Jean Asselborn au sujet des élections présidentielles en Iran

Eric Ewald: An der iranescher Haaptstad Teheran sinn am spéide Moien eng 200 Sympathisante vum Oppositiounskandidat bei de Presidentewahlen, Mir Hossein Mussawi, a Polizisten unenee geroden, d'Police huet dobäi Tréinegas agesat. D'Manifestanten, déi géint d'Victoire vum Mahmoud Ahmadinedschad bei deene Wahle protestéiert hunn, hunn hirersäits mat Steng op d'Poliziste gehäit, engem Policeresponsabelen no wier d'Situatioun elo awer ënner Kontroll an et wieren op d’mannst 60 Organisateure vun den Onroue vu gëschter festgeholl ginn.

Donieft sinn eng Rëtsch Internetsäite blockéiert, esou datt sech déi gréisstendeels jonk Mussawi-Sympathisante keng Rendezvouse kënne ginn. De Mussawi selwer huet am Nomëtteg iwwregens wéinst Onregelméissegkeeten d'Annulatioun vun de Presidentewahle gefuerdert. Den Ausseminister Jean Asselborn huet am RTL-Interview dës Aschätzung vun der Situatioun am Iran ginn.

Jean Asselborn: Fir mech wier et wierklech eng grouss Iwwerraschung gewiescht, wann den Mahmoud Ahmadinedschad net gewonnen hätt, aus zwou Ursaachen: fir d'éischt de reliéise Leader am Iran, dat ass och de richtege Chef am Iran, den Ayatollah Khamenei, dat ass den Nofolger vum Khomeni, deen huet ganz kloer Positioun bezu gehat fir den Ahmadinedschad. An dann dat Zweet, dat ass d'Press am Iran. Et gëtt keng Press op der Welt déi esou Staatspress ass, esou regierungshöreg ass wéi am Iran. Wann ee mat deene Leit emol ze dinn hat, da weess een dat. Et ass also illusoresch ze gleewen, am Westen oder an Amerika oder soss anzwousch op der Welt, datt déi Offenheet déi no bausse gedroe ginn ass, datt déi sech och bannenan zougespillt huet.

Wat mech awer, fir op Är Fro ze äntweren, wat d'Aschätzung ass: 85% vun de Leit am Iran hu partizipéiert, wat en immens héije Chiffer ass. An et muss ee wëssen, datt 60% vun der iranescher Populatioun Leit si mat manner wéi 25 Joer. Et gesäit ee wierklech den Engagement, wat virun allem déi jonk Leit hate fir dës Wahlen, a virun allem och d'Roll vun der Fra. Ech mengen, hei wäert sech och beweisen ob Islam a Fortschrëtt eng Equatioun ass déi opgeet. D'Fraen hunn och duerch d'Fra vum Mussawi jo eng ganz grouss Roll gespillt an dëse Wahlen an ech hoffen, datt ee sech doropper ka baséieren an doropper ka stäipen, fir wierklech e Changement an deem Land erbäi ze bréngen.

Zu den Onregelméissegkeeten, déi geschitt sinn: bis elo op jiddwer Fall wat ee weess, dat ass, datt a verschiddene Lokaler keng Wahlziedele gewiescht sinn oder datt d'Wahllokalen net laang genuch opgewiescht wieren. Dat si keng Beweiser fir d'Wahlen onregelméisseg ze erklären. Mä wat awer ass, dat ass déi Iwwerstierzung bei der Publikatioun vun de Wahlresultater, déi spontan Manifestatiounen déi komm sinn, an och leider Arrestatiounen – et soll och een Doudege sinn, d'Unie sinn zougemaach ginn, d'Internetsiten si blockéiert ginn, grad wéi och d'SMS-Réseauen - dat weist e grousse Malaise vun den Autoritéiten. Et muss een do ganz, ganz virsiichteg sin, och hei an Europa, an dat Resultat an déi Evolutioun do suivéieren.

Eric Ewald: Elo ass den Iran nun mol e geopolitesch gesi wichtegt Land an enger relativ explosiver Regioun, wann ee bedenkt, datt d'Nopeschland eben den Irak ass. Weider Instabilitéit an där Regioun wier de Moment jo wierklech net wëllkomm.

Jean Asselborn: Do hutt Dir ganz Recht. Den Iran huet eng ganz, ganz grouss Influenz op déi ganz Regioun. Et brauch een nëmmen d'Kaart ze kucken da gesäit ee wat fir ee Koloss datt den Iran duerstellt. Den Iran huet eng grouss Influenz, dat brauch ech net ze widderhuelen, a Syrien, am Libanon, a Palästina. Déi arabesch Länner, dat wësse mir alleguerten, déi aussepolitesch aktiv sin, déi fäerten d'iranesch Atombomm, fir dat mol ganz einfach ze soen, a vläicht vill, vill méi wéi mir dat hei fäerten.

D'Iraner, Dir wësst dat, hunn den "Traité de Non-polifération" ënnerschriwwen, si kënnen also uräicheren, theoretesch, fir zivil Zwecker, mä Dir wësst, datt e ganz grousst Mësstraue vun der internationaler Communautéit besteet, well vill Joeren ass laanscht d'IAEA, dat ass d’Agence zu Wien déi sech ëm den Nuklear bekëmmert, do ass laanscht geschafft ginn. Dir wësst och, datt et 3 UNO-Resolutioune gëtt fir dem Iran ze soen, si missten ophale mam Enrichissement, déi ënnerstëtzt gi vun de 5 UNO-Sécherheetsrots-Memberen, déi d'Vetorecht hun, plus Däitschland.

Et muss een also elo kucken, wéi den Iran sech no där Wal hei verhält. Déi eng Theorie ass jo déi, datt déi Hand déi den Obama ausgestreckt huet, datt si déi unhuelen; an déi aner Theorie ass, datt si sech nach méi zoumaachen. Ech géif mengen, datt mir op jiddwer Fall mussen erkennen, an den USA an an Europa, a muer wäerte mir och hei zu Lëtzebuerg um Kirchbierg driwwer schwätzen, datt eng komplett Isoléierung, dat hu mir op villen anere Beispiller scho gesinn, datt dat net de Wee ass fir dëse Problem, wat een immens grousse Problem ass vum Ufank vun dësem Jorhonnert, geléist ze kréien.

Eric Ewald: Esou wäit den Ausseminister Jean Asselborn zur Situatioun am Iran.

Membre du gouvernement

ASSELBORN Jean

Date de l'événement

13.06.2009

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview