtt zu hir keng Alternativ. D'Alternativ wier de Retour an déi al Welt gewiescht. Mir hu léiwer datt d'Mënschen a Mëtteleuropa hir Erwaardungen op eis riichte wéi hir Rakéiten. Mir hu léiwer mir kënnen d'Zukunft mat hinne gewannen amplaz déi lähmend Nokrichssituatioun géint si ze verwalten. Mir mussen e bësse méi bezuele fir Europa wéi bis elo: 20 Euro pro Kapp a pro Joer. Ee klenge Präis fir de grousse Fridden! Et ass einfach géint d'Erweiterung ze hetzen. Mee et wier geféierlech gewiescht mat deenen neien Demokratien a Mëtteleuropa kuerze Prozess ze maachen. Mee mat der Geschicht mécht ee kee kuerze Prozess. Léiwer kleng Problemer haut an eng grouss Zukunft mar wéi keng Zukunft mar a grouss Problemer iwwermar!
D'europäesch Zukunft bleiwt hypothekéiert wa mer et net fäerdeg bréngen d'europäesch Verfassung op d'Been ze kréien. An hirer aussepolitescher Erklärung huet d'Madame Polfer heizou alles gesot wat ze soe war. Ech hunn deem näischt bäizefüge well tëschent der Chefin vun eiser Diplomatie an dem Regierungschef besteet an europäesche Froen eng total Identitéit vun de Vuesën. Vuesën déi mer zesummen ausschaffen. Mir wëllen datt nach ënner dem ireschem EU-Virsëtz virun Ausgangs Juni d'Verfassung endgülteg Form unhëllt. Dat kascht nach e gutt Stéck Aarbecht well d'Meenungen an Europa ginn nach wäit auserneen, net nëmme wat d'Stëmmegewiichtung bei den Decisiounen am Ministerrot ubelaangt.
Ech well nach eng Kéier - wéi mer dat scho viru Méint gemaach hunn - soen datt mer zu Lëtzebuerg déi europäesch Verfassung per Referendum ratifizéiere wäerten. Europa ass net nëmmen d'Saach vu Regierung a Parlament. Et ass d'Affair vum ganze Vollek, deem vun haut an deem vu mar. Wann et seng Affair ass - an et ass seng Affair - da mécht et Sënn dem Vollek d'Wuert ze ginn. D'Leit musse wëssen datt s'op deem Dag wou s'ofstëmmen zwou Froe musse beäntwerten: ass d'Verfassung gutt fir Europa, ass se gutt fir Lëtzebuerg. Kee Land kritt an der Verfassungsdebatte alles duerchgesat wat et gäer fir sech hätt, och mir net. Dës Verfassung gëtt net "saignant" a si gëtt och net "bien cuit". Si gëtt méi oder manner "à point". Si gëtt esou datt s'eis méi Loscht op méi Europa mécht. Si gëtt esou datt s'eis net op de Mo schléit. Si gëtt esou datt Europa vun deem méi Europa keng Verdauungsschwieregkeete kritt. D'Lëtzebuerger wäerte beim Referendum weisen - ech hoffen dat an ech kämpfen dofir - datt se verstinn datt déi europäesch Kiche vill Goûten, vill Virléiften, vill Saucen, vill Gemeinsames a muenches dat extra ass op engem Teller muss zesummebréngen. De Menu muss jiddferengem schmaachen: hei zu Lëtzebuerg, a Finnland, an Italien an iwwermar um Balkan.
Ronderëm dee frësch gedeckten europäeschen Dësch musse mer eis zu vill setzen. Et gëtt am Ufank e bëssen Duerchernee bis datt jiddferee seng Plaz fonnt huet. Heiandsdo wäert e Stull ëmfalen, heiandsdo wäert ee mat der Fauscht op den Dësch schloen dee se besser an der Täsch gehalen hätt. Lëtzebuerg wäert net dee sinn dee mat der Fauscht op den Dësch schléit, et sief dann et géif ee probéieren eis eis Plaz um Dësch streideg ze maachen. Eierlech gesot: déi Gefor gesinn ech net. Am Géigendeel. Ech erliewen éischter de Versuch Eenzelner vun eis méi no un den Dësch ze zéien.
Datt mer an Europa mat eise Meenungen, eisen Ideeën a Virschléi gefrot sinn, dat huet de Verlaf vun de läschten zwielef Méint tëschent der Erklärung vum läschte Joer an däer vun dësem Joer gewisen. Virun engem Joer nach ass eis am Zesummenhang mat der Irak-Fro virausgesot ginn, eis däitsch, franséisch a belsch Nopere géifen eis an Zukunft meiden an ee groussen Bou ronderëm Lëtzebuerg maachen. De Géigendeel ass agetratt: den däitsche Bundeskanzler war op Visite zu Lëtzebuerg, de franséischen an de belsche Premier hunn eis offiziell besicht, mar de Muere kënnt déi ganz belsch Regierung mat der lëtzebuergescher an der Gäichel fir déi éischt formell gemeinsam belsch-lëtzebuergesch Kabinettssitzung zesummen. Nach ni hate mer esou gutt Relatioune mat eisen Nopere wéi grad elo. Dat ass gutt esou. An esou muss et och bleiwen.
Ech hu vum Irak geschwat well iwwer den Irak muss ee schwätzen. Den irakeschen Diktator ass onschiedlech gemaach ginn. Kee bedauert dat. D'irakescht Vollek brauch keng Angscht méi zu hu viru Verfolgung, Prisong a Folter. Jiddferee begréisst dat. Mee d'irakescht Vollek ass net frou. Jiddferee gesäit dat. Den Terror zitt seng bluddeg Spuer, Mënsche stierwen - Iraker, Amerikaner, anerer -, Geisele gi geholl, Onschëlleger exekutéiert. Virum Krich hat ech heibanne gesot, de Krich géif och nom Krich nach virugoen. An e geet virun. Fir em seng Sprongfieder ze brieche menge mer datt déi zivil a politesch Autoritéit am Irak esou séier wéi méiglech muss bei d'Iraker zréckkommen. Mir halen um 30. Juni fest fir de Souveränitéitstransfert effektiv ze maachen. A mir hätte gäer eng nei Resolutioun vum Weltsëcherheetsrot fir de Wee vum Irak an eng international enkadréiert Zukunft virzezeechnen.
D'Äntwert op d'Problemer vun der Welt besteet net am blannen an intresséierten Unilateralismus. Si muss multilateral Kanäl notze fir wierksam ze sinn.
Dat ass och wouer fir de Mëttleren Orient. Déi jéngsten israelesch Virschléi a Saache Siedlungspolitik ginn an déi richteg Richtung. Mee si däerfen net eesäiteg decidéiert ginn, si mussen a Verhandlung mat de Palestinenser weiderentwéckelt ginn. Datselwecht gëllt och an däer extraordinär komplexer Fro vum Retour vun de palestinensesche Flüchtlingen. Vun Israel gëtt net verlaangt datt et Fridde mat senge Frënn am Westen mécht. Vun Israel a vun de Palestinenser gëtt verlaangt, datt se Fridden ënnerenee maachen. Soulaang wéi palestinensesch Gruppen d'israelesch Sëcherheet mat Attentater a Bomme bedroen an d'Israelië bis haart un d'Grenz vum Staatsterrorismus ginn an de Mord op staatlechen Optrag zum normalen Ëmgang matenee verkomme loossen, gëtt et keng Rou a kee Fridden. Israel brauch Sëcherheet, d'Palestinenser brauchen en eegene Staat. Dës zwou Exigenzen op eng Rei ze kréien dat ass d'Aufgab an dat ass d'Flicht vun der internationaler Gemeinschaft, och vun Europa, och vun eiser Présidence d'nächst Joer.
Eis Présidence wäert iwwerhaapt staark vun der internationaler aussereuropäescher Politik an Usproch geholl ginn. Et brauch een nëmmen un de Balkan, a speziell un de Kosovo - deem säin endgültege Statut endlech perspektivesch muss ugaang ginn - ze denke fir ze verstoe wat d'Erausfuerderunge fir eis Diplomatie an hiert Geschéck wäerte sinn. Soulaang wéi d'Situatioun am Kosovo sech net berouegt, soulaang schéckt d'lëtzebuergesch Regierung och keng Flüchtlingen dohinner zréck, et sief dann et kënnt fir hir perséinlech Sëcherheet absolut garantéiert ginn.
Kosovo, Irak, Mëttleren Orient, Afghanistan, Madrid: dës Nimm si Statioune vum Terrorismus am Joer 2004. Et muss een dofir och doriwwer schwätzen.
Mir sinn ee kléngt Land. Mee eise Wëlle fir ze hëllefen dem internationalen Terrorismus d'Stier ze bidden ass grouss.
Mir maachen dat an Europa doduerch datt mer derbäi sinn den europäeschen Arsenal géint den Terrorismus ze kompletéieren fir esou eng efficace europäesch Anti-Terrorfront opzebauen.
Mer maachen dat heiheem doduerch datt mer alles maache fir dem Terrorismus d'Finanzéierungsweeër iwwer eis Finanzplaz ofzeschneiden: an dësem Zesummenhang géif ee sech heiandsdo méi Nuance wënsche wann d'Pläng vun der Regierung, besonnesch am Kampf géint d'Wäisswäsche vu Geld, kommentéiert ginn. Mir brauchen eng propper Finanzplaz déi net a Verdacht geréit. Dat ass eng national Exigenz.
De Kampf géint den Terrorismus huet och eng national Dimensioun. Ech wëll iwwer dësen Aspekt hei net vill schwätzen, mee nëmme soen: mir passen op, mir hunn Ursaach fir opzepassen, vun Zäit zu Zäit handele mer och well mer handele mussen op Grond vun deem Wësse wat mer hunn, vun Zäit zu Zäit stéisst dat Handelen op d'Onverständnis vun deenen déi dat Wëssen net hunn. Domat muss d'Regierung liewen - fir datt d'Leit an d'Land kënne roueg liewen. Mir wëlle net eréischt handele wann eppes geschitt ass. Mir handele léiwer ier eppes geschitt. Lëtzebuerg ass eng vun den europäeschen Haaptstied, ee vun de grousse Finanzzentre vun der Welt. Mir däerfen net naiv sinn a mir sinn et net. D'Reform vum Geheimdingscht wäert Eenzelne vun iech d'Méiglechkeet ginn, Abléck ze huelen an dat Wëssen dat et am Zesummenhang mat méiglechen Terrorgeforen zu Lëtzebuerg gëtt. Da si mer zu méi déi versti wat ech elo grad gesot hunn.
Mee eppes anescht ass och wouer wann iwwer de Kampf géint den Terrorismus geschwat gëtt: d'Moossnahme géint den Terrorismus, besonnesch déi präventiv, däerfen eis rechtsstaatlech Prinzipien net a Gefor bréngen. Mir mussen d'Intersektioun fäerdeg bréngen tëschent individuelle Fräiheeten a kollektiver Sëcherheet. Wa mer nëmmen déi individuell Fräiheeten am Bléck hunn da kënne mer e Stéck kollektiv Sëcherheet verléieren. Wa mer déi kollektiv Sëcherheet och do verabsolutéiere wou et net néideg ass, da stelle mer op eng schläichend Art a Weis d'individuell Fräiheeten zur Dispositioun. Dat däerf net geschéien.
Sëcherheet ass ee breede Begrëff. E mécht selbstverständlech Allusioun op den Terrorismus. Awer och op d'Realitéit vun der primärer Sëcherheet, vun der Lutte géint déi gängeg Form vun der Alldagskriminalitéit. An de Joren 2001 an 2002 ware mer vill gehäit mat Iwwerfäll op Banken an op Geldtransporter. Am Joer 2003 hate mer hei eis Rou: dat huet mam Helikopterasaz ze dinn - en ass niewebäi bemierkt zimlech deier. Dat huet mat enger verstäerkter Polizeipräsenz ze dinn déi och hëlleft déi sougenannte kleng Kriminalitéit anzedämmen. Zanter der reusséierter Fusioun vu Police a Gendarmerie sinn 315 Polizisten, ee Véirel vum Effektiv, an 71 Ziviliste bei der Police agestallt ginn, et goufen 30 Milliounen Euro an d'Equipementer investéiert. Bis 2007 wäerte mer 1.700 Polizisten hunn. Et bleiwe Problemer, grouss Problemer, bei der Jugend- an Drogekriminalitéit an am Beräich vun de grenziwwerschreidende Verbriechen. An de läschte Jore si mer ganz gutt gi bei der Bekämpfung vum Schwéierverbriechen: eiser Police gehéiert dofir grouss Unerkennung. Bei der Bekämpfung vun der Klengkriminalitéit si mer besser ginn, an e puer Joer wäerte mer och hei ganz gutt sinn. Awer nëmmen da wann an der nächster Legislaturperiod d'Opstockungsefforte beim Personal a Material ouni Broch virugefouert ginn. Mir sinn der Meenung datt dat geschéie muss well et gëtt e Biergerrecht op Sëcherheet, obschons een ni eng individuell Sëcherheetsgarantie ka ginn. Mee dem Staat seng Sëcherheetssuerg muss maximal sinn. Dat ass wouer um Niveau vun der Police. Dat stëmmt och am Beräich vun der Justiz. An deene läschte Jore sinn iwwer fofzeg Magistraten an anert Personal agestallt gi fir d'Aarbecht vun der Justiz méi séier ze maachen. D'Zuel vun den Untersuchungsriichteren ass esouguer doubléiert ginn.
Alles dat hat och als Resultat datt d'Zuel vun de Prisonnéier an deene läschte fënnef Joer ëm 70 Prozent an d'Luut gaangen ass a mécht et noutwendeg datt fofzéng zousätzlech Giischtercher am Prisong agestallt ginn.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Sëcherheet am kollektive Liewen an am Liewe vum Eenzelne ginn zesummen. D'Leit musse wësse wou se dru sinn, wou et hi geet a wéi et geet oder ka goen. Domat si mer beim Häerzstéck vun all Politik ukomm: bei der Wirtschafts-, Finanz- an Aarbechtspolitik. An dësen zentrale Froe vun der Politik fënnt d'Liewe vu Land a Leit statt. Hei gëtt déi eigentlech Musék vum Liewe gemaach. Et ass hei wou een no der Harmonie muss sichen an et ass hei wou déi meeschten Dissonanzen entstinn. Dat ass normal: am groussen Orchester vu Wirtschaft a Finanze spillen der vill déi nëmmen hir Partitur kennen, déi dat spille wat si wëllen a wat si kënnen a si spillen et dacks esou wéi wa si eleng de ganzen Orchester wieren.
An der globaliséierter Welt, an däer international duerchdeklinéierter Wirtschaft gëtt et deen Dirigent net méi, dee mat rosenem Bléck a mat energescher Handbewegung fir Uerdnung suerge kënnt. Heiandsdo geet et zwar nach: beim Streik vun de Geldtransporteuren a beim ugekënnegte Streik vun de Luxairpiloten ass et gaang, dank dem Asaz vum zoustännege Minister deen am Hannergrond gedëlleg un de Kompromisser gestréckt huet, dank der Responsabilitéit och vu Gewerkschaften a vu Patronat. Mee meeschtens geet d'Dirigéiere vun uewen eleng net duer.
An trotzdem geet et heiheem besser wéi soss doruechter.
Well d'Dirigenten heiandsdo d'Instrumenter selwer an d'Hand huelen, net esou nervös gi wéi déi déi spillen an net esou hyperaktiv wéi déi déi Géigestécker inszenéieren.
Well déi déi spillen - Gewerkschaften, Patronen, Leit - sech déiselwecht Froe stellen an no deene selwechten Äntwerte siche wéi déi déi fir d'Arrangéiere vun de Stécker do sinn.
Dofir ass eis Gesamtopféierung ëmmer nach gutt - net esou gutt wéi se kënnt sinn -, mee ëmmer nach besser wéi déi vun deene groussen Orchesteren ronderëm eis. Wa mir eis verspillen, da fänke mer nees frësch un. Mee mir verspillen eis net dacks. Wann déi aner sech verspillen, da blose se falsch virun. A si blose méi dacks falsch. Vläicht well et méi schwéier ass, ee groussen Orchester z'animéieren an ze dirigéieren. Vläicht awer och well ee sech besser preparéiert an d'Noute méi genau kuckt wann ee virun engem méi klengen Ensemble steet. Vläicht awer och well déi déi an esou engem klengen Ensemble spillen den Dirigent besser gesinn, säin Zoupaken, seng Ängscht, seng Freed.
Wéi kléngt se dann elo, eis kollektiv Opféierung Enn Abrëll 2004?
Looss mer emol déi eenzel Stécker kucken. Wirtschaft an Aarbecht fir d'éischt.
Et gëtt, jee no der Laun vun deem dee schreiwt a schwätzt, esou gemaach wéi wa wirtschaftlech Wuestumsprognosen ee Stéck exakt Wëssenschaft wieren. Jee nodeem ob Pessimisten oder Optimisten schwätze schléit de Pendel esou oder esou aus. Besonnesch déi méi jonk an domat manner erfueren Zentralbanken bedeelege sech un dësem Spill. Si sinn onofhängeg an dat ass gutt esou. Si mussen awer och responsabel sinn, net ouni Ursaach Konsumentemoral briechen, net ouni Grond Vertrauen zerstéieren, net onberechtegt d'Flemm verbreeden an onnéideg Angscht maachen. Besonnesch déi jéngsten Zentralbank an Europa - ech schwätze vun däer lëtzebuergescher - muss - wa se wëllt Afloss a Gesellschaft a Politik kréien - Nohëllefstonnen a Saache Wirtschaft a Psychologie huelen.
Eis Wirtschaft leeft net am Leerlauf. Si war scho besser a si gëtt och nees besser. D'Loft geet hir net aus, si kënnt nees lues a lues zu méi Kräften. Si ass net esou robust wéi Ausgangs vun de 90er Joren, si ass awer méi staark wéi d'Moyenne vun den europäeschen Ekonomien. Dat weisen net d'Prognosen. Dat weisen d'Resultater vun de leschte Joren a besonnesch vum leschte Joer, vum Joer 2003.
Am Joer 2003 ass d'Wirtschaft an der Eurozone ëm 0,4 Prozent gewues. Zu Lëtzebuerg huet se ee Spronk iwwer 2 Prozent gemaach. Am Oktober 2003 nach hat de Statec op nëmmen 1,2 Prozent fir 2003 getippt, mee de Verlaf vum véierten Trimester 2003 huet gewisen datt d'Konjunkturerhuelung sech zu Lëtzebuerg lues a lues materialiséiert.
Mir liesen dauernd d'lëtzebuerger Ekonomie géif sech ënner dem EU-Duerchschnëtt bewegen, jo et war heibanne virun engem Joer ze héieren, mir wieren d'Schlussliicht an Europa. Mir sinn net d'Schlussliicht a mir haten am Joer 2003 genau véiermol méi Wuestum wéi d'Eurozone es am Duerchschnëtt hat. Mir sollen eis net besser maache wéi mer sinn. Mee 2 Prozent sinn der méi wéi 0,4 Prozent an der Eurozone, 0 Prozent an Däitschland, 0,2 Prozent a Frankräich an 1,1 Prozent an der Belsch, fir nëmmen déi dräi Länner ze huelen wou 60 Prozent vun eisen Exporter hi ginn. Obschon Däitschland a Frankräich 2003 a Stagnatioun an a Rezessioun gestach hunn, ass eis Wirtschaft ëm 2 Prozent gewues.
Ech sinn derfir fir de Leit d'Wourecht ze soen an dofir soen ech: et geet méi lues a mer hu Problemer.
Mee ech sinn dergéint fir de Leit anzerieden et géif eis ëmmer méi schlecht goen, ech sinn dergéint se gleewen ze dinn et géif eis esouguer méi schlecht goe wéi eise Noperen: eis Wirtschaft huet d'läscht Joer ëm 2 Prozent zougeluecht, si ass vun 2002 bis 2003 ëm 3,3 Prozent an der Moyenne gewues, dat ass keng Stagnatioun, dat ass keng Rezessioun, dat ass keen Zréckfalen a keen Zréckgoen, dat ass Wuestum, méi wirtschaftleche Räichtum, méi Chancen, méi Méiglechkeeten. Fouss bei Mol halen, jo, dat musse mer. De Kapp an de Sand strecken, dat däerfe mer net. Eist Land beschreiwe wéi wann alles nohanne géif kippen, dat solle mer net. Mir däerfen eis net goe loossen, mir mussen un eis schaffe fir besser ze ginn. Mee et gëtt keng Ursaach fir eis opzeginn. D'läscht Joer hunn ech hei gesot: mir packen dat. Dëst Joer soen ech: mir sinn amgaang et ze packen. Den décke Summer ass nach net do. Mee mir spieren d'Fréijoer ganz däitlech. D'Bréisseler Kommissioun seet eis fir 2004 eng Croissance vun 2,4 Prozent viraus: si huet hir lescht Prognosen ëm 0,4 Prozent gehéicht. Fir 2005 gesäit si eis nees däitlech iwwer 3 Prozent. Ech mengen de Wirtschaftsminister behällt Recht mat senger Aschätzung datt mer am Joer 2004 ronderëm 2,5 Prozent a méi wuessen.
Dat Wirtschaftswuestum wat mer hunn - och wann et méi schmuel ass wéi et war - huet zu enger weiderer substantieller Progressioun vun der Beschäftegung zu Lëtzebuerg gefouert. Mir huelen dat net richteg zur Kenntnis - oder wëllen et net zur Kenntnis huelen - well d'Augmentatioun vun der Zuel vun den Aarbechtslosen déi parallel Augmentatioun vun den Aarbechtsplaze verdeckt.
Am Joer 1999 hate mer 248.261 Aarbechtsplazen. Vun 1995 bis 1999 waren der 40.000 nei entstan.
Am Joer 2003 hate mer 291.449 Aarbechtsplazen. Tëschent dem Joer 2000 an elo sinn der 43.207 nei derbäi komm, netto 43.207. Dat ass ee Plus vu 16 Prozent, e Joresduerchschnëtt vu 4 Prozent.
Och hei si mer wäit dervun ewech Schlussliicht an Europa ze sinn. An der europäescher Unioun sinn an de Joren 2000 bis 2003 nëmmen 0,9 Prozent méi Aarbechtsplazen an der Moyenne geschaf ginn, heiheem exakt véiermol méi. Am Joer 2003, dat besonnesch schwiereg war, sinn an der Belsch 0,5 an an Däitschland 1,1 Prozent Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, zu Lëtzebuerg sinn der netto 2 Prozent entstan. Ech liesen an der Zeitung "chute de l'emploi". Hei ginn e puer Länner matenee verwiesselt.
Dës relativ betruecht éischter gutt Nouvelle - 2 Prozent Wirtschaftswuestum an 2 Prozent méi Aarbechtsplazen am Joer 2003 - kënnen déi Suergen déi mer an der Wirtschaft an um Aarbechtsmaart hunn awer net verdreiwen.
De Chômage klëmmt. Eenzel Betriber bauen of oder maachen zou. Dat däerf een net verharmlosen well dat bedeit fir déi déi et trëfft, fir déi déi et treffe kann a fir déi déi et treffe kënnt Angscht on Onsëcherheet. Et ginn - dat hunn ech iech elo grad bewisen - nach ëmmer bei wäitem méi nei Aarbechtsplaze geschaf wéi aler ofgebaut. Mee och wann dat global an allgemeng richteg ass, dann hëlleft dat Wëssen lokal an individuel net weider. Dat war och fréier esou. Erënnert iech: 1995 hate mer "nëmmen" - wéi haut géif gesot ginn - 1,4 Prozent Wirtschaftswuestum an "nëmmen" - wéi haut géif gesot ginn - liicht iwwer 2 Prozent méi Aarbechtsplazen. 1,4 Prozent Wirtschaftswuestum 1995: dat war iwwregens en décke Prozent manner wéi déi duerchschnëttlech Croissance an der deemoleger europäescher Unioun. D'Betriber déi an däer Zäit ofgebaut an zougemaach hu waren d'Cerabati, d'Fonderie vu Miersch, Recyplast, Retec a Stécker vun Electrolux.
Wat huet déi deemoleg Regierung, an däer ech Aarbechtsminister war, gemaach? Genau datselwecht wéi déi jetzeg Regierung. Si huet fir all Aarbechtsplaz gekämpft, sech fir sozial verträglech Léisungen agesat, all verfügbar aarbechtsmaartpolitesch Instrumenter genotzt. Well se sensibel war fir d'Problemer vun de Leit, fir d'Suerge vun de betraffene Gemengen. Wat mécht dës Regierung dann elo anescht wéi hir Virgängerin? Näischt. Si mécht genau datselwecht - well se genau esou sensibel a sozial verantwortlech ass wéi hir Virgängerin. Dofir huet se bei Villeroy&Boch, bei der Cepal a bei anere Betriber d'Instrumenter vun der nationaler Solidaritéit spille gelooss. A genau dat mécht se och elo bei der Arcelor. Well se sensibel ass fir déi déi et trëfft a fir déi Gemengen déi et betrëfft.
Ech wëll vun dëser Plaz aus näischt soe wat ausgesi kënnt wéi wann ee kënnt vun hei aus d'Arcelor-Verhandlunge féieren. Déi féiere mer an der Stoltripartite. An et stellt sech elo eraus datt Regierung a Gewerkschafte Recht hate am Moment vun der Grënnung vun der Arcelor zwéngend ze verlaangen dëst Instrument vun Explikatioun, Dialog a Konzertatioun bäizebehalen. Ouni d'Tripartite wiere mer de Moment schlecht drun.
Ech wëll just e puer Saachen hei soen.
Et besteet keng ultra-kuerzfristeg Restrukturatiounsurgence - Urgence am Sënn vun e puer Wochen oder Méint - bei der Arcelor. Trotzdeem hu Regierung a Gewerkschafte gemengt, mir sollten elo mat de Verhandlungen ufänke well dës brauchen Zäit an Iwwerleeës. Mir wollten de Problem net eréischt de 14. Juni entdecken, mee en direkt ugoen nodeem en eis a sengem ganzen Ëmfank bekannt gemaach gi war. Dofir hu mer den 3. Mäerz matgedeelt d'Stoltripartite géif den 8. Abrëll tagen. Och schon den 3. Mäerz louch den 8. Abrëll iwwregens virum 13. Juni.
Ech widderhuelen haut wat ech den 23. Mäerz heibanne gesot hunn: op der Arcelor gëtt keen Aarbechter, kee Beamten a kee Kader entlooss, mee mir bréngen eis verschidden Préretraite-Instrumenter zum Asaz. Dir erënnert iech drun datt deemools am Mäerz nach vun engem Ofbau vun 2.000 Aarbechtsplaze geschwat a geschriwwe ginn ass. Haut schwätze mer schon vu manner wéi der Halschent.
Ech preziséieren datt d'Stoltripartite weder eng Poterstuff nach eng Alibi-Veranstaltung ass. Et ass ee Verhandlungsuert. D'Gewerkschaften an de Patron hunn dräi Aarbechtsgruppen agesat déi bis elo zéngmol getagt hunn. D'Patronatsvertrieder an däer Grupp sinn net nëmmen do fir z'erklären, mee fir gemeinsam mat de Gewerkschaften no Mëttelen a Weeër ze siche fir esouvill Aarbechtsplaze wéi méiglech z'erhalen. De Restrukturatiounsplang gëtt Schmelz fir Schmelz, Standuert fir Standuert, Segment fir Segment a Poste fir Posten duerchliicht.
Eng Remarque nach zu Diddeleng:
D'Virstellung datt et zu Diddeleng keng Stolaktivitéit méi gëtt - do wou alles ugefaang huet - ass eng Virstellung déi wéi deet. Et gëtt kee Minettsdapp deem se net wéi deet oder dee sech géif doriwwer freeën. Iwwer d'Zoumaachen oder Net-Zoumaachen, iwwer d'Zukunft vum Stolstanduert Diddeleng an dat wat industriell zu Diddeleng kann, jo muss geschéien gëtt haart verhandelt. Schon dee fréiere Wirtschaftsminister Goebbels huet eis an enger Foire's-Ried doriwwer beléiert, datt eis Sidérurgie ënner Ëmstänn misst manner personalintensiv Zukunftstechnologien notze fir kompetitiv ze bleiwen an en hat Recht. Mee mir musse vum Stolplang iwwerzeecht ginn: global a lokal. Mir wëssen datt 350 Milliounen Euros investéiert ginn. Dat ass net Näischt. Mee mir wëllen déi sozial Folgekäschten och genau ofschätze kënnen.
Wa mer eis bis eng Relioun gemaach hunn, da komme mer zu den Detailarrangementer. Da kucke mer wat dës Relioun de Staat kascht. D'Préretraite an aner Instrumenter hu jo ee Käschtepunkt. An da kucke mer wat et d'Arcelor kascht datt et de Staat eppes kascht.
Déi vun der Arcelor annoncéiert Pläng hunn d'Noutwendegkeet vun der Diversifikatiounspolitik nees frësch ënnerstrach. Et gëtt no neien industriellen Aarbechtsplaze geruff, nodeems et laang zum gudden Toun gehéiert huet sech enger méi oder manner grousser Industrieretizenz hinnzeginn. Mir brauchen net all Aarbechtsplaz nozelafen huet et nach virun e puer Joer geheescht. Esou änneren d'Zäiten.
D'Regierung ass och net all Aarbechtsplaz nogelaf, virun allem dann net wa se net an eis Landschaft gepasst hätt. Mee mir sinn Aarbechtsplaze bei déi siche gaang déi der konnten an d'Land bréngen: bei déi auslännesch Investisseuren. Et ass drëmgaang nei Aktivitéiten op Lëtzebuerg ze bréngen an - net manner wichteg - geplangten Zousatzinvestitiounen op Lëtzebuerg ze drainéieren.
Esou sinn an deene leschte fënnef Joer 58 nei Aktivitéiten zu Lëtzebuerg gestart ginn. Si hunn 1.920 Emploiën an Investissementer vu 604 Milliounen Euro zur Folleg gehat. Netto hu mer haut 183 Industriebetriber a 15.892 Beschäftegten, géint 146 Industriebetriber Enn 1999 mat 13.507 Beschäftegten: 37 Betriber méi, 2.385 Aarbechtsplaze méi.
D'wirtschaftlech Entwécklung an d'Diversifikatiounspolitik maache sech net am eidle Raum. Si brauche Glänneren un deene se sech kënnen upaken, Dieren déi opginn, Trapen déi no uewe féieren.
D'Wirtschaft brauch fir vun der Plaz ze kommen héich öffentlech Investissementer. D'Wirtschaft brauch se. D'Leit brauche s'och. An dëser Legislaturperiod ass vill investéiert ginn. Insgesamt zwou Milliarden 720 Milliounen Euro, insgesamt 46 Prozent méi wéi an der Legislaturperiod virdrun. 34 Prozent vun den Investissementer sinn an den Transportsekteur gaang, 17 Prozent an d'Beräicher Gesondheet an Alter, 9 Prozent an d'Schoulen, 6 Prozent an d'Kultur. Dës Investissementer maachen am Schnëtt 3 bis 4 Prozent vum PIB aus. Keen anert europäescht Land investéiert méi wéi Lëtzebuerg. Wa mer wëllen d'Nues virbehale muss och an den nächste Joren déi öffentlech Investitiounsquote héich bleiwen. Manner Investitiounen d'nächst Joer ka manner Aarbechtsplazen dräi Joer duerno bedeiten.
D'Wirtschaft brauch ee previsibelt an adäquat amenagéiert steierlecht Ëmfeld. Ee Land deem seng Betribssteieren haut erof, mar an d'Luut, iwwermar nach méi erop, dat Joer duerno neess erof fir d'Joer drop erëm an d'Luut ze goen, dat zitt weder Betriber nach Kapital un. Mir hunn d'Kollektivitéissteier den 1. Januar 2002 vu 37,35 Prozent op ronn 30 Prozent erofgesat. Dat war deemols richteg a gewot. Dat ass haut nach méi richteg, wann och ëmmer nach e bësse gewot. Mee ouni déi zolidd Steiermoossnahm kënnte mer den Diversifikatiounsbuték zoumaachen. Wa mer net wëllen datt d'Rollueden erofginn da muss et an nächster Zäit bei deem Besteierungsniveau bleiwen. Kuckt wat eis Konkurrente maachen an da wësst der wat mer net däerfe maachen.
Datselwecht Mooss u Previsibilitéit brauch d'Finanzplaz. Deen europäesche Steieraccord dee mer ausgehandelt hunn ass gutt fir Europa a gutt fir Lëtzebuerg well e schützt eis Intressen a schount eis Plaz. D'Finanzplaz gouf diversifizéiert notamment duerch déi nei Gesetzer iwwer d'Investissementsfongen, iwwer d'Finanzberuffer, d'Fiducie, den Trust, d'Titrisatioun an d'Sicaren. D'Luxembourg School of Finance, déi an dëser Legislaturperiod gegrënnt gouf, ass ee weideren Ecksteen deen d'Finanzplaz zesummenhällt. Sou wéi sech iwwerhaapt d'Uni Lëtzebuerg, zu däer dës Schoul gehéiert, positiv fir eis Ekonomie wäert auswierken. Dëst wäert besonnesch am Beräich vun der Recherche de Fall sinn.
D'Investissementer an d'öffentlech Fuerschung war eng vun de Prioritéite vun dëser Regierung. D'Krediter hu sech praktesch verféierfacht, se si vun 11 Milliounen Euro am Joer 1999 op 41 Milliounen Euro am Joer 2004 geklommen. Zesumme mat de Finanzmëttele mat deenen de Staat d'Fuerschung am Privatsekteur ënnerstëtzt komme mer am Joer 2005 op den Objektiv dee mer eis 1999 virgeholl haten, nämlech den öffentleche Fuerschungseffort op 0,3 Prozent vum PIB unzehiewen. Mir sinn der Opfaassung datt dësen Effort muss virugefouert gi well mir sinn an Europa an domat och zu Lëtzebuerg nach wäit vun deene Paragen ewech an deenen d'Amerikaner an anerer sech längst bewegen. Et geet net duer ze soen datt d'Zukunft an eise groen Zellen, eiser eenzeger Matière Première, läit, mir mussen déi gro Zellen och fuersche loossen. Mir hu gutt Chercheuren – ëm déi 450 -, mir brauchen der nach méi a si brauchen de Staat fir virun ze kommen. Mee net nëmmen de Staat. D'Privatwirtschaft ass nach méi gefuerdert a si weess dat och.
Heiandsdo géng och déi pousséierste Fuerschung keng kuerzfristeg Resultater bréngen. Dat wier zum Beispill de Fall beim Lëtzebuerger CO2-Reduktiounsprogramm - mir kënnen d'Kyoto-Ziel eis CO2-Emissiounen ëm 28 Prozent ze reduzéieren net am nationalen Alleingang realiséieren. Ech hunn dat laang gemengt an nach méi laang gehofft well ee sech moralesch schwéier domat deet déi flexibel Ausgläichsmechanismen ze notzen déi de Kyoto-Protokoll an déi europäesch Direktiven ubidden. Gemengt well déi Responsabel engem viru Joren gesot hu mir géifen d'Reduktiounsziel problemlos erreechen. Mee mir mussen haut agestoen datt et net geet. Och massiv Bensinspräis-Augmentatiounen - déi wirtschaftlech a finanziell net liicht ze verquësse wieren géifen de Problem net léisen. Si géifen d'Emissiounen net erofsetzen, de Klima net schützen, mee just hir Lokaliséierung deplacéieren. Äer Chamber huet dës Problematik diskutéiert. Dir wësst Bescheed.
D'Regirung wëllt e Klimaschutzfong schafe fir d'Konsequenze vu Reduktiounen a Kompensatiounen um finanzielle Plang kënnen ze begleeden.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Eng Ried iwwer Wirtschaft an Entwécklung wier net komplett wa se net vum Handwierk a vum Mëttelstand géif schwätzen.
Am Handwierk geet d'Zuel vun den Aarbechtsplaze stänneg an d'Luut. Ronn 1.800 Aarbechtsplazen - all drëtt Aarbechtsplaz also - sinn eleng am Joer 2003 am Handwierk entstan. 4.171 Betriber zielt d'Handwierk haut, 54.342 Leit schaffen an hinnen. 1980 waren et der eréischt 24.000. D'Handwierk huet d'läscht Joer 10 Prozent vum PIB erschafft, genau esouvill wéi d'Industrie. Handel an Handwierk hunn 2003 fir iwwer 100 Milliounen Euro Investissementer deklaréiert a sinn an de Genoss vu staatleche Bäihëllefe komm. D'Handwierk entwéckelt sech gutt an déi sukzessiv Regierungen, och dës, hunn et net am Stach gelooss. Dat beleeën ënner anerem déi rezent Decisioune vun der SNCI am Kreditberäich.
Mee ech wëll net vun deem schwätze wat gutt geet, mee vun deene Punkten op deenen et happert. Ech gesinn der am wiesentlechen zwee.
Et gëtt gefaart, den Déifbau géif a partiel Schwieregkeete kommen. D'Regierung setzt sech an deenen nächsten dräi Woche mat de Vertrieder vun dësem Sekteur zesumme fir ze studéiere wéi prophylaktesch ze reagéieren ass. De Logement, den Hausbau, geet besser. Dofir ginn déi spezifesch Steiermoossnahmen déi mer d'läscht Joer fir de Bau agefouert hu fir d'Joer 2005 verlängert. Fir datt et zu kengem Stau op dem Bau kënnt. Déi virzjoert ugekënnegt Besteierung vun der Baulandspekulatioun muss déi nächst Regierung zum virgeschloenen Termin a Kraaft setzen.
Et gëtt geklot iwwer déi administrativ Iwwerbelaaschtung vun de mëttelstännege Betriber. Dës Kloen huele mer eescht. 'T muss een allerdéngs schon akzeptéieren datt an enger Wirtschaftswelt déi ëmmer méi komplizéiert an diversifizéiert gëtt déi politesch Decideuren och ëmmer méi Informatioune vun de Betriber brauchen: net fir alles gewuer ze ginn, mee fir genuch gewuer ze gi fir net alles falsch ze maachen. Trotzdem: jiddfereen - Beruffsvertrieder, Deputéierten, Betribscheffen - verlaangt déi administrativ Ofrëschtung am Mëttelstand. Da solle mer s'och maachen. Mäin Androck ass souwisou deen datt de Finanzminister a seng Verwaltunge besonnesch staark bei der normativ-regulativer Iwwerfettung an d'Gewiicht falen. Ech ginn zou mech mat däer Fro net genuch beschäftegt ze hunn. Am Finanzberäich kënnt eng Schlankheetskur: dat verspriechen ech ze maache wann ech nach eng Kéier d'Geleeënheet dozou sollt kréien.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Am Handwierk gëtt eng vun dräi Aarbechtsplaze geschaf. Ech hunn elo éinescht gesot, mir hätten Enn 2003 291.468 Leit an der aktiver Beschäftegung gehat, 43.207 méi wéi fënnef Joer virdrun. Dräi Méint méi spéit, am Mäerz 2004, waren et der schon 295.062, 3.594 méi, ronn 1.200 de Mount.
Wa mer eis nëmmen d'Zuel vun de Salariéën ukucken, da gesi mer datt si sech vum Mäerz 2003 op Mäerz 2004 ëm 5.273 vergréissert huet, eleng vum Februar 2004 op Mäerz 2004 ëm 1.563. Et gesäit een also: d'Zuel vun de Beschäftegungsverhältnisser klëmmt, am läschte Mount ass se souguer rasant geklommen. Wa se géif am Rescht vum Joer annähernd esou séier klammen, géife mer am Joer 2004 däitlech méi Aarbechtsplaze kreéiere wéi am Joer 2003. Mee 't ass ze fréi fir dat definitiv beuerteelen ze kënnen. Fest steht awer elo schon: et geet besser um Aarbechtsmaart. Dat weisen och déi rezensten Zuelen déi mer hunn: nodeems d'Aarbechtslosegkeet am Februar 2,2 Prozent zréckgaangen ass, fällt s'am Mäerz 2004 nach eng Kéier ëm 1,8 Prozent fir sech op 8.749 Leit ze belafen. Dat ass ee Chômage-Prozentsaz vu 4,3 Prozent, deen niddregsten an Europa, mee een dee fir Lëtzebuerg ze héich ass. E war schon am Mäerz 2003 mat 3,7 Prozent ze héich, ee Prozentsaz dee mer leider och schon an der leschter Legislaturperiod erreecht haten.
Mir mengen net - wéi dat virun e puer Woche vun enger europäescher Parteiefamill apostrophéiert gouf - datt 5 Prozent Chômage der Vollbeschäftegung géifen entspriechen. D'Vollbeschäftegung bleiwt eist Ziel: si läit an enger moderner Transformatiounsekonomie wéi eiser ënner 3 Prozent, net vill drënner well een déi friktionnel Aarbechtslosegkeet déi duerch déi noutwendig Upassungsprozesser entsteht net dauerhaft kann eliminéieren.
Elo géif ee mengen, vu eis expansiv Aarbechtsmaartsituatioun, mir missten ouni Problemer ënner 3 Prozent Chômage kommen. Vun deene 1.563 Aarbechtsplazen déi am leschte Mount bäikomm sinn, goufen der 1.038 vu Frontaliere besat, ronn zwee Drëttel. Dobäi kënnt datt 938 gemellten Aarbechtsplazen opstinn an net besat konnte ginn. Einfach, ze einfach ausgedréckt: de Chômage hätt kënnen am leschte Mount ëm 1.563 plus 938 ass 2.501 Unitéiten zréckgoen an op 6.411 Leit falen. Dat heescht op een Aarbechtslosen-Taux vun 3 Prozent. Nu sinn d'Leit an de Betriber an d'Leit um Aarbechtsmaart awer keng "Unitéiten". Si si Mënschen déi hiert eegent Liewen hunn, hir eegen Erwardungen, hir eege Biographien, Dreem an Hoffnungen. An dofir geet dat wat um Pabeier geet an der Wierklechkeet eben net. Theoretesch geet et. Praktesch net. Theoretesch gëtt a ganz Europa gesot: schaaft Aarbechtsplazen, da fällt de Chômage. Praktesch klëmmt zu Lëtzebuerg d'Zuel vun den Aarbechtsplazen, praktesch fällt awer zu Lëtzebuerg de Chômage net genuch. Fazit: d'Schach- an d'Räissbrieder si fir Figuren an Donnéeë gemaach, Mënschen awer passen net zu hinnen. Well se Mënschen, fräi Mënsche sinn. Well se Mënsche sinn a keng Figuren. A well se d'Donnéeën net selwer fixéieren mee se ganz dacks einfach virfannen, well se hinne virgesat goufen ouni datt s'Afloss op si konnten huelen.
Ee Beispill? Ee Beispill!
65 Prozent vun alle Leit ouni Aarbecht sinn Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen an zu Lëtzebuerg geschafft hunn. Déi meescht vun den Auslänner ouni Aarbecht si Portugiesen. 80 Prozent vun den aarbechtslose Portugiesen hu keng Qualifikatioun. Si kommen an d'Land fir eng bestëmmten Aarbecht unzehuelen déi hirem Profil entsprécht. Wa se déi verléieren - esou qualifizéiert s'och op däer Aarbechtsplaz waren -, da feelt hinnen d'Qualifikatioun fir eng aner qualifizéiert Aarbecht ze fannen. Dat huet mat eisem Schoulsystem näischt ze dinn. Well déi Leit waren net an eisem mee an engem anere Schoulsystem. Déi Aarbechtsplazen déi si net kënnen unhuele well hinnen d'Qualifikatioun feelt gëtt vun engem Frontalier besat. Net well Frontaliere prinzipiell besser forméiert wiere wéi d'Leit hei am Land, mee well et eleng vun der Zuel hir méi gutt forméiert Frontalieren an der Belsch, am Frankräich an an Däitschland gëtt déi am Chômage sinn. Si si bei sech doheem am Chômage well a Regioune wou de Chômage tëschent 10 a 15 Prozent läit vill Qualifizéierter am Chômage sinn, ganz einfach well net genuch qualifizéiert Aarbechtsplaze fir déi vill Qualifizéiert do sinn. Ëmgedréit: hei zu Lëtzebuerg si vill qualifizéiert Aarbechtsplazen awer net genuch qualifizéiert Aarbechtsloser, ënner anerem well der vill vun hinnen nëmme fir déi Aarbecht qualifizéiert ware wéinst däer s'an d'Land komm sinn.
Och ënner de Lëtzebuerger ouni Aarbecht gëtt et zevill Onqualifizéierter. Si haten eng Qualifikatioun fir déi Aarbecht déi se haten, si hunn der net genuch fir déi Aarbechtsplazen déi opginn. Contrairement zu deem wat mer mengen ass dat kee lëtzebuerger Sonderfall: esouguer an de Länner mat héijer Aarbechtslosegkeet bleiwen an de Regioune mat Netto-Kreatioun vun Aarbechtsplazen dës dacks onbesat well et op der Plaz net genuch Qualifizéierter gëtt. Am Ausland ass dee Problem vun der Inadäquatioun tëschent Offer an Demande regional, mee bei eis ass en direkt national.
Et ass evident wou d'Äntwert op dëse Problem vun der Inadäquatioun vun Offer an Demande läit. Si läit an der permanenter liewenslänglecher Weiderbildung.
Eis Leit musse weiderbeschäftegungsfäheg ginn. Mir mussen op d'Employabilitéit setzen, wéi mer d'Weiderbeschäftegungsfähegkeet um europäesche Beschäftegungs-Sommet 1997 zu Lëtzebuerg genannt hunn.
D'Weiderbildung vun den Aktiven war laang en doudegt Gleis zu Lëtzebuerg. Mee zanter dem Gesetz vum 22. Juni 1999 kënnt s'op Trapp. Am Joer 2000 hunn 117 Betriber mat 54.500, am Joer 2001 173 Betriber mat 65.139 an am Joer 2002 232 Betriber mat 70.524 Beschäftegten u Weiderbildungsmoossnahmen deelgeholl. Am Joer 2002 hunn domat 18 Prozent vun de Beschäftegte sech mat betriblecher a staatlecher Hëllef weiderbilde gelooss. Dat sinn der méi wéi an der EU-Moyenne, déi 13 Prozent ausmécht. 'T geet awer nach net duer. Et mussen der méi ginn déi esou hir Employabilitéit verbesseren. Dat neit Gesetz iwwer déi individuell Weiderbildung wäert d'Gesetz iwwer déi betriblech Weiderbildung utile kompletéieren. An de Joren 2000 bis 2003 huet de Staat - dee sech mat 10 Prozent um Käschtepunkt vun der betriblecher Weiderbildung bedeelegt - 66 Milliounen Euro fir d'Weiderbildung bäigesteiert, 2,6 Milliarde lëtzebuerger Frang, 660 Millioune Frang d'Joer.
Déi betriblech an individuell Weiderbildung musse weider wuessen. Si kaschten de Staat a si kaschten d'Betriber. Mee si sinn noutwendeg fir datt am Fall vun Aarbechtslosegkeet dës manner laang dauert well d'Leit fit si fir eng nei Aarbechtsplaz.
Mee domat ass et net gedoen. Eis Schoul muss méi breed opgemaach gi fir déi auslännesch Schüler, ënnert anerem doduerch datt de virgeschriwwene Sproocheregime dem ugestriewtene Beruffswonsch adaptéiert gëtt. Dat ass amgaang ze geschéien an éischt Resultater sinn do: dëst Joer ass d'Zuel vun den auslännesche Schüler déi an de klassesche Sekundarunterricht gi vu 14 op 21,3 Prozent eropgaang. Dës 21,3 Prozent hu méi Chancen um Aarbechtsmaart wa s'aus der Schoul kommen.
Aarbechtsmaart an Aarbechtsmaartverwaltung: Marché de l'emploi an Administration de l'emploi, dat ass ee Begrëffspuer dat matenee muss otmen. D'Arbeitsamt - wéi mer dës Verwaltung nach ëmmer nennen - ass de Machinist um Aarbechtsmaart. Dee Machinist gëtt ëmmer méi aktiv. Vun 120 Beamten Enn 1999 ass d'Aarbechtsmaartverwaltung op 153 Beamten am Joer 2004 opgestockt ginn. 43 vun hinne schaffen am Service Placement. 23 Placeuren déi 4.000 Chômeure pro Mount beroden, 2 Sozialassistenten déi hinnen hëllefen, 4 Psychologen an 2 Educateuren déi d'läscht Joer 2.033 Chômeure méi individuell betreit hunn d'läscht Joer, 7 extern Konsultanten déi aus dem Privatsecteur kommen an dat néidegt lokalt Betribswëssen hunn. D'Arbeitsamt ass keng passiv Verwaltung well si organiséiert eng helle Wull vun aktive Beschäftegungsmoossnahmen: eleng am Februar 2004 insgesamt 3.015 eenzel Moossnahme wéi Stagen an de Betriber, berufflech Reinsertiounsstagen, Formatiounen, Mises au travail. Aarbechtslosegkeet wëlle mer duerch Aarbecht bekämpfen. Dofir sollen déi déi keng Aarbecht hu beschäftegt ginn, employabel bleiwen, employabel ginn. All dës Moossnahme gi verstäerkt, grad ewéi de Service Placement am Laf vum Joer eng Rei vun zousätzleche Mataarbechter kréie wäerd.
Mee kee soll sech der flotter Illusioun higinn, déi administrativ Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet an eng verstäerkten öffentlech Aarbechtsplazvermëttlung géifen de Chômage an de Grëff kréien. Well Chômage a Vollbeschäftegung sinn net eleng d'Aufgab vum Staat. Si sinn och seng, selbstverständlech. Mee si sinn net seng eleng. Hei muss jiddferee mat upaken. De Chômage geet eis alleguer eppes un.
Déi Aarbechtslos selwer fir d'éischt. Si mussen alleguer wëllen employabel ginn. A wa si et sinn, musse se sech och employéiere loosse wëllen. Dat kann am Grenzfall och heeschen datt se eng manner gutt bezuelten Aarbecht unhuele musse wéi déi déi se virdrun haten: de Staat bezillt hinnen dann eng "Aide au Réemploi". Si mussen an alle Fäll sech och selwer ëm eng nei Aarbecht beméien: den Aarbechtsminister wäerd an Zukunft un all Aarbechtslosen dee selwer eng Aarbecht sicht a fënnt eng speziell Encouragementsprime ausbezuelen.
D'Betriber fir d'zweet. Si mussen déi bestehend aarbechtsmaartpolitesch Instrumenter notzen. D'PAN-Gesetz vun 1999 erlaabt et, Aarbechtszäitverkierzung anzeféiere wann déi sougeschafen Aarbechtsplaze vu Chômeure besat ginn. Wann d'Sozialpartner sech op esou eng Regelung am Kollektivvertrag verstännegen, da bezillt de Staat een Deel vun den ufalende Käschten. De Staat géif gäer bezuelen: e waart drop datt däer Kollektivverträg ofgeschloss ginn. E waart schon zënter 1999 do drop. A Verlängerung vun däer Idee huet den Aarbechtsminister een neit Instrument virgeschloen: de Staat ass och bereet ee groussen Deel vum Käschtepunkt deen duerch Aarbechtszäitverkierzung entsteht ze bezuele wann duerch d'Kierze vun der Aarbechtszäit betriblech bedéngten Entloossunge kënne verhënnert ginn. Ech fuerderen déi nach retizent Deeler vum Patronat op op dësem Punkt hir Verweigerungshaltung opzeginn. Mir bezuelen léiwer Leit déi an Aarbecht bleiwe wéi Leit déi aarbechtslos gi well net probéiert ginn ass s'an Aarbecht ze behalen.
Grad wéi ech och nach eng Kéier wëll derzou opruffen, déi duerch den Elterenurlaub vorübergehend vakant geloossen Aarbechtsplazen a Richtung Chômeuren opzemaachen. Ëmmer hi sinn 2.300 Fraen a 600 Männer am Congé parental. Si maachen Aarbechtsplazen op fir déi déi keng hunn. Net an alle Fäll, mee a ville Fäll.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
D'Gesellschaft insgesamt muss méi aarbechtsfrëndlech a méi kannerfrëndlech ginn. D'Beruffs- a Familljeliewe gehéiere méi no beieneen.
De Congé parental war ee richtege Schrëtt an dës Richtung an e gëtt massiv genotzt. Den Ausbau vun de Crèche-Plaze muss virugoe well hien erlaabt den Elteren an de Kanner et Beruff a Famill mateneen ze verbannen. Hei ass muenches geschitt: vum Januar 1999 bis Januar 2004 ass d'Zuel vun de konventionéierte Crèche-Plaze vun 876 op 1.338 eropgaang, ee Plus vun 53 Prozent. Am Moment si fënnef nei konventionéiert Crèchen amgaang gebaut an dräi neier amgaang geplangt ze ginn. Dësen Effort muss weider verstäerkt ginn, grad ewéi méi Betriber Betribscrèche sollen ariichten déi den Elteren et erlaben hir Kanner no bei hirer Aarbecht betreien ze loossen. Mir hunn der eréischt dräi, dat geet net duer. Och d'Ganzdagsservicer an der Schoul - d'Kantinnen an eng Plaz fir d'Kanner an der Schoul, virun an no der Schoul - hëllefe Beruff a Famill kombinéieren. 18 esou Projeteë sinn amgaang realiséiert ze ginn, 51 sinn der à l'étude. D'Ganzdagsschoul - déi fakultativ net déi obligatoresch - ass ee weidere Wee zu engem bessere Matenee vu Schoul, Beruff a Famill. Dat musse mer zesummen upaken.
Duerch d'Kombinatioun vu Schoul, Beruff a Famill entsteht lues a lues een Aarbechtsmaart op deem méi Leit kënne schaffen déi hei am Land wunnen, virun allem Fraen a Mammen.
Duerch d'Steigerung von der Employabilitéit kréie mer no an no d'Salariéën déi um Aarbechtsmaart net verluer si wa se hir Aarbecht verléieren.
Duerch dat resolut Zougoe vun de Sozialpartner op nei Aarbechtszäitmodeller - bei deenen d'Aarbechtszäitverkierzung no Verhandlung keen Tabu däerf bleiwen - behale mer méi Leit a Beschäftegung a kréie mer méi Leit an d'Beschäftegung zréck.
Duerch eng méi effizient Aarbechtsvermëttlung eleng kréie mer de Problem vum Chômage net an de Grëff. Mee se géif zur Léisung vum Problem bäidroen.
Neen, Vollbeschäftegung am moderne Sënn vum Wuert ass keng Illusioun. Mir kënne s'erreeche wa mer virun nei Aarbechtsplaze schafen, wa mer méi e staarke Wirtschaftswuestum fäerdeg bréngen a wann all Partner - Staat, Betriber, Sozialpartner, Chômeuren - engagéiert matmaachen.
Dobäi hu mer eng méi breed Aufgab. An dobäi däerfe mer ee Feeler net maachen.
Déi Aufgab déi mer hu besteet doran datt mer grouss Ustrengunge maache fir bis 2010 och hei zu Lëtzebuerg no beschtem Wëssen a Kënnen déi Lissabonner Reform-Agenda ëmzesetzen. Et ass eng Agenda fir méi Wuestum, méi Aarbecht, méi Kompetitivitéit, méi Chancennotzung. D'nächst Joer am Mäerz - an der lëtzebuergescher Présidence - gëtt se bilanzméisseg an hirer Konsistenz an an hirer Machbarkeet iwwerpréift. Eng Expertegrupp ënner dem Virsëtz vum fréieren hollännesche Premierminister Wim Kok bereed déi Hallefzäitbilanz um Wee an d'Joer 2010 vir. Ech si frou datt de Wim Kok bereet war, de Generaldirekter vun der SES, den Här Romain Bausch an dee Virbereedungsgrupp ze beruffen. Den Här Bausch kennt eppes vun der Ekonomie an och vun de Mënschen déi an hir schaffen.
Déi europäesch Bilanz, déi maache mer zu Bréissel. Ëmsetze musse mer déi Agenda hei zu Lëtzebuerg. Si besteet aus villen Deeler a si sprécht vill Beräicher vun eisem nationale Liewen un. Si ass ee Fahrplan fir Innovatioun a Kompetitivitéit. Innovatioun a Kompetitivitéit: si sollen net Angscht maachen, si sollen dem Land an de Mënschen dingen. Dofir schloe mer dem Land ee Pakt, ee Bündnis fir Innovatioun vir. Eng Regierung, esou gutt wéi s'och wier, kann dee Prozess net eleng steieren. Mir mussen en zesumme steieren: an der Chamber, an der Tripartite, am Wirtschafts- a Sozialrot, op anere Plazen.
De Feeler dee mer net beim Kampf géint de Chômage a bei der Ëmsetzung vun der europäescher Reform-Agenda däerfe maache lauert am Noäffen vu schlechten auslännesche Beispiller. Iwwerall gëtt probéiert de Chômage ze verdreiwen doduerch datt d'Aarbechtsrecht verdriwwe gëtt. Dat ass de falsche Wee.
De Chômage bekämpft een net doduerch datt een d'Aarbechtslosenentschiedegung kierzt. Et soll een deem s'ewech huelen deen net schaffe wëllt. Et soll een deem se loossen deen ee Moment keng Aarbecht huet an deen - well en employabel ass a wëllt ginn – erëm séier eng Aarbecht kritt.
De Chômage bekämpft een net doduerch datt een eist Aarbechtsrecht a Stécker räisst an d'Beschäftegungsverhältnisser prekariséiert. D'Leit déi schaffe musse flexibel sinn, jo. Awer si brauchen och Sëcherheet. Wa mäi Papp all sechs Méint hätt misste baangen ob säin Aarbechtsvertrag nach eng Kéier géif verlängert ginn, dann hätt en de finanzielle Risiko, säi Jong studéieren ze loossen net kënnen agoen. Mir wëlle keng Welt wou just déi déi alles hunn hire Kanner kënnen alles ginn. Déi einfach Rezepter si falsch. D'Wierklechkeet ass esou datt se no ville feinen Äntwerte freet, no Äntwerten an deenen hirem Wuertlaut jiddferee sech erëmerkennt.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Eis Gesamtopféierung, vun däer ech elo d'Deelstécker Wirtschaft an Aarbecht beliicht hunn, besteet och aus der Finanzpolitik. Si stung am Dezember 2002 beim Vote vum Budget an am Mee 2003 bei der Aussprooch iwwer d'Lag vum Land am Mëttelpunkt vun enger hefteger Debatte. Am Oktober/November 2002 huet et geheescht, d'Land wier a Rezessioun, de Budget géif d'Rad schloen, t'Finanze géifen entgleisen, mir wieren um Wee an den Defizit-Staat, den europäesche Musterschüler misst de Fanger gemaach kréien, de Klasseprimus géif um Enn vum Joer 2003 sëtze bleiwen.
Da loosse mer elo emol kucken, Enn Abrëll 2004, wou e souz, de Schüler, Enn 2003.
Ech kann iech soen: e souz gutt. En huet säin Examen gepackt. En huet en direkt gepackt. En huet net brauche beim Noper ofzeschreiwen an en huet och net brauchen op d'Geriicht ze goen: dat huet en net brauchen ze maachen, dat hätt en och net maache kënnen an et wier gutt wann och an der Schoul keen dat géif maachen.
Mir hunn am Joer 2003 sechs Milliarden 480 Milliounen Euro ausginn. Dat waren 136 Millioune méi wéi mer wëlles haten. Mir hunn 10 Millioune méi ausginn fir d'Formation continue, 10 Millioune méi fir de Congé parental, 16 Millioune méi fir d'Flegeversëcherung, 8 Millioune méi fir den Agrarfong - well d'Bauere hunn 2002/2003 vill investéiert -, 11 Millioune méi fir de Fonds du Rail a 50 Millioune méi fir de Beschäftegungsfonds, an esou virun.
Déi 136 Millioune konnte mer méi ausginn - fir Soziales a fir Wirtschaftleches - well mer sechs Milliarden 562 Milliounen Euro erakritt hunn, 212 Millioune méi wéi mer am Dezember 2002 virsiichteg errechent haten.
Ënner dem Strich schléisst domat de Budget 2003 mat engem Iwwerschoss vu 76 Milliounen Euro of, ronn 3 Milliarde lëtzebuerger Frang.
De Budget 2003 ass opgaange well de Budgetsminister d'Ausgaben am Grëff hat. En ass opgaange well grosso modo d'Steieren insgesamt richteg a virsiichteg ageschätzt gi waren. Mir hunn zwar manner Kierperschaftssteier a manner Taxe d'abonnement ageholl, mee dat war vun Ufank un net ganz auszeschléissen. Awer mir hunn trotz Steierreform - déi déi net géigefinanzéiert war wéi en anere gesot huet - méi Lounsteier, méi Verméigenssteier a méi TVA erakritt. Méi TVA wéinst dem unhalend staarke Konsum hei zu Lëtzebuerg, bedingt duerch d'Steierreform, bedingt duerch d'Lounofschlëss am Privatsekteur an déi kontinuierlech Lounpolitik am öffentleche Sekteur, bedingt duerch d'Rentenopbesserungen, bedingt och duerch AOL an anerer. Gutt Arrangementer a gutt Verhandlunge mat der Belsch hunn och eng zolidd Méi-Recette bei de gemeinsamen UEBL-Recette bruecht.
An anere Wierder: trotz der Wirtschaftskriis an Europa an dem Konjunkturofschwong zu Lëtzebuerg, trotz a grad wéinst den héijen Investissementer, trotz a grad wéinst der Steierreform - déi natiirlech net däerf zréckgeholl ginn -, trotz der Rentereform - déi natiirlech muss, grad ewéi d'Pensiounen och, laangfristeg wasserdicht gemaach ginn -, trotz a grad wéinst der Lounpolitik, trotz a grad wéinst de Verbesserunge beim Kannergeld an anere Sozialleeschtunge sinn all d'Budgetën opgaang déi dës Regierung abruecht an ausgefouert huet. Och a grad dee vum Joer 2003 dee mat deem fir d'Joer 2004 dee schwieregste war.
Doriwwer freeë mer eis. Well mir hunn eis finanziell net vertrëppelt. Mee mir triumphéieren net. Well d'Zäite bleiwe schwiereg. D'Finanzsituatioun bleiwt ugespaant. D'Problemer bleiwe grouss. Mir sinn net um Enn vun eiser Péng ukomm. Mir si matzendran. Mir hu kee Spillraum fir Extravagancen a Cadeauen. Net elo. Och net d'nächst an d'iwwernächst Joer. De Budget fir 2004 wiisst mat manner wéi 0,6 Prozent realer Progressioun ganz lues. Dee fir 2005 kann net vill méi séier wuessen. Dat wëll ech däitlech gesot hunn, wéi mäi Virgänger gesot hätt. Well Risike bleiwen an op déi musse mer kënne reagéieren.
Op déi Risike si mer gutt virbereed.
Déi lescht Regierung huet dëser Regierung 1,7 Milliarden Euro Finanzreserven hannerlooss. Dës Regierung hannerléisst däer nächster Regierung 3 Milliarden Euros Finanzreserven, 120 Milliarde lëtzebuerger Frang. Et ass gesot ginn, mir géifen d'Reserve plëmmen. Tatsaach ass: mir hu s'erhéicht.
Um Enn vun der leschter Legislaturperiod hate mer 700 Milliounen Euro Schold. Um Enn vun dëser Legislaturperiod hu mer der nëmme 400, dat heescht eng Schold vun 1,7 Prozent vun eisem Bruttoinland-Produkt. Déi aner EU-Länner hunn am Schnëtt 70 Prozent Schold.
Mir hunn d'Steiere reforméiert, vill Souen investéiert, d'Reserven augmentéiert an d'Scholde reduzéiert. Dat ass net alles. Mee 't ass alt dat.
Nu gëtt et eng national Präsentatioun vum Budget, eng déi Vergläicher mat fréier erlaabt. Déi gëtt et an all Land an déi hunn ech iech virdru ginn.
Et gëtt och eng europäesch Präsentatioun, eng Maastricht-Präsentatioun vum Budget, an déi ginn ech iech elo.
Wéi gëtt de Budget an den Defizit no der Maastricht-Methode, no de Regele vum Stabilitéitspakt gerechent? Et gëtt gekuckt wéivill Souen an engem Joer beim Staat, bei de Gemengen a bei der Sécurité sociale erakommen a wéivill Souen am selwechte Joer bei deenen dräi erausginn. Wann an engem Joer méi erausgeet wéi erakënnt, dann ass d'Differenz tëschent deenen zwee den Defizit vun deem Joer. Dës Rechemethode ass reformbedürfteg. Mee iwwerpréife mer emol wat dës Rechemethode no Maastrichter Art ergëtt wann ee s'op Ofschlosskonte vum lëtzebuerger Budget 2003 uwend. Dann ergëtt sech ee liichten Defizit dee keen ass, nämlech ee vun 0,1 Prozent vum PIB. Dat heescht: no der Maastrichter Stabilitéitsmethode ass eise Budget 2003 am Quasi-Equiliber, voire am Equiliber. Mir si wäit, ganz wäit vun deenen 3 Prozent Budgetsdefizit ewech déi Eenzelner eis viraussoen an dauernd ukënnegen.
Ech hu gesot de Stabilitéitspakt wier reformbedürfteg. Et gëtt dofir zwee Haaptgrënn.
Deen éischten: wann ee wéi mir déi budgetär Iwwerschëss déi ee realiséiert net direkt ausgëtt mee s'op d'Säit leet fir se kënnen a Joren an deene manner erakënnt wéi ee muss erausginn auszeginn, da ginn déi gespuerte Souen, da wa s'agesat ginn, als Defizit betruecht. An anere Wierder: déi Milliarden déi mer an de Reserven hunn, déi mer gespuert hunn, déi mer op d'Säit geluecht hunn, ginn zum Defizit wa mer mat hinnen Investitiounen tätegen déi mer aus wirtschaftleche Grënn an engem Joer musse maachen an deem mer net genuch Souen erakréie fir s'aus dem lafende Budget kënnen ze bezuelen. Dat verstéisst géint de gesonde Mënscheverstand an ass de Géigendeel vun enger konjonkturgerechter pluriannueller Finanzpolitik. Dat gesäit d'Kommissioun och, well si seet an hirer Beurteelung vun eisem leschte Stabilitéitsprogramm et misst ee bei der technescher Defizitberechnung der Tatsaach Rechnung droen datt et zu Lëtzebuerg héich Reserven an eng niddreg Staatsschold gëtt.
Deen zweeten Reformgrond: et mécht ëmmer manner Sënn, de Stabilitéitspakt zyklus-neutral z'applizéieren. Op d'Wirtschaft wiisst oder stagnéiert, de Pakt ass de Pakt, 3 Prozent sinn 3 Prozent, en Defizit ass en Defizit. Mir mengen datt dat falsch wier. Wann d'Wirtschaft stagnéiert mussen d'Euro-Staaten d'Méiglechkeet hu méi Defizit ze maache fir d'Konjunktur kënnen ze stäipen. Wann d'Wirtschaft awer boomt, da mussen d'steierlech Iwwerschëss exklusiv an de Scholden- an Defizitofbau fléissen. Wann de Wirtschaftszyklus gutt ass muss méi gespuert gi wéi de Pakt dat haut virgesäit. Wann den Zyklus schlecht ass, muss manner kënne gespuert gi wéi de Pakt dat haut erlaabt.
Dat ass d'Positioun vun der lëtzebuerger Regierung an hirem Finanzminister zanter laangem. Dës Positioun erklärt och eis Haltung am Defizitsträit tëschent der Kommissioun an eisen däitschen a franséische Frënn. Mat all deenen aneren europäesche Finanzministere mengen mer awer och dës Reform dierft net elo mee eréischt an eiser Présidence 2005 gemaach ginn. Net elo well esou eng Reform de Finanzmäert an den nationale Parlamenter falsch Signaler géif schécken. An eiser Présidence well gemengt gëtt mir kënnten an däer Fro - wéi och schon an der Vergaangenheet - kredibel a konstruktiv vermëttelen.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Wirtschaft, Finanzen, Aarbecht: op dësen dräi Bühne spillt eist lëtzebuerger Stéck. Mee dat Stéck ass kee Spill an déi dräi Bühne weisen net alles wat mer sinn, wat mer hunn a wat mer kënnen. Och ee klengt Land huet méi wéi Zuelen, Daten, Fakten. Et kann een d'Breed an d'Vielfalt vum lëtzebuerger Liewen an enger séierer an awer ze laanger Ried net ganz beschreiwen. Iwwert Villes wouriwwer ech net geschwat hu misst ee schwätze fir dem Land a senge Leit gerecht ze ginn.
Gären hätt ech emol eng Kéier iwwer déi vill Leit geschwat déi eng fräiwëlleg Aarbecht an eiser Gesellschaft leeschten an déi, wa mer se géifen professionaliséieren eis d'Aen aus dem Kapp géife kaschten. Sou géif zum Beispill de Remplacement vun deenen 2.150 Volontaire vun der Protection civile duerch professionell Mataarbechter eis op d'mannst 30 Milliounen d'Joer ze stoe kommen. Rechent emol déi Zomm zesummen déi géif zesummekomme wann déi fräiwëlleg vu Protection civile, Pompjeeën, aneren Hëllefsdéngschter, Jugend-, Sport- a Kulturveräiner duerch haaptamtlech Mataarbechter missten ersat ginn. Iwwer d'Problemer, d'Finanzproblemer, d'Recrutementsproblemer, d'Duerstellungsproblemer vum Benevolat misst ee schwätzen. Dat ass fir d'nächst Joer.
Ech hätt och misste méi am Detail iwwer d'Flüchtlingen, hir Problemer an eis Problemer mat Eenzelne vun hinne schwätzen. Mee dat hu mer schon e puermol heibanne gemaach an et geet ëmmer d'selwecht aus. Jiddferee weess et besser a kee weess et genau.
Gären hätt ech och iwwer d'Schoul geschwat, net nëmmen iwwer d'Beruffsausbildung an d'Weiderbildung. Mee et fënnt jo elo all Joer eng extra Chamber-Debatte iwwer d'Schoul statt. Nëmmen dat hei, och wann dat net dee wichtegste Schoulproblem ass: loosse mer d'Schoul aus de Geriichtssäll eraus. Do gehéiert se net hinn. D'Schoul soll hir Problemer, och hir Konflikter an der Schoul léisen. Dofir ass se do. A wa se net iwwer all Moyene verfügt fir mat sech selwer eens ze ginn, da musse mir hir déi ginn.
Gären hätt ech nach eng Kéier zréckgekuckt op dat wat eis déi läscht fënnef Joer frou gemaach huet: op den Trounwiessel zum Beispill dee gegléckt ass an deen d'Kontinuitéit vun eiser Geschicht ënnermolt. Oder op dat wat eis traureg gemaach huet: d'Geiselaffair vu Waasserbëlleg - meng schwéierste Stonnen zanter datt ech an der Regierung sinn -, de Luxair-Akzident, vill Affer am Verkéier. Mee dat hu mer jo alles zesummen erliewt a jiddferee vun eis huet seng Biller a seng Gedanken.
Et wier sëcherlech nëtzlech gewiescht mech am Eenzelnen mat e-Lëtzebuerg an e-Government ze beschäftegen, mat deene substantielle Fortschrëtter déi hei gemaach gi sinn a mat den Ursaache vun eenzelen Retarden. Ech ginn dem President eng Note déi weist datt mer besser si wéi periodesch gesot gëtt an déi dat wat nach ze maache bleiwt erkenne léisst.
Ganz gäre wier ech - an zwar ganz am Detail - op den integrative Verkéiers- a Landesentwécklungskonzept fir Lëtzebuerg agaang. Et brennt mer op der Zong an ënner den Neel fir zum IVL eege Gedanken ze formuléieren. Dat Zukunftsdokument huet et a sech an huet villes fir sech. Wéi soll eist Land wuessen a besser zesummewuessen, wéi soll et sech entwéckelen a wéi soll et seng Bewegungen organiséieren a seng Bewegung koordinéieren, wou a wéi solle mer schaffen, wunnen, fueren, eis ameséieren, ergo liewen, wéivill Zuch, wéivill Tram, wéivill Stroossen a wéivill Gemenge brauche mer: déi Froen, déi richteg a wichteg Froen zu eisem Land, senger Zukunft, senger Modernitéit a senger Durabilitéit si Froen déi an d'Muerch gi well si betreffen d'Réckgrad vum Grand-Duché. Dir hutt doriwwer d'lescht Woch eng Debatte gefouert an déi Debatte hat Niveau. Kompliment! Déi gestallte Froe kann een net vun uewen erof beäntwerten. Si mussen hir Äntwerten um Enn vun enger grousser nationaler Zukunftsdebatte fanne bei dee jiddfereen d'Wuert muss ergräifen. Déi déi regéiere solle net dat grousst Wuert féieren, si solle fir d'éischt emol d'Ouere grouss opmaachen, gutt nolauschteren an dann net eleng schwätze mee matschwätzen, mat de Leit schwätzen. Eppes steet fest: déi grouss Moderniséierungsdebatte ass noutwendeg. Si kënnt éischter ze spéit wéi ze fréi. Fir an hir ze bestoe brauch een Erfahrung, Gedold, Verständnis, Imaginatioun an zum Schluss Courage. Et gëtt déi gréissten Erausfuerderung déi Land a Politik an de leschte Jorzéngten ze bestoen hat. Ech sinn – wéi an anere Froen och – vun eppes iwwerzeecht: Mir packen dat. Mir mussen dat packe wéinst eis selwer. Mir mussen dat packe wéinst deenen déi no eis kommen.
Et komme wichteg Joren. D'Présidence d'nächst Joer: do gi mer eng lescht Kéier gemooss. D'Kulturjoer 2007: do musse mer weisen datt mer méi si wéi muencheree méngt. Den IVL: do musse mer beweisen datt mer mat eis selwer eens ginn.