Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion de l'Eurogroupe, de l'inflation et de l'indexation des salaires

Saacha Georges: An zu Nice begréissen ech elo den neien an alen Eurogrupp-President Jean-Claude Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Sascha Georges: Premier- a Finanzminister, President vum Eurogrupp, an d’nächst Joer sinn Nationalwahlen, wéi wëllt Dir dat alles ënnert een Hutt kréien?

Jean-Claude Juncker: Jo, esou wéi bis elo. Wéi ech Staats- a Finanzminister war - iert den Euro agefouert ginn ass -, wéi mir de belsche Frang haten, hunn ech mech och all Dag em d’Problemer mam belsche Frang ze bekëmmere gehat. Just hate mer an der lëtzebuerger-belscher Währungsassociatioun net vill ze soen. Hei sinn ech President vun deene 16 Finanzministeren deenen hir Länner den Euro hunn, an dorëms muss jiddwereen deen an Europa, well en a sengem Land Verantwortung dréit, sech bekëmmeren. Ech hunn esou vill mat Premieren iwwer Europroblematik ze schwätzen, wéi mat menge Kollege Finanzministeren. Ech war jo net Kandidat fir dat do weider ze maachen. Et ass gemengt ginn, wéinst der Finanzkris a wéinst der Wirtschaftskris wier et gutt, wann ech dat géif viru maachen. Elo maachen ech dat. Ech hoffen, datt dat gutt ass fir Europa, ech weess datt et eisem Land net schued, am Géigendeel.

Sascha Georges: Zu Nice gëtt jo och no enger gemeinsamer Äntwert op d’Rezessioun an Europa gesicht. Wéi kéinten dës Léisungen dann elo ausgesinn?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn der Meenung, datt mir un enger Rei vu Prinzipie musse festhalen, déi mir bis elo scho festgeluegt hunn. Nämlech datt et wichteg ass, besonnesch wéinst deene Leit, déi net esou gutt dru sinn, eng séier aktiv Aktioun géint d’Inflatioun ze maachen, déi an Europa, an déi besonnesch zu Lëtzebuerg, wiesentlech ze héich ass.

Mir sinn der Meenung, datt d’Länner déi Haushalts-, déi Budgetsmargen déi se hunn, well se an deene leschte Joeren eng seriös Politik gemaach hunn, notze fir wuesstemsstärkend Kräften zum entfalen ze bréngen.

Mir sinn der Meenung, datt ee besonnesch deene Leit, déi ee nidderegt Akommes hunn, muss an de Genoss triede loosse vu Solidaritéitselementer, déi ee mat budgetäre Mëttele muss bestreiden, wéi mir dat zu Lëtzebuerg mam Kannerbonus, mat der Transformatioun vun dem Arbeitnehmerfreibetrag an ee Steierkreditt, deen all Arbeitnehmer bis zu 300 Euro netto d’Joer bäibréngt, eigentlech virexerzéiert hunn.

Mir mengen, datt et net gutt wier elo ee Scholde-finanzéierten, europawäiten Konjunkturprogramm opzeleeën, esou wéi dat an Amerika de Moment geschitt. Do mussen d’Scholde vu spéidere Generatiounen nobezuelt ginn.

Mir sinn der Meenung, datt een alles muss ënnerloossen, wat d’Inflatioun weider undreift. Administréiert Präisser an d’Luucht setzen, indirekt Steieren an d’Luucht setzen, alles dat soll ënnerbleiwen.

Mir hunn eng gemeinsam Diagnos, a mir hunn eng gemeinsam Ofwier fonnt géint déi Kris déi am gaangen ass ëmmer méi déif ze ginn. Mir ginn dovun aus, datt mir zwar net a Rezessioun geroden an Europa, mä datt mir awer ee Wirtschaftswuesstem hunn, wat sech däitlech ofschwäche wäert. 1,3% wäert dat duerchschnëttlecht Wuessen an der Eurozon dëst Joer sinn.

Déi international Finanzkris ass wäit dovun ewech eriwwer ze sinn. Déi déi soe mir wieren am Ufank vum Enn vun der internationaler Finanzkris, déi iere sech. Mir sinn nach guer net am Ufank vum Enn. Et geet weider an et gëtt ëmmer méi schwéier, y compris wat déi budgetär Auswierkunge vun där Kris, och zu Lëtzebuerg, wäerte sinn.

Sascha Georges: Här Juncker, Dir huet et grad gesot, d’Inflatioun mécht weider Suergen. Gëschter nach huet de President vun der lëtzebuerger Zentralbank dem Index d’Schold un dëser Präishausse och hei zu Lëtzebuerg ginn, an de President vun der EZB fuerdert d’Ofschafe vun den Indexatiounssystemer. Behält Lëtzebuerg säin Index awer?

Jean-Claude Juncker: Ech ënnerhale mech jo regelméisseg mat deenen zwee Hären, mam Här Trichet a mam Här Mersch, iwwer déi Froen. An Europa ass d’Verständnes fir ee Land, dat eng vollautomatesch Indexupassung huet, net grouss. De President vun der Europäescher Zentralbank huet haut nach eng Kéier een Appel gemaach, datt déi Systemer missten ofgeschaaft ginn.

Ech äntwerten him do drop, datt mir d’Indexéierung vun de Léin zu Lëtzebuerg bäibehalen, datt mir d’Indexéierung, wéi mir jo am gaange sinn dat ze maachen, selbstverständlech moduléiere mussen wann d’Inflatioun héich ass, soss fléie mir wettbewerbsméisseg betruecht aus der Bunn, besonnesch déi kleng Betriber.

Mä déi Tatsaach datt ech de President vun der Eurogrupp sinn, bréngt et och mat sech, datt ech regelméisseg ka gutt erklären, wat eis Positioun an där Fro ass. An eis Positioun ass, datt et zu Lëtzebuerg bei der Indexéierung bleift, quitt datt mir musse wëssen, datt ee bei héijer Inflatioun eng no Méiglechkeet accordéiert, gemeinsam Haltung mat de Sozialpartner muss definéieren.

Sascha Georges: Jean-Claude Juncker, Merci fir dës Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och, Awar op Lëtzebuerg.

Membre du gouvernement

JUNCKER Jean-Claude

Date de l'événement

11.09.2008

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview, Réunion UE