Dernière modification le
Jeannot Krecké, Discours à l'occasion de la présentation du film de promotion du Grand-Duché de Luxembourg, Luxembourg
Léif Frënn.
Ech si frou, datt ech esou vill Leit hei gesinn a ganz besonnesch sinn ech och frou, datt ech e puer Leit gesinn déi an der Promotioun och alt emol matgemaach hunn. Fir déi eng ass et e puer Joer hir, fir déi aner ass et scho Joerzéngten hir: de Jacques Santer, deen doudsécher eng ganz Rei Mériten hat; ech gesinn de Fernand Boden; ech gesinn de Robert Goebbels an och de Paul Helminger war emol aktiv an deem Beräich.
Jo, Jongen, et huet Munches geännert, säit Dir Promotioun gemaach hutt. An ech kann dat och bei mir soen. 2004, déi Promotioun déi mir gemaach hunn, déi Aart a Weis déi mir hate fir Promotioun ze maachen, huet och missen evoluéieren. D'Welt ännert eben, an Dir wäert mierken, datt an der Promotioun och villes geännert huet. Heiansdo maache mir et vläicht méi schnell. Bei där leschter Plakat déi Luxembourg for Business wollt eraus gi ware mir e bëssen ze vill forsch, well mir a Frankräich wollten eng Plakat eraus gi mat „Bienvenu au paradis“. Do waren eng Rei Leit net frou driwwer a mir hu se zréck gezunn. Et war vläicht un peu osé.
Mä heiansdo geet d'Promotioun ze schnell, heiansdo gi mir ze lues.
D'Promotioun wéi mir se nach virun enger gewëssener Zäit gemaach hunn, och déi ech nach kannt hunn, war datt mir Seminairë gemaach hunn. Ëmmer vill ze vill laang geschwat. Datt mir haaptsächlech emol geschwat hunn a vläicht emol Power Point gewisen hunn; datt mir Réceptioune gemaach hunn an net ausgenotzt hunn, datt mir d'Leit iwwerhaapt do hate fir Loscht op Lëtzebuerg u sech ze maachen. Dofir war et Zäit ginn, datt mir nogeduecht hunn iwwer aner Weeër an der Promotioun.
Ech muss Iech éierlech soen, ech hunn emol missen hausintern e bëssen Aarbecht bei mir maachen. Mir haten esou vill Zorte Brochuren a Logoë wéi Dir wollt hunn – an engem Ministère. A wann ech d'Filmer hätt wëllen dréine loossen, dann hätt och jiddwereen an all Sektioun säin eegene Film gedréint, an et hätt keen erkannt, datt et aus deem eegenen Haus, aus engem Haus kéim.
Dofir huet villes missen änneren, an déi zwou Agencen déi mir elo hunn Luxembourg for Finance a Luxembourg for Business hu sech iwwer eng ganz Rei Saachen och geeenegt. A wa mir haut den Owend dee Film, an déi Filmer, et sinn der 10 am ganzen, ee besonnesch, hei kënne kucken, dann ass et, fir datt eng Kéier emol erëm zu Lëtzebuerg fäerdeg bruecht ginn ass zesummen ze schaffen.
Dir hutt et héieren, all déi Partner déi heirunner bedeelegt sinn, sinn all déi déi iergendwéi no bausse Lëtzebuerg duerstellen, bis erof bei d'Vertrieder vun de Gemengen Esch an Diddeleng.
Mir hunn eis erëmfonnt an engem Conseil consultatif, deen och seng Aarbecht 2, 3 mol am Jor mécht, wou e probéiert sech ofzeschwätzen. Jiddweree behält seng Identitéit, mä mir schwätzen eis of wat mir maachen. Do fanne sech all déi Partner erëm an et ass am Fong geholl do wou et och e bësse gewues ginn ass.
Jo, mir hate scho Saachen : d'Chambre de commerce hat Filmer, de Mediaport vum Service des médias huet bestanen. Ech koum awer eng Kéier vun enger Rees erëm wou ech schrecklech frustréiert war, well ech net zefridde war, wat mir gemaach haten. Ech hunn dem Jungs Mil ugeruff, ech sot, lauschter, et geet elo duer, ech hätt elo gären e Film, an dee Film muss an der Durée verschidde sinn, eng kuerz, eng laang Versioun emol; ech hätt gären e Film dee verschidde Secteuren duerstellt oder Lëtzebuerg allgemeng; a virun allem hätt ech gären eppes Sprëtzeges.
Et war gutt, datt de Service information et presse, datt dem Jungs Mil seng Équipe dat och an d'Hand geholl huet. Net ee Ministère huet hei gedriwwen, mä dee Service deen dofir do ass huet déi Koordinatioun gemaach. A virun der Dier steet jo och Shanghai, Shanghai wou mir eis wëllen duerstellen.
Dat Wichtegst ass, datt ee seet, ah tiens, hei sinn 3 Duerstellunge vu Lëtzebuerg an et mierkt een, si kommen aus deem selwechte Land. Dat ass den Zweck e bëssen heivunner. Mir wëllen och hei net informativ sinn, dofir gëtt et aner Mëttelen. Mir hunn alleguerten Informatiounsmaterial, Brochuren. Wann ee sech wierklech fir eis interesséiert, kritt en dat, iwwer Internet, op CD, op Pabeier, wéi en et wëll. Dat hei ass eppes anescht. Hei géinge mir gären eng Atmosphär weisen, hei géinge mir gäre weise wat fir eng Impressioun ee vu Lëtzebuerg kann hunn.
Ma vergiesst eppes net, mir mengen ëmmer, mir wiere schrecklech bekannt. Mir sinn entweder iwwerhaapt net bekannt oder als Karikatur eng Strooss, e puer Banken, dat ass alles, eng Stad, emol kee Land. D'Wëssen iwwer Lëtzebuerg ass schrecklech kleng an da solle mir net soen, déi Aner déi wieren onwëssend. Wat wësse mir dann iwwer den Nebraska? Wat wësse mir iwwer aner Länner? Och net vill. Och ëmmer nëmmen e puer iwwerflächlech Saachen.
Wat mir hei probéieren ze maachen ass eng gewëssen Impressioun ze hannerloossen, Virwëtz ze sucitéieren. Mir hätte gären, datt Interessi geweckt gëtt, an datt et Spuren hannerléisst. Ech weess, wann ee seet, Spuren hannerloossen, da muss een oppassen, datt déi Spuren net ze déif ginn. Dofir ass dat hei e Wierk, a Wierker déi un peu plus osé sinn. Déi sinn och anescht wéi dat wat mir elo haten an dat wollte mir. Mir wëlle sensibiliséieren, net informéieren, dofir hu mir aner Saachen. Mir wëlle weisen, datt et e Ganzt ass, Lëtzebuerg, och wann den Tourismus eppes fir sech wëll maachen, och wann et heescht fir d'Servicer eppes maachen, och wann et heescht de lëtzebuerger Wäin do baussen duerzestellen.
Mir hätte gär eppes Flexibeles, wou do wou ee geet ee seet, hei bräicht ech esou e Film. Do hunn ech mat Fachleit ze dinn, do geet deen do Film duer. Mir probéieren also dat Ganzt esou ze hale wéi och eist Land ass, ganz diversifiéiert. Mä mir wëllen awer, datt ee mierkt, datt et Lëtzebuerg ass, an datt et muer net austauschbar ass, weder géint Frankräich, nach géint d'Belsch, nach géint de Montenegro, nach géint soss e Land wat Dir op Euronews gesitt.
Hei, wann Dir et fir d'Zweet gesitt, sollt Dir wierklech mengen, tiens dat do ass wahrscheinlech Lëtzebuerg, well déi haten e ganz besonnesche Film. Ech hoffen, datt et eis gelongen ass, an dee Mann deen dat realiséiert huet, wäert Iech och elo explizéiere wéi hie sech dat geduecht huet, well et ass säi Wierk. Et war wuel d'Iddi vun e puer Stéck, mä et ass säi Wierk.
Ech soen Iech Merci.