Jean-Claude Juncker, Message à l'occasion de la Fête nationale 2009

Dir Dammen an Dir Hären,

Den Nationalfeierdag ass all Joer anescht. Kuerz virum Krich an an deene schlëmme Joren am Krich hu mer en a gedréckter Stëmmung gefeiert – mer hunn en éischter begaang wéi gefeiert. Well mer hu jo net däerfe feieren. Haut, 65 Joer no Krichsenn, kënne mer wéi esou laang schon – en erëm richteg feieren. Mir si fräi, mir sinn onofhängeg, mir liewen am Fridde mat eisen Noperen. Eis Demokratie – fir déi eis Elteren a Grousselteren hu musse kämpfen – funktionéiert gutt. Dat huet den Oflaf vun de Wahle vum leschte 7. Juni bewisen. D'Lëtzebuerger hu kloer gesot wie regéiere soll. Déi déi d'Regierung bilde wëssen datt s'an der Flicht stinn hiert Bescht ze gi fir Land a Leit. Déi déi d'Wahlen net gewonn hunn, mee déi awer vum Vertraue vu ville Leit gedroe sinn, wëssen datt si eng bedeitend Missioun am Staat z'erfëllen hunn. Souwisou: déi wichteg Saachen déi mer hei am Land ze maachen hunn, déi brénge mer nëmme mateneen an net géintenee fäerdeg.

Jiddweree gëtt gebraucht.

Besonnesch am Moment. Mir stiechen – wéi déi aner Länner a Kontinenter och – an enger déiwer Finanz- a Wirtschaftskris. D'Kris ass nach net eriwwer. A wa se bis eriwwer ass, da wäerte mer eis nach laang Jore mat hire Konsequenzen auserneesetze mussen. Mir mussen eiser Wirtschaft een neien Driff gi fir dat s'erëm wuesse kann. Mee si wäert esou bal nach net esou séier wuesse wéi an der Lescht. Mir mussen – an der Kris an no der Kris – op de sozialen Zesummenhalt oppassen. Et ass net einfach fir d'Kohesioun ze stäerken. Mee noutwendeg ass et.

Et komme grouss Ustrengungen op eis zou, Erausfuerderungen déi eng Regierung aleng net meeschtere kann. Den Nationalfeierdag ass ee gudde Moment fir un d'Verantwortung vu jiddwerengem fir dat Ganzt z'appelléiere wat mer haut feieren.

Mir feieren eisen Nationalfeierdag net wéi fanatesch Hurra-Patrioten. Mir feieren e roueg, vläicht och méi nodenklech wéi soss, mat eisem Grand-Duc. Hie steet un der Spëtzt vum Staat, Hie representéiert eis no baussen a soll eis no bannen eenen.

Que tous ceux qui vivent chez nous et qui viennent de plus loin, que tous ceux qui me regardent au-delà de nos frontières sachent qu'ensemble nous formons une large communauté d'ambitions communes au service desquelles nous devons œuvrer de concert.

Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc!

Vive d’Grande-Duchesse!

Vive d'groussherzoglech Famill!

Vive eist Land!