Dernière modification le
Jean-Claude Juncker au sujet de la ratification du traité de Lisbonne par la Chambre des députés
Jean-Claude Juncker: E Referendum ass ëmmer eng besonnesch Form vu politescher Explikatioun, wéi mir nach aus eiser Referendumserfahrung vum Juli 2005 wëssen, well do mëscht sech Innepolitik mat Europapolitik, europäesch Iwwerzeegung mat innepolitesche Bedenken, Roserei iwwer eng Regierung, mat Zoustëmmung zu engem Projet, an dofir ass dat ëmmer ganz schwéier, vum Ausgank hier, vu vir era festzeleeën. Ech hoffen, datt d’Ire "Jo" soen, mä ech géif net vum Stull falen, wa si géifen "Nee" soen. Dat hu si schonn zwee mol gemaach.
Fränk Goetz: Kréie si dann nach eng zweet Chance, wa se och dës Kéier géifen "Nee" soen, wéi dat bei Nice de Fall jo war?
Jean-Claude Juncker: Ech weess net, wéi d’Europäesch Unioun op een eventuellen negative Referendum an Irland géif réagéieren. Wahrscheinlech ass et esou, datt déi aner soen, si géifen awer gären dee Vertrag a Kraaft setzen, da musse mir probéiere mat den Iren een Auskommes ze fannen. Dat wäert awer net einfach ginn.
Fränk Goetz: Fannt Dir et iwwerhaapt richteg, datt hei ee Land kann esou ee wichtege Schrëtt blockéieren?
Jean-Claude Juncker: Nu stellt Iech emol vir, just Lëtzebuerg hätt ee Referendum gemaach, da géif ech jo net soen, dat wier net wichteg, also soen ech och net am iresche Fall, dat wier net wichteg. Ech fanne souwisou déi Opgereegtheet vun der politescher Klass an Europa e bësse bedenklech. Well ee richtegen Demokrat ass ee jo haut nëmmen, wann een d’Vollek net em seng Meenung freet. Et gëtt ëmmer gesot, et dierfe keng Referende stattfannen, well d’Leit sinn net gutt genuch a Form fir ze bekäppen, wourëms et do geet. Ech fannen dat eng komesch Aart a Weis, fir mat den europäesche Wieler, a Bierger emzesprangen. Mir haten ee Referendum hei am Land, mir hunn e gewonnen, an ech kann dofir net op déi schéissen, déi ee maachen. Ech halen dat fir eng demokratesch Übung, déi eigentlech gutt ass.
Fränk Goetz: An awer ass et jo e grousse Pilier vun deem neie Vertrag, datt an Zukunft esou Wiele mat grousser Majoritéit solle geholl ginn, datt eben d’Vetoë quasi méi onméiglech ginn, wéi bis elo?
Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass eng Fro, déi mat der Effizienz vun der Entscheedungsfindung an Europa ze dinn huet. Mir kënnen net zu 27 viru fueren, a ville Beräicher, datt et duer geet, datt een "Nee" seet, fir datt mir net vun der Plaz kommen. An dofir kënnt et zu enger Auswäitung vun deene Beräicher, wou mat qualifizéierter Majoritéit kann ofgestëmmt ginn. An dat ass gutt, fir datt et méi séier an Europa geet, a fir datt mir besser vun der Plaz kommen.
Dat gëtt allerdéngs contre-balancéiert duerch eng Rei vun - ech soen net gäre Bremsen - mä vun Temperamenter beispillsweis, datt et a bestëmmte Beräicher bei der Unanimitéit bleift. Steieren, zum Beispill, ass fir Lëtzebuerg wichteg, datt d’national Parlamenter kënnen drop oppassen, ob de Prinzip vun der Subsidiaritéit agehale gëtt. Dat heescht, ob et net besser wier, d’Europäesch Unioun géif sech zréck halen, an d’Nationalstaate géifen alleng handelen. Dat si wichteg, jo, Begleetinstrumenter vun där Auswäitung vun der qualifizéierter Majoritéit, a vun dem Matentscheede vum Europäesche Parlament, wat awer per se een demokratesche Fortschrëtt duerstellt.
Fränk Goetz: D’Géigner an Irland soen, datt deen neie Vertrag op Käschte vun der nationaler Souverainitéit geet. Wat sot Dir dann dozou?
Jean-Claude Juncker: Dozou soen ech Jo an Neen. Et ass normal, wann een zu 27 ee Vertrag mécht, an der Europäescher Unioun, a fir d’Europäesch Unioun op en neien Orbit ze bréngen, datt een do Souverainitéitsoftriedunge muss maachen: Iwwerall do, wou ee mat qualifizéierter Majoritéit décidéiert kann ee sech, gëtt een iwwerstëmmt, net duerchsetzen.
Mä insgesamt, an ënnert dem Stréch, doduerch, datt den europäesche Kontinent viru kënnt, doduerch, datt mir méi séier a méi gutt, an och méi demokratesch, kënnen décidéieren, ass dat awer insgesamt betruecht, an zréck gefouert op all eenzel Nation, ee Souverainitéitsgewënn. Well a Froe vun Asyl, vun Immigratioun, vu Klimaschutz, vun Energie maache mir alleng net vill. Och déi Grouss an Europa maachen näischt, déi Däitsch, déi Franséisch, d’Englänner sinn näischt wäert, international, wa si net zu de führenden, bestëmmende Faktoren an der Europäescher Unioun géife gehéieren. Si wëssen dat och, si ginn et just net zou.
Fränk Goetz: Een däitschen CSU-Deputéierten huet elo eng Klo, esouguer beim Bundesverfassungsgeriicht, ageleet, well hie seet, d’Deputéiert géifen hei entmuecht gi mat deem neie Vertrag. Dat kléngt awer zimlech krass.
Jean-Claude Juncker: Neen, wann een nationalt Parlament engem Vertrag zoustëmmt, ass et averstanen domat, datt eng Rei vu Kompetenzen aus der exklusiver nationaler Kompetenzuerdnung entlooss ginn, an iwwerwiesselen an déi europäesch Kompetenzkategorien. Insofern kann Europa nëmmen dat maachen, wat d’Nationalparlamenter Europa erlaben ze maachen. An dofir mengen ech net, datt déi Prozeduren, déi do an Däitschland ugestrengt ginn, vun Erfolleg wäerte gekréint sinn.
Fränk Goetz: Dat heescht, déi national Parlamenter ginn au contraire och gestäerkt, mat dem neie Vertrag?
Jean-Claude Juncker: D’national Parlamenter ginn an dësem Vertrag extrem gestäerkt, domat ware vill Leit iwweregens net d’accord, wéi mir domat ugefaangen hunn. An et ass esou, datt sech ee Parlament, een nationalt Parlament, wann d’Kommissioun eng Propositioun mécht, virun allem am gesetzesgebende Beräich, datt dat Parlament kann iwwerpréiwen, ob Europa dat iwwerhaapt dierf oder net dierf, ob et net besser wier, datt den Nationalstaat, dat heescht dat nationalt Parlament, alleng doriwwer géif befannen. A wann eng genügend grouss Zuel vun nationale Parlamenter sech géint eng Initiative vun der Kommissioun wiert, muss d’Kommissioun déi iwwerpréiwen. Dat halen ech fir eng, jo, een Ajout zur parlamentarescher Dimensioun vun der europäescher Demokratie.
Mir hunn d’Europaparlament, dat ass gläichberechtegt mam Ministerrot, a mir hunn d’nationalt Parlament, dat seng national Regierung kontrolléiert. Aus deem duebele parlamentareschen Afloss ergëtt sech dee Stoff, aus deem zukënfteg demokratesch Décisiounen an Europa gemaach ginn.
Dofir ass et iwweregens wichteg, ganz genee drop opzepassen, wat fir Parteien een an eng national Regierung wielt. Well déi décidéieren, wat zu Bréissel geschitt, net d’Kommissioun. Et ass de Ministerrot, de Conseil européen, deen décidéiert dat. Jiddwerfalls ass et wichteg, wat fir Parteien datt een an d’Europäescht Parlament schéckt. Entweder huet een eng - jo, och am Sozialen - fortschrëttlech orientéiert politesch Mëtt am Europäesche Parlament, an um Niveau vun den europäesche Regierungen, oder et huet een den Duerchmarsch vun deenen, déi haut mat engem improperen Term "déi Neo-Liberal" genannt ginn. Ech sinn net fir déi zweet.
Fränk Goetz: A propos, d’Unhänger vum Vertrag soe jo, et wier e soziale Fortschrëtt. Wat gëtt méi sozial mat deem neie Vertrag?
Jean-Claude Juncker: Also, ech hunn ni dru gegleeft, datt an engem Vertrag steet, wat fir eng Sozialpolitik, datt ee kritt. An deem neie Vertrag steet, och wéi et am Verfassungsvertrag schonn dra stoung, datt Europa sech de Prinzipië vun der sozialer Marktwirtschaft obligéiert spiert. Mä nach ass et esou, datt déi Regierungen, déi zu Bréissel vertruede sinn, an déi Parteien, déi am europäesche Parlament zu Stroossbuerg vertruede sinn, inhaltlech bestëmmen, wat fir eng Politik datt gemaach gëtt.
Wann een eng Majoritéit am Europaparlament, an am Ministerrot huet, déi fannen, d’Sozialpolitik, dat wier een Hobby vun e puer Verréckte wéi ech, da kritt ee keng Sozialpolitik.
Wann een awer Kräften an Europa stäerkt, déi et eescht menge mat der Sozialpolitik, déi gären hätten, datt et Mindestregele gëtt am Sozialen, déi net wëllen, datt dat Sozialt ewech geschwemmt gëtt duerch dat fräit Spill vun der Konkurrenz. Wann een net wëllt, datt d’Logik vum Bannemaart, dat heescht reng wirtschaftlech Interesse, prédominant ass, an datt déi sozial Interessen zréckzetrieden hunn, da muss ee sech dementspriechend, wann ee wiele geet, och ze äussere wëssen.
Fränk Goetz: Déi Lénk hunn haut virun der Chamber grad eben dowéinst protestéiert, well hinnen dat Ganzt net sozial genuch ass.
Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt mir een Europa géife kréien, wat, vu senger Sozialuerdnung, a vu senger wirtschaftlecher Efficacitéit hier betruecht - also vum Matenee vu Sozialem an Ökonomeschen hier betruecht - besser dru wier, wann déi politesch Kräften an Europa d’Majoritéit hätten, déi déi Lénk an der Chamber net vertrëtt.
Fränk Goetz: Datt de lëtzebuerger Premier e ganz gudde Kandidat wier, fir deen neie Poste vum EU-President ze iwwerhuelen, ech mengen dat weess mëttlerweil jiddwereen. Mä grad Dir hutt awer vun Ufank u gesot, datt, méi wichteg wéi den Numm, d’Kompetenze vun deem Poste wieren. Ginn et hei Changementer? Gëtt déi Job-description nach geännert?
Jean-Claude Juncker: Ech hätt dat gären, onofhängeg vu menger Persoun. Et gëtt jo iergendeen et, ob ech et sinn oder een aneren, dat wäerten déi nächste Méint weisen. Ech hätt gären, datt deen, deen do ass, fir an d’europäesch Aarbechte Kontinuitéit ze bréngen, datt deen, deen do ass, fir déi europäesch Prinzipien, fir deenen op d’Spréng ze hëllefen, datt deen, deen d’Aarbechte soll animéieren, deen de Konsens soll erbäiféieren, datt deen och déi Instrumenter an d’Hand kritt, déi hie brauch, fir gestalteresch täteg ze ginn.
Dat gëtt kee Superpresident. Ech war ëmmer do dogéint, aus villen Interviewen, Dir kënnt dat eng Kéier aspillen - wann et esouwäit ass, datt een eng Kéier op mäi Liewe muss zréck kommen, dat dauert awer nach ganz laang - da gesitt Dir, datt ech ganz skeptesch ëmmer war, wat d’Kreatioun vun deem Posten ubelaangt.
Mä ech sinn och een, deen ee permanente Posten huet, als President vum Eurogrupp, an ech gesinn einfach, wéi vill Kontinuitéit, wéi vill méi Kohärenz a Konsequenz een an d’Aarbechte vun engem Grupp ka bréngen, wann een dauernd do ass. Mä et muss een d’Mëttele vu sengem Handelen hunn. Dat geet net duerch Pferdeflüsteren, an duerch gutt Zourieden um Telefon, et muss een och kënnen Instrumenter zur Applicatioun bréngen, soss mécht dat net ganz vill Sënn.
Fränk Goetz: Dir sot, e puer Méint. Wéini ginn d’Lëtzebuerger da spéitstens gewuer, ob ieren de lëtzebuerger Premier dee Posten do kéint unhuelen?
Jean-Claude Juncker: Dir wësst, datt déi Fro mir extrem lästeg ass, datt [gëtt ënnerbrach]
Fränk Goetz: Ech weess, dofir stellen ech se jo.
Jean-Claude Juncker: Jo, well Dir stellt mir hei och eng lästeg Fro nieft deene frëndleche Froen. Ech hunn doriwwer keng Décisioun gemaach. Ech hu ganz oft zum Ausdrock, ganz dacks, fir lëtzebuergesch ze schwätzen, zum Ausdrock bruecht, datt ech mech heiheem ganz wuel spieren. Ech kann och vun heiheem aus Munches an Europa bewegen. Mä wann d’Méiglechkeet sech bitt, fir déi Aufgab unzehuelen, a wann een och déi Aufgab mat Instrumenter versi gesäit, déi engem et erlaben, aus där Aufgab eng wierklech Zoustännegkeet fir Europa ze maachen, dann hänkt et dovun of, ob ech "Jo" soen - dat ass awer ee Recht wat ech mir reservéieren [gëtt ënnerbrach]
Fränk Goetz: A wann déi 27 domat d’accord sinn, oder déi 26.
Jean-Claude Juncker: Leider och, déi aner gi leider och gefrot, an déi sinn net alleguer frou mat mir. Wësst Dir, ech hu mech mat den Englänner oft zerklappt an Europa. Ech muss de Moment eng Budgetsverwarnung géint Frankräich duerchsetzen. Ech muss de Moment, am Krees vun de Finanzministeren - den Här Frieden hëlleft mir Gott sei Dank dobäi - d’Bankgeheimnis verteidege géint 25 aner Länner. Also, et ass net esou, datt meng polit-erotesch Auswierkung esou staark wier, datt jiddweree géif vu Bewonnerung zesumme briechen. Ech hunn och vill Leit, mat deenen ech an Europa gestridden hunn, well ech Premier zu Lëtzebuerg sinn, a well ech Aufgaben hunn, déi doranner bestinn, nieft deenen europäeschen Interessen, och dofir ze suergen, datt d’lëtzebuergesch Interessen an der Europäescher Unioun garantéiert sinn. An dat maachen ech virun egal wat fir aner Optiounen datt mir erkennbar jo opstinn. Ech si fir d’éischt hei zu Lëtzebuerg gewielt, a maache meng Aarbecht heiheem, och an Europa, an de Rescht gesi mir.
Fränk Goetz: Här Staatsminister, villmools Merci.
Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech och Merci, besonnesch fir Är lescht, lästeg Fro.