Wasserbelleger Geiseldrama - Matdeelung un d´Presse vum Här Innenminister Michel Wolter

Matdeelung un d’Presse vum Här Innenminister Michel Wolter

Wasserbelleger Geiseldrama - 2. Juni 2000

----------------------------------------------------------------------

1. Drop gehalen fir d’ Conclusiounen ze zéien aus dem Wasserbelleger Geiseldrama.

Déi tragesch Evenementer déi sech während 28 Stonnen de Mettwoch an den Donneschten hei zu Letzebuerg an am speziellen zu Wasserbelleg oofgespillt hun, hu bewisen wéi eng lokal, regional, national an international Solidaritéit mat der zoubeigedroen huet fir desem trageschen Evénement entgéint ze wierken.

  • Ech wellt virun allem erfierstréichen dat eis grossherzoglech Famill sech konstant iwert d’Situatioun zu Wasserbelleg informéert huet an eng wichteg moralesch Ennerstëtzung an desen net einfache Stonnen  duergestallt huet.

  • Méin eéschten Gedanken geet:

1. un déi drei Educatricen déi an deser schwiereger Situatioun en onheelche courage an eng ennerlech Kraft bewiesen hun, déi et hinnen erméiglecht huet trotz all deem wat mat hinnen an em se geschitt ass sech mat vill Léift an Zuewendung emt Wuel vun de Kanner ze bekeemeren an hiert eegent Schicksall hannenunn ze stellen. Zousätzlech hun si e wichtegen Lien an den Verhandlungen zweschen der Polizei an dem Täter gespillt.

2. un déi betraffen Kanner an Elteren déi an deenen zwee Deeg vill mussten matmachen wéi se em hier Kanner mussten baangen. An ech mengen datt ech dat als Familiepapp vun dréi Kanner konnt novollzéien. 

Mir hun all déi Zéit konnten feststellen wéi sech eng lokal an regional Solidaritéit am Laaf vun de Stonnen zu Wasserbelleg an Emgéigend entweckelt huet. Mir hatten en ättlech Leit déi sech ugebueden hun vir sech als Geisel géint Kanner échangéieren ze loosen. Mir haaten doriwwer eraus och eng ganz Zuel vu Leit déi hier Hellef am Kader vun den Verhandlungen mam Kidnapper ugebueden hun ( wéi zum Beispill den Burgermeeschter Henri Frank a seng Fra vun Manternach). Sou hu mir gesinn wéi d’Leit vu Wasserbëlleg an Emgéigend e wertvolle Beitraag um Niveau vun der Intendance geleescht hunn. Vill vun hinnen hunn bei der Betreiung vun de Leit op der Plaatz mattgehollef, sou zum Beispill beim Verpflegen vun deenen verschiddenenn Akteuren, (als Beispill fir fill aner well ech hei een Bäcker vu Waassserbëlleg ernimmen, deen eng ganz Nuecht Bréidercher gebaackt huet).

  • Um lokale Plang gëllt mäin spezielle Merci dem Här Buergermeeschter

  • Gust. Stefanetti an senger Equipe, dei vum éischte bis zum leschte

  • Moment hiren betraffenen Bierger zur Säit stungen.

  • Di ganz Operatioun konnt ower nëmmen e positivt Enn fannen duerch déi exemplaresch Zesummenarbecht vun deenen verschiddenene Institutiounen an Organisatiounen, déi an dëser Operatioun koncernéiert waaren, an deenen hir Repésentantëen hei um Dësch sëtzen.

  • Procureur d’Etat Roby Biever, deen d’Responsabilitéit vum Zougrëff haat.

  • Police grand-ducale (hei gouf op zwou Plaazen operéiert):

1. An der Staad, an der Directioun, wou d’Operatiounen geleet goufen durech déi zwee Directeurs-adjoints Romain Nettgen an Jean Clement, dem Pierre Reuland, Chef vun den Operatiounen, an dem Marc Zovilé, Direkter vun der Police judiciaire;

2. Zu Waasserbëlleg, wou d’Operatiounen um Terrain vun der Madame Andrée Colas an dem Här Jos Schmit (allen zwee er commissaires divisionnaires) geleet goufen.

An dëse Kader gehéiert e spezielle Merci deenen Leit déi am direkte Kontakt mam Kidnapper d’Verhandlungen gefouert hunn, an den Memberen vun der Unité spéciale vun der Police grand-ducale déi den Zougrëff organiséiert an durechgefouert hunn, dem Centre d’intervention vu Grevenmacher, dem Commissariat vu Wasserbelleg an all den Polizisten a Polizistinnen déi un der Operatioun bedeelegt waren an besonnesch déi, déi hiere congé oder hiere Roudaag faale geloss hunn fir den Kollegen zur Seit ze stoen.

Als Responsabel konnte mir eis iwwerzeegen matt waat vir engem Professionalismus eis Polizei dës schwierëg Aufgaab gemeechtert huet.

Ech wëllt ët hei awer nët ënnerloossen fir och den däitschen Autoritéiten an der däitscher Polizei matt un hirer Spëtzt dem L.K.A. vun Düsseldorf an der Polizei Rheinland-Pfalz .e grousse Merci  fier déi technesch Hellef op der Plaatz ze soen.

Mir haaten desweideren offres de soutien logistique vun der Belge, Frankreich, Portugal an Kontakter waren mat den amerikaneschen Autoritéiten hiergestallt ginn. Eis belsch Nooperen haten eis en Helicopter ennert dem Commando vum Lt-Colonel Hermann Perdu zur Verfügung gestallt.

Dës Operatioun huet daat bewisen waat ech virun e puer Deeg an engem Topthema op RTL gesoot hun, nämlech datt eis Police grand-ducale een Corps  gin ass, wou déi zwou Strukturen vu Police a Gendarmerie zu enger Unitéit verwuess sinn, déi sech voll a ganz op hir responsabilitéiten a Missiounen konzentréieren Ech giff behaapten daat dës Aktioun nët zu lescht esou gudd um polizeiliche Niveau coordinéiert waar, duerch d’praktesch Emsetzung vun der Fusioun vun Police a Gendarmerie.

  • Protection Civile (d’Operatioune goufen hei geleet vum Direkter Léon Anen, deen matt senge Leit an sengen Volontairen eng wichteg Roll gespillt huet an dat an der Betreiung vun den koncernéierten Elteren : Ech wëllt och dofir hei virun allem dem Service Psychologique vun der Police an der Unité de support psychologique matt un der Spëtzt dem Léon Kraus e ganz groussen Merci soen well si waren an de leschten 48 Stonnen en wichtegen Maillon an eisem Dipositif doduerch dat sie Daag an Nuecht den Familien Ennerstëtzung zoubruecht hunn. Hier Arbecht ass awer nach nët eriwer, well eng psychologisch Betreiung och no dem Enn vun der Situatioun en intensiwen Suivi verlaange wäert.

Mäi Merci englobéiert ower och all d’ Volontairen déi wàhrend deenen zwee Deeg op der Plaatz waren, an sämtlecht Personal an de Spidäler déi während där Zäit an Bereetschaft stungen.

Et soll nach erwähnt sinn datt an dësem Kader dë « Plan nombreuses victimes » ausgeléist gouf.

  • En weidere Merci gëllt dë Corpën vu Mertert a Waasserbëlleg, an en général de Pompierën aus dem Kanton Grevemaacher, matt un der Spëtzt dem Kantonalinspekter Jos. Schummer, déi och all déi Zäit matt hirem Dispositif op der Plaatz zur Verfügung stungen.

  • Desweideren war op der Platz den Claude Frieseisen, Premier Conseiller de Gouvernement aus dem Ministère de l’Intérieur deen d’liaison zu mir op der Platz duergestallt huet.

  • Ech wëllt och deenen Regierungsmemberen ( dem Premier Jean-Claude Juncker an dem Justizminister Luc Frieden) déi mer hir Ennerstëtzung an der Staad zoukomme gelooss hun, esou wéi der Madame Lydie Polfer an der Madame Marie-Josée Jacobs, déi sech op der Plaatz em d’Wuel vun de concernéierte Leit beméit hun.

Et sief och bemierkt datt déi auslänesch Autoritéiten, deenen hir Landesleit concernéiert waren, duerch hir Ambassadeuren moralisch ënnerstëtzt goufen. Eis portugiesisch Communautéit, déi 50% vun de Betraffenen duergestallt huet, haat d’Ennerstëtzung op der Plaatz kritt vum Staatssekretär vir d’portugieschesch Comunautéiten am Ausland, dem Här José Lello.

  • En oprichtege Merci wëllt ech awer och der lëtzebuerger Press ausschwätzen vir d’Art a Weis wéi Sie d’Berichterstattung vun dëser Affair gemach huet .a mat där an deser schlemmer Situatioun eng Zesummenaarbecht méiglech war, déi am Ausland secher net stattfond hätt. Daat huet villéicht domatt ze dinn, dass mir eis als Letzebuerger méi direkt vum Leed ugesprach fillen an net elleng op Sensatioun eraus sinn. 

  • D’ Conclusioun vun deem ganzen ass en härzleche Merci am Numm vun dem Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte souwéi vun dem Grand-Duc Héritier Henri an der Grande-Duchesse Héritière Maria Teresa an am Numm vun der  lëtzebuerger Regierung vir all déi, déi ënnert irjendwelcher Form um Succès vun dëser Operatioun bäigedroen hunn.

Ech géif mer awer vun allem Härzen wënschen datt déi concernéiert Elteren an hir Kanner esou wéi die dräi Educatricen dësen schwéieren Moment an hierem Liewen schnell an gutt verschaffen kënnen . Mir wäerten op jiddferfall eist méiglechst och nach an Zukunft dozou beidroen.

Dernière mise à jour