Aktualiséiert den
Neie Band vum "Lëtzebuerger Wuertschatz": Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen
Am fuschneie Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz gëtt d'Déierewelt an d'Vitrinn gestallt:
- Wéi nennt een déi jonk Déieren, wéi déi männlech, wéi déi weiblech?
- Wéi seet een, wann d'Déiere Klenger kréien?
- A wéi eng Geräischer maachen se eigentlech?
Op all dës Froe kritt Der eng Äntwert!
Am Buch ginn 248 Wierder a Spréch presentéiert, flott illustréiert, mat engem Beispillssaz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.
Am Virwuert seet de Kulturminister: "Wann Dir […] frou sidd mat der Sprooch, a gläichzäiteg en Déierefrënd oder eng Déierefrëndin sidd, da wäert dëse Band Iech Freed maachen." Den Eric Thill schléisst of mat de Wierder: "Maacht Iech deemno op de Wee queesch duerch de sproochlechen Déieregaart: Dat deet de Bock schnadderen!"
De Band 7 vum Lëtzebuerger Wuertschatz gëtt et vum 21. November u fir 12,50€ an de Librairien ze kafen.
Communiqué vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch