Dernière modification le
Mady Delvaux-Stehres au sujet de la réforme de l'école fondamentale
Frank Goetz: Dat fänkt jo scho gutt un. Kritt Dir net heiansdo awer d'Flemm wa permanent esou op Iech geschoss gëtt?
Mady Delvaux-Stehres: Ech fannen net, datt ëmmer op mech geschoss gëtt. Ech begéinen och ganz vill Leit déi vill Positives un der Reform fannen an dat mécht mir dann och Courage. Ech mengen, datt d'Lëtzebuerger Kanner, d'Kanner déi zu Lëtzebuerg an d'Schoul ginn, et verdéngen, datt mir hinne méi Chancë ginn, datt mir se méi förderen, datt mir och fuerderen, an datt si eng besser Leeschtung bréngen, well dorëm geet et.
Frank Goetz: Kommt, mir ginn op d'Kritiken an. Hei gëtt behaapt, Dir géift den Enseignantë keng Gestaltungsfräiheet loossen. D'Madame Adam vum OGB-L seet wuertwiertlech, d'Kreativitéit an d'Reflexioun vum Schoulpersonal wieren net gefrot. Ass dat dann net esou?
Mady Delvaux-Stehres: Dat ass eng Kritik wou ech elo Schwieregkeeten hu fir domat ze liewen, well de Ministère setzt jo de Kader, hie seet, dat do sinn d'Niveauë wou mir gär hätten, datt alleguerten d'Schüler hikommen. An an der Schoul, d'Methoden, dat ass d'Verantwortung vun den Enseignanten. Mir soen och, all Schoul soll e Plan de réussite scolaire maachen, dat heescht, iwwerleeë wat sinn d'Stäerkte vun eiser Schoul, wou musse mir verbesseren. Dat ass esouguer ganz individuell, do si ganz, ganz vill Kreativitéit a Reflexioun gefrot.
Frank Goetz: Jo, mä d'Enseignantë schéngen dat jo awer ze spieren, oder fir wat soss seet d'Madame Adam esou eppes?
Mady Delvaux-Stehres: Et ginn am Fondamental ronn 5.000 Enseignanten, an ech hunn der vill begéint, ech hat ganz vill Réunioune mat Comitéë mat Presidenten, och mat de Gewerkschaften, an ech begéinen och ganz vill Leit déi ganz zefridde si mat der Reform an déi sech mat vill Aarbecht och doranner lancéiert hunn.
Frank Goetz: Dat heescht, Dir hutt den Androck, datt den SEW net onbedéngt fir eng Majoritéit vun den Enseignantë steet.
Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen, si wësse wéi vill Memberen datt si hunn an da weess ech och net, a wéi wäit all Wuert wat do gesot gëtt ofgestëmmt ass.
Frank Goetz: Et gëtt och behaapt, Dir géift den Enseignanten net nolauschteren. Zum Beispill géif d'Schoulpersonal genee wësse wéi si méi Chancëgläichheet an der Schoul kéinten hierstellen. Ass dat dann alles aus der Loft gegraff, esou Kritiken?
Mady Delvaux-Stehres: Dat do ass e Virworf deen esou esou net akzeptéieren.
Mir hu ganz vill Confiance an d'Enseignanten, well et weess ee jo, d'Schoul an de Succès vun de Kanner an d'Weiderkommen zu engem ganz, ganz groussen Deel vum Enseignant geprägt ginn. Besonnesch bei deene jonke Schüler ass de Schoulmeeschter, d'Léierin, d'Joffer onheemlech wichteg. Dofir encouragéieren ech alleguerten d'Schoulmeeschteren, d'Léierinne fir kreativ ze sinn, fir sech do anzesetzen.
Dat eenzegt wou ech mir kann denken op wat déi Kritik baséiert ass, d'Schoulreform huet mat sech bruecht, datt eng Rei vun Décisiounen, vu Reflexioune mussen dokumentéiert ginn. Wat ech och wichteg fannen. D'Schoul muss dokumentéiere wat se mécht, erkläre fir wat si eppes mécht an Décisiounen déi geholl ginn och festhalen.
Frank Goetz: Dat ass dee méi administrativen Opwand.
Mady Delvaux-Stehres: Dat ass dee ganzen administrative Volet. Do probéiere mir natierlech deen administrativen Opwand ze reduzéieren esou vill wéi et geet. Mä nach, wann eng Réunioun ass muss e Rapport geschriwwe ginn an et muss een dat festhale wat an deem Rapport décidéiert ass, ouni datt ee muss dofir e Roman schreiwen. Ech hunn, fir drop ze äntwerten, net d'Impressioun, datt ech d'Enseignanten, d'Schoulmeeschteren an d'Léierinnen an hirer Kreativitéit aschränken.
Frank Goetz: Et geet net nëmmen ëm d'Schüler, och net nëmmen ëm d'Enseignanten, mä et geet och ëm d'Elteren déi méi sollen agebonne ginn. Datt dat och esou ass, datt d'Elteren Interessi hunn, dat hu mir gesinn. Mir hunn e ganze Koup Froen erageschéckt krut. E Papp freet Iech zum Beispill, wann um Bilan steet, de Schüler kann an der Matière X, zum Beispill am Däitschen, besser schaffen. Wat heescht dat? Huet hien de gefuerderte Sockel erreecht, oder net?
Mady Delvaux-Stehres: Ech denken, datt dat do eng Fro ass déi näischt mat der Grondschoul ze dinn huet, well an de Bilanen déi mir elo am 1. an 2. Cycle hunn, an dëst Joer am 3. Cycle, do sinn 9 Haisercher. Dat heescht, do ass eng Skala wou an der Mëtt de Sockel ass, an de Schoulmeeschter, d'Léierin soll dann androen, wéi wäit ass d'Kand vum Sockel ewech? Dat heescht, do misst een normalerweis ganz gutt gesinn, wat muss ech maache fir de Sockel z'erreechen. Dat do sinn esou Sätz, déi op deene klasseschen Zensure stoungen: L'élève peut faire mieux. Domat kann e Schüler eigentlech net vill ufänken, wann een him net präzis seet, wat en da muss besser maache fir deen Niveau z'erreechen, dee méiglechst héijen.
Frank Goetz: Eng Fro déi ëmmer erëm erëmkënnt betrëfft de Wiessel an de Secondaire. Eng Mamm schreift, wann een e Problem bei der Orientatioun huet, wou d'Kand ongerecht behandelt ginn ass, wou kann een dann Hëllef froen? D'Fra huet drugehaangen, datt si am Fall wier, an datt si net géif gehollef kréien.
Mady Delvaux-Stehres: Mir hunn eng Prozedur déi festläit. Bei all Kand ass eng Kommissioun déi zesummekënnt. Do ass de Schoulmeeschter dran, e Psycholog mécht den Test, den Inspekter ass dran, ee Professer vum Secondaire, ee vum Secondaire technique, an déi kucke sech d'Produktioune vum Kand un, säin Dossier, och d'Resultater vun deem Test dee mir jo maachen am 6. Schouljoer, an déi proposéieren eng Orientatioun.
Elo ginn ech dovunner aus, datt do lauter Professioneller sëtzen, an datt si dat och gewëssenhaft kucken. Wann d'Elteren dann net mat där Orientatioun d'accord sinn, kënne si an en Exame goen, en Examen recours. A wann d'Kand dee packt, da geet et an déi Orientatioun déi et wëll, am anere Fall muss et déi unhuelen déi vun där Kommissioun virgeschloe ginn ass.
Do kann de Ministère net intervenéieren. Mir sinn awer amgaang z'iwwerleeë fir déi Prozeduren ze änneren. Ech hunn allerdéngs e Kalenner: wann déi éischt Schüler mat deenen neie Bilanen an de Lycée kommen, dat ass jo am Schouljoer 2012-2013, da muss d'Prozedur geännert ginn, mir mussen dofir d'Texter änneren. Ech ka mech och net iwwer Reglementer an Texter ewechsetzen. Mä ech mengen net, ech hoffe jiddwerfalls net, datt d'Kanner ongerecht behandelt ginn.
Frank Goetz: Et ass jo ëmmer déi Kritik do, datt dee Passage-Examen dann esou schwéier ass, datt een en net ka packen.
Mady Delvaux-Stehres: Neen, dee Reproche géif ech net unhuelen. Da muss een awer och gesinn, mir hu jo Statistiken, an 90% vun de Fäll ginn den Avis d'orientation an de Wonsch vun den Elteren a vun de Kanner zesummen. Et ass also 10% vun de Fäll wou et Meenungsverschiddenheete ginn. Et muss een awer och gesinn, datt d'Majoritéit vun den Elteren an den Enseignantë sech eens sinn iwwer d'Orientatioun vun de Kanner.
Frank Goetz: Madame Delvaux, villmools Merci fir de Besuch am Studio.