Jean-Louis Schiltz au sujet de la conférence de Munich sur la politique de sécurité

Carole Schimmer: Op der Sécherheetskonferenz zu München huet den US-amerikanesche Vizepresident Joe Biden déi Neiorientéierung vun der US-amerikanescher Aussen- a Sécherheetspolitik dëse Weekend duergeluecht. Wat ee kéint zréckbehalen, esou de Verdeedegungs- a Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz, deen och zu München op der Konferenz dobäi ass, wor, datt den Toun ganz frëndschaftlech war an datt d’Wuert "Partnerschaft" am Mëttelpunkt stoung. Fir de Jean-Louis Schiltz ass dat den Ufank vun enger Rei vun Diskussiounen ëm den Iran, Afghanistan oder nach den Noen Osten, zum Beispill. Wat kann ee sech awer u Changementer an der US-amerikanescher Aussepolitik erwaarden, de Verdeedegungs- a Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz.

Jean-Louis Schiltz: Ech denken, datt een emol fir d’éischt muss drop hiweisen, datt mir virun 2 Joer hei op der Konferenz 2007 eppes ganz aneschtes erlieft hunn. Mir hunn deemools e President Putin erlieft, deen e bësse mat der Fauscht op den Dësch geschloen huet. D’Amerikaner an d’Russe si sech deemools an d’Hoer geroden. Och do gesäit een e Changement, och do gesäit een e Wëlle fir mateneen ze schwätzen.

Ech perséinlech sinn zum Beispill der Meenung, datt den NATO-Russland Rot esou schnell wéi méiglech op ministeriellem Niveau erëm misst zesumme kommen. A wann ech dann en anert Beispill huelen, wéi dat vum Afghanistan, och do kënnt ganz kloer zum Ausdrock, datt militäresch Moyenen alleng net duerginn, datt och kee Land op der Welt esou staark ass, datt et ka Problemer alleng léisen, datt mir dat also mussen zesumme maachen, an, virun allem vläicht, datt deen drëtten Deel vun "Diplomatie, Défense an Développement", nämlech Développement, méi ausgeprägt muss ginn an och méi um zivilen Niveau muss gemaach ginn, wat natierlech Waasser op d’Mille vun engem ass, deen en même temps Défense-Minister an Développements-Minister ass.

Carole Schimmer: D’USA wëllen d’Präsenz an Afghanistan verstäerken. Wat bedeit dat fir d’EU?

Jean-Louis Schiltz: Dat bedeit fir d’EU, datt och Demandë wäerten un d’EU geriicht ginn, Mmir ginn op mannst dovunner aus, respektiv an engem NATO-Kader, fir et méi genau ze soen, un déi verschidden aner NATO-Memberen, wou jo och Kanada dozou zielt.

Et muss méi gemaach ginn um zivilen Niveau, et muss méi fir den Erëmopbau gemaach ginn. Dat heescht, datt d’Leit erëm Perspektivë kréien, besser Perspektivë kréien. Et muss méi am Beräich Police gemaach ginn. A wann ee gesäit, datt mir am Beräich vun der Arméi zolitt Progrèse gemaach hunn an deene leschte Joeren, dann ass dat net wouer am Beräich Police, wou d’Korruptioun am Déifste verwuerzelt ass. Da kommen och sécherlech Demandë fir zousätzlech Truppen, respektiv fir ze hëllefen an deem Beräich och Elementer ze finanzéieren, déi dohinner ginn, datt d’afghanesch Sécherheetskräfte sech kënnen entwéckelen.

Carole Schimmer: Zum Afghanistan, ginn et do eventuell Changementer fir Lëtzebuerg?

Jean-Louis Schiltz: Et ass esou, datt mat deem Déploiement dee mir de Moment dobaussen hunn, am Afghanistan, am Kosovo an op anere Plazen, mir un de Limiten ukomm si vun deem wat d’lëtzebuerger Arméi ka maachen.

Dat heescht, mir wäerten also keng zousätzlech Truppë schécken, déi Fro stellt sech fir eis net. Op där anerer Säit hu mir awer héieren, datt de Vizepresident Biden an awer och den Défense-Minister Gates, deen dat zwar net hei mä op anere Plaze gemaach huet, fir méi eng no Zesummenaarbecht astinn. Mir mussen also kucke wat mir do kënne maachen, wat d’Formatioun zum Beispill ubelaangt. Ech si mir deeës bewosst, d’Regierung ass sech deeës bewosst, d’Chamberkommissioun, mat där ech doriwwer geschwat hunn, och.

Am Résumé also, keng zousätzlech lëtzebuerger Truppen, well mir op der Limite ukomm si vun deem wat mir kënne leeschten, mä wa mir kënnen eis finanziell u Formatioune bedeelegen, zum Beispill zesumme mat deenen Däitschen, mat de Fransousen, déi do Saache maachen, da solle mir dat positiv kucken.

Carole Schimmer: Nei ass dann och, datt Frankräich wëlles huet erëm zréck an d’NATO eran integréiert ze ginn, also voll integréiert ze ginn an datt och däitsch Truppen a Frankräich elo stationéiert kënne ginn. Ginn et do och Changementer par rapport zur NATO?

Jean-Louis Schiltz: Nei ass et an deem Sënn, datt et kloer vum President Sarkozy zum Ausdrock bruecht ginn ass. Et ware jo schonn Zeechen do, datt Frankräich sech erëm méi wéilt an d’NATO era beweegen, dat heescht erëm integral an d’NATO Kommandostruktur sech och mat areie wëll. Et kann een dovun ausgoen, datt dat elo geschitt, vun elo bis an den Abrëll wa mir de Sommet zu Stroossbuerg-Kehl hunn. Dat ass eng gutt Noriicht, well mir brauchen d’Fransousen och an den NATO Strukturen.

Historesch ass och, datt däitsch Truppen op franséischem Buedem wäerte stationéiert ginn, am Kader vun der Brigade franco-allemande. Dat ass eppes wat eis als Lëtzebuerger direkt interesséiert. Wann ech nëmmen ee Beispill kann huelen, am leschte Semester 2008 ware mir präsent mat eiser Waasseropbereedungsanlag am Groupement tactique vun der Europäescher Unioun, déi gestallt ginn ass vun der Brigade franco-allemande. Dat ass eppes also wou mir direkt mat dobäi sinn a wat mir direkt spieren, am positive Sënn vum Wuert.

Carole Schimmer: Esou wäit de Verdeedegungs- a Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz.

Membre du gouvernement

SCHILTZ Jean-Louis

Date de l'événement

07.02.2009

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview