Dernière modification le
Jean-Claude Juncker au sujet de sa réélection comme président de l'Eurogroupe
Déi 15 Finanzministeren aus der Eurozon waren de Moien zu Nice der Meenung, datt de lëtzebuerger Premier weider hir Reunioune leede soll a si och am Kontakt mat der Europäescher Kommissioun an der Zentralbank am beschte géif vertrieden. Wéi et genee dozou koum huet de Jean-Claude Juncker eis elo viru Minutten um Telefon vun Nice gesot.
Jean-Claude Juncker: Ech hat och eigentlech Loscht opzehalen, well dat awer Zäit ewech hëllt, och wann een als nationale Finanzminister praktesch déi selwecht Zäit brauch fir sech um Eurogeschehen ze bedeelegen. Kollegen hu gemengt, an engem Moment wou mir an enger weltwäiter Finanzkris stiechen; an engem Moment wou d'Wirtschaft zréck geet; an engem Moment wou mir enger, wann och net richteger esou dach awer technescher Wirtschaftsrezessioun entgéint blécken; an engem Moment wou de President vun der Zentralbank dee selwechte bleiwt a wou de Kommissär, dee fir Währungsfroen zoustänneg ass och nach do ass bis zur Europawahl, wier et gutt wann een da keng Changementer an engem Team géif maachen, wat sech awer elo gutt openeen agespillt huet.
An obschonn eenzel Kollege sech jo och ëffentlech gemellt hate fir Interessi ze bekunden Eurogrupp-President ze ginn, huet sech dann awer déi leschte Méint eng Dynamik entwéckelt fir d'Regel ze änneren, an net ze soen "Zweemol dierf een dat Mandat maachen", mä datt een et méi dacks ka maachen. Esou ass dat gaang.
Fränk Kuffer: Dir hutt et elo selwer gesot, datt dat awer och mat Aarbecht verbonnen ass. Dat heescht, Dir hutt elo net méi Zäit wéi virdru fir d'lëtzebuerger Politik, och wann Europapolitik, wäert Dir mir soen, e Stéck lëtzebuerger ass.
Jean-Claude Juncker: Den Euro ass eis national Währung. Jiddwereen, dee Finanzminister an engem vun deene 16 Länner ass, déi den Euro hunn, verbréngt déi Zäit mat dem Euro a mat senge Problemer, déi e fréier mat senger nationaler Währung a mat där hire Problemer zoubruecht huet. [gëtt ënnerbrach]
Fränk Kuffer: Et ass just net all Finanzminister och nach Premier dobäi.
Jean-Claude Juncker: Dat huet Avantagen, wann ee Premier- a Finanzminister zugläich ass. Vill Europroblemer fanne jo och eng Behandlung um Niveau vun de Conseils européens.
Vill national/europäesch Problemer ginn an de Länner souwuel vun de Premieren, wéi vun de Finanzministere behandelt. Ech hunn esou oft Premieren um Telefon fir iwwer den Euro ze schwätzen, wéi ech Finanzministeren um Telefon hu fir iwwer den Euro ze schwätzen. Esou millimetergenau sinn déi Saachen also net ze trennen.
Ech hätt gären opgehalen, net nëmmen aus Zäitgrënn, mä well ech selwer fonnt hunn et wier gutt, wa periodesch Changementer géife geschéien. Dat ass alles entstan gewiescht an der Annonce, ier mir an där Finanzkris dra waren, an där mir elo dra sinn. Also, ech hätt léiwer manner Aarbecht wéi méi. Mä elo behalen ech déi selwecht.
Fränk Kuffer: De President vum Eurogrupp, dee muss jo och Finanzminister sinn. Dir sidd elo 2 Joer nominéiert. Wann deen nächste Regierungschef Iech géif mat an d'Regierung huelen, dat heescht, datt Dir dann och géift Finanzminister bleiwen.
Jean-Claude Juncker: Ech hu menge Kollege gesot - ech hunn dat iwweregens och op der Pressekonferenz hei zu Nice gesot - datt mir am Juni vum nächste Jor Wahlen zu Lëtzebuerg hätten; datt ech géif verstoen, datt ech fir 2 Joer genannt sinn, mä datt meng Kollege misste wëssen, datt am Juni kéint Schluss sinn. Dat hängt vum Wahlausgang of. Et steet jo néierens geschriwwen, datt meng Partei d'Wahle gewënnt. Et steet néierens geschriwwen, datt ech Finanzminister bleiwen. An dofir stellt déi Fro sech am Juni nei. Si gëtt eigentlech am Juni vun de Lëtzebuerger beäntwert.