Dernière modification le
Jeannot Krecké au sujet des coureurs cyclistes luxembourgeois dans le Tour de France
Olivier Treinen: Ech begréissen elo live de Sportsminister Jeannot Krecké um Telefon. Gudde Moien, Här Krecké.
Jeannot Krecké: Gudde Moien.
Olivier Treinen: Gëscht ass den Tour de France also op en Enn gaangen. Dir selwer hutt Iech bei den 2 leschten Etappen op der Plaz dat alles ugekuckt. Sidd Dir aus lëtzebuerger Siicht op der ganzer Linn zefridde mam Tour?
Jeannot Krecké: Absolut, ech mengen deen dee mat deem do Resultat net zefridden ass, dee fänkt u glott ze ginn. Mir sinn am gaange vun eisen 3 Coureure staark verwinnt ze ginn an dofir mengt deen een oder aneren, si hätten nach méi misste maachen.
Olivier Treinen: Wat bedeiten déi Resultater vun eise Cyclistë fir Lëtzebuerg?
Jeannot Krecké: Ech menge mir bréngen domat Lëtzebuerg an d’Gespréich. Jiddwereen huet déiwe Respekt, datt mir e fäerdeg bréngen an eisem klenge Land 3 esou Championen ervir ze bréngen. D’Fransousen hu scho bal mat Jalousie gesot, datt si héchstens 3 Etappë gewonnen hunn, a wann se eist Resultat kucken, am Fong geholl bleech ginn. Dofir, mir hunn och Lëtzebuerg sympathesch gemaach, iwwert d’Aart a Weis wéi eis 3 Leit sech beholl hunn.
Olivier Treinen: Misst de Vëlossport dann och méi an Zukunft gefördert ginn hei zu Lëtzebuerg?
Jeannot Krecké: Et ass eng vun deene Sportaarte wou mir capabel sinn un der Weltspëtzt mat ze maachen. Et muss een awer och soen, datt et vun der Generatioun ofhänkt, et muss een och Chance hunn. Hei sinn 3 Leit am Moment den Tour de France gefuer, déi staark ënnerstëtzt gi vun hirer Famill, wou an der Famill schonn de Vëlossport staark verankert war. Et dierf een och net vergiessen, datt mir och eppes a Punkto Ënnerstëtzung gemaach hunn. De Kim Kirchen an de Frank Schleck kommen aus där Spezialunitéit vun der Arméi, wou mir hinnen d’Méiglechkeet ginn hunn, quasi ënner professionellen Ëmstänn ze trainéieren. Mir hunn eng Rei esou Instrumenter, déi mir och am Moment duerchzéien. Mir hunn deen neie Sportslycée, deen deene Jonken et soll erlaben esouwuel Studien wéi och de Sport matenaner ze verbannen. Mir wäerten an nächster Zäit déi lescht Infrastruktur, déi nach gefeelt huet am Beräich vum Vëlossport, nämlech d’Vëlospiste kréien. Ech menge schonn, dann ass den Arsenal esou, datt ee ganz gutt Konditiounen huet fir vu Lëtzebuerg aus eng Carrière opzebauen am Vëlossport.
Olivier Treinen: Hutt Dir mam Frank Schleck iwwert den Artikel an der Süddeutsche Zeitung geschwat, wou eng Verbindung mam Dopingdokter Fuentes an de Raum gestallt gouf?
Jeannot Krecké: Sécher hunn ech mat him driwwer geschwat. De Frank war ganz traureg an huet sech gefrot wisou datt dann elo bemol 2 Deeg virum Schluss vum Tour ugefaange gëtt mat Geschichten, déi 2, 3 Joer zréckleien a wou säi Papp belästegt gëtt op eng Aart a Weis déi och inakzeptabel ass.
Olivier Treinen: Zielt Dir och zu deene Leit déi dovunner ausginn, datt an den nächste Joren eng Kéier ee Lëtzebuerger den Tour gewënnt?
Jeannot Krecké: Mir hunn op alle Fall d’Méiglechkeet, mat deenen 3 Leit déi mir do hunn, a mat engem vun deenen 3, deen och nach wesentlech méi jonk ass, den Andy, deen et mat 23 Joer fäerdeg bruecht huet sech Respekt am Peloton ze verschafen. Do hu mir 3 Kaarten am Spill, wéi vill wäert sinn.
Olivier Treinen: Nach 10 Deeg, da steet den nächste grousse Sportsrendez-vous an d’Haus, d’olympesch Spiller zu Peking. 14 lëtzebuerger Sportler si jo do mat dobäi. Genee wéi am Tour de France sinn d’Hoffnungen och nees ganz héich. Sinn dës Hoffnunge berechtegt, datt mir kënne mat enger Medaille rechnen eventuell?
Jeannot Krecké: Op Grond vun de Resultater am Tour de France si se berechtegt. Et muss een awer och drun denken, dass déi Leit déi elo aus dem Tour de France kommen, net onbedingt ganz frësch sinn. 3 Woche wéi dat do, dat ass eng Murks an et weess een net wéi dat sech op den Organismus vun deenen eenzelne Spëtzefuerer auswierkt. Dat gëlt net nëmme fir déi 3 Lëtzebuerger, mä och fir anerer déi am Tour Grousses geleescht hunn. Do sinn der jo eng Rei, déi fréi erausgeklomme sinn. Anerer déi guer net bis ugetruede sinn an awer op der Olympiad dobäi sinn. Mir hu berechtegt Hoffnungen. Mir sollen awer oppassen, datt mir elo déi Pressioun déi mir op d’Jonge opbauen net ze grouss gi loossen.
Olivier Treinen: Här Krecké, ech soen Iech villmools Merci fir dëst Gespréich.
Jeannot Krecké: Jo, Merci och.