Usprooch vum Luc Frieden am Kader vum 80. Commemoratiounsdag

Verantwortung, déi verbënnt

Et gëllt dat geschwatent Wuert

Mir sinn haut hei, fir eis ze erënneren.

  • Un déi, déi gekämpft hunn.
  • Un déi, déi verfollegt, deportéiert an ëmbruecht goufen.
  • Un déi, déi gezwonge goufen, eng friem Uniform unzedoen.
  • An un déi, déi Nee gesot hunn – obwuel si woussten, wat dësen Nee kéint bedeiten.

Mee Erënnerung ass méi wéi e Bléck zeréck. Erënnerung ass en Optrag.

Viru 85 Joer, den 10. Oktober 1941, sollten d’Lëtzebuerger op engem Formulaire soen, wien si wieren. Lëtzebuergesch ass ee Wuert, mee dat enorm vill Courage gefrot huet. D’Lëtzebuerger Resistenz bestoung aus Fraen a Männer, Jonken, Scouten, Aarbechter a Beamten.

Si haten ënnerschiddlech Iwwerzeegungen, mee si waren sech an engem eens: Datt et eppes gëtt, dat méi wichteg ass wéi ee selwer. Si hunn hiert Liewen an dat vun hire Familljen a Gefor bruecht. Vill hunn hiren Asaz mat hirem Liewe bezuelt. Haut éiere mir hire Courage an hiren Asaz fir e fräit an onofhängegt Lëtzebuerg. Mir gedenken haut och deene méi wéi 10.000 jonk Lëtzebuerger, déi an dem Okkupant seng Arméi gezwonge goufen, un déi Dausende jonk Fraen am Arbeits- a Kriegshilfsdienst, un déi ëmgesidelt Familljen an un déi iwwer 1.200 Judden aus Lëtzebuerg, déi Affer vun der Shoah goufen.

D’Wierder, déi an de Sockel vun der Gëlle Fra ageschriwwe sinn, erënneren u verschidde Kricher, Generatiounen a Schicksaler. Mee ëmmer erëm kommen déi selwecht Wierder zeréck: Seul le prononcé fait foi.

  • Courage.
  • Fräiheet.
  • Gerechtegkeet.
  • Déngscht.

No der Liberatioun huet d’Grande-Duchesse Charlotte hei un dat erënnert, wat eis iwwer all Ënnerscheeder eraus verbënnt: eist Land. An domat stellt sech och haut d’Fro: Wat si mir bereet, fir anerer ze maachen? Mir ginn haut net gefrot, dat ze maachen, wat d’Generatioun vum Krich huet misse maachen. Mee hir Geschicht erënnert eis drun, datt et Saache gëtt, déi méi wichteg si wéi mir selwer.

Déngscht ass méi wéi eng Fonctioun. Déngscht ass eng Haltung. Dat kann heeschen, eisem Land an enger Uniform ze déngen. Mee och, sech an engem Veräin ze engagéieren, fir anerer do ze sinn oder Verantwortung an eiser Gesellschaft ze iwwerhuelen. Déngscht heescht, net ëmmer fir d’éischt ze froen: Wat hunn ech dovun? Mee: Wat kann ech bäidroen?

E Land lieft net nëmmen dovun, wat et eis gëtt. E Land lieft och dovun, wat mir bereet sinn, him ze ginn. Demokratie fänkt net eréischt am Parlament un. Si fänkt do un, wou mir d’Dignitéit vun anere respektéieren, géint Ausgrenzung astinn an eis Fräiheet och als Verantwortung verstinn. Geschwë wäert et keng Zäitzeie vum Zweete Weltkrich méi ginn. Da läit d’Erënnerung an eisen Hänn an an deene vun der Jugend.

Ech soen all deene Merci, déi dës Erënnerung weider droen: dem Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale, den Associatiounen, de Schoulen an all deenen, déi sech dofir engagéieren. Haut ass et un eis, d’Bedeitung vun dësem Dag weiderzedroen. Seul le prononcé fait foi.

Net nëmme mat Blummen a Rieden. Mee mat der Aart a Weis, wéi mir liewen. All Dag. Déi Generatiounen, un déi mir haut erënneren, hunn eis eng fräi Gesellschaft hannerlooss. Et ass un eis, si ze schützen.

Ech soen Iech Merci.

Membre du gouvernement

FRIEDEN Luc

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

11.09.2026