Dernière modification le
Mars Di Bartolomeo au sujet de la nouvelle Caisse nationale de santé
Corinne Folscheid: Wéi eng Froen haten d’Leit dann an der Haaptsaach um éischten Dag, wou d’Gesondheetskees fonctionéiert huet?
Mars Di Bartolomeo: Ma virun allem emol praktesch Froen, wou muss ech meng Rechnungen aschécken an Zukunft? Fir wee sinn déi verschidden Agencen zoustänneg? Kann ech an eng beliebeg Agence goen?
An dann och méi praktesch Froen: ech hu meng Rechnungen ageschéckt, kënnt et net elo zu Retarden? An, an an, also et war scho ganz léierräich, datt een emol eng Kéier selwer an d’Zentral geet.
An ech war vläicht och selwer e bësse mat Schold, datt eenzel Leit e bësse méi laang hu misse waarden, well ech mir méi Zäit gelooss hu wéi e routinéierten Telefonist. An dann ass nach dobäi komm, datt d’Telefonie am Haus aktiv war, an zäitweis deen een oder anere Posten ausgefall ass. Mä dat misst sech elo normaliséiert hunn. Dat sinn déi kleng Boboen, déi awer bei esou enger remarquabeler Reform kënnen optrieden.
A wann Dir erlaabt, vläicht just an engem Wuert. Remarquabel ass déi Reform doduerch, datt mir hei zu Lëtzebuerg duerch de Statut unique, duerch d’Fusioun vun de Keesen, dee solidaresche Finanzement vun eiser Gesondheet stäerken, zu engem Zäitpunkt, wou aner Länner en anere Wee wielen, d’Gesondheet privatiséieren, Zwou-Klassmedezinen aféieren. Bei eis bleift et esou, datt mir op d’Solidaritéit zwëschen deene Gesonden an deene Kranken, an deene méi Räiche mat deene méi Aarme setzen, wat a mengen Aen e ganzt wichtegt Signal ass, och a méi wirtschaftlech schwieregen Zäiten.
Corinne Folscheid: Wat Leit elo besonnesch interesséiert, dat sinn déi praktesch Informatioune ronderëm déi nei Gesondheetskees. Déi éischt Leit hunn elo schonn e Freideg ugeruff gehat, wéi d’Gesondheetskees eben ugefaangen huet mat fonctionéieren. Wat sinn elo nach eng Kéier déi wichtegst Ännerungen, déi op d’Leit dobaussen duerkommen?
Mars Di Bartolomeo: Ma fir d’éischt, datt d’Leit aus dem Privatsecteur, d’Assuréen aus dem Privatsecteur just nach een Interlocuteur hunn. Bis elo waren dat 6 verschidde Keesen, wou op 6 verschiddene Plazen, 6 mol dat selwecht gemaach ginn ass. Dat gëtt elo regruppéiert an der Nationaler Gesondheetskees. Dat heescht, ech hunn een Uspriechpartner.
Wann ech Dokteschrechnungen hunn, wann ech Medikamenterechnungen hunn, da schécken ech déi an de Siège vun der Gesondheetskees op 125, route d’Esch. Dat ass den L-2980 zu Lëtzebuerg. Dat heescht, ech schécke meng Rechnungen op eng Plaz an.
Dat zweet ass, all Assuré huet ab haut Zougang zu deenen 18 dezentraliséierten Agencen, déi bis elo den Aarbechter reservéiert waren.
Corinne Folscheid: An do huet elo jiddwereen Accès?
Mars Di Bartolomeo: An do huet elo jiddwereen Accès.
De Statut unique huet eng ganz Rei vun Avantagen. Éischtens, datt Aarbechter a Beamten déi selwecht sozial- an aarbechtsrechtlech Rechter hunn, mä datt si awer och déi selwecht Servicer als Assuré elo kréien. Dat heescht, deen dezentraliséierte Réseau vun deenen 18 Agencen steet elo jiddwerengem op.
Dee leschte Freideg hate mir just eng Agence op, dat ass d’Agence centrale hei an der Stad. Ab sofort sinn déi Agencen iwwert d’Land verdeelt, a gutt iwwer d’Land verdeelt, fir jiddwereen zougänglech, deen Informatioune brauch, dee Formulaire brauch. A mir wäerte mëttelfristeg déi do Agencen zu enger Aart Guichet unique fir déi ganz sozial Leeschtungen ausbauen.
Corinne Folscheid: Wéi ass et elo mat de Leit, déi bei der neier Gesondheetskees schaffen, déi si jo déi lescht Wochen op déi grouss Erausfuerderungë preparéiert ginn? Dir huet och annoncéiert, datt soll eng Kéier e Callcenter ageféiert ginn, fir eben déi Appeller entgéint ze huelen. Wou sitt Dir do drun?
Mars Di Bartolomeo: Also ech muss vläicht emol, une fois n’est pas coutume, ënnersträichen, wat fir eng remarquabel Aarbecht déi Leit um Terrain geleescht hunn.
Dir wësst, wann ee 6 Keesen zesummeleet, wat a mengen Aen déi wäitreechenst strukturell Reform an deene leschten 10 Joer ass, dann ass jiddwereen Eenzelne gefuerdert. An hei hunn d’Leit extrem, extrem gutt matgeschafft.
D’Gewunnechten hu misse geännert ginn, Aarbechten hu missen zesummegeluegt ginn, a vun der Directioun iwwer jiddwereen Eenzelnen an deene Keesen ass extrem gutt, an honnerte vu Sëtzunge, matgeschafft ginn.
A wa mir Holz upaken, elo ab haut, wou net nëmmen den Telefon beusprocht gëtt, mä awer och den Oflaf vun deenen eenzelnen Aktiounen, wann dat esou reibungslos wéi méiglech ofleeft, dann ass dat de Verdéngscht vun deene Leit, déi hei extrem, extrem gutt geschafft hunn, déi hir Plaz hu missen zum Deel wiesselen, déi d’Raimlechkeeten hu misse wiesselen, och zum Deel vun enger Plaz aus dem Land op eng aner hu misse schaffe goen. Bon, dat huet bis elo exzellent geklappt.
Ab haut wäerte mir da gesinn, ob all Detailer klappen. Et wier iwweregens erstaunlech, wa bei esou enger wäitreechender Reform alles vum éischten Dag u géif lafen. Mä mir hunn alles esou preparéiert, datt et misst kënne klappen.
Bei den Assuréen dobaussen sinn eng Rei vu Gewunneschten déi sech wäerte mussen änneren. Mä wann ee sech bis dru gewinnt huet, dann huet déi Kees den Avantage, datt de Service um Assuré ka verbessert ginn.
An dat wat fir mech wichteg ass, datt mir duerch déi Reform eis esou opgestallt hunn, datt mir déi laangfristeg Fiabilitéit vun eisem solidaresche Finanzementsystem vun der Gesondheet kënnen optimal ofsécheren. Wann ee sech verzettelt, ass dat méi schwéier. Mir hunn hei Kräfte gebëndelt, an dat kann dozou bäidroen, datt mir dee wäertvollen Instrument kënnen iwwer d’Ronne bréngen.
Corinne Folscheid: Interessant och nach fir d’Assuréen, datt an Zukunft soll am Fong eng Eenheetscotisatioun gëllen. Vu wéini un ass déi a Kraaft?
Mars Di Bartolomeo: Majo déi ass eigentlech ab sofort a Kraaft. De Beamten, fir de Statut unique kënnen ze realiséieren, huet e klengt Affer misse brénge vun eppes méi wéi 0,1%. Iwweregens och do erëm eng Kéier bemierkenswäert, datt d’Beamten net op d’Barrikade geklomme sinn, fir dee Solidaritéitsbeitrag do net ze leeschten.
All Kategorie vu Salariéë bezuelen elo an Zukunft dee selwechte Beitrag fir d’Geldleeschtungen, also am Krankheetsfall d’Krankegeld. Dat sinn 0,25%, déi aner 0,25% bezillt de Betrib.
Bei den Aarbechter ass eng Exceptioun, si bezuelen nach an enger Iwwerganksphas dat selwecht wéi bis elo, fir de Betriber ze erlaben, dat Ganzt ofzefiederen. An ab deem drëtte Joer gëtt dann de Beitrag vum Aarbechter zeréckgefouert, fir datt en an Zukunft nëmme méi dat selwecht bezillt wéi den Employé. Just zur Erënnerung, den Employé huet bis elo eppes méi wéi 0,1% bezuelt, an den Aarbechter huet 2,35% bezuelt.
Duerch d’Lounfortzahlung déi jiddwereen elo garantéiert kritt, kann och jiddwereen dee selwechte Beitrag bezuelen, mä wéi gesot bei den Aarbechter, bei den heitegen Aarbechter, wierkt dat eréischt no der Iwwerganksphas vun dräi Joer.
Corinne Folscheid: Här Di Bartolomeo, Merci fir d’Explikatiounen, an et sief och nach eng Kéier gesot, datt e fuschneien Internetsite vun haut u fonctionéiert op deem ee sech iwwer déi nei Gesondheetskees kann informéieren, an dat op: www.cns.lu.
Mars Di Bartolomeo: Villmools Merci och.