Dernière modification le
Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker sur sa participation à la réunion du gouvernement allemand
RTL: Den aktuelle Premier Jean-Claude Juncker war de leschte Freiden den Owend zu Hardenberg a Brandenburg op den däitsche Ministerrot invitéiert, de Staatsminister hu mer lo en ligne, gudde Moien Häer Juncker.
Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.
RTL: Et ass fir mat Ärem Vocabulaire ze schwätzen en erstaunleche Virgang gewiescht an e frieme Ministerrot invitéiert ze ginn, Dir hutt e Freiden de Minister gesot d’Aneneegräife vun europäesche Politike wäer d’Begrënnung dofir. Deen europäesche Bléck vu baussen deen Der do sollt op d’Diskussioune geheien, wéi beuerteelt deen dann d’Décisioun déi drëtt Etapp vun der Steierreform virzezéien?
Jean-Claude Juncker: Dat wat an Däitschland geschitt, ass net neutral fir de Rescht vun Europa. Mir sinn an der Situatioun, dass déi däitsch Wirtschaft an totaler Pann ass. Dass am drëtte Joer hannerteneen Stagnatioun am däitsche Wirtschaftsraum festzestellen ass, doraus ergëtt sech, dass och de Wuesstum zu Lëtzebuerg ganz staark mat lädéiert ass, duerch déi Conterperformance vun der däitscher Wirtschaft, insofern kënnt et drop un, dass déi aner Europäer, eben och d’Lëtzebuerger, däitlech maachen, dass Däitschland eng wirtschaftlech Verantwortung fir sech selwer dréit, mä awer och fir de gesamten Euroraum, dat hunn ech de Freideg den Owend däitlech gemaach an aus deem Virzéie vun der sougenannter drëtter Etapp vun der Steierreform, also der soforteger Entlaaschtung vun den däitsche Steierzueler ëm 18 Milliarden Euro am Joer 2004, ergëtt sech d’Méiglechkeet, dass déi däitsch Wirtschaft sech aus dem Konjunkturlach erausbefreit an da bilde sech nei Wuesstumsméiglechkeeten fir d’Wirtschaft am gesamten Euroraum an och a Lëtzebuerg, déi mer jo ganz staark Handelsrelatioune mat Däitschland hunn. Ech begréissen also dat Virzéie vun deeër Steierreform, dat bréngt wuesstumsstäerkend Kräften an den däitschen an an den europäesche Wirtschaftsraum eran.
RTL: Wann Dir och fir déi Steierreform an Däitschland sitt, bréngt dat net awer fir Äre Finanzmininster-Homolog Hans Eichel net nach méi Problemer mat sech, well nach méi grouss Lächer am Staatsbudget dann entstinn?
Jean-Claude Juncker: Et muss een zwou Saache gesinn an Däitschland gëtt lo déi Steierreform virgezunn, dat halen ech fir unabdingbar noutwendeg fir nei wuesstumsbeliewend Energieë fräizemaachen an Däitschland a wéi gesot och an Europa an ausserdem ënnerhëlt déi däitsch Regierung eng Rei vu substantielle sougenannte Strukturreformen am Beräich vun der Santé, am Beräich vum Rentewiesen, am Beräich vun der Aarbechtsmaartpolitik, et ass nëmmen aus der Kombinatioun vun deene mëttelfristeg ugeluechte Strukturreformen a vun deene kuerzfristeg an d’däitsch Wirtschaft eragespullten zousätzlech Kafkraaftméiglechkeeten, déi zu méi Konsum féieren, wou déi gesamt däitsch Politik verständlech gëtt. Vertraue schafe mëttelfristeg, dass Wirtschaftswuesstum wann et erëmkënnt dauerhaft unhält an dann eben eng kuerzfristeg Aktioun op der Konjunktur. Dat bréngt natierlech erhiewlech Finanzéierungsproblemer fir Däitschland mat, well se d’Investitiounen net weider kënne kierzen, dat däerfen se och net, dat wier schlecht fir si, dat wier schlecht fir eis, dofir muss et bei 23 Milliarden Euro Investitiounen am dätschen Haushalt bleiwen, lo musse weider Aspuerungsméiglechkeete geholl ginn, kuerzfristeg haaptsächlech am Beräich vum Subventiounsofbau, méiglecherweis och an dem Realiséiere vun enger Rei vu Privatiséierungsgewënner, ausserdeem muss den däitsche Budget ganz enk gehale gi bei senge Konsumausgaben, dat muss den däitsche Finanzminister leeschten, dat ass eng Herkulesaufgab.
RTL: Déi däitsch Chrëschtdemokrate sinn éischten Nouvellen no net sou begeeschtert iwwert déi Steierreform, hat Dir dann am Hibléck op déi Reunioun mat der rout-grénger Regierung Gespréicher mat Ären däitsche chrëschtlech-sozialen a chrëschtdemokratesche Kollegen Edmund Stoiber an Angela Merkel fir Iech eventuell ofzeschwätzen?
Jean-Claude Juncker: Ech si Staatsminister zu Lëtzebuerg an an deeër Qualitéit sinn ech vum Bundeskanzler an d’Sitzung vum Bundeskabinett geruff ginn. Ech kann net op e puer Tableaue molen an op e puer Pianoe spillen, ech sinn zoustänneg fir d’Relatiounen zur däitscher Regierung, dorop hunn ech mech konzentréiert. Ech sinn ugesprach gi vun de Kollege vun der CDU, mä ech sinn net do fir aus der Sitzung vum Bundeskabinett a Richtung CDU Informatioune weiderzereechen.
RTL: Eng lescht Fro dann, déi net iwwert dee Volet geet, mä eben ëm déi eventuel EU-Presidentschaft déi da fir Iech am Raum steet.
Gëschter Owend war wéi gesot den Éirestaatsminister Gaston Thorn den Invité bei de Kollege vun der Tëlee, heen ass net vun der Idee begeeschtert, dass Dir Premier géift bleiwen an anerersäits och EU-President ginn.
Är Reaktioun dorobber Häer Juncker?
Jean-Claude Juncker: Fir a menger Sprooch ze bleiwen, et ass een ongewéinleche Virgang, dass gesot gëtt, dass ee Kandidat ass fir e Posten deen et net gëtt an deen et wahrscheinlech net wäert ginn. Ech sinn net Kandidat fir en europäesche Posten, scho guer net fir een dee mech géif obligéieren d’lëtzebuerger Politik ze verloossen, ech géif gäeren hei bleiwen wann d’Leit dat wëllen, wann net ass dat eng aner Saach. Et sinn déi 3 Benelux-Regierunge plus 7, 8 aner Regierungen déi der Meenung sinn, et misst een, wann een deen Europapresident mécht, ee kënnen huelen deen och en aktive Premier wier, well et net gutt wier an do waren déi kleng Länner ëmmer dogéint, dass een deene grousse Länner d’Méiglechkeet géif ginn indirekt iwwert d’Wahl extern, ausserhalb vum europäesche Rot, en Europapresident ze bestellen, deen haapsächlech mat hinnen intergouvernemental géif zesummeschaffen ouni an deem kommunautäre Spill richteg mat dran ze sinn, dat ass een nëmme wann ee Regierungschef a sengem eegene Land ass.
Ech hunn e Freideg gesot sou eppës géif souwisou nëmmen a Fro kommen, wann dee ganze System géif ëmgedréint ginn. Et ass jo net méiglech, dass ee lëtzebuerger Premier wier a gläichzäiteg Europapresident wier an dann all zwee Méint a 25 Länner géif reesen. Dat misst sech sou änneren, dass déi Aner géife bei dee reesen dee President wier. Nëmmen déi Fro stellt sech net, well dat wat lo virgesinn ass am Konvent ass, dass ee keen nationalt Mandat kann hu fir Europapresident ze ginn. Insofern sinn dat alles Froen déi sech net stellen.
Ech hätt gäeren, dass d’Leit zréckbehalen aus deeër ganzer Diskussioun, dass ech wëll Staatsmininster zu Lëtzebuerg bleiwen, dass ech dofir kämpfen, dass ech gäer hätt, dass meng Partei déi nächste Wahle gewënnt, fir dass een eng Aarbecht déi een hei Heem ugefaang huet ka viruféieren, déi huet europäesch Dimensiounen, dat ass jo ganz evident, wéi och d’Invitatioun de leschte Freideg am Bundeskabinett weist, mä d’Haaptaktivitéit an d’Haaptkonzentratioun ass eng lëtzebuergesch a ka keng europäesch sinn. Ech géif gäeren hei bleiwen.
RTL: Villmols Merci fir déi Aussoen a fir dat Gespréich Häer Juncker.