Dernière modification le
Françoise Hetto-Gaasch, Discours à l'occasion de la présentation du film de promotion du Grand-Duché de Luxembourg, Luxembourg
Léif Kollegen aus der Regierung, aus der Chamber,
Léif Invitéën alleguer,
Här Neunreither.
Ech sinn natierlech ganz frou haut den Owend hei, a menger Fonctioun als Tourismusministesch bei der Presentatioun vun deem fuschneie Promotiounsfilm iwwer Lëtzebuerg dobäi ze sinn, e Projet deen iwweregens an der virechter Regierung op de Wee geschéckt ginn ass. Ech weess, datt vun Ufank un den Tourismus ganz enk mat agebonne war an dat ass och gutt esou.
Ech mengen, Dir gitt mir alleguer heibanne Recht, wann ech soen, datt den Tourismus dee ganz wichtege Facteur an der Ekonomie ass dee muss mat agebaut ginn, an deen och nach, a virun allem weider soll ausgebaut ginn.
Dofir sinn ech esou frou, datt mir vum Tourismus direkt mat 2 Modulen hei dobäi sinn. An zwar hu mir ee Modul, dee Lëtzebuerg a senger Gesamtheet weist, mat där ganzer Diversitéit déi et z'offréieren huet, an awer och en zweete Modul, wou een am Fong geholl Lëtzebuerg als Kongressdestinatioun wëll duerstellen.
D'Haapt-Iddi vun deem Ganze war, fir am Fong geholl Lëtzebuerg als e Ganzt dobausse visibel ze maachen, mat all senge Facetten déi et huet. Ech mengen, Dir wësst, wann Dir am Ausland mat de Leit schwätzt, si kenne Lëtzebuerg haaptsächlech als Finanzplaz an dovunner wollte mir am Fong e bëssen ewech kommen a weisen, datt mir och nach Aneres ze bidden hunn.
Dir wäert herno gesinn, wann Dir de Film gesitt, datt déi Facetten alleguer ganz gutt vum Spectateur z'erkenne sinn, déi eenzel, awer och virun allem wéi se aneneen iwwergräifen, vernetzt sinn, fir am Fong geholl esou ee Ganzt duerzestellen.
Dat Ganzt passt awer och ganz gutt an déi nei Vermaartungsstrategie vum Tourismusministère. Mir wäerten och den nächste Méindeg eis nei Brochurë virstellen, wou et eis och drëms geet Lëtzebuerg als global Destinatioun duerzestellen. An do kënne mir deen heite Promotiounsfilm natierlech ganz gutt gebrauchen, wa mir op d'Foirë ginn, op Roadshowen oder fir mat eisen Agencen am Ausland zesummen ze schaffen.
Ech freeë mech op alle Fall fir herno mat Iech dee Film zesummen ze kucken. Ech géif e grousst Kompliment maachen un den Här Neunreither, an ech wënschen eis alleguer vu ganzem Häerzen, datt mir ganz schrecklech ville Leit am Ausland Loscht op Lëtzebuerg maachen. Ech mengen, dat ass dat wat mir eis alleguer wënschen.
Dat wier et gewiescht fir mäin Deel, ech soen Iech Merci fir d'Nolauschteren.