Jean-Claude Juncker au sujet de sa réélection comme président de l'Eurogroupe et de la réunion de l'Eurogroupe à Nice

De lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker gouf haut um Treffe vun de Finanzminister aus den Eurolänner zu Nice also fir en drëtt Mandat als President vum Eurogrupp zréckgewielt. Deenen inoffizielle Regelen no däerf eng Persoun dat Mandat nëmmen zweemol kréien, d’Spillregelen hunn also misse geännert ginn.

Wat war dem Jean-Claude Juncker seng Motivatioun fir dem Eurogrupp weider zur Verfügung ze stoen? De lëtzebuerger Premier- a Finanzminister um Mikro vum Mick Entringer.

Jean-Claude Juncker: Meng Motivatioun ass, datt ech menge Kollegen nogelauschtert hunn, déi der Meenung waren datt, obschonn et net esou virgesi war, et gutt wier wann ech en drëtt Mandat, wéint där aktueller Finanzkris, géif maachen. Wéint deem Duercherneen an der europäescher Ekonomie gëtt gemengt, datt deen, deen dat Geschäft - wann ech dat kann esou soen - kennt, dee seng Kontakter an Europa an an der Welt huet, besser gestallt wier fir an der aktueller Situatioun Chef vum Eurogrupp ze sinn wéi een, deen erëm vu vir misst ufänken, dee säin Numm nach net gemaach huet, deem säi Parcours net kloer ass.

Ech hätt och kënnen Nee soen, dat wier awer net onbedéngt gutt gewiescht fir déi Aarbecht, déi an Europa ze maachen ass. An et wier och net besser gewiescht fir eis.

Mick Entringer: Am Mëttelpunkt vun der Réunioun vum Eurogrupp de Moien zu Nice stoung dann, wéi gesot, déi aktuell schwiereg Konjunktur an Europa. Wéi gëtt déi vun den Eurogrupp-Finanzministeren ageschat? Wéi grouss ass Ärer Meenung no d’Gefor vun enger, eventuell globaler, europäescher Rezessioun?

Jean-Claude Juncker: D’Gefor vun enger globaler, breet gestrécktener, europawäiter Rezessioun gesinn ech net. Mir ginn dovun aus, datt d’Wirtschaftswuesstem am Jor 2008, wann dat bis eriwwer ass, 1,3% wäert gewiescht sinn. Dat gréissten a wirtschaftlech stäerkste Land an der Eurozon, Däitschland, wäert mat 1,6; 1,7; 1,8% wuessen. D’Wirtschaftswuesstem gëtt däitlech méi niddereg, och méi niddereg wéi mir viru 5-6 Méint nach gemengt hunn.

D’Budgetsproblemer spëtze sech an alle Länner zou, an eenzelne Länner esouguer ganz schaarf. Mir mussen dat an eist Bléckfeld huelen an deementspriechend eng Politik an den nationale Staaten, mä ofgesprach an der Eurogrupp, maachen, déi drop ausgeriicht ass fir d’Wuesstemskräften ze stäerken a fir Moossnamen anzeleeden, déi d’Inflatioun erofbréngen, respektiv alles ze ënnerloossen, wat d’Inflatioun weider kéint an d’Lut dreiwen. Well d’Inflatioun mécht eis all Dag méi aarm an trëfft besonnesch déi Leit, déi manner gutt dru sinn.

Mick Entringer: Den Eurogrupp huet décidéiert, fir keen europäeschen Aktiounsplang opzestelle fir déi europäesch Wirtschaft nees unzekuerbelen - ähnlech wéi dat d’USA gemaach huet. Firwat? Wat sprécht do dogéint?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn décidéiert kee Plan de relance, kee Konjunkturprogramm opzeleeën, well wann een esou ee Programm opleet muss ee sécher sinn, datt een e ka finanzéieren ouni datt ee muss nei Schold ophuelen. Déi wéinegst europäesch Staaten hunn awer Spillraum genuch, fir esou ee Programm ouni nei Schold an de Wee ze leeden. Dat heescht, wann een en dann awer géif maachen, da géif een d’Staatsschold vergréisseren an et géif een déi zukünfteg Generatioune mat dem Zréckbezuele vun där Laascht chargéieren.

Ausserdeem si mir net der Meenung, datt e Konjunkturprogramm nom Modell vun de Vereenegte Staate vun Amerika eng Wierkung huet, déi iwwer dat Kuerzfristegt erausgeet. Mir hunn an de 70er Joeren an Europa erlieft, datt dann zwar e Stréifeier während enger zäitlaang brennt, mä datt ënner dem Stréch soss näischt erauskomm ass wéi nei Schold, wéineg Aarbechtsplazen a méi héich Inflatioun. A mir sinn der Meenung, datt dee Wee deen d’Amerikaner gaange si fir - ouni eng allzevill streng Beuechtung vun de Loungrenzen - jiddwerengem materiell méi zoukommen ze loossen, net gutt ass, an datt den europäesche Wee fir besonnesch deene Kategorien an der Bevölkerung, déi méi fragile a méi verletzlech sinn ze hëllefen - dat maache mir zu Lëtzebuerg - datt dee besser ass.

Membre du gouvernement

JUNCKER Jean-Claude

Date de l'événement

11.09.2008

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview, Réunion UE