Proklamatioun vun der Regirung zum 60. Joresdag vun der däitscher Okkupatioun, den 10. Mee 1940

Den Zoufall vum Kalenner kann eng déif Bedeitung hunn. De sechzegste Joresdag vum däitschen Iwwerfall op eist Land fällt zesumme mam Datum vum fënnefafofzegsten Anniversaire vun der däitscher Kapitulatioun, a gläichzäiteg mam Cinquantenaire vum Schuman-Plang. Den 10. Mee 1940 hunn däitsch Truppen eis Neutralitéit gebrach an eist Land um Wee no Frankräich besat. Fënnef Joer duerno hun d'Nazi-Genereel d'Kapitulatioun ënnerschriwwen. Wien hätt sech deemols kënne virstellen dat nëmmen e puer Joer duerno, de 9. Mee 1950, e franséischen Ausseminister, deen dobäi och nach vu lëtzebuerger Ofstamung war, een Appell fir eng Reconciliatioun tëscht Frankräich an Däitschland géif lancéieren als fundamental Viraussetzung fir den Opbau vun Europa.

Fir eis Lëtzebuerger sin déi Datumen enk verbonnen. Den 10. Mee 1940 war fir eist Vollek den Ufank vun enger schwéirer Zäit. Méi wéi véier Joer laang war eist Land besat an den Okkupant huet eis Leit brutaliséiert, a probéiert hinnen d'Fräiheet an d'Identitéit ze huelen. Ons Jonge si géint all Prinzipien vum Völkerrecht zwangsrekrutéiert ginn. D'Lëtzebuerger hu gestreikt an domat fir all Zäiten eisem Land eng Plaz am Kreess vun deenen Natioune gesëchert, déi der friemer Oppressioun d'Stir gebueden hunn. D'Lëtzebuerger hunn dem Chantage vun Nazi-Däitschland net noginn. Vill vun hinnen hunn dat mat hirem Liewe bezuelt.

Wuel gouf am September 1944 d'Land eng éischte Kéier befreit, mee an der Ardennenoffensive huet et de Krich mat all senge Schrecke virun erliewt. Fir vill Jonker a fir d'Resistenzler an de Prisongen a Kazetter huet d'Leide bis de Mee 1945 gedauert. Déi uerg Prouf huet net nëmmen d'Solidaritéit an d'Identitéit vun de Lëtzebuerger verstärkt, mee och hiren Onofhängegkeetswëllen. Wéi d'Lëtzebuerger positiv op dem Robert Schuman säin Appel geäntwert hunn, hu se akzeptéiert, fir op en Deel vun hirer Souveränitéit am Numm vun Europa ze verzichten. Si hate verstan, datt déi europäesch Eenheet de beschte Garant vun hirem politeschen Iwwerliewe wier. Wéi se ugefang hunn un en Zesummeliewen a -schaffe mat Däitschland ze denken, hat eist Land bewisen, dat ee sech un d'Vergangenheet erënnere kann, ouni vun hir gefangen ze bleiwen. Sou konnt mat der Zäit aus dem Géinteneen e Mateneen entstoen.

D'Europäesch Unioun huet Westeuropa de Fridde bruecht. Eist Land huet ni esou glécklech Zäiten erliewt wéi an de läschte fofzeg Joer.

Dohier ass haut den Dag wou déi, déi elo a Sëcherheet, Fräiheet a Wuelstand liewen, deenen, déi am Krich gelidden an nom Krich d'Land opgebaut hunn, hire Respekt an hire Merci soen, soe mussen a virun allem soe wëllen.

D'Lëtzebuerger Regirung vernäipt sech haut, sechzeg Joer nom 10. Mee 1940, virun dem Leed dat eist Vollek am Krich erdroen huet, an ass gläichzäiteg houfreg iwwert säin Engagement fir déi europäesch Vereenegung. Well ouni den 10. Mee 1940, ouni de Krich an Europa, aus deem ee Weltkrich ginn ass, wär e vereenegt wéi och en eenegt a friddlecht Europa net entstan: de Schuman-Plang war e Plang géint de Krich a seng Entstehungsursaach, de blannen Nationalismus; d'Europäesch Unioun ass bis haut e Programm fir de Fridden. Fir datt dëse Fridden erhale bleiwt, stinn déi heiteg Generatiounen an der Flicht, am Gedenken un d'Affer an den Asaz vun hiren Elteren a Grousselteren, um Haus Europa virun ze bauen.

Communiqué par le Ministère d'Etat

(Publié le 10 mai 2000)

Dernière mise à jour