Dernière modification le
Jean-Claude Juncker au sujet du Conseil "Affaires économiques et financières"
Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.
Francine Closener: Eng global Strategie géint d’Finanzkris steet zur Debatt, an de Pabeier, deen déi franséisch Présidence virgeluegt huet, gesäit méi Transparenz, méi Reguléierung, a méi Kontroll vun de Finanzmäert vir. Dat ass graff resuméiert. Et huet een de Moien d’Impressioun gehat, an de grousse Linne wieren d’Finanzministere sech schonn eens. Sitt Dir och zefridde mat de Virschléi vu Paräis?
Jean-Claude Juncker: Déi Virschléi vu Paräis, déi grënnen op Viraarbechten, déi mir an der Eurogrupp an am Ecofin gemaach hunn. D’Fransousen hunn nach eng Rei vu supplementaren, a weiderféierenden Elementer dobäi gesat. Grosso modo gëtt een Accord ënnert deene 16 Euro-Finanzministeren, déi gëschter Owend getagt hunn, an de 27 EU-Finanzministeren, déi am gaange sinn ze tagen, fir eng supplementar Dosis Transparenz an dat internationalt Finanzwiesen anzeschëdden.
Et besteet eng kollektiv Aschätzung driwwer, datt déi Ratingagenturen nei bewäert musse ginn, datt déi eng nei Roll musse kréien, datt déi och den ëffentlechen Autoritéite géintiwwer méi staark an d’Responsabilitéit geholl ginn.
Alles dat si Moossnamen, déi sech déi lescht Méint an eisen Aarbechten dégagéiert hunn, an do elo an engem gemeinsame Pabeier vun de Fransousen zesumme gefouert ginn.
Francine Closener: D’EU-Kommissioun huet jo gëschter hir Wuesstemsprognose fir déi nächst Joere relativ drastesch no ënne revidéiert. Firwat brauch Europa dann awer keen allgemenge Konjunkturprogramm?
Jean-Claude Juncker: Well mir d’Erfahrung gemaach hunn, datt mat breet opgeluechte Konjunkturprogrammer keng direkt Effekter erzilt ginn, och wann et kuerzfristeg positiv Effekter kënne ginn.
Wann dat op d’Käschte geet vun engem Zouhuele vun der Staatsverschëldung, wann dat op d’Käschte geet vun engem sech méi breet maache vun de Budgetsdefizitter, da féiert dat zu enger insgesamter Verschlechterung vun der Finanzsituatioun an den europäesche Länner, an dat féiert zu Steiererhéijunge muer, an da sinn et déi nächst Generatiounen déi d’Käschte mussen aus dem Feier huelen.
Duefir si mir der Meenung, anstatt breet opgeluegte Konjunkturprogrammer ze maachen, datt ee ganz cibléiert Moossnamen an all Land, jee nach Lage der Dinge an deem Nationalstaat, muss huelen.
Dat hu mir zu Lëtzebuerg beispillsweis gemaach, doduerch datt mir d’Steieren ofsenken, doduerch datt mir d’Investissementsbudgeten, déi ëffentlech Investitiounsbudgeten op héijem Niveau halen, doduerch datt mir deene méi akommesschwaache Kategorien an eiser Bevëlkerung materiell doduerch ënnert d’Äerm gräifen, datt se zousätzlech Finanzmëttelen zur Verfügung kënne kréien, mat deenen och ka konsuméiert ginn. Dat si gutt cibléiert Moossnamen, déi deenen déi méi schwaach sinn, hëllefen, an déi d’allgemeng Kafkraaft, och wéinst der héijer Inflatioun déi mir haten, solle via Steierreduktiounen erhalen.
Aner Länner maachen ähnlech Programmer. An dat ass kee Konjunkturprogramm am klassesche Sënn vum Wuert, mä deen hëlt awer am lëtzebuergesche Fall 500, 600 Milliounen Euro, wäit iwwer 1% vum Bruttoinlandprodukt an Usproch. E klassesche Konjunkturprogramm, esou wéi se an de 70er Joere gemaach gi sinn, a schief gaange sinn, dee géif net méi deier kaschten, mä géif awer largement säin Zil net erreechen.
Francine Closener: Am Ecofin-Conseil geet et haut och em Liechtenstein, em d’Verhandlunge fir een Accord fir d’Bekämpfung vu Steierbedruch. Do geet vu Sträit tëscht deene 27 rieds, Éisterräich, Belsch a Lëtzebuerg fanne Liechtenstein wier der EU scho genuch entgéint komm, déi dräi Länner fäerten, datt um Ëmwee iwwer Liechtenstein hiert eegent Bankgeheimnis ausgehiewelt gëtt, esou schreift et jiddwerfalls de Moien d’Norichtenagence DPA. Ass dat esou?
Jean-Claude Juncker: Dat ass deelweis esou, a staark vereinfacht, ganz esou, mä am Detail gesäit dat sech e bëssen anescht un. Et gëtt Elementer, wou Liechtenstein der Europäescher Unioun nach muss méi entgéint kommen, an da gëtt et Elementer, wou gefrot gëtt, datt Liechtenstein der Europäescher Unioun méi géif entgéint kommen, déi och fir eis an deem Sënn, tëscht Gänseféissercher, geféierlech kënnte ginn, datt dat indirekt zu engem Aushiellejen, oder engem Ophiewe vum Bankgeheimnis féiert. Mir wäerten do wësse eis richteg auserneen ze setze mat deenen, déi dat gären hätten.
Francine Closener: Gëschter hat Dir als Eurogrupp-President Nee gesot zu der franséischer Iddi vun enger europäescher Wirtschaftsregierung. Ass den Nicolas Sarkozy dann elo net beleidegt?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn och net Nee gesot zur europäescher Wirtschaftsregierung, dat si vereinfacht Iwwerschrëfte vun de Presseagenturen, well ech sinn zënter laangem schonn der Meenung, datt mir méi eng staark Koordinatioun vun de Wirtschaftspolitiken am Euroraum brauchen. Dat ass d’Aufgab vum Eurogrupp, deen ech presidéieren, d’Aufgab vun de Finanzministeren, dat maache mir, dat kënne mir nach besser maachen, a mir ginn eis och Méi fir dat hei besser ze maachen.
Beispillsweis si mir de Moment domat am gaangen, ze kucken, wéi déi eenzel Ënnerstëtzungsprogrammer fir d’Kafkraaft a fir d’Investissementer, déi an deene 16 Länner geholl ginn, am beschten openee passen, fir datt deen ee Plang am Land A de Plang am Land B net behënnert, oder deen d’Effekter géif ewechhuelen.
Déi Iddi vum Här Sarkozy ass fir regelméisseg Sitzungen um Niveau vun de Staats- a Regierungschefen ze hunn, fir eng Aufgab ze maachen, vun deenen déi aner Regierunge mengen, datt d’Finanzministeren déi kënnte regelméisseg, wa se sech emol de Mount gesinn, och maachen, a besser maachen, well se Zougrëff hunn op all Gestalltungsinstrumenter, déi een duefir brauch.
Mä ech si wierklech net dogéint, datt ee vun Zäit zu Zäit och eng Sitzung, wéi mir elo zu Paräis eng haten, um Niveau vun de Staats- a Regierungschefe mécht, wann d’Situatioun brenzleg gëtt, wa besonnesch staark Décisioune musse geholl ginn. Also mir leien do guer net esouwäit auserneen, wéi eenzel Iwwerschrëften dat gleewen dinn.
Mä ech wëll net, datt all puer Méint d’Staats- an d’Regierungschefe sech an där Formatioun erëm gesinn, ënnert anerem och, well déi Staaten, déi net an der Eurozone sinn, dat net ganz gäre gesinn, a sech doduerch géif eng Mauer an d’Europäesch Unioun, an an hir Institutiounen anzéien, déi net gutt ass fir d’Mateneen an Europa.
Francine Closener: Här Staatsminister, nach eng allerlescht Fro. Amerika wielt haut en neie President, wot Dir e Pronostik?
Jean-Claude Juncker: Jo, wann ech richteg gesinn, wat d’Amerikaner am Virfeld erkenne gelooss hunn, da schéngt dat mir jo a Richtung vun engem President Obama ze lafen. Gëtt hien et, oder gëtt deen aneren et, mä ech mengen den Här Obama géif et awer ginn, wënschen ech mir, datt europäesch Interessen, europäesch Befindlechkeeten, europäesch Gefiller an Impressioune méi staark am Wäissen Haus zur Kenntnis geholl ginn, wéi dat an deene leschte Joeren de Fall war, obschonn et a leschter Zäit e bësse besser ginn ass.
Mä kee soll sech Illusioune maachen, egal wien amerikanesche President gëtt, wäert un d’Europäer eng Rei vu Fuerderunge stellen fir sech méi staark am Afghanistan an op anere Plazen ze engagéieren. Europa wäert sech mat deene Fuerderunge schwéier dinn. Vum 21. Januar u kann een den Här Bush net méi als Excuse fir d’Näischt maachen, gebrauchen.
Francine Closener: Jean-Claude Juncker, Merci fir d’Explikatiounen.
Jean-Claude Juncker: Merci och.