Interview radio du ministre Frieden concernant l'" affaire Roemen-Wolter-Enregistrement"

Le 26 septembre 2000, Luc Frieden, ministre de la Justice, s'est exprimé sur les ondes de RTL radio concernant les moyens utilisés dans l'affaire Roemen-Wolter. Veuillez trouver ci-joint le verbatim de ses propos (en luxembourgeois):

RTL: U sëch ass et net Usus, datt Dir aus dem Ausland d'Lëtzebuerger Innenpolitik kommentéiert an awer, fannt Dir daat normal, datt den Hären Krecké a Schneider hiir Telefonsnummeren konntrolléiert gin? Wat fir eng Suiten gitt Dir där Affär?

Luc Frieden: Also vir d'éischt muss ech soen, datt ech ganz erstaunt sinn, iwer déi Froen, déi an deem Kontext gestallt gin. Ech hun selbstverständlech eng Meenung zu deenen Virgäng, mee ech sin Justizminister zu Lëtzebuerg an vir deen gëllen strikt Prinzipien, notamment déi, datt d'Geriichter eiser Verfaassung no onofhängeg sin. An dobéi kënnt, datt en Untersuchungsriichter, deen an deser Affär ganz alleng decidéiert, wat fir eng Moossnahmen hien als déi richteg fënnt vir eng Affär opzeklären. Hei kann keen him dranschwätzen an schon guer net den Justizminister. Géing ech dat maachen oder esouguer nemmen kommentéieren vun Prag oder vun Lëtzebuerg aus, dann géing ech, mengen ech, ee graven Fehler machen, well meng Fonctioun ass jo grad den Garant vun der Onoofhängegkeet vun der Justiz ze sin.

RTL: Mee ass den groussen Opwand opportun vu d'Banalitéit vun den Fait'en un sech?

Luc Frieden: Ech kann dat net jugéieren well et ass den Untersuchungsriichter - nach eng Kéier - deen en cours d'instruction criminelle alleng decidéiert, nodeem en d'Fait'en kennt, wat fir eng Moossnahmen hien als déi richteg fënnt.

Verbatim réalisé par le S.I.P.

Dernière mise à jour