Marie-Josée Jacobs au sujet de la 35e session du Conseil des gouverneurs du Fonds international de développement agricole (FIDA)

Roy Grotz: Datt vill Kooperatiounsprojete bei der Landpopulatioun usetzen ass kloer, well et genee an dësen Agrarregioune weltwäit ass, wou d'Aarmut dacks am Gréissten ass. Mat der Kooperatiounsministesch Marie-Josée Jacobs huet sech de Gouverneursconseil vum Fonds international de développement agricole zu Roum fir déi nächst 2 Joer eng nei Presidentin ginn.

167 Länner sinn an dësem UNO-Fong vertrueden, woubäi et mat de Projeten dorëms geet, Bauerefamillje finanziell esou ënner d'Äerm ze gräifen, datt se sech selwer kënnen ernieren a fir sech opkommen. Nieft dem Accès zu Mikrokreditter investéiert den UNO-Fong och an d'Formatioun vun de Baueren, fir duerch dat Wëssen hir Felder besser notzen ze kënnen.

Marie-Josée Jacobs: Wéi mir zu Lëtzebuerg, esou laang wéi mir kee Kali-Salz haten, esou laang wéi mir keen Thomas-Miel haten, ass bei eis och net vill gewuess. Duerno hu mir natierlech dat fäerdeg kritt, datt een och muss kucken, wéi kann een et maache fir zum Beispill ze bewässeren, datt och déi Planze kënne wuessen. Wat kann een zum Beispill elo maachen, eventuell, fir ze kucken, datt déi Planze méi widderstandsfäeg ginn, an domat och net bei all Iwwerschwemmung erëm alles futti geet.

Roy Grotz: U sech eng Chance jo awer, wann een d'Présidence kann iwwerhuele vum Fonds international de développement agricole, der FIDA, wou mir grad schwätzen, wann een d'lëtzebuerger Kooperatiounspolitik ebe just genee an deenen doten Domainer vu ländlecher Entwécklung agencéiert.

Marie-Josée Jacobs: Dat ass, wéi gesot, scho laang eng Démarche déi mir hei zu Lëtzebuerg an deene leschten 10, 15 Joer och ugaange sinn.

Dat ass, mengen ech, och eppes wou enorm drop insistéiert gouf, dat ass, datt mir net kënnen hinne soen, Dir musst et elo esou maachen, oder Dir musst et aneschters maachen, mä datt et wierklech nëmme geet wann dat Projete sinn déi déi Länner wëllen, mä déi awer och d'Landbevëlkerung selwer wëll.

An da mengen ech, gëtt et vill Méiglechkeete wou een de Leit och kann hëllefen. Zum Beispill ee vun deene Projeten déi mir och do ënnerstëtzen ass, et gëtt jo ganz vill Leit, wa mir och beim Beispill vum Cap Vert bleiwen, wësse mir, datt jo ganz vill Kapverdianer hei zu Lëtzebuerg sinn, déi esou vill Suen Heem schécken. Wa se dat iwwer Western Union, wat an engem Bankesystem ass, schécken, da kascht dat se 10% wat se direkt ofgehale kréien, da kënnt dat natierlech manner doheem un. Elo, mat engem System deen ebe mat deenen dote Leit entwéckelt ginn ass, kënnen am Joer bis zu 9 Milliarde gespuert ginn, déi dann direkt dohinner ukommen.

Membre du gouvernement

JACOBS Marie-Josée

Date de l'événement

24.02.2012

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview